Jean-Claude Juncker (CSV)
Kandidat Chamber 2009
Dieses Profil dient zu Archivzwecken, eine Befragung ist nicht mehr möglich. Besuchen Sie das aktuelle Profil.

Jean-Claude Juncker
Joergang
1954
Berufflech Qualifikatioun
Jurist
Ausgeübte Professioun
Premierminister, Staatsminister, Finanzminister
Uertschaft
-
Walkrees
Süden
Landeslëschteplaatz
-
(...) Wéi géif ech engem Mindestlounbezéier erklären, datt niewent him e Mënsch, dee net schafft, ouni all Konditioun e Grondakommes vum Stat iwerwise kritt, während e parallel Loyeren erakritt oder soss nach déi eng oder aner Akommesquell huet? Esou en onkonditionellt Grondakommes entsprécht net menger Siicht vun de sozialen Ausgläichstransferen. Ech sinn derfir, datt jidderee ka liewen, an datt de Stat em derbäi hëlleft, wann e selwer keng ausreechend Akommesquellen huet. (...)
 
weider Profiler
Froen un Jean-Claude Juncker
Choix vun de Froen an Äntwerten
Noriicht u folgend Adress schécken soubal eng Äntwert antrëfft


Bitte loggen Sie sich hier ein.
Fro zum Thema Finanzen
03.06.2009
Vum:

Léiwen Här Juncker,

Ech hun Iech en Samsden an der Sendung "Riicht eraus" Radio 100,7 héieren. Aer Stellungnam zur Solidaritéit huet mir immens imponéiert, besonnesch do wou Dir sot dat Dir Iech géint eng Zwee-Klassen Gesellschaft wëllt wieren an dat dementsprechend d´Steieren kéinten no uewen ugepasst gin. Mee ech sin nët secher opp ech Iech richteg verstan hun. Heecht dat, dat déi di vill hunn, och méi zur Allgemengheet sollen beidroen? Wéi erklärt Dir dann an dësem Kontext Ofschaffung vum impôt sur la fortune? Oder huet Dir eng aner Iddi wéi d´Solidaritéit bei méi klengen Bréidercher vun jidferengem gedroen an gespirt gët, vlaicht ënnert der Form vun engem Potlatch de.wikipedia.org

Mat frëndlechen Gréiss

Äntwert vum Jean-Claude Juncker
2Recommandatiounen
03.06.2009
Jean-Claude Juncker
Léiwen Här ,

mir hunn e Steiersystem, deen duerch d´Progressivitéit vum Taux derfir suergt, datt déi, déi méi hunn, och méi Steiere bezuelen. Dat wäert esou bleiwen. An de nächste Joere kënnen d´Steieren net erof gesat ginn. Mir wëllen se och net an d´Lut setzen, well eng iwerméisseg héich Steierlaascht schlecht fir d´Erhuelung vun der Konjunktur wir. Mir hunn an der Vergaangenheet Momenter kannt, an deenen d´Steieren iwwergangsméisseg gehéciht goufen - sou deen, wou d´Solidaritéitssteier agefouert gouf.

Den impôt sur la fortune ass eng Steier, däer hir Berechnungsgrondlag net méi zäitgeméiss ass.

E Potlatch wäerte mer wuel net organiséieren. Den Ëmverdeelungssystem, dee mer kennen an ausgebaut hunn - zum Beispill iwwer d´Steierkrediter zugonschte vun all Mënsch, och deenen, déi keng Steiere bezuelen - ass déi Aart a Weis, wéi mir wëlle fir sozialen Ausgläich am Land suergen.

Mat beschte Gréiss,

Jean-Claude Juncker
X
Äntwert recommandéieren
Fro zum Thema Gesondheet
04.06.2009
Vum:
Jos

Wéi stellt dir iech zum PRN
(en Finanzéirungsinstrument vun der UCM fir Soignantspersonal ze berechnen)
Dëst Instrument verlangt vum Soignant virun allem am Beréich vun der Psychiatrie ëmmer méi ze dokumentéiren esou dat hien sëch ëmmer méi vum Patient entfernt an ëmmer manner Zeit huet fir sëch mat him ze beschäftigen.
Dëst Instrument ass ëm sou méi interessant fir UCM well jo wann ët zu engem Stellenofbau kënnt sie jo direkt dem Soignant Schold kënnen gin, well den Soignant jo nët richtëg dokumentéiert huet!!
( Déi consignen wéi dokumentéiert soll gin änneren jo och andauernd sou dat dat wat gëschter wouer war haut schons rëm anëscht ass!!)

Bis elo as nach keng Äntwert agetraff. Fir eng Noriicht ze kréien, wann eng Äntwert antrëfft, gitt Är e-Mails Adress iwwert d\ Benoriichtegungsfunktioun hei ënnen un.
X
Beim Antreffe vun enger Noriicht Bescheed soen
Fro zum Thema Kultur
04.06.2009
Vum:

Ich habe heute das Interview mit Ihnen in der Schwäbischen Zeitung gelesen. Ich stimme Ihnen in allen Ihren Anworten zu. Sehr gestört hat mich Ihre Formulierung "Wir haben verlernt stolz auf auf die großen....."
Die Wortwahl "stolz" finde ich, übrigens ein Wort des Zeitgeists, nicht gut gewählt.
Ich denke, wir sollten viel häufiger dafür das Wort "dankbar" verwenden. Oder was meinen Sie?

Bis elo as nach keng Äntwert agetraff. Fir eng Noriicht ze kréien, wann eng Äntwert antrëfft, gitt Är e-Mails Adress iwwert d\ Benoriichtegungsfunktioun hei ënnen un.
X
Beim Antreffe vun enger Noriicht Bescheed soen
Fro zum Thema Demokratie an Biergerechter
04.06.2009
Vum:

Bonjour Här Juncker

Villes an der Verfassung get emgeänert,ech wees just net emmer op et gudd ass un der Verfassung eremzeschaffen.

Meng Fro wier elo mol déi héiten:

Get un éiser Verfassung esou vill drun geschafft,vu que dass
d´EU-Constitutioun net a Kraft kann tieden duerch e puer Läner,
an mir elo éis Verfassung dofir conform setzen?

Ech haat des Fro schon un d´Madame Closener gestallt obgronds engem Commentaire um RTL-Site vun hirer Säit,hunn awer léider dorophinns null Äntwert kritt,esou sinn ech gezwongen Ierch déi zoukommen ze lossen, well dir jo onsen Staatsminister sidd an dorober mir besser äntwerten kennt !

Dann well ech Ierch nach froen,waat ass ennert desen Wierder ze verstoen: "Modern Demokratech Monarchie"?

Ebensou wollt ech wessen Wéiwäit dierf een Demokratech sinn an wou ass d´Grenz?

Och wollt ech emol wessen wou des Duebbelbestéierung ugeet,z:b. beim Bierger, bei den Aktionnären oder sinn et déi Léit wou vill Posten hunn also quasi méi wéi normalt Akommes hunn oder fänkt se beim Normal Spurenden Léit un?

Heimaden wieren meng Froen un Ierch endlech eriwer an soen Ierch elo schon´s Villmols Merci fir Är Äntwerten.

Mat beschte Gréiss:

Bis elo as nach keng Äntwert agetraff. Fir eng Noriicht ze kréien, wann eng Äntwert antrëfft, gitt Är e-Mails Adress iwwert d\ Benoriichtegungsfunktioun hei ënnen un.

Op dës Äntwert waarde bis elo 4 Interesséiert
X
Beim Antreffe vun enger Noriicht Bescheed soen
Fro zum Thema Nationales
05.06.2009
Vum:

Léiwen Här Junker,

Merci, dat Dier Iech esouvill Zäit geholl hudd, fir détailléiert op méng läscht
Fro ze äntwerten.

Als Duechter vun engem ehemolegen Schmelzaarbechter op der ARBED huet et mech gefreet, wéi Dier den Owend an äerer Ried am Lycée Technique zu Esch d´Roll vum "Minettsdapp" am Räichtum vum Land erfiergehuewen hudd, et ass gudd, wann een d´Leit vun Zäit zu Zäit un fundamental Saachen erennert...

Eng läscht Fro läit mir allerdings nach um Häerz: an deenen läschte Wochen ass jo dovunner riets gaangen, dat wann d´CSV d´Wahlen gewennt, an der neechster Legislaturperiod d´Ufanksgehälter beim Staat un deenen aus dem Privatsecteur sollten ugepasst gin. Des Äusserung haat jo bekanntlech relativ vill Kritik ausgeléist. Falls des mesure tatsächlech sollt emgesaat gin, besteet dann net d´Gefor, dat de Patronat (ech denken elo haaptsechlech un deene groussen entreprisen aus dem Bau-, Transport- an Finanzsecteur) vun deser Gelegenheet profitéiert, d´Ufanksgehälter nach méi wellen erofzedrécken an op deem Wee e "nivellement vers le bas" op Käschten vun den salarié´en wellen duerchzesetzen? Entschöllegt mech, wann méng Fro e besschen naiv kléngt...

Ech soen Iech am viraus Merci a wenschen Iech "bonne chance" fir e Sonnden,

Mat beschte Gréiss,

Kovacs

Bis elo as nach keng Äntwert agetraff. Fir eng Noriicht ze kréien, wann eng Äntwert antrëfft, gitt Är e-Mails Adress iwwert d\ Benoriichtegungsfunktioun hei ënnen un.

Op dës Äntwert waarde bis elo 2 Interesséiert
X
Beim Antreffe vun enger Noriicht Bescheed soen
Är Fro un Jean-Claude Juncker
D'Froenfunktioun gouf entre-temps zou gemaach.