Jean-Claude Juncker (CSV)

Jean-Claude Juncker aktuell
Donnéeën zur Persoun
Joergang
1954
Berufflech Qualifikatioun
Jurist
Ausgeübte Professioun
Premierminister
Uertschaft
-
Walkrees
Süden
Landeslëschteplaatz
-
weider Profiler
Parlamentaresch Aarbecht
15.10.2009
Projet de loi 5846
net partizipéiert
Ëffentlech Aussoen
Choix vun de Froen an Äntwerten
Noriicht u folgend Adress schécken soubal eng Äntwert antrëfft
Bitte loggen Sie sich hier ein.
Fro zum Thema Kanner & Jugend
19.12.2009
Vum:
- C. -

Bonjour Här Premier Minister Jean-Claude Juncker
´
Ech schreiwen Iech un, well d´Madame Familjeministech et anscheinend net fir neideg hält, sech gréisstmeiglechem Biergercontact via dëse Portal ze stellen. Dofir hoffen ech, dass Dir e Mann vum Vollek sidd, a mir bei mengem groussen Uleien zum zukünftege Schutz vun de Kanner hëlleft.

Här Premier Minister ech well vun Iech wëssen, ob et wann ech gelift meiglech as, eng Art 12345 Telefon z´installéieren, wou wa Kanner do uruffen, direkt d´Police se siche kennt, a firun allem de Kanner versprecht a garantéiert, dass wann se et explicit wënschen, nie mei brauche bei hier krank sadistech Familjen zrèck ze goen! Nëmme sou helleft Dir de Kanner, dei d´Hölle auf Erden doheem hun.
Bitte Här Premier hëlleft de Kanner wou hei zu Letzebuerg systematesch doheem gefoltert gin, andeems se kennen eng Telefonsnummer dreien, wou een se garantéiert a l´immédiat siche kennt, an se dat schlemmt Kapitel Heemeschshaus kennen ofschléissen an e neit Kapitel an engem Foyer kenne starten.

Wat soll een dovun halen dat e Kand mat engem Joër schon geschloen a verlooss bei eng Pflegefamill gedëppt get do sexuell mësshandelt get mat 5 Joër dann adoptéiert get an do net eechtgeholl an weider betriwwelt get dann mat 12 vum Jugendriiter an de Centre socio éducatif bis 3 Méint virun den 18 versaat an dann haerno geschloen vergewalecht an domm gahaal eraus an t Welt geschéckt get? Ech verstinn guer naischt méi, dat dief dach un sech net sin .... Elo hun ech 26 Joër a kee kann mir soen ob desen Abus u Kanner rechtlech verjährt as oder ob ech dës Leit haut nach ëmmer usiche kann?

Ech wier immens frou, eng Äntwert vun Iech ze kreien. Well, obwuel ech supposéieren, dass Dir e vill beschäftegte Mann sidd, empfannen ech et als Är Pflicht alles Menschemeiglecht ze maachen waat zum Schutz vun eise Kanner baidreit.
Villmools Merci

Bis elo as nach keng Äntwert agetraff. Fir eng Noriicht ze kréien, wann eng Äntwert antrëfft, gitt Är e-Mails Adress iwwert d\ Benoriichtegungsfunktioun hei ënnen un.
X
Beim Antreffe vun enger Noriicht Bescheed soen
Fro zum Thema Aarbecht
12.01.2010
Vum:

Bonjour Här Premier Minister

Et huet eng Madame ënnert www.politikercheck.lu eng Fro gestallt , Zitat : Et geet ëm den Dikrech’er Béier Eis Famill huet virdrun dëse Film gesinn an d´ Tréine sinn eis d´ Baken erofgelaf. " www.youtube.com " Dëst soll keng Reproche sinn, de Kooperatismus am Kapitalismus oder de Raubtierkapitalismus wéi den Helmut Schmidt et nennt ass halt emol esou wéi en ass, an do kenne mir och näischt dergéint maachen.
Den Här Aloyse DAVID seet awer ab 4min57sec: "Firwat sinn d Lëtzebuerger dann sou domm a maache net selwer e Betrib?".an dëse gudde Mann bréngt et domatt absolut op de Punkt! Ech wollt Iech dofir froen, ob Dir als Politiker a mir d Bierger net d´ Méiglechkeet hätten den Dikkrich ‘er Béier ze retten? Kéint de Staat Lëtzebuerg net exzeptionell eng Offer ufroen, wéivill AB InBev géif froen fir eis di Firma ze verkafen? Wa mer eng Offer kéinte kréien, wier ech nawell frou wann dir de Leit géift un d´ Haerz leën fir "Biergerbéier" aus dem Dikrech ‘er Béier ze maachen, fir zum Schutz virun de Machenschaften ob der Bourse?
Doduerch hätte mir duerch Iech Politiker net nëmmen d Séil vun Dikrech erëm,
mä e Stéck Lëtzebuerger Kultur.
Dat géif heeschen, de Standuert bleift d´ Personal bleift, mir hätten d´ Spekulatioun éliminéiert, well jidderengem säi Stëmmrecht d´ nämlecht bleift. Ob hien oder hatt elo fir 500 Euro oder 100´000 Euro Pabeiere vun där Firma besetzt spillt keng Roll am Stëmmrecht. Béier a Bierger Hand kéint do eventuell d ´Solutioun sinn. D´ Staat Freiburg huet dat mat hirer Elektrizitéit gemaach. www.energie-in-buergerhand.de Wat do fir de Stroum gëllt kann hei duerchaus och fir den Dikrech’ er Béier applizéiert ginn.
Et wier séier gutt, wann Dir ob d´ mannst alles probéiere géift ze maache wat elo nach mënscheméiglech ass fir di Aarbechtsplazen an de Parfum deen Dikrech diffuséiert wa gebraut gëtt asw z´ erhalen.
PS:Do senn ech net den eenzegen mat der Meenung , mee op Facebook goufen des Sachen well vill erläutert an et gett heftegst diskuteiert.

Villmools Merci,

Bis elo as nach keng Äntwert agetraff. Fir eng Noriicht ze kréien, wann eng Äntwert antrëfft, gitt Är e-Mails Adress iwwert d\ Benoriichtegungsfunktioun hei ënnen un.
X
Beim Antreffe vun enger Noriicht Bescheed soen
Fro zum Thema Wirtschaft
15.01.2010
Vum:

Bonjour Haer Staatsminister

Waert Dir net der Meenung dat d Gesetz iwwert de licenciement fir "raisons économiques" koennt amendeiert gin, fir Faell vum Typ Delokalisation à la Diekirch ze beruecksichtegen?

Merci et mes respects

Bis elo as nach keng Äntwert agetraff. Fir eng Noriicht ze kréien, wann eng Äntwert antrëfft, gitt Är e-Mails Adress iwwert d\ Benoriichtegungsfunktioun hei ënnen un.
X
Beim Antreffe vun enger Noriicht Bescheed soen
Fro zum Thema Finanzen
14.04.2010
Vum:

Bonjour Herr Juncker:

Ech weilt gaeren wessen waat der do an der Tripartite mat den klengen Leit welles huet. Och wann verschidden Politiker mengen et geifen keng aarm Leit hei ze Letzebuerg kann ech iech soen et gin der mei wei den Herr mengt an et gin der emmer mei.Virwaat mussen mer klenger rem drenner bludden ??? Eis Familjen , eis Kanner kreien sou zesoen wann ech den Projet vum Herr Frieden kucken Zukunft verbaut, wei den Projet mat 21Joer keng Kannergeld mei, an dei dei dann Jura oder medizin wellen studeieren fir dei as et dann domm gaangen well vill Familjen sen Arbichterfamiljen an ouni des Helef kennen denen hier Kanner net studeieren an dann waat huet der domader erreecht??? Ech kann Iech et soen net vill mee nach mei Chomage , nach mei Leed an nach mei Schold etc pp.

Ech verstin awer dann och net wann mer sou an der Crise sen wei Politik et kann veraentwerten fir Milliounen an Ausland ze schecken, respektif Saachen ze kaafen dei mer net brauchen, soen dozou nemen Fliiger, mir hun all dei Joeren sou eppes net gebraucht virwaat dann elo wou mer an der Crise sen??? Genee wei verschecken vun der gêlle Fra, ech wees et as vun der BGL gesponsert gin mee mat eisem Steiergeld well ween huet hinen aus der Crise gehollef ??? Steierbezueler an soss keen...
Herr Juncker ech froen Iech anständeg, versetzt Iech emol an eis Lage, weest der dei meest Leit hei am Land verdengen den Mindestloun dat sen netto 1450€ an net wei Statec oder Etuden beleen dassen mer an der moyen 4000€ den Mount hun well wann dest sou wier geif keen sech geint den Projet vom Herr Minister Frieden wieren mee ech sen der Meenung dass den Herr Frieden sech vill Feinden geschaffen huet an dass dest sech bei den nexten Wahlen waert erausstellen...

Ech sen och nemen een armen Jong den duerch Netverscholden zum Invalidenfall gouf an ech hun et hart all mount fir iwwert ronnen zekommen also denkt driwer no an ech wier frou vun iech zeheieren
Mat frendlechen Greiss
Äntwert vum Jean-Claude Juncker
bis elo kengRecommandatiounen
23.04.2010
Jean-Claude Juncker
Léiwen Här ,

Villmools Merci fir Är Fro vum 14. Abrëll iwwert déi Pisten déi d’Regierung der Tripartite ënnerbreet huet fir de Budgetsdefizit nees an de Grëff ze kréien.

Ech wëll hei net laang drop agoen, datt dat Ideeë fir eng oppen Diskussioun waren a nach keng fäerdeg ficeléiert Decisioune vun der Regierung. Komme mer direkt zum Fong vun der Fro.

Dir maacht Iech Gedanke well d’Regierung haaptsächlech deene klenge Leit d’Laascht vun de Spuermoossname géing opdrecken. Ech kann Iech berouegen. D’Regierung ass sech dees Problem bewosst gewiescht an huet vu vireran speziell dorobber opgepasst. Leider ass awer vill vum Detail vun deene verschiddene Mesure verluer gaangen wéi se bis kommentéiert gi sinn.

Huele mer als Beispill d’Allocation de rentrée scolaire, dat zousätzlecht Kannergeld wat am August ausbezuelt gëtt. Der Regierung hier Propos ass, datt dës Allocatioun net méi un all Famille geet, mä just nach un déi déi et wierklech brauchen. Fir Äert Beispill ze huelen: eng Famill déi just de Mindestloun oder, bei zwee Kanner, och nach zweemol de Mindestloun huet, wäert déi Suen och weider kréien.

Wat d’Kannergeld no 21 Joer ugeet, ass et och net sou, datt d’Regierung einfach proposéiert hätt dat mir näischt dir näischt ze sträichen. Et gouf vun Ufank u kloer gesot, datt et parallel géing méi Suen als Bourse an/oder Prêt géing gi fir d’Studenten. Et geet eben drëm ze verhënneren, datt iergendee Jonken aus renge Geldsuerge raus net kéint studéiere goen. Et kann ee sécher soen, datt d’Studenten da no hirer Universitéit eventuell Schold wäerten hunn. Mee ass et wierklech e Problem wann en Dokter, deen duerno jo net fir nëmmen de Mindestloun wäert schaffen, muss dem Staat en Deel vun deem wat seng Studie kascht hunn zeréck bezuele muss? Ëmsou méi datt, wéi och lo, hien duerfir e speziell gënschtege Prêt kritt an en plus d’Zeréckbezuelen iwwer 10 Joer strecke kann.

Och beim Logement huet d’Regierung opgepasst, datt et grad net déi äermste Stéit trëfft. Wa mir d’Bonification d’intérêts wëllen ofschafen ass dat jo grad well och Leit déi 6, 7 an 8 000 Euro de Mount verdéngen déi kréien. Déi kleng Leit kréien dogéint eng aner Hëllef, déi Subvention d’intérêts heescht. Wien de Mindestloun verdéngt wäert also keen Euro verléieren a vun der Ofschafung vun der Bonification d’intérêts mol näischt matkréien. Déi déi méi verdénge wäerte lues a lues manner gehollef kréie wéi se méi verdéngen. Dat ass sou wéi et soll sinn. An dat ass och wat d’Regierung an der Tripartite proposéiert huet. Beim bëllegen Akt ass et iwwregens genau d’selwecht. Och hei ass net proposéiert en ofzeschafen, mä e just nach deene Famillen ze ginn, déi net sou vill verdéngen.

Dir gesitt, d’Regierung ass sech bewosst, datt ee net ob d’Käschte vun deene Schwächsten an eiser Gesellschaft soll probéieren de Budget nees an d’Riicht ze kréien.

D’Politik vun der Regierung ass e Ganzt. Mir wëllen do spuere wou et ze verdroen ass. Mir wëllen do d’Steieren an d’Luucht setze wou et déi breetste Schëlleren trëfft ouni awer hinne Lëtzebuerg ze vergraulen. Mir wäerte manner Investéieren, mä net radikal ofbremsen. D’Solidaritéit wäert weider spillen zu Lëtzebuerg. Si muss awer och an anere Beräicher spillen. Eis Entwécklungshëllef zum Beispill hëlleft deenen Äermste vun deenen Äermsten. Et ass ze einfach lo, wou mir spuere mussen, einfach ze soen déi sollen eleng eens ginn.

Mat beschte Gréiss,

Jean-Claude Juncker
Staatsminister
X
Äntwert recommandéieren
Fro zum Thema Demokratie an Biergerechter
29.04.2010
Vum:

Här Juncker

Wat geschitt an Zukunft mat den Jugendlechen wou net méi können studéiren goen?

Wat passéiert an all deenen sellechen Familien wou elo schon Probleemer existéiren fir hiren Kanner den Teller ze fëllen an de Schoulsaack? (de Mindestlouhn geet net duer)

De gros vun den Stéierzueler as elo schon verarmt, wéi geet et no der tripartite weider mat deenen aarmen Léit?

Main Patron geseit schwaarz fir seng Zukunft, vill aaner Klengbetrieber och! an, wat man ech wann ech muss goen? ! nôdeem den statut unique bewirkt huet dass vill Patron´en existenziell gefährdet sin, mussen se elo nach méi anTäsch greifen wou scho bal naischt méi ze huelen as, wat mat sech brëngt dass Klengbetrieber sech net méi trauen nach Léit anzestellen an lues awer secher zou man!

War den Dënschden op der place Claire Fontaine, wou Dir Här Minister kuerz nô 17:00 auer aus dem Aussenministère koumt, Dir hut Iech kuerz bei eisen klengen groupe vun Démonstranten gesellt, mee nodeem ons Käpp all erhëtzt waren, koum do och naischt dobai eraus. Perséinlech bedanken ech mech bei Iech dass dir awer ee Schratt op ons zou komm sidd, an wien wees, vlait kommt der nach een zweeten entscheedenden Schratt op onst Vollek zou.

Dir wart mir emmer ee grousst Viirbild , huelt mir dat net ewech weg!



léif Gréiss


Bis elo as nach keng Äntwert agetraff. Fir eng Noriicht ze kréien, wann eng Äntwert antrëfft, gitt Är e-Mails Adress iwwert d\ Benoriichtegungsfunktioun hei ënnen un.

Op dës Äntwert waarde bis elo 2 Interesséiert
X
Beim Antreffe vun enger Noriicht Bescheed soen
Är Fro un Jean-Claude Juncker
  • Gouf Är Fro schon gestalt?
    Duerchsicht all Froen an Äntwerten an dësem Profil no engem Stéchwuert
  • Är Fro gouf bis elo net gestallt ?
    Gitt hei wann ech gelift Är Kontaktdaten an Är Fro an:
  •  

    D' Uginn vun Ärem komplette Numm as obligatoresch
    De Numm gëtt verschlësselt an as net iwwer Google & co repérabel

  •  

    D' Uginn vun Ärem komplette Numm as obligatoresch
    De Numm gëtt verschlësselt an as net iwwer Google & co repérabel

  •  

    D' Uginn vun enger valabeler E-Mails Adress as obligatoresch
    Dëst as noutwenneg , vir Iech iwwert eng Äntwert vum Deputéierten z'informéieren oder bei Réckfroen kontaktéieren ze kënnen. Är E-Mail Adress gëtt weder un de Politiker nach un Drëtter weiderginn.

  •  

    Dës Donnéeën sinn obligatoresch
    Se gett net verëffentlecht, mee un den Deputéierten weiderginn.

  •  

    Des Donnéeën sin optional.
    Se gëtt net verëffentlecht an nëmmen zu interne Verwendungen respektiv vir eventuell Reckfroen benéidegt

  • noch 2000 Zeichen

    Ech erkläre mech matt der Verëffentlechung vu menger Fro op politikercheck.lu anverstaanen.
    D' Fräischaltung ka jee no Benotzeropkommen e.Ë. e puer Stonnen daueren, vue que dass all angoend Fro vun engem Moderatiounsteam gepréift muss ginn.
    Ech hunn de Moderatiouns-Codex gelies a sëchergestallt, dass meng Froen net géint dësen verstéisst Moderatiouns-Codex opruffen
    Falls meng Fro net fräigeschalt ka ginn, wäert ech doriwwer vun engem Modérateur informéiert ginn.
    Aus Grënn vun der Rechtssécherheet gëtt Är IP-Adress gespäichert, awer net verëffentlecht oder un Drëtter weiderginn. Weider Informatiounen erhaalt Dir an eiser Dateschutzerklärung
  • Folgend Felder goufe net ausgefëllt oder weise Fehler op.
    Virnumm, Familljennumm, E-Mail Adress und Uertschaft