Jean-Claude Juncker (CSV)
Kandidat Chamber 2009
Dieses Profil dient zu Archivzwecken, eine Befragung ist nicht mehr möglich. Besuchen Sie das aktuelle Profil.

Jean-Claude Juncker
Joergang
1954
Berufflech Qualifikatioun
Jurist
Ausgeübte Professioun
Premierminister, Staatsminister, Finanzminister
Uertschaft
-
Walkrees
Süden
Landeslëschteplaatz
-
(...) Mir wëllen 3 nei Garen an der Peripherie vun der Stad fir ënnert aanerëm déi Leit déi aus de Géigenden vun Thionville, Arel, Saarbrëcken an Tréier kommen. (...) Fir d’CSV ass d’Mobilitéit an den öffentlechen Transport eng Prioritéit an d’Investitiounspolitik vun dénen nächsten Joëren muss dém Rechnung droen. (...)
 
weider Profiler
Froen un Jean-Claude Juncker
Choix vun de Froen an Äntwerten
Noriicht u folgend Adress schécken soubal eng Äntwert antrëfft


Bitte loggen Sie sich hier ein.
Fro zum Thema Demokratie an Biergerechter
29.05.2009
Vum:

Gudden Owend Här Juncker,

ech wollt des Geleeënheet notze fir Iech perséinlech eng Fro ze stëllen déi mer scho laang um Häerz leit, a wou et em d´Grondsätz vu Chancëgläichheet geet.

Ech kann net verstoen, dass eng an déi selwecht Famill séit Jorzéngten den Oberhaupt vun eisem Land désignéiert. Gewëss kéint ee soen, dass et d´Monarchie schonns laang gëtt. Quasi eng Joerhonnerten Aal Traditioun. Mee well e Buch Aal ass, heescht dat nach laang net dass d´Wouerecht dra steet, a schonns guer net dass et bis an al Éiwegkeet Gültegkeet huet.
Wisou schwätzt der ëmmer en Faveur vun der Monarchie? Hutt Dir rsp. Är Partei nach ni mam Gedanke gespillt fir zu Lëtzebuerg eng Republik, ähnlech ewéi an Däitschland, anzeféieren? Do kann de BiergerInn, wann och indirekt, de BundespräsidentInn wielen.

Ech perséinlech géif mech als Bierger vu Lëtzebuerger jiddwerfalls méi wuel ville wa mer vun engem gewielte PräsidentInn géife vertruede ginn. Esou kéint ech mengem Kand soen, dass et och den ieweschter Poste vu Lëtzebuerg ustriewe kéint. Am Moment muss ech him soen; et deet mer Leed, mee du bass leider an der falscher Famill ob d´Welt komm.

Här Junker, ech wënschen Iech nach e schéinen Owend an alles Gutts bei de Walen,

Bis elo as nach keng Äntwert agetraff. Fir eng Noriicht ze kréien, wann eng Äntwert antrëfft, gitt Är e-Mails Adress iwwert d\ Benoriichtegungsfunktioun hei ënnen un.

Op dës Äntwert waarde bis elo 5 Interesséiert
X
Beim Antreffe vun enger Noriicht Bescheed soen
Fro zum Thema Wirtschaft
30.05.2009
Vum:

Bonjour cher Premier Minister

Wann Dir decidéiert haett dass mir ab dem Startdatum vum Euro also dem
1.Januar 1999, eise Salaire net mei an Flux oder Euro iwwerwisse
kritt hätten, mee an Form vu "Goldgutschainer", dei mer an der Bank an ongedecktent Pabeiergeld hätten emwandele kennen.
P.ex:
Soen mer ech haett deemols 40000Frang also +-1000Euro verdingt.
1000Euro waren den 1.Januar 1999 245 $ fir 31,1Gramm Gold sprech mir hätten e
Guttschein fir 124,4 Gramm Gold kritt fir e Salaire vun 1000€uro.

An soen mer ech haett bis haut kee Centime vu mengem Patron beikritt, mee ech
geif nach emmer"just" main 124,4Gramm "Goldgutschain" kreien,
wier main Salaire haut bei engem aktuellen Goldwert vun
800€uro fir 31,1Gramm Gold bei 3200 Euro!
Wuelbemierkt ouni ee Frang derbai ze kreien sait 1999 saitens mengem Patron!!!

Fierwat hutt Dir dat net gemaach?
Sidd dir Iech bewosst dass mer domatt
proportionell daat raichsten Land wieren, weltwait.
Ouni d´Risiken vun enger Déflatioun, bien entendu well mer jo kee richtegt Gold kriiten,
mee e Guddschain deen mer an Pabeiergeld emwandelen geifen.

Wann ee kukt wei d´FED(waat eng Privatbank as!!!) zum Beispill schafft

sait 1917 ass et all halbwegs gesondem Menscheverstand kloer,
dass eisen ongedeckte Geldsystem mat sengem destruktiven Zenssystem nemmen
kann an enger konstanter Inflatioun an eventueller Hyperinflatioun krepéieren.

Merci villmools fir Är Äntwert.

Bis elo as nach keng Äntwert agetraff. Fir eng Noriicht ze kréien, wann eng Äntwert antrëfft, gitt Är e-Mails Adress iwwert d\ Benoriichtegungsfunktioun hei ënnen un.

Op dës Äntwert waarde bis elo 4 Interesséiert
X
Beim Antreffe vun enger Noriicht Bescheed soen
Fro zum Thema Bildung an Fuerschung
30.05.2009
Vum:

HärJuncker,

all Respekt fir Ären Optrëtt zu Jonglënster, do ass net vill drun auszesetzen.
Trotzdeem zwou kleng Remarquen:

Dir sot, mir hätten zu Lëtzebuerg just eng Televisioun, an dat wier och gutt sou.

Domat hutt Dir wuel RTL gemengt, mä dat stëmmt net: mir hunn och den Uelzecht Kanal zu Esch, Nordliicht TV am Norden an den oppene Kanal, also den DOK. Donieft gëtt et z.B. och nach Chamber TV ... an dat ass och gutt esou,
well ech déi deelweis arrogant Aart a Weis vun RTL scho laang net méi ausstoe kann.

Dir sot, datt d´CSV ganz vill fir d´Recherche gemaach huet an hutt vun de Millioune geschwat, déi zënter 2000 an d´Recherche gestach goufen.

Dat héiert sech gutt un, mä an der Recherche leeft villes net esou wéi et soll, hei denken ech z.B. un déi vill C.D.D.en fir d´Chercheuren, déi bal ni e Contrat à durée indéterminée (C.D.I.) kréien. De Problem ass bekannt, mä wivill jonk Generatioune ginn nach lénks leie gelooss, bis endlech Neel mat Käpp gemaach ginn.

An zum Schluss géing ech mer wënschen, datt de Kulturminstär keng Sue méi an d´Rockhal géing stiechen. D´Rockhal soll sech selwa droen, et kann net sinn, datt déi international Artisten, déi souwisou schonns all Millionäre sinn,
vun eisem Stat bezuelt ginn, fir dann hei nach eemol anzesäckelen. Op all de Posteren ass de Logo vum Kulturminstär, an déi Lëtzebuerger Artiste solle fir hir Reklamme selwa bezuelen?

bescht Gréiss,

Luss D
Äntwert vum Jean-Claude Juncker
3Recommandatiounen
04.06.2009
Jean-Claude Juncker
Här Didier,

d´Recherche ass nun emol en Domaine, wou ganz vill Aktivitéit projetsgebonnen ass. Déi Projeeë musse finanzéiert ginn, a wann de Finanzement an der Rei ass, gëtt fir dee Projet rekrutéiert. Deen huet dann e bestëmmte Budget, an eng bestëmmte Lafzäit - an dat erklärt d´Zäitverträg, déi dann ofgeschloss ginn, well Chercheure spezifesch fir dësen oder dee Projet erugezu ginn. Natierlech gëtt et doriwer eraus eng "strukturell" Recherche, wou d´Kontrakter och anescht gehandhabt ginn - mee d´Autonomie vun der Uni an de Forschungszentre bedingt, datt si selwer driwer bestëmmen, wéi eng Zort Verträg se fir wéi eng Aktivitéit ofschléissen. Dat ass awer kee lëtzebuergescht Phänomen, mee en internationalt.

De Finanzement vun der Rockhal an hirem Betrieb ass net dat selwecht wéi dee vun den Artisten, déi do optrieden. Mee ech leeden Äer Suerg awer un den zoustännege Ministère weider.

Mat beschte Gréiss,

Jean-Claude Juncker
X
Äntwert recommandéieren
Fro zum Thema Verkéier an Infrastruktur
31.05.2009
Vum:
Guy

D´Tram-Léisung ass wahrscheinléch nët ze réaliséiren (zumindest nët zu engem raisonnablen Preis-Leeschtungsverhältnis).

Wann en alles mat arechent (a nët nëmmen 2 oder 3 ausgewielte Posten) an och d’Erspuernisser am Mobil 2020 déi de Bus-Bunn Konzept erméiglecht, ass de Bus-Bunn (och nach RER genannt) vill méi bëlleg wéi d´Tram Léisung. Detailer fannt dir um Site www.rer.lu.

Doriwer eraus ass d´Bus-Bunn Léisung vill méi leeschtungsfähig wéi d´Tram-Léisung.

Den Tram bréngt e besschen méi Kapazitéit, wéi déi Bussen, déi den Tram ersetzt.
Am Tram-Konzept muss e méigléchst daks emsteigen (vum Zuch op den Tram, dann op de Bus, ...).
Déi vill Haltestellen a Kräizungen op der Tramslinn kaschte vill Zäit.
E wichtege Problem ass och de Risiko vu Stauen (duerch ze vill Verkéier oder duerch Akzidenter).

De Bus-Bunn bréngt eng grouss zousätzléch Kapazitéit (komplett Zich mat 2 Stäck).
Duerch déi +- 12 Garen op de wichtegste Punkten vun der Stadt kënne ganz vill Leit direkt mam Zuch bis (bal) dohin fueren, wou si hi wëllen.
D´Buslinnen kënnen duerch e leeschtungsfähegen Zuchréseau an der Stadt verbonne gin. Doduerch kann de Knuet (Stau an der Avenue de la Liberté, um Aldringer, op de Bréken, ... ) aus ville Bus-linnen eliminéiert gin.

Wann e manner Autoen an der Stadt wëll, muss e keen Tram bauen, den déi puer grouss Stroossen a Bréken blokéiert.
Et ass besser
  • engerseits eng leeschtungsfäheg Alternativ unzebidden (Bus-Bunn Konzept)
  • an anrerseits méi Foussgängerzonen, Busspuren, Velosweeër, breet Trottoiren, Géngstreifen, ... unzeleeën.
Dat ass och politesch vill méi liicht duerchzesetzen.

De Bus-Bunn Konzept ass vill méi ausgereift, wéi den Tram-Projet.
Iwerzeecht iech selwer a vergleicht d´Dokumentatioun vum Transportministère (vill irrelevant Detailer, wichteg Punkten ignoréiert, kéng Léisung fir déi vill Problemer)
mat der viirbildlécher Dokumentatioun um www.rer.lu.

Kennt dir den Dossier ?
Wéisou ennerstëtzt dir den Tramsprojet ?
Äntwert vum Jean-Claude Juncker
2Recommandatiounen
03.06.2009
Jean-Claude Juncker
Här ,

(Dir hut enger Rei CSV-Kandidaten déi selwecht Fro iwert den Tram gestalt. Hei eng gemeinsam Äntwert.)

Fir d’CSV ass den Tram an Dél vun engem gesamten Mobiliteitskonzept dat eng Prioritéit op den öffentlechen Transport setzt.
Mir wëllen eist Eisenbunnsnetz verbesseren.
Mir wëllen 3 nei Garen an der Peripherie vun der Stad fir ënnert aanerëm déi Leit déi aus de Géigenden vun Thionville, Arel, Saarbrëcken an Tréier kommen.
Mir wëllen den Tram op dem Territoire vun der Stad ënnert anerem fir d’Feinverdeelung vun den Gares périphériquen aus ze garanteieren.

Den Tram mëcht nëmmen Sënn mam Zuchausbau, an den Zuchausbau an d’Périphériegaren machen nëmmen Sënn mam Tram.Well dat ganzt och positiv fir den innerstätteschen Transport ass, soll en Dél vun de Keschten vun der Stad Lëtzebuerg iwerholl gin. Mat dém Prinzip huet d’Stad Lëtzebuerg sech och d’accord erklärt.

D’Planificatioun vun desem Projet ass momentan schons esou weit dat fir den eischten Deel den APS (avant-projet sommaire) faerdeg ass an den APD (avant-projet définitiv) am gaangen ass ausgeschaft ze gin. Wéi bei all Projet vun dëser Gréisstenuerdnung bleiwen nach Froen ze klären, mee den Dossier ass an dénen leschten Méint gutt weider komm.

Selbstverständlech kenne mier den Dossier vun Bus-Bunn, esou wéi den Här Schummer en ausgeschaft huet. Mee fir eis ass den Tram esou wei en elo geplangt ass déi effizienst Léisung. Waat d’Finanzéierung ugét esou ass ët ganz kloër dat den Tram sëcherlech wésentlech méi bëlleg get wei en Zuch dén ganz duerch en Tunnel ënnert der Stad Lëtzebuerg géif fueren.

Fir d’CSV ass d’Mobilitéit an den öffentlechen Transport eng Prioritéit an d’Investitiounspolitik vun dénen nächsten Joëren muss dém Rechnung droen. Fir eis sin dës Investitiounen an d’Mobilitéit wichteg, well se nët nëmmen zur Kompétitivtéit vun eisem Land beidroen, mee och well se en wésentlëchen Beitrag fir de Klimaschutz sin.
X
Äntwert recommandéieren
Fro zum Thema Internationales
01.06.2009
Vum:
Guy

Sidd dir och der Meenung, dat Europa a Lëtzebuerg eng gemeinsam Kommunikatiounssprooch brauchen ?
Wéi eng Sprooch sollt dat sinn ? Englesch an Esperanto sinn d’Haaptkandidaten.

E puer Erklärungen zum Kontext vu menger Fro:

Die Europäischen Institutionen müssen viele Entscheidungen treffen, welche von äußerster Wichtigkeit für die Entwicklung Europas sind. Tausende Menschen verschiedener Nationalitäten sind am Prozess der Vorbereitung, Diskussion, Verhandlung, Beschlussfassung und Ausführung beteiligt. Dieser Prozess könnte wesentlich effizienter gestaltet werden, wenn die Kommunikation aller Teilnehmer in einer gemeinsamen, von allen beherrschten Sprache, geführt würde.

Bedingt durch die Globalisierung sind Wirtschaft und Forschung auf internationale Kommunikation angewiesen. Deshalb setzt sich in der Praxis Englisch als gemeinsame Kommunikationssprache durch. Dies verschafft den Amerikanern und Engländern einen bedeutenden Vorteil da die überwiegende Mehrheit der Europäer Englisch wesentlich schlechter beherrscht.

Im Schulwesen stehen kleine Länder vor einem Problem ohne optimale Lösung. Da die Beziehungen zu den Nachbarländern von äußerster Wichtigkeit sind, muss ein übermäßig großes Gewicht auf den Fremdsprachenunterricht gelegt werden. Da die Anzahl der Schulstunden beschränkt ist, muss man die Studienzeit für die anderen Fächer und Kompetenzen zu stark beschränken.

Viele Europäer kennen eine oder mehrere Fremdsprachen. Die Kenntnisse der Fremdsprachen sind jedoch meistens oberflächlich. Dies bewirkt, dass vor allem die oberflächliche, kommerzielle, amerikanische Kultur sich in Europa durchsetzt. Die reiche, tiefgründige Kultur der europäischen Völker kann kaum über die Sprachbarrieren vermittelt werden. Nur durch eine gemeinsame Kommunikationssprache, welche alle beherrschen, könnten alle Europäer aus diesem kulturellen Reichtum schöpfen.

Bescht Gréiss

Bis elo as nach keng Äntwert agetraff. Fir eng Noriicht ze kréien, wann eng Äntwert antrëfft, gitt Är e-Mails Adress iwwert d\ Benoriichtegungsfunktioun hei ënnen un.

Op dës Äntwert waarde bis elo 3 Interesséiert
X
Beim Antreffe vun enger Noriicht Bescheed soen
Är Fro un Jean-Claude Juncker
D'Froenfunktioun gouf entre-temps zou gemaach.