Jean COLOMBERA (Indépendant)

Jean COLOMBERA
Joergang
1954
Berufflech Qualifikatioun
* Homéopathe * Médecin généraliste
Ausgeübte Professioun
* Secrétaire de la Sensibilité politique
Uertschaft
Vichten
Walkrees
Norden
Landeslëschteplaatz
-
(...) D´ Suergerecht entscheed d´Geriicht . Deejeinegen , deen am beschten fir d Kanner suergen kann kritt d´Suergerecht.Meeschtens ass et d´Mamm . (...)
 
Parlamentaresch Aarbecht
Froen un Jean COLOMBERA
Noriicht u folgend Adress schécken soubal eng Äntwert antrëfft


Die Datenschutzbestimmungen zur Behandlung meiner Daten habe ich gelesen.
Bitte loggen Sie sich hier ein.
Fro zum Thema Famill
25.10.2009
Vum:
Sonja Thorn

Bonjour Här Colombera

Ech hu folgend Fro un Iech.
Wann eng net bestuede Koppel 3Kanner mateneen huet an di Kanner alleguerten de Familljennumm vum Papp hunn, an sech dës Koppel dann trennt, huet de Papp nieft der Pflicht fir d´Alimenter och d´ Recht d´Suergerecht vir seng Kanner ze kréien?

Villmools Merci fir Är Äntwert.

Mat béschte Gréiss
Thorn Sonja
www.dewelt.eu
Äntwert vum Jean COLOMBERA
1Recommandatioun
26.10.2009
Jean COLOMBERA
Bonjour Madame Thorn ,

Ech versichen aer Froen ze beäntwerten .

Normalerweis ass de Maann deen schaffen geht zoustenneg fir Alimenter ze bezuelen un de Partner deen net schaffen geht an doheem d´Kanner grousszéien muss. Emgedreit ass et och wouer. D´Fra déi schafft , muss dem Mann d Alimenter bezuelen , wann hien doheem bleift an fir d´Kanner zoustenneg ass

D´ Suergerecht entscheed d´Geriicht . Deejeinegen , deen am beschten fir d Kanner suergen kann kritt d´Suergerecht.Meeschtens ass et d´Mamm .

Bescht Gréiss.

J.Colombera.
X
Äntwert recommandéieren
Fro zum Thema Demokratie an Biergerechter
27.10.2009
Vum:
Jean Pierre Belleville

Moien

Firwat seet den ADR zu engem Rapport vun de Kommissiounssëtzung Jo an zu Live-Iwwerdroungen Nee?
Villmols Merci
Äntwert vum Jean COLOMBERA
1Recommandatioun
27.10.2009
Jean COLOMBERA
Bonjour Här Belleville,

Eng Live - Iwwerdroung an enger Kommissiounssëtzung féiert noutgedrongen dozou dat d´Parteien sech esou wéi an der Chamber relativ bedeckt haalen . Esou geet déi sougenannten Spontanéitéit verluer an d´Ausschaffen vun der Gesetzer waert drënner leiden , well een sech permanent iwwerwacht fillt an ënner Drock muss schaffen , wat kontraproduktiv ass.

Wat Rapporten ugeet ... dat ass een schrëftlechen Resumé als Resultat vun der geleeschteter Arbecht . Dat soll bekannt gemaach gin.

Bescht Gréiss.

J.Colombera.
X
Äntwert recommandéieren
Fro zum Thema Finanzen
12.01.2010
Vum:
Sonja Thorn

Moien;
Et geet ëm den Dikrech’ er Béier . Eis Famill huet virdrun dëse Film gesinn an d´ Tréine sinn eis d´ Baken erofgelaf. www.youtube.com Dëst soll keng Reproche sinn, de Koorperatismus am Kapitalismus oder de Raubtierkapitalismus wéi den Helmut Schmidt et nennt ass halt emol esou wéi en ass, an do kenne mir och näischt dergéint maachen.
Den Här Aloyse DAVID seet awer ab 4min57sec: "Firwat sinn d Lëtzebuerger dann sou domm a maache net selwer e Betrib?".an dëse gudde Mann bréngt et domatt absolut op de Punkt! Ech wollt Iech dofir froen, ob Dir als Politiker a mir d Bierger net d´ Méiglechkeet hätten den Dikkrich ‘er Béier ze retten? Kéint de Staat Lëtzebuerg net exzeptionell eng Offer ufroen, wéivill AB InBev géif froen fir eis di Firma ze verkafen? Wa mer eng Offer kéinte kréien, wier ech nawell frou wann dir de Leit géift un d´ Haerz leeën fir "Biergerbéier" aus dem Dikrech ‘er Béier ze maachen, fir zum Schutz virun de Machenschaften ob der Bourse?
Doduerch hätte mir duerch Iech Politiker net nëmmen d Séil vun Dikrech erëm,
mä e Stéck Lëtzebuerger Kultur.
Dat géif heeschen, de Standuert bleift d´ Personal bleift, mir hätten d´ Spekulatioun éliminéiert, well jidderengem säi Stëmmrecht d´ nämlecht bleift. Ob hien oder hatt elo fir 500 Euro oder 100´000 Euro Pabeiere vun där Firma besetzt spillt keng Roll am Stëmmrecht. Béier a Bierger Hand kéint do eventuell d ´Solutioun sinn. D´ Staat Freiburg huet dat mat hirer Elektrizitéit gemaach. www.energie-in-buergerhand.de Wat do fir de Stroum gëllt kann hei duerchaus och fir den Dikrech’ er Béier applizéiert ginn.
Et wier séier gutt, wann Dir ob d´ mannst alles probéiere géift ze maache wat elo nach mënscheméiglech ass fir di Aarbechtsplazen an de Parfum deen Dikrech diffuséiert wa gebraut gëtt asw z´ erhalen.

Villmools Merci .
Thorn Sonja

Wenn besser möglich ist, ist schliesslich gut nicht genug.oder net?

www.youtube.com
Äntwert vum Jean COLOMBERA
bis elo kengRecommandatiounen
13.01.2010
Jean COLOMBERA
Madame Thorn,

Mer hun folgend Situatioun :
De Gigant AB InBev ass nët deficitär , au contraire zu Dikkrech huet dess Entreprise eng positiv Bilanz opzeweisen.Dofir ass sie och nët bereet fir ze verkaafen ... et misst sin d´Offer wir exzellent.

De Staat waert nie die Dikkrecher Brauerei opkaafen , well soss misst hien all Entreprise opkaafen ( z.B. Villeroy et Boch ) .

Et ass wichteg ze wëssen , dat nach aner Entreprisen datselwescht waerten maachen , d.h. an d´Ausland goen , an do ass och den europäeschen Traité schold , den och mir als Letzebuerger matgestëmmt hun.(Referendum)

Firwat gin eis Entreprisen an d´Ausland? Dess Fro mist een un Regierung stellen , déi sech haaptsächlech an den gudden Zéiten mat den Banken beschäftegt huet an déi aner Betrieber praktesch als Quantité négligeable ugesin huet.Do léit de Probleem.

Bescht Gréiss.

Jean Colombera
X
Äntwert recommandéieren
Fro zum Thema Kultur
14.01.2010
Vum:
Guy Zimmer

Moien,

Dier hutt der Madame Thorn geschriwen daat den Staat sech net dorunner giff bedeeligen.
Meng Froo : Fierwaat ennerstetzt den Staat dann ons Banken wou den Staat hier Suen secher net esou schnell erem kritt ?
Fierwaat huet den Staat sech deemols un der Arbet bedeeligt, respektiv fierwaat bezillt den Bierger dann lo nach een Deel vun den Steiergelder un´t Arbet ?
Ech keint elo nach epuer esou Beispieler hei nennen.
Letzebuerger verleieren heiduercher eent Steck Kultur. Sollen mer net bereed sin ons Kultur ze erhaalen ?
Mier sin am gaangen een Fong ze grennen fier der InBev herno eng Propose kennen ze maachen. Natiirlech klappt daat och just wann den Staat hannert eis steet. Villeroy et Boch steet hei an kengem Verglach zur Kultur wou all Bierger betrefft. Den Beier schons.
Et hätt niemols dierfen gescheien daat een Letzebuerger Betrieb komplett un Auslännig Aktionären verkaaft gett. Dei Auslännig Aktionären kucken just noom Geld, den Rescht interesseiert se nett
Um Rtl Site news.rtl.lu gesitt der schons daat mier en serieux mengen.
Wann Mier all zesummen leehen klappt daat.
Wann InBev nett wellt verkaafen, dann drenkt an Zukunft keen Letzebuerger mei een Produkt vun hinnen, waat hun mer dann, zimmlech vill Betrieber deien zou maachen well keen Mensch mei erankennt fier t´Brasserie nach mei reich ze maachen. Fakto : Dann maachen se secherlech deen ganzen Betrieb zu Letzebuerg zou. Fakto : Zimmlech vill Restaurant´en, Caféen an Entloosung stinn unn.

Merci fier t´Ennerstetzung
MfG
Guy Zimmer
Äntwert vum Jean COLOMBERA
1Recommandatioun
14.01.2010
Jean COLOMBERA
Här Zimmer,

Ech felicitéieren Ierch fir aert Engagement an sin der Meenung , dat wann d Vollëck dobaussen sech bewegt an op d´Barrikaden klëmmt , dann eréischt waert d´Regierung eppes ennerhuelen... Also bleiwt um Ball an loost nët no! Meng Ennerstëtzung hut Dir.

Bescht Gréiss.

J.Colombera
X
Äntwert recommandéieren
Fro zum Thema Sécherheet
27.04.2010
Vum:
Paul Jacoby

Am folgende Video www.youtube.com gesäit een, wei eng Dozen Zivilisten mat Maschinnegewierfeier dout gemeet ginn, 2Reuters Journalisten inclus . Dëst ass zu Bagdad den 12 Juli 2007 geschitt. Et gesäit een d´ Opnahmen vun de Schützen aus engem US-Apache Helikopter. D´US-Militär behaapt d´Affer wiere bei engem Gefecht zwëschen US-Arméi a Freischärler entstanen. D´Opnahmen di elo duerch Wikileaks publizéiert goufen, weisen awer ganz eppes anescht!!! wikileaks.org Souguer Leit mat engem Minivan, wou probéiert hunn di Verletzen ze biergen, ginn hei aus der Loft mat Maschinnegewiersalven nidder geschoss. Dobäi gesäit ee wéi 2 kleng Kanner di an dësem Minivan setzen a genau sou nidder geschoss ginn. Vu Bedrohung oder Waffen bei kengem vun de Leit eng Spuer! Spéider rullt da nach e Panzer iwwert di verstreete Läichen an d´Besatzung laacht souguer...Meng Fro ass : Hu mir net alleguerte Blutt un den Hänn, well mir dëse Krich einfach esou geschléckt hunn deen just op Ligen a Profit opgebaut ass? Wat huet är Partei konkret säit 10Joer géint dës Massevernichtung vun enger Millioun Zivilisten laut dem eemolege President vun der UNO-Atom Energiebehörde Mohammad El Baraidain gemaach? www.wsws.org A wien ass an der Chamber konkret responsabel, fir eis Pensiounsreserven an 9 vun 10 Waffekonzernen investeiert ze hunn, di am Irak 1Millioun Zivilisten ermord hunn. www.fdc.lu BAE, Honeywell, Lockheed Martin asw, asw, asw...Wei eng Persounen si responsabel an der Chamber fir eis national Sécherheet därmossen op d Spill ze setzen, wou kann ech dat nokucken? Iwregens wier d Solutioun genau wei a Norwegen e Philosoph anzestellen deen sech drëms këmmert dass eise Staat seng Rendit NET MEI regelrecht aus Mënschebludd-Dividende gewënnt... Ech hoffen op Är Äntwert mat konkreten a präzise Fakten. Lost Iech roueg genuch Zäit.
Äntwert vum Jean COLOMBERA
2Recommandatiounen
28.04.2010
Jean COLOMBERA
Herr Jacoby,

Mir kennen ( oder mir sollten ) d´Roll vun unseren Freunden und Helfer jenseits des großen Teichs . Wann sie hir Interessen no Petrol , Drogenubau Ubau vun Genmanipuléiert Pflanzen , Buedenschätz ... befriedegen wëllen , dann as et einfach fir déi institutionaliséiert Press , déi an hirer Hänn ass, esou emzewëckelen , dat d´Press egal wat schreiwt . An dofir ass bei all arméierten Konflikt wichteg fir een Täter ze définéieren ( een Täter , deen net daerf gefaangen gin... well soss géiff sech d´Invasioun net méi rentéieren ). Méi well ech mech heizou nët äusseren. Et ass penibel genuch fir dem Skandal do nozekucken .

Als Partei muss een sech un déi ( Pseudo -) wouerecht haalen , déi als Evidenz présentéiert gëtt.

Eis Pensiounsreserven gin an Fongen investéiert , déi rentabel sin. Do ass
ganz villes anonym . Ech sin mat Ierch d´ accord dat et nët ze veräntwerten ass , wann an Aktiounen investéiert gëtt , déi den Konzerner vun der Waffenindustrie gehéieren . Mé do ass et méi ubruecht , wann Dir eis Regierung interpelléieren géift ... oder wees d´Regierung dat och nët ...
All Respekt dann...

Bescht Gréiss.

J.Colombera
X
Äntwert recommandéieren
Är Fro un Jean COLOMBERA
D'Froenfunktioun gouf entre-temps zou gemaach.