Georges Bach (CSV)

Georges Bach
Gebuertsdaag
-
Berufflech Qualifikatioun
-
Ausgeübte Professioun
-
Uertschaft
-
Walkrees
Lëtzebuerg
Landeslëschteplaatz
-
(...) Léif Madame Feyder,

Ech soen Iech villmools Merci vir Äre Fro.

Dësen Dossier huet schonn vir ganz vill Opregung gesuergt nach bevir een vun der Kommissioun verabschid konnt ginn. Dorops hin huet Kommissioun den 24 Abrëll eng Kloerstellung publizéiert, déi dir op menger Facebook Säit kennt noliesen oder um Site vun der Kommissioun: ec.europa.eu
De Moment handelt et sech ëm eng ´inoffizielle´ Propositioun vun der Kommissioun, well si nach net vum Kollege vun den Kommissairen ugeholl ginn ass. (...) Mee ech kann Iech versécheren datt ech Iech an Ärer Analyse komplett rescht ginn an et ass och mäin Point de Vue datt vilfalt vun de landwirtschaftleche Planzenzorten net däerf vun de groussen Lobbyisten decidéiert ginn!

Ech kann Iech also eréischt an e puer Wochen méi genau op Äre Froen Äntweren. (...)
 
Parlamentaresch Aarbecht
Froen un Georges Bach
Noriicht u folgend Adress schécken soubal eng Äntwert antrëfft


Die Datenschutzbestimmungen zur Behandlung meiner Daten habe ich gelesen.
Bitte loggen Sie sich hier ein.
Fro zum Thema Wirtschaft
25.04.2013
Vum:
Sylvie Feyder

Bonjour Här Bach

Hei ass en Aktiounsplang vun der EU-Commissioun, ec.europa.eu

Eng Neiausriichtung vum Europaësche Saatgutverkehrsrecht ass absolut dringend erfuerderlech. Well die aktuell Regelungen hunn zu engem massive Verloscht u landwirtschaftlecher Vielfalt an de leschte Jorzengte gefouert. Spezifesch Ufuerderungen vu landwirtschaftleche Betrieber, die iwert d’Produktivitéit vun Zorten eraus ginn wie z.B. Resistenzen geint verschidde Saachen wie Buedemverhältnisser, Temperaturen, Schädlingen(Mischkultur) goufen trotz Nofro duerch d’KonsumentInnen staark ageschränkt, well eben d’BigPlayer an deem Saatgutbuisseness di namlecht sinn die d’Pestiziden an d’Petro/Chemodüngeren produzéieren, Dow, Monsanto, BASF, BAYER, Pioneer asw.

Elo well d’EU-Kommissioun dëse Firmen nach mei Korporatismus géint de fräie Marché ermeiglechen mat dësem Gesetzesprojet ec.europa.eu

Weini stëmmt Dir als Souverän fir d’Rechter fir eis 400Milliounen Europaer ze stärken, iwert dëst Gesetz am EU-Parlament of, an waert Dir Iech fir oder géint dëst Gesetz entscheeden a kennt Dir äre Vote rational begrënnen?

Wann dir Iech fir e Jo décidéiert, déidéiert Dir da net fin de compte géint eng grondlegend neideg Kehrtwende am Saatgutrecht an an der Praxis vun der Ziichtung an den Eegentumsverhältnisser am Saatzucht-Beräich an verhënnert Dir da net aktiv:

  • d’Vielfalt vun de landwirtschaftleche Planzenzorten

  • d’Qualitéit vun der Erntesteigerung

  • d’Landwirtschaft méi emwelt- an mënschefrëndlech ze gestallten?

Wann Dir fannt dass dës Argumenter keng Validitéit hunn, bieden ech Iech dann dës och objektiv, rational ze widerlëen.

Hei nach e Léisungsusaaz: www.saatgutkampagne.org

Salutations
Äntwert vum Georges Bach
bis elo kengRecommandatiounen
26.04.2013
Georges Bach
Léif Madame Feyder,

Ech soen Iech villmools Merci vir Äre Fro.

Dësen Dossier huet schonn vir ganz vill Opregung gesuergt nach bevir een vun der Kommissioun verabschid konnt ginn. Dorops hin huet Kommissioun den 24 Abrëll eng Kloerstellung publizéiert, déi dir op menger Facebook Säit kennt noliesen oder um Site vun der Kommissioun: ec.europa.eu
De Moment handelt et sech ëm eng ´inoffizielle´ Propositioun vun der Kommissioun, well si nach net vum Kollege vun den Kommissairen ugeholl ginn ass. Viraussiichtlech soll de Bericht den 6 Mee vun der Kommissioun verabschide ginn.

Eréischt dann kennt des Propositioun an d´Europaparlament, wou de Bericht an déi Ausschëss kennt déi eng Expertise an dësem Domaine hunn. Ech kann elo schonn unhuelen datt den Agra-Ausschoss an den Environnement-Ausschoss vir dësen Dossier responsable gemaach ginn. Ech sin am Transport an am Emploi Ausschoss, sinn also leider net direkt am Ufank involveiert.

Eréischt wann déi responsable Ausschëss sech eenz sinn kennt den Dossier an Plenière wou ech dann och kann mat ofstëmmen. Bis dohin wert Parlament Propositioun vun der Kommissioun awer nach duerch vill Amendementer veränneren. Dat heescht den Text dënn an der Plenière zu Stroossbuerg ofgestëmmt wert ginn, ass net de nämmlechten Text wei vun der Kommissioun proposéiert. Dofir kann ech Iech nach net soen wei ech dann wärt ofstëmmen.

Mee ech kann Iech versécheren datt ech Iech an Ärer Analyse komplett rescht ginn an et ass och mäin Point de Vue datt vilfalt vun de landwirtschaftleche Planzenzorten net däerf vun de groussen Lobbyisten decidéiert ginn!

Ech kann Iech also eréischt an e puer Wochen méi genau op Äre Froen Äntweren. Falls dir nach méi Froen hutt géif ech Iech invitéiren mir direkt zouschreiwen oder einfach bei eis am Büro unzeruffen.

Op dëser Säit fannt Dir all meng Kontakter:
www.europarl.europa.eu

Mat beschten Gréiss,
Georges Bach
X
Äntwert recommandéieren
Är Fro un Georges Bach
D'Froenfunktioun gouf entre-temps zou gemaach.