Jean COLOMBERA (ADR)

Jean COLOMBERA aktuell
Donnéeën zur Persoun
Geburtstag
-
Berufflech Qualifikatioun
* Homéopathe * Médecin généraliste
Ausgeübte Professioun
* Secrétaire de la Sensibilité politique
Uertschaft
-
Walkrees
Norden
Landeslëschteplaatz
-
Parlamentaresch Aarbecht
Ëffentlech Aussoen
Choix vun de Froen an Äntwerten
Noriicht u folgend Adress schécken soubal eng Äntwert antrëfft
Bitte loggen Sie sich ein.
Fro zum Thema Famill
25.10.2009
Vum:

Bonjour Här Colombera

Ech hu folgend Fro un Iech.
Wann eng net bestuede Koppel 3Kanner mateneen huet an di Kanner alleguerten de Familljennumm vum Papp hunn, an sech dës Koppel dann trennt, huet de Papp nieft der Pflicht fir d´Alimenter och d´ Recht d´Suergerecht vir seng Kanner ze kréien?

Villmools Merci fir Är Äntwert.

Mat béschte Gréiss

www.dewelt.eu
Äntwert vum Jean COLOMBERA
1Recommandatioun
26.10.2009
Jean COLOMBERA
Bonjour Madame ,

Ech versichen aer Froen ze beäntwerten .

Normalerweis ass de Maann deen schaffen geht zoustenneg fir Alimenter ze bezuelen un de Partner deen net schaffen geht an doheem d´Kanner grousszéien muss. Emgedreit ass et och wouer. D´Fra déi schafft , muss dem Mann d Alimenter bezuelen , wann hien doheem bleift an fir d´Kanner zoustenneg ass

D´ Suergerecht entscheed d´Geriicht . Deejeinegen , deen am beschten fir d Kanner suergen kann kritt d´Suergerecht.Meeschtens ass et d´Mamm .

Bescht Gréiss.

J.Colombera.
X
Äntwert recommandéieren
Fro zum Thema Demokratie an Biergerechter
27.10.2009
Vum:

Moien

Firwat seet den ADR zu engem Rapport vun de Kommissiounssëtzung Jo an zu Live-Iwwerdroungen Nee?
Villmols Merci
Äntwert vum Jean COLOMBERA
1Recommandatioun
27.10.2009
Jean COLOMBERA
Bonjour Här ,

Eng Live - Iwwerdroung an enger Kommissiounssëtzung féiert noutgedrongen dozou dat d´Parteien sech esou wéi an der Chamber relativ bedeckt haalen . Esou geet déi sougenannten Spontanéitéit verluer an d´Ausschaffen vun der Gesetzer waert drënner leiden , well een sech permanent iwwerwacht fillt an ënner Drock muss schaffen , wat kontraproduktiv ass.

Wat Rapporten ugeet ... dat ass een schrëftlechen Resumé als Resultat vun der geleeschteter Arbecht . Dat soll bekannt gemaach gin.

Bescht Gréiss.

J.Colombera.
X
Äntwert recommandéieren
Fro zum Thema Finanzen
12.01.2010
Vum:

Moien;
Et geet ëm den Dikrech’ er Béier . Eis Famill huet virdrun dëse Film gesinn an d´ Tréine sinn eis d´ Baken erofgelaf. www.youtube.com Dëst soll keng Reproche sinn, de Koorperatismus am Kapitalismus oder de Raubtierkapitalismus wéi den Helmut Schmidt et nennt ass halt emol esou wéi en ass, an do kenne mir och näischt dergéint maachen.
Den Här Aloyse DAVID seet awer ab 4min57sec: "Firwat sinn d Lëtzebuerger dann sou domm a maache net selwer e Betrib?".an dëse gudde Mann bréngt et domatt absolut op de Punkt! Ech wollt Iech dofir froen, ob Dir als Politiker a mir d Bierger net d´ Méiglechkeet hätten den Dikkrich ‘er Béier ze retten? Kéint de Staat Lëtzebuerg net exzeptionell eng Offer ufroen, wéivill AB InBev géif froen fir eis di Firma ze verkafen? Wa mer eng Offer kéinte kréien, wier ech nawell frou wann dir de Leit géift un d´ Haerz leeën fir "Biergerbéier" aus dem Dikrech ‘er Béier ze maachen, fir zum Schutz virun de Machenschaften ob der Bourse?
Doduerch hätte mir duerch Iech Politiker net nëmmen d Séil vun Dikrech erëm,
mä e Stéck Lëtzebuerger Kultur.
Dat géif heeschen, de Standuert bleift d´ Personal bleift, mir hätten d´ Spekulatioun éliminéiert, well jidderengem säi Stëmmrecht d´ nämlecht bleift. Ob hien oder hatt elo fir 500 Euro oder 100´000 Euro Pabeiere vun där Firma besetzt spillt keng Roll am Stëmmrecht. Béier a Bierger Hand kéint do eventuell d ´Solutioun sinn. D´ Staat Freiburg huet dat mat hirer Elektrizitéit gemaach. www.energie-in-buergerhand.de Wat do fir de Stroum gëllt kann hei duerchaus och fir den Dikrech’ er Béier applizéiert ginn.
Et wier séier gutt, wann Dir ob d´ mannst alles probéiere géift ze maache wat elo nach mënscheméiglech ass fir di Aarbechtsplazen an de Parfum deen Dikrech diffuséiert wa gebraut gëtt asw z´ erhalen.

Villmools Merci .


Wenn besser möglich ist, ist schliesslich gut nicht genug.oder net?

www.youtube.com
Äntwert vum Jean COLOMBERA
bis elo kengRecommandatiounen
13.01.2010
Jean COLOMBERA
Madame ,

Mer hun folgend Situatioun :
De Gigant AB InBev ass nët deficitär , au contraire zu Dikkrech huet dess Entreprise eng positiv Bilanz opzeweisen.Dofir ass sie och nët bereet fir ze verkaafen ... et misst sin d´Offer wir exzellent.

De Staat waert nie die Dikkrecher Brauerei opkaafen , well soss misst hien all Entreprise opkaafen ( z.B. Villeroy et Boch ) .

Et ass wichteg ze wëssen , dat nach aner Entreprisen datselwescht waerten maachen , d.h. an d´Ausland goen , an do ass och den europäeschen Traité schold , den och mir als Letzebuerger matgestëmmt hun.(Referendum)

Firwat gin eis Entreprisen an d´Ausland? Dess Fro mist een un Regierung stellen , déi sech haaptsächlech an den gudden Zéiten mat den Banken beschäftegt huet an déi aner Betrieber praktesch als Quantité négligeable ugesin huet.Do léit de Probleem.

Bescht Gréiss.

Jean Colombera
X
Äntwert recommandéieren
Fro zum Thema Kultur
14.01.2010
Vum:
Guy

Moien,

Dier hutt der Madame Thorn geschriwen daat den Staat sech net dorunner giff bedeeligen.
Meng Froo : Fierwaat ennerstetzt den Staat dann ons Banken wou den Staat hier Suen secher net esou schnell erem kritt ?
Fierwaat huet den Staat sech deemols un der Arbet bedeeligt, respektiv fierwaat bezillt den Bierger dann lo nach een Deel vun den Steiergelder un´t Arbet ?
Ech keint elo nach epuer esou Beispieler hei nennen.
Letzebuerger verleieren heiduercher eent Steck Kultur. Sollen mer net bereed sin ons Kultur ze erhaalen ?
Mier sin am gaangen een Fong ze grennen fier der InBev herno eng Propose kennen ze maachen. Natiirlech klappt daat och just wann den Staat hannert eis steet. Villeroy et Boch steet hei an kengem Verglach zur Kultur wou all Bierger betrefft. Den Beier schons.
Et hätt niemols dierfen gescheien daat een Letzebuerger Betrieb komplett un Auslännig Aktionären verkaaft gett. Dei Auslännig Aktionären kucken just noom Geld, den Rescht interesseiert se nett
Um Rtl Site news.rtl.lu gesitt der schons daat mier en serieux mengen.
Wann Mier all zesummen leehen klappt daat.
Wann InBev nett wellt verkaafen, dann drenkt an Zukunft keen Letzebuerger mei een Produkt vun hinnen, waat hun mer dann, zimmlech vill Betrieber deien zou maachen well keen Mensch mei erankennt fier t´Brasserie nach mei reich ze maachen. Fakto : Dann maachen se secherlech deen ganzen Betrieb zu Letzebuerg zou. Fakto : Zimmlech vill Restaurant´en, Caféen an Entloosung stinn unn.

Merci fier t´Ennerstetzung
MfG
Guy
Äntwert vum Jean COLOMBERA
bis elo kengRecommandatiounen
14.01.2010
Jean COLOMBERA
Här ,

Ech felicitéieren Ierch fir aert Engagement an sin der Meenung , dat wann d Vollëck dobaussen sech bewegt an op d´Barrikaden klëmmt , dann eréischt waert d´Regierung eppes ennerhuelen... Also bleiwt um Ball an loost nët no! Meng Ennerstëtzung hut Dir.

Bescht Gréiss.

J.Colombera
X
Äntwert recommandéieren
Är Fro un Jean COLOMBERA
  • Gouf Är Fro schon gestalt?
    Duerchsicht all Froen an Äntwerten an dësem Profil no engem Stéchwuert
  • Är Fro gouf bis elo net gestallt ?
    Gitt hei wann ech gelift Är Kontaktdaten an Är Fro an:
  •  

    D' Uginn vun Ärem komplette Numm as obligatoresch
    De Numm gëtt verschlësselt an as net iwwer Google & co repérabel

  •  

    D' Uginn vun Ärem komplette Numm as obligatoresch
    De Numm gëtt verschlësselt an as net iwwer Google & co repérabel

  •  

    D' Uginn vun enger valabeler E-Mails Adress as obligatoresch
    Dëst as noutwenneg , vir Iech iwwert eng Äntwert vum Deputéierten z'informéieren oder bei Réckfroen kontaktéieren ze kënnen. Är E-Mail Adress gëtt weder un de Politiker nach un Drëtter weiderginn.

  •  

    Dës Donnéeën sinn obligatoresch
    Se gett net verëffentlecht, mee un den Deputéierten weiderginn.

  •  

    Des Donnéeën sin optional.
    Se gëtt net verëffentlecht an nëmmen zu interne Verwendungen respektiv vir eventuell Reckfroen benéidegt

  • noch 2000 Zeichen

    Ech erkläre mech matt der Verëffentlechung vu menger Fro op politikercheck.lu anverstaanen.
    D' Fräischaltung ka jee no Benotzeropkommen e.Ë. e puer Stonnen daueren, vue que dass all angoend Fro vun engem Moderatiounsteam gepréift muss ginn.
    Ech hunn de Moderatiouns-Codex gelies a sëchergestallt, dass meng Froen net géint dësen verstéisst Moderatiouns-Codex opruffen
    Falls meng Fro net fräigeschalt ka ginn, wäert ech doriwwer vun engem Modérateur informéiert ginn.
    Aus Grënn vun der Rechtssécherheet gëtt Är IP-Adress gespäichert, awer net verëffentlecht oder un Drëtter weiderginn. Weider Informatiounen erhaalt Dir an eiser Dateschutzerklärung
  • Folgend Felder goufe net ausgefëllt oder weise Fehler op.
    Virnumm, Familljennumm, E-Mail Adress und Uertschaft