Jean Colombera (ADR)

Jean Colombera
Gebuertsdaag
-
Berufflech Qualifikatioun
-
Ausgeübte Professioun
-
Uertschaft
-
Walkrees
Norden
Landeslëschteplaatz
-
(...) Ech perséinlech giff d´Meenung vum Vollek wëlle héieren an setze mëch fir een Referendum an, deen bindend soll sin . (...)
 
weider Profiler
Froen un Jean Colombera
Noriicht u folgend Adress schécken soubal eng Äntwert antrëfft


Die Datenschutzbestimmungen zur Behandlung meiner Daten habe ich gelesen.
Bitte loggen Sie sich hier ein.
Fro zum Thema Bildung an Fuerschung
20.05.2009
Vum:

An der Schoul get et emmer nach Religiounsuntericht an Morale laïque an doduerch entsteet op der enger Säit eng kulturel Trennung an zwou Gruppen, déi och zwescht de Kanner zu Reiwereien féiert, an aanererséits eng Diskriminéierung vun aaneren Religiounsgruppen déi keen eegenen Cour hun. E Virschlag waar dass et een Cour laïque unique gin soll an deem och op déi enzel Weltreligiounen an hieren Glaawen agaanen get an dass Glaawen erem eng Privat Saach get. Esou ass et och schon deels am Ausland an der Praxis. Ech denken daat géif d´Kanner an der Schoul all gläichstellen an gräift keng Religioun un. Wéi stitt dir an den ADR dozou?
Äntwert vum Jean Colombera
bis elo kengRecommandatiounen
00.00.0000
Jean Colombera
Bonjour Här ,

Wat aer Fro iwwer den Religiounsunterrecht an d ´Morale laïque ugeet , dat ass relativ delikat ze beäntwerten. Jidfereen huet seng eegen Virstellung .. ech kann een gudden Chrëscht sin an Christus als Ideal ugesinn , een aneren mengt de Prophet Mohammed wär seng Idealvirstellung... je do huet all Biirger de fräie Choix sech ze positionnéieren. Bei der Vielfalt vun Glawensrichtungen wär een Cours laïque unique déi elegansten Léisung ... dat ass evident . Trotzdem huet eis Land eng chreschtlech Traditioun , déi een nët esou einfach daerf negligéieren . Et waer kontraproduktiv fir des traditionell kulturell an religiéis Wurzelen ze minimiséieren .De Gros vun der Populatioun hätt menger Usiicht no domadder etlech Problemer an do muss een virsichteg sin. Dofir respektéieren mir als ADR d´Entscheedung vun den Elteren an den Schüler zugonsten entweder vum Religiounsunterrecht oder vum Werteunterrecht an mer sin fir een gleichberechtegt Weiderbestoen vun denen 2 Fächer an der Schoul.

Ech perséinlech giff d´Meenung vum Vollek wëlle héieren an setze mëch fir een Referendum an, deen bindend soll sin . Et ass nëmmen normal dat déi GANZ Gesellschaft décidéieren muss wou sie wëll hinsteieren.Wann d´ Majoritéit fir een Cours laïque unique ass , dann soll deen och agefouert gin. Wann d´Majoritéit sech fir d´Religioun an den Werteunterrecht décidéiert , dann ass dat ebenfalls ze respektéieren. Fir mech ass dat deen eenzege Wé fir eng Solutioun ze fannen.

Bescht Gréiss .

Jean Colombera
X
Äntwert recommandéieren
Fro zum Thema Justiz
25.05.2009
Vum:

Et giff mech interesseiren wei aer Astellung vis à vis vun dem neien Hondsgesetz as ?
Merci am Viraus fir eng Aentwert
G
Äntwert vum Jean Colombera
bis elo kengRecommandatiounen
00.00.0000
Jean Colombera
Bonjour Här ,

Ech verstin nët wat eisen Législateur ( Députéiert ) am Kapp hun. Ech hun den Androck , dat sie d´Gesetzer nët duerchliesen , soss wär dat neit Muppegesetz niemols an deser Form gestëmmt gin. De gesonde Mënschenverstand existéiert nët méi. Verschidden Leit sin méi geféierlech wéi all d´ Déieren zesummen. Dëst Gesetz gehéiert an d´Poubelle.

Bescht Gréiss.

Jean Colombera
X
Äntwert recommandéieren
Fro zum Thema Gesondheet
27.05.2009
Vum:

Guten Tag Herr Colombera,
am 18.11.2006 sagte Herr Professor Wulf Rössler im Luxemburger Wort: "Es gibt noch eine Reihe Langzeitpatienten im CHNP, aber wir haben Probleme sie in angemessenen Wohnungen ausserhalb unterzubringen. Familienpensionen im Norden des Landes sind keine Alternative." Ich kenne einige Betroffene, die in solchen unbetreuten Pensionen oder auf Campingplätzen oder in anderen prekären Wohnsituationen leben müssen. Die Betreiber dieser Einrichtungen sind mit der ihnen zwangsweise auferlegten pädagogischen Betreuung vollkommen überfordert. Schlimmer noch: sie sind in Gefahr! Diese unbetreuten Patienten sind in ihrer Hilflosigkeit und ihrer Verbitterung eine Gefahr für sich und ihre Umwelt.
Aus internationalen Studien weiss die psychiatrische Fachwelt, dass die Gefahr eines Impulskontrollverlustes bei Langzeitpatienten in solchen unbetreuten Situationen sehr gross ist. Sie werden durch diese Umstände zu lebenden Zeitbomben. Wenn diesen Menschen dann auch noch die Aufnahme in den dafür vorgesehenen Kliniken des Landes verwehrt wird, potenziert sich ihre Verzweiflung, ihre Panik und ihre Amokbereitschaft noch um ein Vielfaches! Hierbei handelt es sich meiner Meinung nach um strukturelle Gewalt und Folter.
Was gedenken Sie, Herr Colombera, in der nächsten Legislaturperiode zu tun um diese grosse Gefahr für die Bevölkerung speziell des Nordens zu beseitigen? Herr Professor Werner hat im Saarland die psychiatrische Anstalt aus menschenrechtsrelevanten Gründen abgeschafft. Werden Sie sich ebenfalls für diese Lösung einsetzen?
"Wer vor der Vergangenheit die Augen verschliesst wird nicht nur blind für die Gegenwart: er wird schlichtweg unfähig zur Zukunftsgestaltung. Auch in einer postmodernen Gesellschaft braucht Zukunft Erinnerung. Nur so sind Versöhnung, Vergebung, Heilung, Fortschritt möglich." (Ady Richard, Luxemburger Wort, 08.10.2007)
Hochachtungsvoll
, Psychologe im CHNP und Gründer der LGSP (Letzebuerger Gesellschaft fier Sozialpsychiatrie)
Äntwert vum Jean Colombera
1Recommandatioun
00.00.0000
Jean Colombera
Herr ,

Die Gesellschaft muss entscheiden wo es hingehen soll . Sie hat eine kollektive Verantwortung und muss den Entschluss treffen ob die Langzeitpatienten im CHNP verbleiben oder ob diese Patienten ausserhalb untergebracht werden sollen. Ist Sie der Meinung , dass aus menschenrechtsrelevanten Gründen die psychiatrische Anstalt abgeschafft werden muss , dann ist es eine Notwendigkeit die nötigen Strukturen aufzubauen und geschultes psychiatrisches Personal zur Verfügung zu stellen.Ich kenne einige Patienten , die sich in so einer Situation befinden und von Zeit zu Zeit impulsartig ausrasten und die Betroffenen stehen dann vor einem Rätsel.Solange nichts Schlimmes passiert ... wird nichts unternommen.
De facto sollen diese Langzeitpatienten von einem psychiatrisch geschulten Therapeut betreut werden , der imstande ist die Vorboten eines impulsiven Aktes zu erkennen und dies nach dem Motto : " DER BESTE BETREUER für den schwerst zu betreuenden Patient."
Notwendig ist auch die Tatsache , dass diese Patienten , die eine - unsichtbare - Krankheit haben auch unter regelmässiger Kontrolle eines Facharztes bleiben , so wie alle andere Patienten mit sichtbaren Krankheiten ( Herzkranheiten , Diabetes...)
Falsch wäre es , diese Langzeitpatienten aus finanziellen Gründen -- sprich Krise oder andere Prioritäten -- in eine Alibi Struktur zu versetzen und abzuwarten, in der Hoffnung , dass alles gut wird.

Beste Grüsse.

Jean Colombera.
X
Äntwert recommandéieren
Fro zum Thema Internationales
01.06.2009
Vum:

Moien Härr Colombera,

Wiesou mescht är Partei gemeinsam Saach mat italieneschen Postfaschisten? Dir haat den Härr Eugenio Preta vun der italienescher Alleanza nazionale op ärem Kongress. Och esou Parteien wéi déi dänesch extrem-riets Dansk Folkeparti gehéiren zu der UEN (Union für das Europa der Nationen), zu där är Partei sech asoziéiert huet.

Deelt dir d´Meenung vun esou Parteien? Verstoppt sech hannert der ADR ieren eng rietsextrem Partei? Oder probéiert dir domadder "just" och déi Wiehler, déi den Pierre Peters net méi wiehle kennen, ze kréien?

Daat sinn Froen, déi mesch beschäftegen. Ech fannen e puer vun ären Ideen ganz gudd, mee ech well awer keng Sympatisanten vun Faschisten wiehlen!

Merci fir är Äntwert!
Äntwert vum Jean Colombera
bis elo kengRecommandatiounen
00.00.0000
Jean Colombera
Bonjour Här Murkes ,

D´ Fro ass berechtegt.
D´ADR setzt sech an fir een Europa vun den Natiounen . Eis Partei ass géint een zentralistesch gefouerten Europa. Dat ass secherlech de Point commun mat denen Parteien , déi Dir zitéiert hutt. Et muss een awer betounen , dat de Chef vun der Alleanza nationale , den Giancarlo Fini , méi wéi eng Kéier sech vum faschistechen Totalitarismus an Rassismus distanzéiert huet. " D´ Faschischten waeren d´Verkierperung vum absolut Béisen " ... dat huet den Fini zu Jerusalem gesoot. Dat ass eng kloer Ausso , mat derer een kann liewen.
Méi problematesch ass effektiv den Danske Folkeparti , déi als auslännerfeindlech agestuft gëtt. Do heescht et d´Evolutioun vun dëser Partei genau ze verfollegen , vu dat mir als ADR neischt mat esou engem Gedankengut ze din hun. Mir setzen eis fir d´Letzebuerger Sprooch an mam Ziel fir d´Integratioun vun den Auslänner besser ze réaliséieren. Dat huet guer neischt mat Rietsextremismus ze din .

Mir waerten secherlech ganz viirsichteg sin . Wann et eis ze bont gëtt , dann waerten mir réagéieren.

Bescht Gréiss.

Colombera.
X
Äntwert recommandéieren
Fro zum Thema Nationales
02.06.2009
Vum:

Léiwe Kandidat,
Ech stelle mir d´Fro, vu dass dir als eng vun deenen eenzegen Parteien op getrennte Leschten fir d´Chamber an Europawalen verzicht hutt; wéi dir daat da maacht wann dir op den 2 Leschte gewielt ginn. Wéi e Mandat huet Prioritéit?
Merci fir är äntwert
Äntwert vum Jean Colombera
bis elo kengRecommandatiounen
00.00.0000
Jean Colombera
Bonjour Här ,

Aer Fro ass berechtegt. D´ADR versicht dëss Kéier een Sëtz fir Europa ze kréien . Et waer fir d´éischt an hiirer 20 jähreger Geschicht.Et waer eng ganz rieseg Iwwerraschung an och eng grouss Erausfuerderung. Also een vun deenen 6 , déi sech opgestallt hun , muss d´Mandat unhuelen.Fir nët lächerlech do ze stoen , gin ech dovunner aus , dat een vun den 3 éischt gewielten op Stroosbuerg waert goen. .Eis Kandidaten sin mental drop preparéiert fir dat europäesch Mandat unzehuelen an op hir nationalt Mandat ze verzichten . Fir de Moment sollen mir awer d´Waalresultat ofwarden an keng Hypothesen opstellen.

Bescht Gréiss

Jean Colombera
X
Äntwert recommandéieren
Är Fro un Jean Colombera
D'Froenfunktioun gouf entre-temps zou gemaach.