Vum:


Här Juncker, schéin hutt Dir geschwat, iwwert ons Kanner, ze guer hutt Dir di Kanner ernimmt, deenen et net sou gutt geet.Lo stellt sech awer eng brisant Fro!
Meng Niess huet 10 Joer an engem Foyer gewunnt, d‘ Mamm vum Meedchen huet hir’ t bescht gemaach vir d’ Kand.
Leider gouf se ermuert, Meng Niess krut KENG Weeserent zou gesprach, well meng Schwëster di lescht 3 Joeren virun hirem Doud NET kotiséiert huet, si huet wuel geschafft,
awer eben net di 3 lescht Joeren virun hirem trageschem Doud!Fannt Dir dëst net een Hohn?Ass dat kannerfrëndlech?
Di staatlech Instanzen hunn sech carrément futtéiert.Mir woren bei der Madame Rodesch Hengesch Ombudsfra fir Kanner, se hat Tréinen an den Aen, wéi meng Niess hir Geschicht erzielt huet, awer si huet gemengt dass wuel keng Chance besteet,
dass dëst Gesetz geännert géif.
Et misst schon een eng parlamentaresch Demande stellen, ma wien intresséiert sech dann dofir?
Meng Niess steet elo net eleng, ech als Tatta bekëmmeren mech ëm d’ Kand,
awer wéivill Kanner stinn eleng do, well d’ Gesetz et verlaangt!Wéi eng eleng stehend Mamm weess schonn, wéini si stierft, a wat se dem Kand domatter undeet?
Wat konnt si dofir, an d’ Kand eréischt,et krut nach Steng an de Liewenswee geluecht, deen vir hat schonns net einfach wor!
Wou ass di Kotisatioun vun menger Schwëster?Hat wor bestued mat deem Mann, deen hat ermuerd huet. d’ Kand bléift op der Stréck!! Ee Foyer’ s Kand, wat vill Misère erdroen huet, wat 10 Joer laanscht di Platz gelaf ass, a gespillt huet, wou hir Mamm erschoss gouf, vun engem deen dësen Terrain illegal betrueden huet!
Ech fuerderen eng Gesetzes Ännerung, dass et anere Kanner net sou ergeet, wéi menger Niess!
Wann Dir Stëmme wëllt sammelen, dann w.e.g. net op Käschte vun onse Kanner, informéiert Iech emol!
Ons Kanner sinn d’ Zukunft, an wann mir déi a Grond a Buedem bedréien, bedréien mir ons selwer!!
Dir als Premier sollt emol agéieren, aplaz vu Kanner rechter ze schwätzen, di dach net bestinn!!
Mat beschte Gréiss
