Jean COLOMBERA (Indépendant)

Jean COLOMBERA
Joergang
1954
Berufflech Qualifikatioun
* Homéopathe * Médecin généraliste
Ausgeübte Professioun
* Secrétaire de la Sensibilité politique
Uertschaft
Vichten
Walkrees
Norden
Landeslëschteplaatz
-
(...) Ech kucken emol wat elo dat Bescht ass. Op jiddferfall fannen ech dat extrem deplorabel, dat eis Leit an iwwregens all Zaldot vum ganzen Globus sech mussen fir EKONOMESCH ZWECKER an Form vun engem sougenannten HUMANITÄREN KRICH , deen nëmmen enger Handvoll vun Leit eng gëllen Nues ofsechert, opafferen. (...)
 
Parlamentaresch Aarbecht
Froen un Jean COLOMBERA
Noriicht u folgend Adress schécken soubal eng Äntwert antrëfft


Die Datenschutzbestimmungen zur Behandlung meiner Daten habe ich gelesen.
Bitte loggen Sie sich hier ein.
Fro zum Thema Soziales
04.05.2010
Vum:
Tom Karl

Gudde Moyen Haer Colombera
Et get jo zenter kurzem am Sueden zwou Epiceries sociales:
1. Wat hallt Dir generell vun der Mesure?
Wir et net besser wann dei Betraffen an all Epicerie vun hierem Choix kennten verbellegt akaafen? Eng demenentsprechend Plastiks-Kärtchen ass haut net mei diskriminatoresch, well all grousse Buttek mat Konnekarte schafft.
2. Get durch d´Kreatioun vun den Epicerie Sociales net e Ghetto geschafft fir aaarm Leit?
3. Get net eng Realiteit symptomatesch bekämpft anstatt strukturell Ennerungen fir ze huelen?
Ech soen Iech merci fir Aer Zeit an aer Entwerten.
Tom Karl
Äntwert vum Jean COLOMBERA
1Recommandatioun
04.05.2010
Jean COLOMBERA
Här Karl,
Ganz averstanen sin ech mat Iech , dat déi Betraffen Leit an all Epicerie vun hirem Choix akaafen sollten an dat mat enger Plastiks- Kart , déi extra heifir konzipéiert wier . Esou géifen dëss Leit net stigmatiséiert gin , an dem Sënn dat keen virun der Butteksdier sting fir do alles ze beobachten an dat weider ze klabberen. Ech hoffen , dat déi Nahrungsmëttelen vun gudder Qualitéit sin ( Dat gouf jo versprach , mee an Krisenzaiten kann een jo nie wëssen ) Fir mech waerten d´ Epiceries sociales nach fir vill Spannung suergen , nämlech an Krisenzaiten , wou deenjéinegen , deen manner wéi 400 Euro an der Taesch huet ,dovunner profitéiert an deenjéinegen mat 405 Euro net méi vun dëser Mesure profitéieren kann , well hien iwwert der Limite ass

Dat Wuert Ghetto ass relativ graff , mee et entsprecht secherlech der Realitéit an dem Sënn dat ëmmer méi Leit heihinner déviéiert gin.

Et ass secherlech richteg dat strukturell Aennerungen besser wieren ( gesëchert Arbechtsplaatzen ,méi Partizipatioun vum Arbechter um Gewënn vum Betriib , Aféierung vun enger Negativsteier...) , mé verschidden onglécklech Situatiounen waerten ëmmer présent sin wéi z.B. Iwwerverscholdung , Akzidenter mat Verloscht vun der Arbechtsplaatz , Scheedung an Familljen déi zerstéiert gin . Hei mussen mir awer symptomatesch handelen an an dësen Fäll ass et gudd , dat et esou Strukturen gin fir d´Leit opzefänken. Dofir sin fir mech d´Epicéries sociales éischter positiv ze bewärten.

Bescht Gréiss.

J.Colombera
X
Äntwert recommandéieren
Fro zum Thema Finanzen
19.05.2010
Vum:
Alex Hornung

Léiwen Här Colombera,

Mir, d´Steierzueler, léinen jo elo den Griechen Geld datt si hiir Scholden kënne zereckbezuelen.

Ech fannen mir als Vollek an Steierzueler hun d´Recht ze wëssen un wien onst Geld am Endeffekt iwerwissen gët.

Weiderhin froen ech mech wien huet den Griechen d´Geld mat héichen Zënsen, also mat guddem Benefice geléint OUNI ze froen wat si, d´Griechen domat machen an wéi si et gedenken zerëckzebezuelen. Also mir huet nach keng Bank Geld geléint ouni genee dat doten nozefroen.

Dofir fuerderen ech am Numm vun der Gerechtegkeet fir ons an fir ons Kanner, déi dat schliesslech bezuelen waerten, voll Transparenz zou den Kreditgeber vun Griechenland, an dat am beschten iwert déi lescht puer Joer. An wann mir schons dobäi sin, dann fannen ech sollten mir och gewuer gin wien géint Griechenland spekuléiert huet.

Wat ass Är Meenung dozou?

Mat beschten Gréiss

Alex Hornung
Äntwert vum Jean COLOMBERA
bis elo kengRecommandatiounen
19.05.2010
Jean COLOMBERA
Herr Hornung,

" Eigentlich ist es gut , dass die Menschen unser Banken - und Währungssystem nicht verstehen . Würden sie es nämlich , so hätten wir eine Revolution vor morgen früh . " Zitat Henry Ford ( 1863 - 1947 )


Europa ist ein Staatenbund und nicht ein Bundesstaat.Der Euro war ein Etikettenschwindel um den Bundesstaat herzustellen . Griechenland war vom Anfang an verschuldet und konnte nie den Stabilitätspakt erfüllen Griechenland ist pleite und nun heisst es die Staatspleite verschleiern mit Hilfe des Euro in dem massiv Geld in das marode System gepumpt wird und das führt zur Inflation mit Entwertung des Euro. Eine andere Perspektive wäre , dass Griechenland aus dem Euro tritt , seinen Drachmen wieder zurückbekommt und das führt nach einer gewissen Zeit wieder in die Stabilität zurück. ( Siehe Argentinische Wirtschaftskrise 1998 - 2002 )

Das was jetzt geschieht ist eine Demokratiefeindliche Politik mit ganz grossen sozialen Spannungen , weil der Gürtel enger geschnallt werden muss , was mit einer Rückkehr zum Drachmen nie geschehen würde. Man bedenke nur , dass die Länder , die nicht in der Eurozone sind keine Probleme haben ( Polen mit grossem Wirschaftswachstum...).

Ursprung des Desasters sind wiederum die Banken , die Deutsch- Französischen Banken wie die Hypo Real Estate , die Commerzbank , die Deutsche Bank... Diese Banken haben hohe Forderungen an Griechenland und wenn kein Geld nach Griechenland gepumpt wird , dann kommt es wieder zu einer ... Bankenkrise .. und das wissen die Politiker.

Was die Spekulanten angeht , die können nur gute Geschäfte machen wenn die Politiker eine schlechte Politik machen. Man sollte nicht böse Spekulanten ins Feld bringen , die nur von den Fehlern der Regierungen profitieren. Das System hat geändert . Früher gab es ein Spekulant auf zehn Investoren , heute gibt es zehn Spekulanten auf einen Investor. Hier gibt es keine Realwirtschaft mehr, sondern es werden nur Wetten abgeschlossen . Schuld daran ist nur die Politik.

Ich hoffe , dass Sie jetzt einen besseren Durchblick haben.

Beste Grüsse.
J.Colombera
X
Äntwert recommandéieren
Fro zum Thema Nationales
07.10.2010
Vum:
Sandra Schneider

Bonjour Här Colombera,

Gestern fand bei einem Arzt im Norden Luxemburgs eine Hausdurchsuchung statt. Der Mediziner wird verdächtigt, Medikamente auf Basis von Cannabis verschrieben zu haben. www.tageblatt.lu

Gin se dann elo och dei ganz dossieren taxen wou Metadon verschriwen gett ???

Matt beschten Gréiss.
Äntwert vum Jean COLOMBERA
bis elo kengRecommandatiounen
07.10.2010
Jean COLOMBERA
Madame Schneider ,

De Methadon Programm huet neischt mat der Perquisitioun iwwert den Cannabis
ze din.Dir kënnt roueg schloofen.


Bescht Gréiss.

J.Colombera
X
Äntwert recommandéieren
Fro zum Thema Demokratie an Biergerechter
19.02.2011
Vum:
Paul Jacoby

Bonjour

1) Kennt Dir mir erklären, wat eis Regierung an engem Land ze sichen huet, wat eng absolutistesch monarchistesch Diktatur ass, déi keng Mënschrechtskonventioun ennerschriwen huet, déi den Tribunal International zu Den Haag net unerkënnt, déi rückzeglos d´Fra´en diskriminéiert an d´Folter an d´Doudesstroof applizéiert asw?

Mir hunn anscheinend nëmme Ministeren déi vun Diktator zu Diktator fléien an duerno hei zu Lëtzebuerg applaudéiert ginn.

2)Firwat heiert ee keng Question parlamentaire säitens der soit-disant Oppositioun deene Lenken, Grengen oder dem ADR?

redir.ec
redir.ec

3)Gëtt et net héich Zäit dass eis Ministeren ophalen eis national Sécherheet an och déi vun de vereenegte Staate vun Europa op d´Spill ze setzen andeems Si sech mat Diktaturen systematesch arrangéieren?

Eis fehlen di politesch korrekt Wieder hei heem fir dem Här Frieden seng mënscheveruechtend Reflectioune vis à vis vun Faschismusrégimer an dësem Artikel vum Wort adequat ze kommentéieren.

4)Wei wëlle mir Terrorismus bekämpfen wann mir mat deem ganze Klan vun der Famill Saud an hiren Terroristen a Staatspositiounen an den arabesche Länner Geschäfter feieren? Légitiméiere mir sou net den Terror vun dëse Leit géint dat arabescht Vollek?

Hei si Videoen wat geschitt ass, well Mënsche wei den Här Frieden Mënschefolterer wei di kriminell Mafia am Bahrrain als legitim ugesinn an sech net un de bluddegen Hänn vun dëse Verbriecher stéieren loossen. Kukt a gesitt wei dës Régimer besonnesch elo de Barrain duerch Saudi Söldner an eegent Militär hir Leit mat vollautomatesche Waffen einfach ermorden: www.youtube.com www.youtube.com www.youtube.com
Äntwert vum Jean COLOMBERA
1Recommandatioun
20.02.2011
Jean COLOMBERA
Bonjour Här Jacoby,

Ech kann aer Enttäuschung verstoën an sin mat Iech anverstaanen , leider huet d´Politik aner Prioritéiten an Ziiler .

Geld ass den Motor vun der Ekonomie . Op dat elo vun Tunesien oder dem Bahrein , vun Lybien oder China kënnt ass nët wichteg...Haaptsach mir finanzéieren eis Pensiounen an eis Paien ... eisen Liewensstandard muss erhaalen bleiwen . Mir brengen eisen Müll an Afrika , wou déi Leit sech lues a lues vergëften an mir kasséieren an kréien eng gëllen Nues.

Geld huet keng privilégiéiert politesch Farw. D´Politiker sin Marionetten vum Kapital an sëtzen all am selweschten Boot . Haaptsach et boomt.Dofir kënnt och keng onbequemlech Fro vun der Oppositioun un d´Regierung well d Oppositioun datselwescht giff maachen, wann se eppes ze soën hätt.

Här Jacoby...ech wëll elo nët weider an d´Detailler goën ... d´Politik ass jenseits vun allen Idealer an neischt fir sensibel Leit. Wann Dir dogéint protestéieren wëllt , dann gitt bei den nächsten Waalen een weissen Ziedel of , méi ass do nët ze maachen.

Bescht Gréiss.

J.Colombera
X
Äntwert recommandéieren
Fro zum Thema Soziales
11.09.2011
Vum:
clarissa londero

Herr Colombera: Wenn ich nicht bald eine Wohnung bekomme, keinen feste Adresse melden kann, verliere ich erst mein Konto, dann meinen Job. Dann lande ich wirklich noch als Obdachlose auf der Straße. Ich kann einfach nicht verstehen, warum mir keiner hilft. Ich bin in Luxemburg geboren, habe nie etwas Böses gemacht und bitte sie daher dringend mir zu helfen. Bin nur da angemeldet,wohne aber nicht da.
Vielen Dank und herzliche Grüße
Äntwert vum Jean COLOMBERA
bis elo kengRecommandatiounen
13.09.2011
Jean COLOMBERA
Madame Londero ,

Versuchen Sie bei den Experten in Wohnungsfragen anzurufen . Das sind : Der Abgeordnete André Hoffmann oder die Abgeordnete Madame Vera Spautz . Sie setzen sich stark für minderbemittelte Personen ein und haben schon vielen Leuten weitergeholfen.

Beste Grüße und viel Glück

J.Colombera
X
Äntwert recommandéieren
Är Fro un Jean COLOMBERA
D'Froenfunktioun gouf entre-temps zou gemaach.