Jean COLOMBERA (Indépendant)

Jean COLOMBERA
Joergang
1954
Berufflech Qualifikatioun
* Homéopathe * Médecin généraliste
Ausgeübte Professioun
* Secrétaire de la Sensibilité politique
Uertschaft
Vichten
Walkrees
Norden
Landeslëschteplaatz
-
(...) Hei mussen mir awer symptomatesch handelen an an dësen Fäll ass et gudd , dat et esou Strukturen gin fir d´Leit opzefänken. Dofir sin fir mech d´Epicéries sociales éischter positiv ze bewärten. (...)
 
Parlamentaresch Aarbecht
Froen un Jean COLOMBERA
Noriicht u folgend Adress schécken soubal eng Äntwert antrëfft


Die Datenschutzbestimmungen zur Behandlung meiner Daten habe ich gelesen.
Bitte loggen Sie sich hier ein.
Fro zum Thema Demokratie an Biergerechter
25.09.2011
Vum:
casimir yatnez

Bonsoir Monsieur le député,
pouvez-vous me dire quand le projet de loi numero 5949 relatif aux
registres communaux des personnes physiques verra le jour et mettra fin aux
injustices locales ?
amitiés luxembourgeoises,
casimir
Äntwert vum Jean COLOMBERA
bis elo kengRecommandatiounen
27.09.2011
Jean COLOMBERA
Monsieur Casimir Yatnez ,

Le projet de loi en question a été déposé le 22 octobre 2008 à la Chambre des Députés et , après les avis des différentes chambres y inclus le conseil d´Etat , par arrêté grand -ducal du 18 août 2011 le projet en question a été retiré du rôle et ne sera vraisemblablement plus discuté.

Meilleures salutations.
J.Colombera
X
Äntwert recommandéieren
Fro zum Thema Soziales
12.11.2012
Vum:
Sonja Thorn

Gudden Owend;

Ass dat aktuellt Wahlrecht zu Lëtzebuerg Konform mat eiser Constitutioun speziell mat dem Artikel 10 bis deen beseet, dass all Mënsch gläich behandelt gëtt virum Gesetz? Am RTL´s Lieserbréif vum Här Mehlen heescht et:

"Durch eine, im Wahlgesetz willkürlich festgelegte Verteilung der 60 Abgeordnetenmandate auf die vier Wahlbezirke entsteht der Effekt, dass die Stimme des Wählers im Nord- oder Ostbezirk weit weniger wiegt als diejenige des Wählers im Zentrum und Süden. Bei den letzten Parlamentswahlen kamen im Zentrum 3008 Wähler auf ein Abgeordnetenmandat, während es im Norden 4.428 waren. Mit anderen Worten: Die Wählerstimme im Norden wog nur etwa zwei Drittel im Verhältnis zur Wählerstimme im Zentrum. Wie krass das Missverhältnis ist, wird wohl am ehesten deutlich, wenn man sieht, dass im Osten 30.472 Wähler nur sieben Abgeordnete wählen durften, im Zentrum dagegen 63.167 Wähler 21 Abgeordnete.

news.rtl.lu

Mat beschte Gréiss
Sonja Thorn
Äntwert vum Jean COLOMBERA
1Recommandatioun
13.11.2012
Jean COLOMBERA
Bonjour Madame Thorn.

Eigentlech ass een Andeelen a 4 Beziirker anticonstitutionell, well jo een Mandataire méi oder manner Stëmmen brauch fir gewielt ze gin. Menger Usiicht no wär een Wahlbeziirk fir dat ganze Land ideal an konform zur Constitutioun. Esou hätt jiddfereen nominell déiselwescht Chancen.

Bescht Gréiss.

Jean Colombera
X
Äntwert recommandéieren
Fro zum Thema Sécherheet
07.04.2013
Vum:
Louis Sarodin

Här Colombera

Ech bieden Iech vun ganzem Haerzen am Numm vun all den Zaldotinnen an Zaldoten bitte folgend Fro ze stellen un d’Regierung/Arméiminister zum Schutz vun eisen Leit an der Arméi.
Hei ass di komplett Question Parlamentaire vun Die Linke aus Däitschland dei Dir bitte an der Chamber stellt.
dip21.bundestag.de .
Leider well di Lenk hei am Land stictement keng Fro zu dësem Thema stellen, dat beweist kloer an däitlech www.politikercheck.lu an säit dem 21.06.2011 och hei www.politikercheck.lu d´Netreagéieren sait bal 3Joer!
Am Numm vun eise Kanner di duerch eis Regierung an dës Krisegebidder gescheckt gi sinn, ouni hinnen eppes vun deser fuerchbarer Gefor ze soen, hoffen ech vun Haerzen, dass Dir de Courage fannt an dës Froen an der Chamber stellt.
Hei ass och een mat dem Grimmepräis ausgezeechente Film vum Frieder Wagner iwwert dëst Verbriechen youtu.be an youtu.be an hei sai Buch www.amazon.de .
Hei nach e Spiegelartikel www.spiegel.de
An hei Wikipedia de.wikipedia.org an de.wikipedia.org
Zousätzlech hei nach en Artikel wou 1992 e Fliiger mat 1,5 Tonnen Depleted Uranium 1992 zu Amsterdam ofgestierzt war www10.antenna.nl .
Här Colombera Dir hutt en Eed geschwuer dass Dir als Deputéierten all Schued probéiert vun deenen ze haalen, die Iech aert Mandat per Wahlstëmm ginn hunn fir Si ze beschützen, leider sidd Dir menger Meenung no, deen eenzegen Deputéierten deem zouzetrauen ass, dass hien sain Eed eescht hëllt. E grousse Merci am Viraus fir äert Engagement.
Äntwert vum Jean COLOMBERA
2Recommandatiounen
09.04.2013
Jean COLOMBERA
Herr Sarodin,

Merci fir är Interventioun.

Ech wärt dem Arméiminister ärt Uleies iwwermëttelen vielleicht an der Form vun enger Question parlementaire oder an enger Aktualitéitsdebatt am Plenum vun der Chamber. Déi eischt Variant huet den Virdeel, dat d´Fro no engem Mount muss beäntwert gin, déi zweet Variant huet den Nodeel, dat et méi laang daueren kann, bis d´Fro am Plenum durchdiskutéiert gëtt. Ech kucken emol wat elo dat Bescht ass. Op jiddferfall fannen ech dat extrem deplorabel, dat eis Leit an iwwregens all Zaldot vum ganzen Globus sech mussen fir EKONOMESCH ZWECKER an Form vun engem sougenannten HUMANITÄREN KRICH , deen nëmmen enger Handvoll vun Leit eng gëllen Nues ofsechert, opafferen.

Bescht Gréiss

Jean Colombera
X
Äntwert recommandéieren
Fro zum Thema Famill
09.05.2013
Vum:
claudio pizzaro

Herr Deputeierten


Meng for betrefft den Fiskalpaket
all Mensch soll gläich sin, mee fill Saachen verstin ech leider net….

Wei kann et sin dass mir als jonk famill mat engem Kand mat engem relativ gudden akommes ee Liewen hei am Land net mei leeschten können…

dat fatalt un deem ganzen as dass mir eis firun joeren bewosst entscheed hun net an dat nooht Ausland ze plenneren mee hei am Land ze kaafen… mee dat erweist sech als Fehler…

Subjektiv gesin ausser dir sot mir de Geigendeel…mee fill Leit wunnen jo op der Daitscher Sait an profiteiren an vollen zisch fun cheques services, steieren,conge parental ,schoulen asw…asw

en plus get dat jo ennerstezt oder tollereiert mee zum nodeel fun de famillijien dei sech entscheed hun hei ze bleiwen fannen ech…an gin nach dobai oofgestrooft….

Herr Minister ech freen mech op Aer Aentfert
Äntwert vum Jean COLOMBERA
1Recommandatioun
10.05.2013
Jean COLOMBERA
Bonjour Här Pizzaro,

Merci fir är Fro.

Jiddfereen geht dohinner wou et fir hien am Beschten ze liewen ass. Et ass méi bëlleg fir an Deitschland een Haus ze kaafen, mé duerno wann d´Haus engem Ierwen iwwerschriwwen gëtt, dann ass d´Ierfschaftssteier awer méi héich wéi hei zu Lëtzebuerg. Dat ass een groussen Nodeel.

Een deen hei schafft kritt déiselwescht Allokatiounen wéi all aneren Bierger.

Wat schued ass, ass den Fait, dat eis Regierung ( an eisen Staatsminister huet dat jo och öffentlech als MEA CULPA ugesinn) nët am Stand war an ass fir bëlleg Sozialwunnengen fir déi ze schaafen, déi keen Reichtum hun. Verschidden Modeller vun staatlecher Hëllef wären méiglech, mé den Staat ass ganz schwach an nët kapabel fir eng Biirgerpolitik ze maachen, déi géif verhënneren, dat een Awunner aus Lëtzebuerg an d´Ausland plënneren muss.

Bescht Gréiss

J.Colombera
X
Äntwert recommandéieren
Fro zum Thema Demokratie an Biergerechter
13.05.2013
Vum:
Fred Jacoby

Et geet em di nei Carte d´identité:
Waart Dir schon zu Auschwitz?
Hutt Dir dat Buch IBM and the Holocaust gelies?
E fuerchbart awer wichtegt Buch wat mat historesche Fakten oppeleed wei eng eenzeg Maschinn, su kleng dass si op e Kichendesch passt, d´Registréierung ermeiglecht huet, vun de Judden, politesche Géigner, Synti, Roma, Aalen an Handicapéierten a fin de compte d´Shoa ermeiglecht huet. D´Deportatiounen an d´Massemorden un iwer 6Millioune Judden saitens de Nazien hätt nimols kenne sou systematesch ausgefouert ginn ouni d´Registréierung vun där Maschinn a fin de Compte huet dës "ChipMaschinn" vun Hollerith/IBM d´Shoa an Europa meiglech gemaach. www.amazon.de an hei eng Referenz vum United States Holocaust Memorial Museum an enger Foto vun dëser Doudesmaschinn vum Arnold Kramer. www.jewishvirtuallibrary.org Wei en historescht Wëssen an Verständniss huet e Politiker ärer Meenung no fir d´Shoa, wann dee Politiker dës RFIDChips an de Carte d´identitéën mat enger Jostëmm legitiméiert? Wei passt de Regret fir Auschwitz an d´Legitiméieren vun Masseregistratioun vu Fangerofdreck, Gesiichtserkennungscode asw an een Weltbild?

Wei wëllt Dir verhënneren dass d´Diktaturen vu haut dës Technologie net mëssbrauchen fir Staatsterror géint hier eege Leit ze bedreiwen? Well dei kennen sech jo dann d´Hänn an Onschold wäschen wann si sech op eng Demokratie wei Lëtzebuerg/Europa beruffe kennen, fir dëse "BigBrother" an hirem Land duerchzesetzen fir politesch Oppositioneller asw z´ermorden?
Äntwert vum Jean COLOMBERA
1Recommandatioun
14.05.2013
Jean COLOMBERA
Merci Här Jacoby,

Et ass richteg wat Dir iwwert d´Registratioun geschriwwen hutt. Den RFID Chip ass een Blankoscheck an ech wärt dogéint stëmmen .

Bescht Gréiss

J.Colombera
X
Äntwert recommandéieren
Är Fro un Jean COLOMBERA
D'Froenfunktioun gouf entre-temps zou gemaach.