Frank Engel (CSV)
Kandidat EU-Walen 2009
Dieses Profil dient zu Archivzwecken, eine Befragung ist nicht mehr möglich. Besuchen Sie das aktuelle Profil.

Frank Engel
Joergang
1975
Berufflech Qualifikatioun
Jurist
Ausgeübte Professioun
CSV-Fraktiounssekretär
Uertschaft
-
Walkrees
Europa
Landeslëschteplaatz
-
(...) Institutionell betruecht ass et esou, datt Kommissioun a Parlament dës "Denkweis", wann ech et esou ka nennen, am Géigesaz zum Ministerrot schon hunn: Kommissären däerfen nëmmen am Sënn vum europäesche Gemengwuel handelen (ob s´et an alle Fäll och esou maachen, bléiw natierlech ze beweisen), an am Parlament sinn déi europäesch Parteien a Fraktiounen als Referenzkader op d´mannst grad esou wichteg, wéi d´Land, aus deem en Deputéierte kënnt. Natierlech hu mer all all eege Virstellung vun Europa, vun deem, wat et ass, a vun deem, wat et soll sinn. (...)
 
weider Profiler
Froen un Frank Engel
Choix vun de Froen an Äntwerten
Noriicht u folgend Adress schécken soubal eng Äntwert antrëfft


Bitte loggen Sie sich hier ein.
Fro zum Thema Internationales
26.05.2009
Vum:

Bonjour Här Engel
De Moment beschäftegt mech ganz staark d’Weltsécherheet wéint dem problematesche Nordkorea. Mech net aleng warscheinlech.
Wéi ass d’Haltung vun der EU a vu Lëtzebuerg zu deem Konflikt? Ech mengen net déi vum UN-Sécherheetsrot.
A wat ass Är Meenung méi präzis, wann et ëm d’Fro géng goen, ob e soll déi nordkoreanesch Bevëlkerung duerch humanitär Sanktiounen derzou bewegen, géint di nordkoreanesch Regierung virzegoen?
Vläicht kënnt Der mer och soen, ob momentan de lëtzebuerger Staat Nordkorea Entwécklungshëllef oder aner Hëllef zoukomme léisst a wéivill?
Merci eventuell am viraus
PP
Äntwert vum Frank Engel
bis elo kengRecommandatiounen
28.05.2009
Frank Engel
Här ,

Dir stellt eng intressant a komplizéiert Fro. Nordkorea ass kee Stat wéi en aneren. Ech kennen e gutt, well ech war schon e puer Mol do. Et ass e Stat, an deem et net virstellbar ass, datt d´Populatioun sech géint d´Herrschaft vun der Kim-Dynastie an der Arméi opleent, aus zwee Grënn: déi Leit gi vun all Informatioun aus dem Rescht vun der Welt ewech gehalen, si kréien se ganz einfach net, an de Stat a seng Propaganda sinn iwerall an ëmmer präsent. An anere Wieder: d´Nordkoreaner wëssen zum gudden Deel net, wéi schlecht et e geet, well se soss näischt kennen a soss näischt kënne gewuer ginn. D´Arméi ass 1,2 Millioune Mann staark, duerchdréngt all Famill an all Stot, an hält d´Uerdnung oprecht. Eng Revolutioun an Nordkorea ass ausgeschloss - op jidde Fall esou laang, wéi d´Kim´en sech onkontestéiert als Cheffen halen. Sollt dat eng Kéier net méi esou sinn, gëtt et méi kriddlech, well Hardliner aus Arméi a Partei deenen do entgéint stinn, déi eng méi "liberal" Approche hunn. E Konflikt tëschent dësen zwou Gruppe gëtt bis elo just duerch d´Präsenz vum Kim Jong-Il a senger Famill verhënnert.

Lëtzebuerg huet keng Kooperatiouns-Relatioune mat Nordkorea. Eis Positioun zur aktueller Atom-Problematik an deem ganze Rescht ass déi, datt ee Nordkorea muss derzou bréngen, sech un international Rechtsnormen ze halen. Dat wäerten se awer net maachen, well d´Kategorie vun international rechtlech encadréiertem Behuelen einfach egal sinn. Dat muss een zur Kenntnis huelen.

Menger Meenung no géif et just eppes, wat op Dauer géif hëllefen, an dat wir, se duerch massiv international Implikatioun, mat alle méigleche Besich a Géigebesich, derzou ze kréien, sech e bëssen ze änneren. Dat ass zwar schwiereg a laangwiereg, mee eppes anescht gesinn ech net wierklech hëllefen. Bis elo bleiwt jo bal all Mënsch aus Prinzip do ewech, wat derzou féiert, datt se alleng sinn a quasi keen Auslänner sech am Land ophält. Wann dat géif änneren, kéint sech och Nordkorea änneren. Natierlech stellt sech déi éiweg Fro, op ee mat allzeville Kontakter net de Régime suguer ënnerstëtzt, an et ass och méiglech, datt sie elo kaum nach een an d´Land eraloossen- mee dat ännert nees, fréier oder spéider. Ausserdeem ass et kruzial, datt hir zwee grouss Noperen, China a Russland, se beknéien a beaarbechten, fir irgend eng Kéier eng Zort normale Stat ze ginn - enfin, méi normal wéi elo, op jidde Fall. Et besteet och d´Aussiicht, datt dee jéngste Fils vum Kim Jong-Il, deen am Ausland ausgebild gouf, de Régime dréit, wann en un d´Muecht kënnt - mee op en dat wäert kënne maachen, ass nach laang net sécher.

Voilà. Méi ass schwéier soen, an ech hoffen, ech hunn op d´mannst usazweis op Äer Fro kënnen äntwerten.

Bescht Gréiss,

Frank Engel
X
Äntwert recommandéieren
Fro zum Thema Wirtschaft
27.05.2009
Vum:

Léiwen Här Engel,

Ons traditionnel Denkmodeller gin momentan kräfteg durchgerëselt. Mier duerchliewen richteg historesch Momenter, den Englänner schwätzt vun "Window of opportunity". Kéinten mir deen nët als eng riiseg Chance ugesin an en Paradigmenwiessel virundreiwen? Ewech vun enger Logik, déi jidfereen zwengt zur Maximéierung vun kurzfristegen an egoisteschen Zieler mat schädlechen Auswirkungen opp ons Emwelt an Matmënschen. Hin zou engem méi mënschlechen Mateneen an wou den Mënsch an d´Kultur am Mëttelpunkt stinn. Dat héiert sech utopesch unn. Loost Iech soen dat et och e puer Jorhonnerte gedauert huet bis jidfereen iwerzeecht wor dat d´Erd em d´Sonn dréint. Wann mir dann dem Gordon Moore saïn Gesetz an d´Geschicht transposéiren - mir wëssen haut vill, vill méi - dann misst esou en Paradigmenwiessel jo spilles an 10 Joer ze packen sin. d´Beispill vun Wikipedia weist ons em wéivills méi Séier mir haut eppes grousses upacken an realiséieren können. An dobai sin dem Internet seng Méiglechkeeten nach laang nët zu Enn geduecht.

Gesidd dir och den "Window of opportunity"? Wat hält Dir vun dësen Iwerleeungen? Kéint Dir Iech virstellen bei esou engem groussen Projet matzeschaffen?

Mat beschten Gréiss

Äntwert vum Frank Engel
1Recommandatioun
28.05.2009
Frank Engel
Léiwen Här ,

als kuerz Äntwert op dës Fro recommandéieren ech Iech d´Lektür vu mengem Buch "Europa in der grossen Krise". Do hunn ech - op méi Säiten, wéi der elo géifen heihinner passen - beschriwen, wéi eng Opportunitéiten ech fir Europa an d´Welt am Moment gesinn, an dat entsprécht duerchaus der Perspektiv vun engem "window of opportunity". Wéi gesot, et ass e längere Raisonnement, mee vläicht wéilt der d´Buch jo liesen, an duerno kéinte mer eng Kéier op d´Thematik zréckkommen.

Bescht Gréiss,

Frank Engel
X
Äntwert recommandéieren
Fro zum Thema Wirtschaft
27.05.2009
Vum:

Léiwen Här Engel,

Den Här Krecké huet opp der Ouvertür vun der Fréijoersfoire d´Wichtegkeet vum Wuesstum erausgestrach. Hien huet gesot dat mir onbedingt erëm neien Wuesstum missten schafen fir dat mir eisen héijen soziale Standard weiderhin können garantéieren .

Ech verstinn dat nët. Wéi kann gerad d´Ursach vun der Kris och d´Léisung sin? Dat ëmmer méi iwert déi lescht 30 Joer huet ons nët méi glëcklech gemach. Eischter den contraire ass de Fall. Wann en méi huet, wat en sech méi Suergen mëcht fir och nët nëmmen eppes dovun erëm ze verléieren. An wëllen mir wirklech aus Lëtzebuerg en zweet Singapore machen, mat enger oder 2 Milliounen Awunner, well bei 700´000 ass et jo mat dëser Logik bestëmmt nët Schluss.
Könnt dir mir w.e.g. den Drang zu ëmmer méi erklären?

An der "DIE ZEIT" Ausgab vum 20. Mee 2009 gët an engem langen Artikel genau des Problematik vum Wuesstum beschriwen. d´Léisungsiddien wéi Grondakommes an en anert Geldsystem gët et och schons seit langem. Si sin durchaus realiséierbar, wann mir wëllen, genee wéi d´Milliarden fir d´Rettung vun den Banken.Wien huet den Mut dat unzepaken?
Ech freen mech äer Aentwert ze liesen

Mat frëndlechen Gréiss

Äntwert vum Frank Engel
bis elo kengRecommandatiounen
28.05.2009
Frank Engel
Léiwen Här ,

och dëst ass nees eng Fro, op déi d´Äntwert de Kader vun dësem Site sprengt. Duerfir just esouvill: ech ka mer perséinlech gang gutt virstellen, datt mer virun engem globale Paradigmewiessel stinn. Meng Käerausso - ech mengen, Dir hutt se virgëschter owend op enger Table Ronde an der Maison de l´Europe live héieren - ass, datt ech dervun ausginn, datt largement genuch Geld am Circuit ass, fir d"Welt ze retten", an datt mer keen neit sollten drécken, fir dat ze maachen. Duerfir musse mer awer en éierbare neie Circuit vum Geld erschloss kréien. Et däerf an Zukunft net méi gehort ginn, op Plazen, wou et kengem dingt, an et däerf sech net kënschtlech vermehren, op eng Manéier, déi noutgedrongen zu Finanz- a Kreditblose féiert, an déi féiere grad esou noutgedrongen zu Krisen am Kapitalismus, ënner deenen ëmmer déi "kleng Leit", hei an uechter d´Welt, leiden. Et ass onmoralesch a verwerflech, ze akzeptéieren, datt et nun emol esou ass an esou muss viru goen. Et däerf net esou virugoen!

Ech mengen, datt et Zäit gëtt, fir iwer vëlleg nei Modeller vu globaler Gouvernance nozedenken, déi och déi grouss Betrieber an déi grouss Verméigen an d´Verantwortung huelen. Zu deem Thema - Dir denkt Iech vläicht, ech wéilt just Reklamm maachen, et ass awer net esou - hunn ech och eng ganz Parti Saachen a mengem "Europa in der grossen Krise" geschriwen. Ech ginn dervun aus, datt de Globus endlech muss "regéiert" ginn, an datt an däer Gouvernance do - wat keng "Weltregierung" muss sinn, mee virun e System vun organiséiertem "Stewartship" fir de Planéit a seng Mënschen - net nëmme Staten eng Roll ze spillen hunn. ArcelorMittal beschäftegt méi Leit, wéi Island Awunner huet - an dat ass just EE Beispill. Däer Betrieber sinn nach. An sie mussen an Zukunft eng Roll derbäi spillen, datt mer e Wirtschafts- a Geldcircuit entwéckelt kréien, dee robust a kriseresistent ass.

A Saache Grondakommes soen ech just nach, datt ech dat net gesinn: et bréngt näischt, jidderengem, och wann e "räich" ass, Geld vum Stat ze ginn. Dat Geld brauchen déi méi néideg, déi näischt hunn, mee duerfir muss ermëttelt ginn, wat e Mënsch huet. Wann e genuch huet, brauch e kee Grondakommes vum Stat. Anerer schon, a si kréien et jo och, virausgesat, et ass eben ermëttelt ginn, datt s´et brauchen. Vun dëser Konditionalitéit ewechzerécken, géif ech fir e gesellschaftlechen an ethesche Feeler halen.

Bescht Gréiss,

Frank Engel
X
Äntwert recommandéieren
Fro zum Thema Internationales
27.05.2009
Vum:

Léiwen Här Engel,

Den Erwin Wagenhofer seet a sengem Dokumentarfilm iwert d´Geld dat fir all U.S. Dollar Entwëcklungshellëf dat zengtfach ënnert dem Dësch erëm zereckfléisst an dat iwert Steierparadeiser wéi Jersey oder Cayman Islands.

Wéi könnt den Här do drun fir dat ze soen? An wann et stëmmt, wat kéint en dogéint machen?

Mat frëndlechen Gréiss

Äntwert vum Frank Engel
bis elo kengRecommandatiounen
28.05.2009
Frank Engel
Léiwen Här ,

ech muss éierlech soen, datt ech dee gudde Mann do net verstinn. Oder nëmmen deelweis. Fir de Prinzip, kommt mir probéiere mol folgende Raisonnement. D´USA leeschten eng Entwécklungshëllef vun ëm 0,2 Prozent vun hirem PIB. Wann do dat zengfacht erëmkéim, wiren dat 2 Prozent vum amerikanesche PIB. Wa se géifen 0,7 Prozent Entwécklungshëllef leeschten - also d´Zil, dat d´UNO virginn huet - da krite se esou 7 Prozent vum PIB erëm. Domat wir hire Budget am Ekiliber, oder bal, an se kéinten hir total exorbitant Staatsschold ofbauen. Wann et esou einfach wir: mengt Der, si géifen dat dann net maachen? Mengt Der net, da géifen se scho laang e ganze Prozent PIB Entwécklungshëllef leeschten, fir der 10 erëmzekréien? Ech mengen dat op jidde Fall - wann et da géing. Mee et geet ebe net.

Wat de Mann natierlech ka mengen, a woumat e net onrecht huet: déi Vereenegt State leeschte contrairement zu eis keng "Netto-Entwécklungshëllef", mee eng, déi sech "brutto" definéiert: kaum ee kritt vun hinnen eppes, dees si kréien eppes zréck, an dat si ganz dacks Waffekontrakter. Vill vun deene gi "semi-offiziell" ofgeschloss, vu Scheinfirmen, déi zwar vum Pentagon gesteiert sinn, awer offiziell näischt mat der Regierung zu Washington ze dinn hunn. Dat si Marchéën mat trucéierten "End-User Certificates" an esou weider. D´USA haten nach nie e Problem dermat (oder villméi hir sëlleche Geheimdingschter, déi dacks a "Krichsféirung" géintenee verwéckelt sinn), zwou Parteien an engem Biergerkrich gläcihzäiteg mat Waffen ze beliweren. Esou Marchéën gi klassescherweis iwer Offshore-Konten ofgewéckelt, an déi si natierlech an Offshore-Zentren, woubäi d´Caymans fir d´USA ee vun den Haaptzentre fir hir manner präsentabel Aktivitéite sinn. Dat bei esou Marchéën also méi erakënnt, wéi de betraffene Stat Entwécklungshëllef kritt, ass duerchaus méiglech. Mee dat geet eben nëmme mat bestëmmte Staaten an an enger bestëmmter Gréissenuerdnung. All Entwécklungsland akzeptéiert esou eppes net - an dat ass ee vun de Grënn, wuerfir den USA hir Entwécklungshëllef net méi voluminéis ass, wéi se ass.

Mat beschte Gréiss,

Frank Engel
X
Äntwert recommandéieren
Fro zum Thema Gestioun an Federalismus
27.05.2009
Vum:

Här Engel,
wéi kann Europa gestaarkt aus der momentaner Wirtschaftskrise erauskommen?
Wat sin d´Staarkten an d´Schwächten vun Europa fir mat deser Krise fäerdeg ze gin?
Wat sin d´Gefohren, enner anerem fir déi méi kleng Staaten, mee wat sin awer och d´Chancen déi eis op europäeschem Plang an desen Zäiten opstin?

Mat beschten Gréiss,

A.
Äntwert vum Frank Engel
1Recommandatioun
28.05.2009
Frank Engel
Här ,

ech mengen, datt Europa an der Vergaangenheet d´Rezept haat, fir mat esou enger Kris ëmzegoen, mee leider hu mer et opginn an eis un d´Kichemethode vum angelsächsesche Kapitalismus gewinnt - mat de bekannte Resultater.

Äntwert a Preventioun gläichzäiteg par rapport zur aktueller Kris an enger méiglecher nächster kann a mengen Aen nëmmen déi sozial an ekologesch Maartwirtschaft sinn. E Wirtschaftsmodell, dee fräi Entreprise a sozial Sécherheet mateneen an Ekiliber bréngt, a wou d´Aarbecht dat ass, wat zu Wuelstand féiert - net Spekulatioun mam Geld vun anere Leit.

Ech plädéieren och a mengem Buch "Europa in der grossen Krise" fir e séiere Retour zum "europäesche Kapitalismus". En opzeginn, war falsch. Et ass geschitt ënner amerikaneschem an engleschem Drock an doduerch, datt déi nei Demokratien a Mëttel- an Osteuropa an den 90er Joeren de Casino-Kapitalismus einfach méi spannend fonnt hunn, wéi dee quasi sozialdemokratesche Modell vum fräie Maart, dee Westeuropa bis dohinner hat. Op Dauer produzéiert Geld net méi Geld. Dat geet net. Kreditwirtschaft setzt viraus, datt een aus 100 kann 200 maachen, mee et kann een net dauerhaft aus 100 Dausend maachen a mengen, et géing och nach méi. Eng Wirtschaft, déi just nach op Basis vun enger Kreditblos funktionéiert, eng Gesellschaft, déi ausschliesslech op Puff liewt, dat geet net riicht. Dat si mer elo amgaang, ze erliewen.

Mir mussen hannescht an eng Logik, wou ee schafft fir säi Geld a spuert amplaz ze spekuléieren. Wéi vill Leit hunn an dëser Kris Geld verluer, dat se guer net haten, oder dat se am Fong dringend géife brauchen? Dat alles weist, datt mer vergiess haten, datt ee Geld net iesse kann, an datt Geld net schafft - nëmme Mënsche schaffen, schafe Méiwäert a produzéieren dat, wat mer fir ze liewe brauchen. Et huet nach nie een eng Famill mat engem Finanzderivat ernährt.

Wann Europa et géif fäerdeg bréngen, säin ale Maartmodell, a seng Konzeptioun vum sozialen Ausgläich an der gesellschaftlecher Kohäsioun nei ze beliewen an och ze exportéieren, da kéinte mer der Welt e richtegen Impuls an dëser Zäit ginn, an eis Zukunft op méi zolitt Bee stellen. De Kapitalismus muss sech nei legitiméieren, an dat kann e nëmmen, wann en d´Leit virun de Profit stellt. Dat ass zwar de Slogan vun der KPL fir d´Walen, mee duerfir ass en nawell net falsch. Europa muss, fir dat kënnen ze packen, awer nees beienee fannen - an dat gesäit am Moment éischter schwiereg aus...an nawell musse mer alles drusetzen, datt et klappt. Ouni europäesche Leitmodell fir eng Wirtschaft am Dingscht vum Mënsch packe mer dës Kris net - a suguer wann, ass déi nächst scho virprogramméiert.

Bescht Gréiss,

Frank Engel
X
Äntwert recommandéieren
Är Fro un Frank Engel
D'Froenfunktioun gouf entre-temps zou gemaach.