Bonjour Madame

,
fir ob Är Froen aus dem Politikercheck ze äntwerten hunn ech leider net vill Unhaltspunkter, mee ech kann ower folgend Äntwerten formuléieren:
1. Hunn ech dann do laut Gesetz net d Recht op eng Entschiedegung vun der Gemeng?
D´Gesetz vum Aménagement communal gesäit am Fall vum Emklasséieren vun Bauland zu net Bauland (also an d´zone verte), am Prinzip, keng Entschiedegung vir (Artikel 22 intituléiert "Indemnisation" vun der loi modifiée du 19 juillet 2004 concernant l´aménagement communal et le développement urbain), ausser wann een "droit acquis" besteet (z. B. eng valabel Baugenehmegung) oder wann mat der Ännerung een "dommage direct, matériel et certain" entsteet (z.B. ee konkrete Bauprojet an der Entwecklungsphase wou och schonns Kontakter mat der Gemeng stattfonnt hunn). An dem Fall kënnt Dir virun Gericht dat Recht akloen, ower just an engem Zäitraum vun 10 Joer (vun dem Dag un wou de modifizéierte Bebauungsplang (PAG) vum Minister approuvéiert ginn ass). Vu, dat den Terrain säit den 80 Joeren aus dem Bauland erausklasséiert ginn ass, ass den Délai fir ze kloen leider schonns laang verstrach.
Am Kader vun der Prozedur vun der Neierstellung vun dem Bebauungsplang (PAG), woumat d´Gemeng misst beschäftegt sinn, kënnt Dir ower, während der Approbatiounsprozedur vun dësem "neien" Bebauungsplang, nees reklaméieren. (Dës Prozedur ass an den Artikelen 10 bis 18 vun dem uewengenannte Gesetz beschriwwen.)
2. Erklärt mir wann ech gelift, firwat mir Grond Steieren vun dësem Terrain als "Immeuble non bâti" bezuelen, den Terrain awer zënter den 80´ er Joer "hors perimètre" ass?
Eng Gemeng kann (muss ower net) zwee verschidden Tauxen festleeën, z.B: een fir Ackerland oder Bësch an ee fir Bauland - bebaut oder net (Artikel 21 (2) vun der loi modifiée du 1er décembre 1936 concernant la loi sur l´impôt foncier relatives au taux communaux). Et muss also, an Ärem Fall gekuckt ginn, ob den "taux de l´impôt foncier" den applizéiert gëtt fir een "immeuble non bâti" de selwechten ass wéi fir Ackerland ("propriété agricole"). Onsen Informatiounen no ass dës de Fall, den Taux den Dir applizéiert kritt ass de selwechte wéi de fir Ackerland (taux B5=taux A). D´Grondsteier hängt ower och vun der "valeur unitaire terrain" of déi vun de Steiere festgeluegt gëtt. Et wär vläicht interessant do mol nozefroe wéi Ären Terrain bewaert gëtt.
3. (...), wann de Millebierg an Habscht an Rutschen kënnt, well de Promoteur bei der Gemeng dësen Lotissement accordéiert krut, wien kënnt dann op?
Wat Är Remarquen zum Millebierg zu Habscht unbelaangt, esou kann ech keng Stellung huelen ouni méi konkret Donnéeën ze hunn (z.B: Kadasternummer, Lotissementsreferenzen, Nummer vum PAP, etc.). Dës ass eng zivilrechtlech Fro. De Code civil gesäit fir, dat de Verursaacher vum Schued fir de Schued muss opkommen. Des weideren muss d´"Sécuritéit, Salubritéit a Commoditéit" vum Bautereglement respektéiert ginn. De Riichter entscheet wiem d´Schold schlussendlech zougeschwat gëtt.
Ech hoffen ech konnt Iech heimat weiderhëllefen
Mat beschte Gréiss verbleiwen ech
Jean-Marie Halsdorf Innenminister