Jean-Marie Halsdorf (CSV)
Kandidat Chamber 2009
Dieses Profil dient zu Archivzwecken, eine Befragung ist nicht mehr möglich. Besuchen Sie das aktuelle Profil.

Jean-Marie Halsdorf
Joergang
1957
Berufflech Qualifikatioun
-
Ausgeübte Professioun
-
Uertschaft
-
Walkrees
Süden
Landeslëschteplaatz
-
(...) Als Innenminister hunn ech, kontrairement zu deem waat d´Leit oft mengen, keng Weisungsgewalt un d´Gemengen an allen Domainen mais nemmen do wou d´Gestz daat och viirgesait.Ech wärt awer mat mengen Kollegen an der Regiirung schwaetzen fir ze kucken do och eng annehmbar Léisung ze fannen déi mat e bessen guddem Wellen bei allen Intervenants´en och misst méiglech sinn. (...)
 
weider Profiler
Froen un Jean-Marie Halsdorf
Choix vun de Froen an Äntwerten
Noriicht u folgend Adress schécken soubal eng Äntwert antrëfft


Bitte loggen Sie sich hier ein.
Fro zum Thema Ëmwelt
26.05.2009
Vum:
Pol

Gudde Metteg,
Ech wunnen zenter 5 Méint zu Mertert a wonnere mech, dass d´Waasser vun der Musel dachs no Kanal stenkt, well et nach emmer esou gudd wéi keng Kläranlage gëtt.

Wourunner läit et, dass et do esou lues weider geet an an deene läschte Jorzengten op der Musel net vill geschitt ass? Ass eng Verbesserung vun der Situatioun ze erwarden, wa mir de 7. Juni d´CSV wielen?

Villmols Merci
Pol
Äntwert vum Jean-Marie Halsdorf
bis elo kengRecommandatiounen
26.05.2009
Jean-Marie Halsdorf
Gudde Mëtten

Wat Klärung vun der Musel ugeet, do huet sech muenches beweegt. Op der Uewermusel am Haff Réimech as eng Kläranlag am Bau déi nach dest Joer fonktionnéiren wärt. Op der Ennermusel as e Gestzesprojet déponnéiert deen et erméiglecht eng Kläranlag am Hafen vun Mertert ze bauen. Dese Bau soll 2010 ugoen.

Bescht Gréiss

Jean-Marie Halsdorf
X
Äntwert recommandéieren
Fro zum Thema Schoulen
26.05.2009
Vum:

Moien

Ech wollt hei mol eng Fro lass gin zum edukativem Secteur. An der neier ecole fondamentale huet dest Personal jo och eng Roll ze gewährleeschten. Leider geseit et sou aus, wei wann kuerz virun Schluss do un der Tache vun desem Personal dann nach an allen Richtungen gewerkelt geng gin, fir dass dest Personal op sou vill wei meiglech Plaatzen nach kann interveneiren, sou e bessi Fraa fir alles kann sin. Wei stellt dir iech eng Zesummenaarbecht vun desem Personal mat den Schoulmeeschteren fir, wann des Leit och nach mussen Bustransport maan, Accueil an den Maison Relais...

Mir gesin einfach do e bessi vill Problemer fir eng gudd Zesummenaarbecht ze gewährleeschten, an Praxis huet och an den leschten Joeren bewisen, dass des Zesummenaarbecht op deenen Gemengen wou Leit Fraa fir alles waaren net sou fonktionneiert huet wei op deenen aaneren Gemengen, wou den Beruff schons einfach mei respekteiert gin ass, an och dei neideg Prepazeit zur Verfüfung gestallt gin ass. Daat ganzt geseit jo aus wei wann et geif scheiteren duerch dei Inkompatibiliteit zweschent dem A Kader an Dem E Kader. Kuerz hat dir jo schons eemol dovun matkrit :-) Dofir hei lo offiziell:

Meng Fro: Wei stellt dir iech vir keint desen Problem geleist gin, fir dass eng gudd Zesummenaarbecht an den Schoulen zweschent den gesamten Intervenants meiglech wier am Interessi vun all eisen Kanner ?
Äntwert vum Jean-Marie Halsdorf
bis elo kengRecommandatiounen
28.05.2009
Jean-Marie Halsdorf
Bonjour Mme. .

Ech si mir deem problem deen dir uschwaetzt wuel bewosst, muss awer zouginn dass daat eng Problematik ass déi an den exklusiven Kompetenzbereich vun der Edukatiounsministesch fällt. Als Innenminister hunn ech, kontrairement zu deem waat d´Leit oft mengen, keng Weisungsgewalt un d´Gemengen an allen Domainen mais nemmen do wou d´Gestz daat och viirgesait.Ech wärt awer mat mengen Kollegen an der Regiirung schwaetzen fir ze kucken do och eng annehmbar Léisung ze fannen déi mat e bessen guddem Wellen bei allen Intervenants´en och misst méiglech sinn.

Mat beschte Gréiss

Jean-Marie Halsdorf
X
Äntwert recommandéieren
Fro zum Thema Städtebau & Stadsentwécklung
27.05.2009
Vum:

Gudden Owend, Här Halsdorf,
Firwat gëtt bei der Baugenehmegungen "à la Tête du client"
accordéiert?
Firwat kréien Leit, déi am Perimeter woren, den Terrain och als solches kaaft hunn, an "Zone Verte" bugséiert,
well se net an der Gemeng wunnen an liewen?
Firwat ginn déi Bierger zousätzlech gedirängelt, kréien Terrain geklaut, kréien bis op Grenz gebaut, an dann nach domm Äntwerten vun dem Gemenge Techniker?!
Firwat mussen déi Proprietaire méi ewéi 1 X den Terrain no moossen loossen, fir dann fest ze stellen, dass vum Terrain feelt?
Firwat ginn Residenzen an Duerfkäre gebaut, vun Firmen, déi faillite ginn, dass de Réihbau Joeren laang do steet, bis en aneren Promoteur dëse schonns vermoosten Réihbau opkeeft, an fuscht, natierlech am meeschten un der gewalteger Stützmauer, dass dëst schonns no kuerzer Zäit ze bemängelen ass?
Firwat ginn al massiv Stützmaueren, ouni Gedanken un Konsequenz erofgerappt, fir eng Residenz matten am Duerfkär?
Terrain´en , déi doriwwer leien, trëllen an de Koup??
Ech schwäetzen konkret vun der gemenger Gemeng Habscht (Hobscheid) wou mäin Frënd seit 1974 en Terrain
vun knapps 30 Ar huet!!
Ech hunn an mengem Liewen nach nie esou eng falsch
an korrupt Gemeng erlieft!!
Firwat gëtt een als Lëtzebuerger an der Gemeng Habscht traitéiert,
wéi deen dommsten Hännes, deen sech dach net wieren kann??
Firwat sinn mir am "Vulleschutz" awer ronderrëm
ass an gëtt gebaut??
Firwat belitt dee Buergermeeschter een riicht an Gesicht?
Firwat bezilt een trotz allem Grondsteieren vun engem Terrain, wann et dach net am Perimeter ass????
Firwat ginn mir net an de Bauperimeter reclasséiert, well et der Gemeng esou gefält?

Bis elo as nach keng Äntwert agetraff. Fir eng Noriicht ze kréien, wann eng Äntwert antrëfft, gitt Är e-Mails Adress iwwert d\ Benoriichtegungsfunktioun hei ënnen un.

Op dës Äntwert waarde bis elo 2 Interesséiert
X
Beim Antreffe vun enger Noriicht Bescheed soen
Fro zum Thema Städtebau & Stadsentwécklung
27.05.2009
Vum:

Firwat hunn mir e Bauteminister, deen dach net matkritt, wat an de Gemenge leeft, well en grouss Projeten ze bestëmmen huet??
Firwat sollt ech Är Partei wielen, wann ech als Bierger
esou widdert de Kapp gestouss gouf??
Firwat wëllt Dir an der Politik matméschen, wann Dir dach net matkritt, wéi de Lëtzebuerger Bierger malträitéiert gëtt??

Firwat ass dës Mail op 2000 Zeechen begrenzt,
dierf den domme Bierger net ze vill onbequem Froe stellen??

Firwat freet sech
www.dewelt.eu
Äntwert vum Jean-Marie Halsdorf
1Recommandatioun
30.05.2009
Jean-Marie Halsdorf
Bonjour Mme. ,

Ech verstinn ganz gudd är Roserei mais kann iech awer net soen fiirwaat d´Unzuel vun den Zeechen an deser mail begrenzt ass; ech ginn dervun aus dass et eng technesch uursaach gett fir de serveur net ze iwerlaaschten.

Waat är konkret Froen ubelaangt esou géif ech Iech rooden Iech an desem speziellen Fall un den Ombudsman ze riichten deen jo extra vun der Regiirung agesaat ginn ass fir teschent de Leit an der Verwaltung ze vermettelen an des Zort Problemer op eng aussergeriichtlech Art a Weis ze léisen.

Fir eisen Ombudsman ze kontaktéieren braucht der just äre mail un d´adress ombudsman@ombudsman.lu ze schécken woubei ech Iech awer géif rooden déi Uschellegungen déi Dir an Aerem courrier maacht an déi an der Roserei verständlech sinn nach eemol ze iwerdenken.

An der Hoffnung dass ech Iech zumindest deelweis konnt op déi richteg Piste setzen verbleiwen ech

Mat frendlechen Gréiss

Jean-Marie Halsdorf
X
Äntwert recommandéieren
Fro zum Thema Gesondheet
27.05.2009
Vum:

Guten Tag Herr Halsdorf,
am 18.11.2006 sagte Herr Professor Rössler im Luxemburger Wort: "Es gibt noch eine Reihe Langzeitpatienten im CHNP, aber wir haben Probleme sie in angemessenen Wohnungen ausserhalb unterzubringen. Familienpensionen im Norden des Landes sind keine Alternative." Ich kenne Betroffene, die in solchen unbetreuten Pensionen oder auf Campingplätzen oder in anderen prekären Wohnsituationen leben müssen. Die Betreiber dieser Einrichtungen sind mit der ihnen zwangsweise auferlegten Betreuung vollkommen überfordert. Schlimmer noch: sie sind in Gefahr! Diese unbetreuten Patienten sind in ihrer Hilflosigkeit und ihrer Verbitterung eine Gefahr für sich und ihre Umwelt.
Aus internationalen Studien weiss die psychiatrische Fachwelt, dass die Gefahr eines Impulskontrollverlustes bei Patienten in solchen unbetreuten Situationen sehr gross ist. Sie werden durch diese Umstände zu lebenden Zeitbomben. Wenn diesen Menschen dann auch noch die Aufnahme in den dafür vorgesehenen Kliniken des Landes verwehrt wird, potenziert sich ihre Verzweiflung, ihre Panik und ihre Amokbereitschaft noch um ein Vielfaches! Hierbei handelt es sich meiner Meinung nach um Gewalt und Folter.
Was gedenken Sie, Herr Halsdorf, in der nächsten Legislaturperiode zu tun um diese Gefahr für die Bevölkerung zu beseitigen?
Werden Sie sich für die Einsetzung einer Untersuchungskommission einsetzen, die die vermeintlichen Patientenmisshandlungen im luxemburgischen Psychiatriewesen untersucht?
Herr Professor Werner hat im Saarland die psychiatrische Anstalt aus menschenrechtsrelevanten Gründen abgeschafft. Werden Sie sich ebenfalls für diese Lösung einsetzen?
"Wer vor der Vergangenheit die Augen verschliesst wird nicht nur blind für die Gegenwart: er wird schlichtweg unfähig zur Zukunftsgestaltung. Nur so sind Versöhnung, Vergebung, Heilung, Fortschritt möglich." (Luxemburger Wort, 8.10.07)
Hochachtungsvoll
, Psychologe, Gründer der LGSP (Letzebuerger Gesellschaft fier Sozialpsychiatrie)

Bis elo as nach keng Äntwert agetraff. Fir eng Noriicht ze kréien, wann eng Äntwert antrëfft, gitt Är e-Mails Adress iwwert d\ Benoriichtegungsfunktioun hei ënnen un.
X
Beim Antreffe vun enger Noriicht Bescheed soen
Är Fro un Jean-Marie Halsdorf
D'Froenfunktioun gouf entre-temps zou gemaach.