Jacques-Yves Henckes (ADR)
Kandidat EU-Walen 2009
Dieses Profil dient zu Archivzwecken, eine Befragung ist nicht mehr möglich. Besuchen Sie das aktuelle Profil.

Jacques-Yves Henckes
Geburtstag
-
Berufflech Qualifikatioun
-
Ausgeübte Professioun
-
Uertschaft
-
Walkrees
Europa
Landeslëschteplaatz
-
(...) Letzebuerg, Europa an all demokratesch Länner mussen op des Länner Drock maachen datt hier Institutiounen méi demokratesch gin. Nuren eng demokratesch Kontroll am Ursprungsland kann verhenneren datt Politiker an héich Fonctionnären mat den raren Suen fun hierem Staat egal waat maachen an staark ofsénen. Dofir schengt mier och wichteg datt én d´Suen fier d´Entwecklungsprojet´en net einfach an di jéweileg Staatskésen iwerweist ouni datt eng streng Kontroll gemaach get waat effektiv mat déne Sue geschitt . (...)
 
weider Profiler
Froen un Jacques-Yves Henckes
Choix vun de Froen an Äntwerten
Noriicht u folgend Adress schécken soubal eng Äntwert antrëfft


Bitte loggen Sie sich hier ein.
Fro zum Thema Internationales
27.05.2009
Vum:

Léiwen Här Henckes,

Den Erwin Wagenhofer seet a sengem Dokumentarfilm iwert d´Geld dat fir all U.S. Dollar Entwëcklungshellëf dat zengtfach ënnert dem Dësch erëm zereckfléisst an dat iwert Steierparadeiser wéi Jersey oder Cayman Islands.

Wéi könnt den Här do drun fir dat ze soen? An wann et stëmmt, wat kéint en dogéint machen?

Mat frëndlechen Gréiss

Äntwert vum Jacques-Yves Henckes
bis elo kengRecommandatiounen
04.06.2009
Jacques-Yves Henckes
Léiwen Här ,

Déi Ausso fum Erwin Wagenhofer schengt am Prinzip net falsch ze sin, Mà daat zengtfach schengt iwerdriwen.
Tatsach ass datt an der vergangenhét an och haut eng etlech Leader´en fun Entwecklungslänner an d´Schlagzaile geroden well waat d´akommes fun hierem Land ugét deck ofgesént hun. Dest a ass speziell de fall an déne Lànner wou et eng Diktatur gett, Beispill namibien oder wouet mat der d´Democratie net deck ass. Letzebuerg, Europa an all demokratesch Länner mussen op des Länner Drock maachen datt hier Institutiounen méi demokratesch gin. Nuren eng demokratesch Kontroll am Ursprungsland kann verhenneren datt Politiker an héich Fonctionnären mat den raren Suen fun hierem Staat egal waat maachen an staark ofsénen. Dofir schengt mier och wichteg datt én d´Suen fier d´Entwecklungsprojet´en net einfach an di jéweileg Staatskésen iwerweist ouni datt eng streng Kontroll gemaach get waat effektiv mat déne Sue geschitt . Weider schengt och wichteg datt Letzebuerg weider op égen Investitiounsprojet setzt wou é gené ka gesin datt d´Suen an dé projet investéiert gin dén fun den ONG ennertstetzt an controlléiert gett.

Wann Suen an Steierparadeiser landen a wann des Suen op eng illegal Mannéier mussen des Suen kenne confisquéiert gin wann eng Plainte aus dem Ursprungsland kennt. Dest ass an der Vergangenhét geschitt. (Beispill Mobutu) Mà dest verhennert net datt den president fun engem arme Land ewéi Namibien Fra an kanner mat engem Privatjet op London akafe scheckt. An esou Fäll mussd´Entweckungshellef strikt Projetgebonne sin esou datt én de Lait helleft ouni datt den Dictator e su dofu kritt.

Salut

Jacques-Yves HENCKES
X
Äntwert recommandéieren
Är Fro un Jacques-Yves Henckes
D'Froenfunktioun gouf entre-temps zou gemaach.