Jean Colombera (ADR)

Jean Colombera
Joergang
1954
Berufflech Qualifikatioun
Docteur en médecine - Homéopathe
Ausgeübte Professioun
Généraliste
Uertschaft
-
Walkrees
Europa
Landeslëschteplaatz
-
(...) An dësem Fall gesait een wéi d´Regierung d´Meenung vum Vollek faert . Fir
eng Kéier sin ech mat der Meenung vun Popst Benôit XVI averstaan wann hien
seet " DIE WERTELOSIGKEIT DER EU " .De Lissabonvertrag ass een
zweeschneidegt Schwert , an aus dësem Grond kann ech dësen Vetrag net
matdroen. (...)
 
weider Profiler
Froen un Jean Colombera
Noriicht u folgend Adress schécken soubal eng Äntwert antrëfft


Die Datenschutzbestimmungen zur Behandlung meiner Daten habe ich gelesen.
Bitte loggen Sie sich hier ein.
Fro zum Thema Integratioun
14.05.2009
Vum:

Jean Colombera,
wat ass Är Meenung zu folgender Annonce an enger lëtzebuergescher "Zeitung":
Letzb. Botzfra mat Erfahrung sicht Aarbecht zu Ettelbréck oder Dikkrech.

Merci
Äntwert vum Jean Colombera
bis elo kengRecommandatiounen
00.00.0000
Jean Colombera
Bonjour,

Bei sou enger Annonce ginn ech dovunner aus ,dat des Fra dringend eng
Arbecht sicht, well sie d´ Attribut -mat Erfahrung- gebraucht.

Ech kennen eng Hausfra, dei mat 55 Joër gescheed ginn as, an dei elo eng
Arbecht als Botzfra sicht, well hire Mann si am Stach geloss huet.

Desweideren kennen ech eng Hausfra dei schaffen muss goen, well hire Mann op
senger Fabrik entloss ginn as.

Eng aner Hausfra huet decidéiert fir schaffen ze goen, well hir 2 Kanner op
d´ Uni ginn and d´ Pai vun hirem Mann net mei duer geet.

Eng 4ert Hausfra wëll als Botzfra schaffen goen, well hire Mann kneckeg as
an hir keen roude Su gëtt.

Ech kennen nach anner Hausfraen dei +ou- an der selweschter Situation sinn..
Ech wëll déi awer net zitéieren, soss wären mir nach laang am gaang ( als
Hausdokter erliewt een villes ).

Mir befannen eis an enger Situation, déi een als " DETRESSE SOCIALE " kann
bezeechnen.

An waat dramatesch as, de Fait daat an Zeiten vun enger Kriis d`Offer vun
der Hausarbechten rar ginn, d´ Konkurenz gëtt hei och emmer méi grouss.

Ech bedaueren déi Hausfraen...si di vill fir d´ Gesellschaft geleescht hunn.
(Kannererzéiung...)



Bescht Gréiss



Dr.Jean Colombera
X
Äntwert recommandéieren
Fro zum Thema Aarbecht
18.05.2009
Vum:

Metteg,

Ma ech wollt är Meenung zu der Directive Bolkenstein wessen.

Gifft dier, fier oder geint d´Herkunftslandprinzip stemmen, a firwaat?
Äntwert vum Jean Colombera
bis elo kengRecommandatiounen
00.00.0000
Jean Colombera
Metteg,
D´ Bolkenstein Richtlinn huet wesentlech dozou beigedroen , dat den Entworf
vun enger Europäescher Verfassung beim Referendum an Frankreich an an
Holland oofgelehnt gouf. Haut get den Begreff "Herkunftslandprinzip"
net mei ugewandt ,mee den Grondprinzip bleiwt.
2006 huet d´EU Kommissioun een geännerten Entworf virgeluecht.
Vill Aennerungen vum Parlament sin iwwerholl gin , AWER NET ALL.
D´Parlamentsännerungen sin ageschränkt gin.Dat ass fir mech keng demokratesch
Virgensweis, well d´Macht leit am Vollek , also bei den gewielten
Deputéierten . Sou een Virgang ass fir mech net ze droen. Zum jetzegen
Zaitpunkt gellt allgemeng EU-Recht .
Fazit: Trotz Nobesserung ass d´Bolkensteindirektiv net ze veräntwerten.
Mir brauchen keen Diktat vun der EU , mee demokratesch Decisiounen vum Parlament
Also ging ech dergéint wielen.
X
Äntwert recommandéieren
Fro zum Thema Soziales
20.05.2009
Vum:

Jean Colombera
Kohäsioun ass jo e Begrëff, deen an der leschter Zäit vill a gär vu Politiker gebraucht gëtt.
De Begrëff Kohäsioun ass jo vun der EU entwéckelt ginn, wann ech richteg informéiert sinn.
Wéi kann Ärer Meenung no Kohäsioun mat Grenzgänger ausgesinn?
Oder ass dat e Widdersproch?
Ech ka mer dat net virstellen, well dat jo Leit sinn, déi moies an eist Land schaffe kommen an owes heem bei sech an d’Ausland fueren.
Merci
PP
Äntwert vum Jean Colombera
bis elo kengRecommandatiounen
00.00.0000
Jean Colombera
Bonjour Här .

Fir mech ass de Begrëff Ausland ziemlech vague. Ass een Kilometer hannert der Grenz schons Ausland...oder 10 Kilometer...oder 100 Kilometer ...? Geographesch gesinn ass 1 Meter hannert der Grenz schon Ausland. Kohäsioun huet awer neischt mat geographeschen Grenzen ze dinn . Kohäsioun heescht dat die verschidden Elementer vum Puzzle zesummenpassen an een gemeinsam Ziel hun , nämlech dat déi gesamt Harmonie garantéiert ass. Do ass et nët fir sech quësch ze stellen. Jiddfereen , den sengem eegenen Profit norennt , riskéiert fir des Struktur ze gefärden an een Désequiliber ze provozéieren.

Wann d´Grenzgänger enner annerem gud sollen sin fir mat hirer Arbecht eise Sozialsystem ze förderen , dann gehéieren sie mat an d´ Boot an mer mussen eng Géigenleeschtung brengen z.B. een Deel vun hiren Infrastrukturen (Schoulen , Stroossen... ) mathellefen opzebauen.

Wann et Grenzen gin , dann sinn se am Kapp. Ech hoffen , dat de gesonde Mënschenverstand nach ëmmer d´Iwwerhand behält an ze schätzen wéss wat de Noper fir eis wärt ass.



Bescht Gréiss.

Jean Colombera
X
Äntwert recommandéieren
Fro zum Thema Justiz
25.05.2009
Vum:

Firwat sinn net emol d´ Recht op Liewen durch d´Grondrechtsencharta vun der EU-Constitutioun gesechert
an ennert bestemmten Emstaenn d´Doudesstroof erem ermeiglecht gett?
Fier d´eischt well ech emol soen, dass et un Kierperverletzung grenzt den LissabonVertrag iwwerhaapt ze liesen!
Elo zreck zu menger Fro:
Am Art.II-62 VV steet klip a kloer dass d´Grondrechter iwwerholl gin.
Mee dann an der Foussnote vun der Foussnote, do steet d´Wouerecht!
"Eine Tötung wird nicht als Verletzung dieses Artikels angesehen, wenn sie durch eine Gewaltanwendung
verursacht worden ist, die unbedingt erforderlich ist, um jemanden gegen rechtswidrige Gewalt zu verteidigen….
einen Aufruhr oder Aufstand rechtmäßig niederzuschlagen….ein Staat kann in seinem Recht die Todesstrafe für
Taten vorsehen, die in Kriegszeiten oder bei unmittelbarer Kriegsgefahr begangen werden. Diese Strafe darf
nur in den Fällen, die im Recht vorgesehen sind und in Übereinstimmung mit diesen Bestimmungen angewendet werden."
Also ist die Todesstrafe in Kriegszeiten oder bei unmittelbarer Kriegsgefahr möglich.

Wann Dir elo soot : D´Doudesstroof steet hei zu Letzebuerg an kengem Gesetz mei. Richteg.
AWER wann d´EU Duerchfeierungsbestemmungen fir "Missiounen" d.h Krisch, fir Krisenreaktiounsasätz mecht,
wann d´EU z.B d´Regelung fir e solche Krischsfall trefft, welch d´Doudesstroof ermeiglechen,
dann kann een net mei soen, dass dest geint d´Grondrechter an der EU versteisst. Well genau dat wier un
deser Explicatioun ze moossen.

En Grondrechtschutz vum Liewen am Krischsfall oder bei onmettelbarer Krischsgefor gett et also net mei.
Well et europäesch Rechtsakten wärte sin, kann een se ne tun eisem Grondgesetz moossen.
Art.102GG.

Fannt Dir daat do wierklech gut? An sidd dir trotz desen FAKTEN nach emmer fir en JO zu desem Lissabonvertrag?
Äntwert vum Jean Colombera
bis elo kengRecommandatiounen
00.00.0000
Jean Colombera
Madame ,

Dat wat Dir hei gesoot hutt ass richteg . Lëtzebuerg huet dësen Vertag
ratifizéiert ouni d´Vollek ze froen...an do ass den Hôken. Ech hätt bei
engem Referendum mat NEE gestëmmt , esou wéi beim éischten Vertrag iwwert d´
Verfassung (2005).

An dësem Fall gesait een wéi d´Regierung d´Meenung vum Vollek faert . Fir
eng Kéier sin ech mat der Meenung vun Popst Benôit XVI averstaan wann hien
seet " DIE WERTELOSIGKEIT DER EU " .De Lissabonvertrag ass een
zweeschneidegt Schwert , an aus dësem Grond kann ech dësen Vetrag net
matdroen.

Bëscht Gréiss

Jean Colombera
X
Äntwert recommandéieren
Fro zum Thema Wirtschaft
31.05.2009
Vum:

Nowend Här Colombera
"Vier Konjunkturphasen lassen sich unterscheiden:
Aufschwung (Erholung, Expansion),
Hochkonjunktur (Boom, Prosperität),
Abschwung (Rezession)
Tief (Krise, Depression)."
• Wou géngt Dir soen, wou d’EU sech momentan befënnt?
A wéini mengt Dir, ongeféier, dass d’EU an déi nächst Phase kënnt?

• Wat haalt Der vum Gedanken, dass (hei am Land), an der EU, op der Welt d’Aarbecht misst bei d’Leit kommen an net d’Leit bei d’Aarbecht?
A wéi kann d’Politik do hëllefen?
Merci eventuell am viraus
PP
Äntwert vum Jean Colombera
bis elo kengRecommandatiounen
00.00.0000
Jean Colombera
Gudden Mëtteg Här ,

Et ass fir de Moment schwéier fir erauszefannen wou mir stinn , aus dem einfachen Grond well alleguerten déi Orientéierungsmëttelen ,all déi klassech Indikatoren, déi bis elo gebraucht goufen, fir Entscheedungen ze treffen iwwer Rentabilitéit , Investitiounen, Usiedlungen vun Betriiber, Joint Venture... hir Aussoekraft verluer hun. Mer sinn an der sougenannten TERRA INCOGNITA an mir mussen eis op aner Hellefsmëttelen an Iwwerleungen baséieren fir d´Evolutioun ze verstoen. Vu dass de Kader sech geännert huet , ass et wichteg sech op d´Aktivitéiten vun der Realwirtschaft ze baséieren an nët un d´Aktivitéiten vun der Finanzindustrie ,déi permanent mat frëschem Kapital opgestockt gëtt.D´Arbechtslosegkeet ass zum Beispill een Indikator , deen nët als Konsequenz vun der Kriis ungesinn soll gin , mee als Prognosefaktor fir d´ Kriis ze multiplizéieren , well den Konsum drastech fällt. Fir gudd informéiert ze sin ,soll een d´Schlësselbereicher vun der Wirtschaft ( Stohl , Elektronik ,Rohstoffer...) iwwerwachen an hir Resultater an Prognosen studéieren .
Fir op aer Fro zerëck ze kommen ... mir sin fir de Moment am éischten Drëttel vun der Kriis . Mer befannen eis am Ofschwong . Wéini dat mir an der Depressioun landen ...do gin ech keen Statement ... ech sin keen Hellseher , mee mir sollen eis keng Illusiounen maachen.

Wat aer zweet Fro ugeet , wann ech gudd verstanen hun , sollen d´Leit do schaffen , wou sie wunnen. Dat géif secherlech vill Problemer léisen , haaptsächlech Verkéiersprobleemer . D´Liewensqualitéit hätt eng Plus - Value. Hei soll d´ Politik hellefen fir d´Leit ze ënnerstëtzen selwer Initiativ ze huelen an Cooperativen ze bilden.( Ech proposéieren ierch den Dokumentarfilm " THE TAKE " vum Naomi Klein eng kanadesch Globaliséierungskritikerin wou d´Argentinier 2001 selwer Initiativ ergraff hun fir nët an den Chomage ze faalen ).

Bescht Gréiss.

Jean Colombera
X
Äntwert recommandéieren
Är Fro un Jean Colombera
D'Froenfunktioun gouf entre-temps zou gemaach.