Jean-Paul Schaaf (CSV)

Jean-Paul Schaaf
Gebuertsdaag
-
Berufflech Qualifikatioun
-
Ausgeübte Professioun
-
Uertschaft
-
Walkrees
Norden
Landeslëschteplaatz
-
(...) Zum Pkt. 2: et as an eisem Land net gewunnecht dass mer fir all Bauprojet´en en Referendum machen. (...) D´Parteien sinn jo gewielt ginn opgrond vun ihrem Walprogramm. Do kann een d´Aussoen zu desem Thema noliesen, deelweis souguer Pläng gesinn. (...)
 
Parlamentaresch Aarbecht
Froen un Jean-Paul Schaaf
Noriicht u folgend Adress schécken soubal eng Äntwert antrëfft


Die Datenschutzbestimmungen zur Behandlung meiner Daten habe ich gelesen.
Bitte loggen Sie sich hier ein.
Fro zum Thema Verkéier an Infrastruktur
31.10.2012
Vum:
Claude Feltgen

Bonjour Herr Schaaf,

Ech hunn am Fong zwou Froen zum selweschten Thema, wouvunner ech eng och dem Herr Wiseler wäert zoukomme loossen.

Et geet ëm di nei Gare zu Ettelbréck.

1) Den Trafic virun der Gare soll io an Zukunft duerch en Tunnel verlafen. Lo ass d´Fro déi ech mir schonn eng Zäitche stellen déi hei: Ass et sécher, dass deen Tunnel net kann iwwerschwemmt ginn? Schliesslech läit deen io op der selweschter Héicht wéi d´Waark, wann net souguer nach méi déif.

2) Den Herr Wiseler hätt gär, dass "di ganz Gemeng hannert dem Projet steet". Dir hudd doropshin elo e Vote am Gemengerot vum 6. November dozou ugekënnegt. Meng Fro: Besteet di "ganz Gemeng" just aus 13 Leit? Oder wisou wëllt der net d´Bierger vun der Gemeng Ettelbréck insgesamt froen?

Ech perséinlech stinn iwwregens dem Projet ganz favorabel entgéint an soe mer ´je éischter alles fäerdeg ass, desto besser´.

Mat frëndleche Gréiss,
Feltgen Claude
Äntwert vum Jean-Paul Schaaf
1Recommandatioun
31.10.2012
Jean-Paul Schaaf
Moien Häer Feltgen, léiwen Claude,

Zur Fro 1 muss ech soen, dass Tunnelen ennert Flëss gebaut ginn ouni ze iwerschwemmen. Mir verlossen eis hei op d´Ingenieuren vun Ponts et Chaussées Dei versecheren dass dest keen Problem duerstellt - allenfalls eng Erausfuerderung.

Zum Pkt. 2: et as an eisem Land net gewunnecht dass mer fir all Bauprojet´en en Referendum machen. Dat wir dei énzeg Meiglechkeet fir d´Entschédung net selwer ze huelen mee se un d´Awunner weider ze ginn.
Et as esou, dass mir desen Sujet an den Gemengewalen ausféierlech thematiseiert an diskuteiert hunn. Dess Pläng louchen jo dunn schons um Desch. De Minister Wiseler hat se schons 1 Joer virun de Walen öffentlech an der Gemeng virgestallt!
Aus den Gemengewalen sinn 13 Leit erfirgangen, dei elo Verantwortung mussen huelen am Numm vun den Wieler. D´Parteien sinn jo gewielt ginn opgrond vun ihrem Walprogramm. Do kann een d´Aussoen zu desem Thema noliesen, deelweis souguer Pläng gesinn. Ech denken dass dat Mandat däitlech genuch as.
Doniewent kennt et jo zu enger Ännerung vum PAG respektiv zu engem PAP fir de Bau an dat as nach emol Platz fir sech dei genee Pläng unzekucken an ze diskutéieren. Mir sinn also weider am Gespréich mat de Léit. Mir haten och als Gemengerod eng gemeinsam Entrevue mat der Birgerinitative Ettelbréck 21 an der Bauverantwortlechen.

Et as also net esou, dass d´Leit net agebonnen sinn respektiv ginn.

Mat mengen beschten Gréiss,

Jean-Paul Schaaf
Burgemeschter Ettelbréck
X
Äntwert recommandéieren
Är Fro un Jean-Paul Schaaf
D'Froenfunktioun gouf entre-temps zou gemaach.