Jean ASSELBORN (LSAP)
Abgeordneter Chamber

Joergang
1949
Berufflech Qualifikatioun
maîtrise de droit judiciaire
Ausgeübte Professioun
Vice-Premier ministre - Ministre des Affaires étrangères
Uertschaft
Steinfort
Walkrees
Alle
Landeslëschteplaatz
-
(...) Et ass gutt ze gesinn, dass Biergerinnen a Bierger bei Ëmstänn, wéi se am Iran am Beräich vun de Mënscherechter virkommen, d’Initiativ ergräifen. (...) Andeems déi 27 Memberstate matt enger Stëmm schwätzen, hu mer déi beschte Chancen, fir der Madame Mohammadani-Ashtiani - an och aneren - ze hëllefen. (...)
 
weider Profiler
Parlamentaresch Aarbecht
13.07.2010
Projet de loi 6148
net partizipéiert
15.10.2009
Projet de loi 5846
net partizipéiert
Froen un Jean ASSELBORN
Choix vun de Froen an Äntwerten
Noriicht u folgend Adress schécken soubal eng Äntwert antrëfft


Bitte loggen Sie sich hier ein.
Fro zum Thema Internationales
20.04.2010
Vum:

Här Ausseminister

Laut BBC-Interview mat dem stellvertriedene Ministerpresident vu Griichenland dem Här Theodoros Pangalos news.bbc.co.uk huet Däitschland Griichenland sämtlech Kapitalreserven geklaut während der Naziokkupatioun..
"D´Nazien hun deemools nämlech 100% vun de Goldreserven vum Staat a vun sämtleche Banke konfiskéiert". laut Ausso vum Theodoros Pangalos. Dofir as Griichenland esou e veraarmt Land a koum no dem 2te Weltkrich net méi richteg ob d Been. Schéngt dëst der EU egal ze sinn?
Schlëmmer nach, sinn d´ EU Oplagen net komplett onrealistesch oder setzen e Polizeistaat viraus deen d Leit klengt hält?
Fir dass mir en EU-Staat ginn, ass et indispensabel dass esou skandaleis Affaire gekläert ginn, well soss dës wonnerbar Iddi vun engem Staat Europa un der Inkompetenz oder der bewosst toleréierter Ongerechtegkeet regelrecht zu Gronn wäert goen an de Käpp, an an den Härzer vun de Biergerinnen a Bierger.

Heescht Europa net och emol e Schrëtt no hanne goen, an ëmmer am Interessi vun der Crédibilitéit vum Euro agéieren?

Kennt dir als Ausseminister vu Lëtzebuerg an dësem Konflikt Iech net als Médiateur probéieren, zweschen Daitschland a Griichenland fir dass erëm méi eng enk Kooperatioun a Frendschaft an dësen heiklen Zäiten statt fend zwëschen de Länner di sech an de Käpp vun de Leit ëmmer méi separéieren.
Net dass Dir do e Remboursement fuerdert, mee dass Daitschland sech enfin emol bedankt fir déi Milliarden Euro.Dat géif de Griichen ganz vill bedaiten, dëst schlemmt Kapitel kennen ze klasséieren. An mir aner Europäer geife verstoe kennen firwat mir Griichenland elo dës Geldhëllef aus der Staatskees ginn.Nämlech fir d´ Wonnen vum 2.te Weltkrich net erëm opzerappen an enfin kennen no fir ze kucken. Duerch Gewalt verursaachte Blessuren mussen ËMMER soignéiert a propper gemach ginn, ier se kennen zouwuessen ouni Bluddvergëftungen an zevill Narben ze hannerlossen.

Mes respects

Bis elo as nach keng Äntwert agetraff. Fir eng Noriicht ze kréien, wann eng Äntwert antrëfft, gitt Är e-Mails Adress iwwert d\ Benoriichtegungsfunktioun hei ënnen un.
X
Beim Antreffe vun enger Noriicht Bescheed soen
Fro zum Thema Demokratie an Biergerechter
29.07.2010
Vum:

Här Asselborn

Ech bieden Iech vu ganzem Häerzen, dass Dir äert Mënscheméiglecht macht, fir Exekutioun vun der Madame Sakineh Mohammadi Ashtiani ze verhënneren! freesakineh.org

1- Hutt Dir de Moyen wann ech gelift dem iraneschen Ausseminister dem Här Manouchehr Mottaki unzeruffen an hien ze bieden ob een di Doudesstrof net nach iergendwéi kann evitéieren, well di Madame zu Onrecht ugeklot ass a just ënner Folter gestanen huet?

Här Asselborn Dir sidd als Ausseminister do fir dat ze maachen wat d´Biergertum net maachen kann. Dofir bieden ech Iech vu ganzem Häerzen hëlleft den Dout duerch Stengegung vum Sakineh ze verhënneren.

2- Wat ënnerhuelt Dir konkret a wéini?

Villmools Merci fir eng séier Reaktioun, well all Stonn zielt...

Äntwert vum Jean ASSELBORN
bis elo kengRecommandatiounen
03.08.2010
Jean ASSELBORN
Madame ,
Merci dass Dier dëst wichtegt Thema uschwätzt. Et ass gutt ze gesinn, dass Biergerinnen a Bierger bei Ëmstänn, wéi se am Iran am Beräich vun de Mënscherechter virkommen, d’Initiativ ergräifen.
De Fall vun der Madame Sakineh Mohammadani-Ashtiani ass mer bekannt. Lëtzebuerg vertrëtt déi kloer Positioun, dass mer géint all Form vun Doudesstrof a Folter sinn. Am Kader vun der europäescher Aussepolitik huet déi Héich Vertriederin fir Aussepolitik, d’Madame Catherine Ashton, d’Uerteel géint d’Madame Mohammadani-Ashtiani ganz staark kritiséiert an den Iran dozou opgeruff, déi Strof ëmzewandelen. Aner Demarchë sinn och op EU Niveau ausgefouert ginn.
Andeems déi 27 Memberstate matt enger Stëmm schwätzen, hu mer déi beschte Chancen, fir der Madame Mohammadani-Ashtiani - an och aneren - ze hëllefen. Als Ausseminister trieden ech dofir an, dass Lëtzebuerg sech an der Europäescher Unioun och weider fir de Respekt vun de Mënscherechter staark mëscht.
Dat schléisst natierlech net aus, dass ech d’Thema Mënscherechter regelméisseg bei den iraneschen Autoritéiten uschwätzen, sou wéi ech et Ufank Juni mam iraneschen Ausseminister Manoucher Mottaki gemaach hunn, wou en op Visite zu Lëtzebuerg war.
Matt beschte Gréiss,

Jean Asselborn
X
Äntwert recommandéieren
Fro zum Thema Internationales
09.02.2011
Vum:

Här Ausseminister

Ech adrésseiere mech un Iech well meng Egyptesch Frënn via Facebook vun engem Massaker schwätzen wat hinnen haut an der Staad Karga wäit ewech vun den Aen vun der Press an den internationalen Observateuren widderfuer ass. globalvoicesonline.org D´Leit sinn mat schaarfer Munitioun säitens den Egyptesche "Secherheetskräft" einfach mutwëlleg ermord a mat excessiv vill Tréinegas schwéier verletzt ginn. Et gëtt an dësem PresseArtikel souguer behaapt de Mubarak-Régime hätt Leit aus de Prisongen gezielt entlooss fir d´ Fräiheetsbewegung ze "neutraliséieren"déi Prisonnéier gëtt weider behaapt am Artikel iwwerfaalen elo d´Leit doheem an hiren Haiser a verletzen se schwéierst wann si sech wieren. Denkt un d´Leet wat de Fraen, Kanner a Männer dohannen elo widderfiert wann dat wierklech stëmmt dass Prisonnéier gezielt vun der Regierung entlooss ginn fir d´Leit ze terroriséieren an d´ Biergerrechtsbeweegung nidder ze schloen, wei wann d´ Staatsgewalt net schon Terror genuch wier fir d´Leit.

Här Asselborn, kennt dir via d´Madame Ashton kucke fir dësen Terror dee geint all Menscherechtsenchartaën verstéisst, als eenheetlech EU ëffentlech ze veruerteelen?

Mir mussen elo op der Säit vum Vollek an Algerien bis Jordanien sinn. Dëst Si keng Revolten et si Revolutiounen ech hoffen d´EU erkennt dëse wichtegen Ënnerscheed a steet op der richteger Säit vun der Geschicht, well dans l´ occurrence de la neutralité vis à vis de la situation actuelle entre les opprimés et les oppresseurs, c´est de prendre enfaite la neutralité , serait enfaite de prendre les causes pour le puissant.

Villmools Merci a maacht weider esou wéi Dir amgaange sidd.

Bis elo as nach keng Äntwert agetraff. Fir eng Noriicht ze kréien, wann eng Äntwert antrëfft, gitt Är e-Mails Adress iwwert d\ Benoriichtegungsfunktioun hei ënnen un.
X
Beim Antreffe vun enger Noriicht Bescheed soen
Fro zum Thema Internationales
30.05.2011
Vum:

Här Asselborn,

Den 27. Mee 2011 sinn a Spuenien friddlech Demonstrante vun der Police brutal nidder geschloe ginn, hiert Eegentum konfiskéiert an deelweis zerstéiert ginn. Allgemeng ginn Regierungen duerch Europa ëmmer méi brutal géint friddlech Demonstratioune fir, sief et an Däitschland (Stuttgart 21), an England (Studenteprotester) oder eben lo a Spuenien.

Während Demonstratiounen (suguer Revolutiounen) an Nordafrika als demokratesch Beweegungen, och vun ierg selwer, geféiert ginn, lossen "heiheem" an der EU d´Regierungen hier Bierger vun der Police zerschloen.

Meng Fro un ierg als Ausseminister ass folgend: wisou reagéiert dir an är Europäesch Homologue op d´Gewalt géint friddlech Demonstrante wann se an Nordafrika geschitt, awer net, wann et an Europa geschitt? Wat gedenkt dir ze ënnerhuelen, dass an der EU Bierger rëm kënnen ouni Angscht hiert d´Mënscherecht op fräi Meenungsäusserung ausüben?

Ech soen ierg Merci fir är Äntwert.

Bis elo as nach keng Äntwert agetraff. Fir eng Noriicht ze kréien, wann eng Äntwert antrëfft, gitt Är e-Mails Adress iwwert d\ Benoriichtegungsfunktioun hei ënnen un.

Op dës Äntwert waarde bis elo 6 Interesséiert
X
Beim Antreffe vun enger Noriicht Bescheed soen
Fro zum Thema Demokratie an Biergerechter
25.09.2011
Vum:

Bonsoir Monsieur le Ministre,
pouvez-vous me dire quand le projet de loi numero 5949 relatif aux
registres communaux des personnes physiques verra le jour et mettra fin aux
injustices locales ?
amitiés socialistes,

Bis elo as nach keng Äntwert agetraff. Fir eng Noriicht ze kréien, wann eng Äntwert antrëfft, gitt Är e-Mails Adress iwwert d\ Benoriichtegungsfunktioun hei ënnen un.
X
Beim Antreffe vun enger Noriicht Bescheed soen
Är Fro un Jean ASSELBORN
  • Gouf Är Fro schon gestalt?
    Duerchsicht all Froen an Äntwerten an dësem Profil no engem Stéchwuert
  • Är Fro gouf bis elo net gestallt ?
    Gitt hei wann ech gelift Är Kontaktdaten an Är Fro an:
  •  

    D' Uginn vun Ärem komplette Numm as obligatoresch
    De Numm gëtt verschlësselt an as net iwwer Google & co repérabel

  •  

    D' Uginn vun Ärem komplette Numm as obligatoresch
    De Numm gëtt verschlësselt an as net iwwer Google & co repérabel

  •  

    D' Uginn vun enger valabeler E-Mails Adress as obligatoresch
    Dëst as noutwenneg , vir Iech iwwert eng Äntwert vum Deputéierten z'informéieren oder bei Réckfroen kontaktéieren ze kënnen. Är E-Mail Adress gëtt weder un de Politiker nach un Drëtter weiderginn.

  •  

    Dës Donnéeën sinn obligatoresch
    Se gett net verëffentlecht, mee un den Deputéierten weiderginn.

  •  

    Des Donnéeën sin optional.
    Se gëtt net verëffentlecht an nëmmen zu interne Verwendungen respektiv vir eventuell Reckfroen benéidegt

  • noch 2000 Zeichen

  • Folgend Felder goufe net ausgefëllt oder weise Fehler op.
    Virnumm, Familljennumm, E-Mail Adress und Uertschaft

  • Ech erkläre mech matt der Verëffentlechung vu menger Fro op politikercheck.lu anverstaanen.
    D' Fräischaltung ka jee no Benotzeropkommen e.Ë. e puer Stonnen daueren, vue que dass all angoend Fro vun engem Moderatiounsteam gepréift muss ginn.
    Ech hunn de Moderatiouns-Codex gelies a sëchergestallt, dass meng Froen net géint dësen verstéisst Moderatiouns-Codex opruffen
    Falls meng Fro net fräigeschalt ka ginn, wäert ech doriwwer vun engem Modérateur informéiert ginn.
    Aus Grënn vun der Rechtssécherheet gëtt Är IP-Adress gespäichert, awer net verëffentlecht oder un Drëtter weiderginn. Weider Informatiounen erhaalt Dir an eiser Dateschutzerklärung