Vum:


Här Premierminister,
Aktuell gëtt jo erem dovunner geschwaat fir d´Krisensteier 2013 nees anzeféieren fir den Staatsbudget an den Equiliber ze brengen.
Dëss Mesure, trëfft virun allem Leit mat engem niddregen Salaire déi esou schon mussen kucken fir iwert d´Ronnen ze kommen. Ech schwätzen hei net vun engem Salaire minimum, deen jo souwisou net betraff wärt sin vun deer Steier, mee vun niddregen bis mëttelheigen Salairen.
Gläichzäiteg votéiert eis Regierung dann e Gesetz iwert privat Fondatiounen, wou superräich Léit d´Méiglechkeet kréien hieren Patrimoine steierfräi unzeleen.
De Message ass also relativ kloer. Den klengen Bierger soll opkommen fir d´Krise déi hien mat Sëcherheet net ze verscholden huet, an déi ierwecht 1%, déi mat hierem Kapital sëcher Schold um Debakel hun, gin nach belount.
Dëss Tendenz gesäit een net nëmmen zu Lëtzebuerg, mee iwerall an Europa an och weltwäit. Nët emsoss sin Bewegungen enstaanen wéi Occupy, les indignés, etc.
Dofir elo hei meng Fro´en un iech:
Ass dësst d´Richtung déi eis Regierung an dir als Eurogruppenchef weiderhin wëllt bäibehaalen (national + international)?
Wann jo, mengt dir net dass daat mëttelfristeg wärt schief ausgoen an zu enger Revolutioun féieren?
Waat sin konkret déi nächst Etappen déi dir wärt ugoen fir aus der Kriis eraus ze kommen?
Villmols Merci am viraus fir är Äntwert