Gudde Moien Här Engel,
Ech sin ee vun deene ville klenge lëtzebuerger Patronen, déi onse Premier kiirzléch als seriés betitelt huet.
De Premier huet bei dëser Interventioun och gemengt, dat déi kleng Patronen fir d´Eischt un hiert Personal, dann ëréischt u séch selwer denken an, dass daat luewenswert wier.
Fir dat ee klenge Patron daat awer realiséiere kann, muss hien all Daag d´Rad nei erfannen.
Ons Entreprise - um Immobiliemaart tätég - wollt séch kierzléch an deem Kontext eng nei Maartnisch sichen an huet, am Kader vun der "Libre Prestation de Services", seng Aktivitéiten op den belschen Immobilienmaart ausgedehnt.
Du goung ët awer lass!!
An der Belsch gët ët een Institut daat séch Institut Professionnel des Agents Immobiliers, kuerz IPI, nennt an d´Professioun vum Immobilienhändler regele wëllt.
Waat dësen Institut regele nennt, nennen éch awer Protektionismus.
Eng Klo vun engem vun de Membere vun deem Institut a selbstverständléch ee vun onse Konkurrente goung duer, dat mir mat schreckléche Massregelunge gedroht kruten a mëttlerweil, via onse lëtzebuerger Rechtsberoder, ee belschen Affekot hu missen aschalten fir all dëse Misär vun ons oofgewand zë kréihen an eventuell eng Zouloossung an der Belsch zë kréihen.
Et geet awer nët duer, dat éch noweise kann, dat éch d´Professioun schon zënter 1993 regelméisség zu Lëtzebuerg ausüben an héichstwahrscheinléch esou qualifizéiert, wa nët méi, wéi een belschen Immobilienhändler sin.
Neen: den IPI verlaangt postsekundär Studien fir den Agrément an der Belsch kënnen zë kréihen!!?? Probablement geht awer een Diplom vun enger Bitzakademie vun Houffalize duer, deen éch awer leider nët ka virweisen.
Dann elo méng Froo un Iech, Kandidat fir d´Parlament vun engem vereenten Europa:
Dierf ët an dësem, sougenannte vereenten Europa, dee beschriwwenen Prtotektionismus iwerhaapt nach gin a waat wëll oder kënn Dir, am Fall vun ärer Wahl, an deem Kontext ënnerhuelen?
Mat frëndléche Gréiss a beschte Wënsch fir den 7. Juni 2009,

J.