Vum:


Moien;
Et geet ëm den Dikrech’ er Béier . Eis Famill huet virdrun dëse Film gesinn an d´ Tréine sinn eis d´ Baken erofgelaf.
www.youtube.com Dëst soll keng Reproche sinn, de Koorperatismus am Kapitalismus oder de Raubtierkapitalismus wéi den Helmut Schmidt et nennt ass halt emol esou wéi en ass, an do kenne mir och näischt dergéint maachen.
Den Här Aloyse DAVID seet awer ab 4min57sec: "Firwat sinn d Lëtzebuerger dann sou domm a maache net selwer e Betrib?".an dëse gudde Mann bréngt et domatt absolut op de Punkt! Ech wollt Iech dofir froen, ob Dir als Politiker a mir d Bierger net d´ Méiglechkeet hätten den Dikkrich ‘er Béier ze retten? Kéint de Staat Lëtzebuerg net exzeptionell eng Offer ufroen, wéivill AB InBev géif froen fir eis di Firma ze verkafen? Wa mer eng Offer kéinte kréien, wier ech nawell frou wann dir de Leit géift un d´ Haerz leeën fir "Biergerbéier" aus dem Dikrech ‘er Béier ze maachen, fir zum Schutz virun de Machenschaften ob der Bourse?
Doduerch hätte mir duerch Iech Politiker net nëmmen d Séil vun Dikrech erëm,
mä e Stéck Lëtzebuerger Kultur.
Dat géif heeschen, de Standuert bleift d´ Personal bleift, mir hätten d´ Spekulatioun éliminéiert, well jidderengem säi Stëmmrecht d´ nämlecht bleift. Ob hien oder hatt elo fir 500 Euro oder 100´000 Euro Pabeiere vun där Firma besetzt spillt keng Roll am Stëmmrecht. Béier a Bierger Hand kéint do eventuell d ´Solutioun sinn. D´ Staat Freiburg huet dat mat hirer Elektrizitéit gemaach.
www.energie-in-buergerhand.de Wat do fir de Stroum gëllt kann hei duerchaus och fir den Dikrech’ er Béier applizéiert ginn.
Et wier séier gutt, wann Dir ob d´ mannst alles probéiere géift ze maache wat elo nach mënscheméiglech ass fir di Aarbechtsplazen an de Parfum deen Dikrech diffuséiert wa gebraut gëtt asw z´ erhalen.
Villmools Merci .

Wenn besser möglich ist, ist schliesslich gut nicht genug.oder net?
www.youtube.com