Jeannot KreckÉ (LSAP)
Kandidat Chamber 2009
Dieses Profil dient zu Archivzwecken, eine Befragung ist nicht mehr möglich.

Jeannot KreckÉ
Joergang
1950
Berufflech Qualifikatioun
-
Ausgeübte Professioun
-
Uertschaft
-
Walkrees
Zentrum
Landeslëschteplaatz
-
(...) Der Qualitéit vun der Kommunikatioun an dem Austausch innerhalb vun Europa an den Institutiounen schued den aktuelle System a mengen Aen net. (...)
 
Froen un Jeannot KreckÉ
Choix vun de Froen an Äntwerten
Noriicht u folgend Adress schécken soubal eng Äntwert antrëfft


Bitte loggen Sie sich hier ein.
Fro zum Thema Aarbecht
13.05.2009
Vum:

Wéi ass Är Meenung zu der Iddi vun engem Grondakommes, wéi den Änder Schanck et am Tageblatt beschreift?
Äntwert vum Jeannot KreckÉ
bis elo kengRecommandatiounen
29.05.2009
Jeannot KreckÉ
Haer ,

Ech sind net fir d’Aféierung vun engem bedingslose Grondakommes a mengen och net, dass dat an eisem Sozialsystem eng realistesch Fuerderung kéint duerstellen. Als éischt wëll ech drop hin weisen, dass d’Friichte vun der Aarbecht, also eng Pei, déi éischt Akommesquell mussen duerstellen. Natierlech sin ech mer bewosst, dass et duerch eng ganz Rei Facteuren net all Mënsch méiglech ass enger Aarbecht nozegoen a säi Liewensënnerhalt selwer ze verdingen. Dofir ginn et Sozialtransferen, e gesetzlecht Mindestakommes an Hëllefe vum Staat. En plus huet des Regierung eng ganz Reih vun Steierkrediter agefouert, waat jo daat nämlecht ass wéi eng negativ Steier, déi jiddferengem ze Gutt kommen. Dat ass gudd a richteg esou. Ech bleiwen awer der Meenung, dass fir staatlech Hëllefen resp. Souen ze kréien och Bedingunge mussen erfëllt sinn - wéi dat beim RMG jo de Fall ass - an dass d’Situatioun vun deem Eenzelne muss berücksichtegt ginn. Mir sollten un deem gudd ausgebautene soziale System festhalen dee mir am Moment hunn.

Krecké Jeannot
Ministre de l´Economie et du Commerce Extérieur
Tél. +352 247 84101
X
Äntwert recommandéieren
Fro zum Thema Wirtschaft
23.05.2009
Vum:

Léiwen Här Krecké,

Dir huet opp äerer Ried zur Ouvertür vun der Fréijoersfoire d´Wichtegkeet vum Wuesstum erausgestrach, dat mir onbedingt erëm Wuesstum mussen hun fir eisen héijen soziale Standard ze garantéieren.

Ech verstinn dat nët. Wéi kann gerad d´´Ursach vun der Kris och d´Léisung sin? Dat ëmmer méi iwert déi lescht 30 Joer huet ons nët wirklech méi glëcklech gemach. Eischter den contraire ass de Fall. Wann en méi huet, wat en sech méi Suergen mëcht fir dat nët erëm ze verléieren. An wëllen mir wirklech aus Lëtzebuerg en zweet Singapore machen, mat enger oder 2 Milliounen Awunner, well bei 700´000 ass et jo mat dëser Logik bestëmmt nët Schluss. Könnt dir mir w.e.g. dësen Drang zu ëmmer méi erklären?

An der "DIE ZEIT" Ausgab vum 20. Mee 2009 gët an engem langen Artikel genau des Problematik vum Wuesstum beschriwen. d´Léisungsiddien wéi Grondakommes an en anert Geldsystem gët et och schons seit langem. Si sin durchaus realiséierbar, wann mir wëllen, genee wéi d´Milliarden fir d´Rettung vun den Banken. Wien huet den Mut dat unzepaken?

Ech freen mech äer Aentwert ze liesen

Mat frëndlechen Gréiss

Äntwert vum Jeannot KreckÉ
bis elo kengRecommandatiounen
29.05.2009
Jeannot KreckÉ
Herr ,

Ech sind net fir d’Aféierung vun engem bedingslose Grondakommes a mengen och net, dass dat an eisem Sozialsystem eng realistesch Fuerderung kéint duerstellen. Als éischt wëll ech drop hin weisen, dass d’Friichte vun der Aarbecht, also eng Pei, déi éischt Akommesquell mussen duerstellen. Natierlech sin ech mer bewosst, dass et duerch eng ganz Rei Facteuren net all Mënsch méiglech ass enger Aarbecht nozegoen a säi Liewensënnerhalt selwer ze verdingen. Dofir ginn et Sozialtransferen, e gesetzlecht Mindestakommes an Hëllefe vum Staat. En plus huet des Regierung eng ganz Reih vun Steierkrediter agefouert, waat jo daat nämlecht ass wéi eng negativ Steier, déi jiddferengem ze Gutt kommen. Dat ass gudd a richteg esou. Ech bleiwen awer der Meenung, dass fir staatlech Hëllefen resp. Souen ze kréien och Bedingunge mussen erfëllt sinn - wéi dat beim RMG jo de Fall ass - an dass d’Situatioun vun deem Eenzelne muss berücksichtegt ginn. Mir sollten un deem gudd ausgebautene soziale System festhalen dee mir am Moment hunn.

Krecké Jeannot
Ministre de l´Economie et du Commerce Extérieur
Tél. +352 247 84101
X
Äntwert recommandéieren
Fro zum Thema Gesondheet
27.05.2009
Vum:

Guten Tag Herr Krecké,
am 18.11.2006 sagte Herr Professor Wulf Rössler im Luxemburger Wort: "Es gibt noch eine Reihe Langzeitpatienten im CHNP, aber wir haben Probleme sie in angemessenen Wohnungen ausserhalb unterzubringen. Familienpensionen im Norden des Landes sind keine Alternative." Ich kenne Betroffene, die in solchen unbetreuten Pensionen oder auf Campingplätzen oder in anderen prekären Wohnsituationen leben müssen. Die Betreiber dieser Einrichtungen sind mit der ihnen zwangsweise auferlegten Betreuung vollkommen überfordert. Schlimmer noch: sie sind in Gefahr! Diese unbetreuten Patienten sind in ihrer Hilflosigkeit und ihrer Verbitterung eine Gefahr für sich und ihre Umwelt.
Aus internationalen Studien weiss die psychiatrische Fachwelt, dass die Gefahr eines Impulskontrollverlustes bei Patienten in solchen unbetreuten Situationen sehr gross ist. Sie werden durch diese Umstände zu lebenden Zeitbomben. Wenn diesen Menschen dann auch noch die Aufnahme in den dafür vorgesehenen Kliniken des Landes verwehrt wird, potenziert sich ihre Verzweiflung, ihre Panik und ihre Amokbereitschaft noch um ein Vielfaches! Hierbei handelt es sich meiner Meinung nach um Gewalt und Folter.
Was gedenken Sie, Herr Krecké, in der nächsten Legislaturperiode zu tun um diese Gefahr für die Bevölkerung zu beseitigen?
Werden Sie sich für die Einsetzung einer Untersuchungskommission einsetzen, die die vermeintlichen Patientenmisshandlungen im luxemburgischen Psychiatriewesen untersucht?
Herr Professor Werner hat im Saarland die psychiatrische Anstalt aus menschenrechtsrelevanten Gründen abgeschafft. Werden Sie sich ebenfalls für diese Lösung einsetzen?
"Wer vor der Vergangenheit die Augen verschliesst wird nicht nur blind für die Gegenwart: er wird schlichtweg unfähig zur Zukunftsgestaltung. Nur so sind Versöhnung, Vergebung, Heilung, Fortschritt möglich." (Luxemburger Wort, 8.10.07)
Hochachtungsvoll
, Psychologe, Gründer der LGSP (Letzebuerger Gesellschaft fier Sozialpsychiatrie)
Äntwert vum Jeannot KreckÉ
bis elo kengRecommandatiounen
29.05.2009
Jeannot KreckÉ
Sehr geehrter Herr ,
Im LSAP-Wahlprogramm unterstreichen wir als LSAP, dass wir unsere Bemühungen fortsetzen möchten, "um die Psychiatrie menschenwürdiger zu gestalten. In diesem Sinne will die LSAP die kleinen, flächendeckend verteilten, stationären und ambulanten Therapieangebote ausweiten. Einrichtungen für psychisch Kranke wie das nicht mehr zeitgemäße Hochhaus des "Centre hospitalier neuro-psychiatrique" in Ettelbrück gehören eindeutig der Vergangenheit an und werden durch zeitgemäße Einrichtungen ersetzt.
Vermehrt sollen auch dezentrale Strukturen geschaffen werden, die sich speziell um psychisch kranke Kinder und Jugendliche kümmern. Luxemburg braucht auch eine Klinik für forensische Psychiatrie. Hier sollen straffällig gewordene psychisch kranke Menschen, die aufgrund ihrer Krankheit unzurechnungsfähig sind, ordnungsgemäß behandelt werden."
Ich habe übrigens gelesen, dass Sie sich mit Ihren Anfragen bereits an unseren Gesundheitsminister gewandt haben. Er hat Ihnen in verschiedenen Antworteschreiben versichert, dass "die Reform der Psychiatrie weit fortgeschritten ist, die akute Psychiatrie dezentralisiert, die gemeindenahen Strukturen ausgebaut wurden", dass er "aus der Reform der Psychiatrie eine erste Priorität gemacht" hat und dass er diese, sollte er "weiter Gesundheitsminister bleiben, resolut vorantreiben" werde. Der Gesundheitsminister hat Sie weiter auf die Anlaufstelle im Gesundheitsministerium verwiesen, an die sich jeder wenden kann, der sich schlecht behandelt fühlt oder Informationen über solche Situationen hat.
Ich denke, dass es sehr wichtig ist, dass die Reform der Psychiatrie in Luxemburg weiter geführt wird im Sinn einer humanen Psychiatrie. Dass eventuelle Missstände untersucht und gegebenenfalls Konsequenzen daraus gezogen werden müssen, scheint mir selbstverständlich. Mit besten Grüssen,

Krecké Jeannot
Ministre de l´Economie et du Commerce Extérieur
Tél. +352 247 84101
X
Äntwert recommandéieren
Fro zum Thema Verkéier an Infrastruktur
31.05.2009
Vum:
Guy

D´Tram-Léisung ass wahrscheinléch nët ze réaliséiren (zumindest nët zu engem raisonnablen Preis-Leeschtungsverhältnis).

Wann en alles mat arechent (a nët nëmmen 2 oder 3 ausgewielte Posten) an och d’Erspuernisser am Mobil 2020 déi de Bus-Bunn Konzept erméiglecht, ass de Bus-Bunn (och nach RER genannt) vill méi bëlleg wéi d´Tram Léisung. Detailer fannt dir um Site www.rer.lu.

Doriwer eraus ass d´Bus-Bunn Léisung vill méi leeschtungsfähig wéi d´Tram-Léisung.

Den Tram bréngt e besschen méi Kapazitéit, wéi déi Bussen, déi den Tram ersetzt.
Am Tram-Konzept muss e méigléchst daks emsteigen (vum Zuch op den Tram, dann op de Bus, ...).
Déi vill Haltestellen a Kräizungen op der Tramslinn kaschte vill Zäit.
E wichtege Problem ass och de Risiko vu Stauen (duerch ze vill Verkéier oder duerch Akzidenter).

De Bus-Bunn bréngt eng grouss zousätzléch Kapazitéit (komplett Zich mat 2 Stäck).
Duerch déi +- 12 Garen op de wichtegste Punkten vun der Stadt kënne ganz vill Leit direkt mam Zuch bis (bal) dohin fueren, wou si hi wëllen.
D´Buslinnen kënnen duerch e leeschtungsfähegen Zuchréseau an der Stadt verbonne gin. Doduerch kann de Knuet (Stau an der Avenue de la Liberté, um Aldringer, op de Bréken, ... ) aus ville Bus-linnen eliminéiert gin.

Wann e manner Autoen an der Stadt wëll, muss e keen Tram bauen, den déi puer grouss Stroossen a Bréken blokéiert.
Et ass besser
  • engerseits eng leeschtungsfäheg Alternativ unzebidden (Bus-Bunn Konzept)
  • an anrerseits méi Foussgängerzonen, Busspuren, Velosweeër, breet Trottoiren, Géngstreifen, ... unzeleeën.
Dat ass och politesch vill méi liicht duerchzesetzen.

De Bus-Bunn Konzept ass vill méi ausgereift, wéi den Tram-Projet.
Iwerzeecht iech selwer a vergleicht d´Dokumentatioun vum Transportministère (vill irrelevant Detailer, wichteg Punkten ignoréiert, kéng Léisung fir déi vill Problemer)
mat der viirbildlécher Dokumentatioun um www.rer.lu.

Wéi gudd kennt dir den Dossier ?
Fannt dir och, dat de Bus-Bunn Konzept déi besser Léisung ass ?
Äntwert vum Jeannot KreckÉ
bis elo kengRecommandatiounen
03.06.2009
Jeannot KreckÉ
Bonjour Här ,

Natierlech wärt et méi einfach wann an Europa eng eenzeg Sprooch giff geschwat ginn. Ech sinn awer net der Meenung, dass een all Land eng Kommunikatiounssprooch kann operleeën an hale weiderhin un der Villfältegkeet vun de Sprooche fest. Der Qualitéit vun der Kommunikatioun an dem Austausch innerhalb vun Europa an den Institutiounen schued den aktuelle System a mengen Aen net.

Bescht Gréiss,
Jeannot Krecké

Ministre de l´Economie et du Commerce Extérieur
Ergänzung vum 04.06.2009
Här ,

Merci als éischt fir Är Fro an Ären Intérêt.

Jo, ech kennen deen Dossier zimlech gudd: 8 verschiden Szenarien, dorenner och de Konzept Bus-Bunn, goufen vun engem spezialiséierten Arbechtsgroupe evaluéiert a mat eneen verglach. Et goufen iwer 30 Critèren berücksichtegt, wéi z.B. de Confort, d´Capacitéit oder de Käschtepunkt. Dobäi huet de Konzept vun engem liichten Tam mat Ofstand am beschten ofgeschnidden an d´Regierung huet decidéiert, dese Projet, den sech an de Gesamtkonzept "mobil 2020" aschreiwt, schnell virunzedreiwen, fir dass sech d´Verkéierssituatioun ronderem an an der Stad endlech verbessert. Begréissenswert as an dem Kontext, dass de Konzept, den an denen leschte Joeren ausgeschafft gouf, sech ob e groussen iwerparteilechen Konsens ka stäipen, den souwuel vun der aktueller Regierung wéi och vun de Vertrieder vun der Stad Lëtzebuerg gedroe get.

Mat beschte Gréiss,
Jeannot Krecké
X
Äntwert recommandéieren
Fro zum Thema Internationales
01.06.2009
Vum:
Guy

Sidd dir och der Meenung, dat Europa a Lëtzebuerg eng gemeinsam Kommunikatiounssprooch brauchen ?
Wéi eng Sprooch sollt dat sinn ? Englesch an Esperanto sinn d’Haaptkandidaten.

E puer Erklärungen zum Kontext vu menger Fro:

Die Europäischen Institutionen müssen viele Entscheidungen treffen, welche von äußerster Wichtigkeit für die Entwicklung Europas sind. Tausende Menschen verschiedener Nationalitäten sind am Prozess der Vorbereitung, Diskussion, Verhandlung, Beschlussfassung und Ausführung beteiligt. Dieser Prozess könnte wesentlich effizienter gestaltet werden, wenn die Kommunikation aller Teilnehmer in einer gemeinsamen, von allen beherrschten Sprache, geführt würde.

Bedingt durch die Globalisierung sind Wirtschaft und Forschung auf internationale Kommunikation angewiesen. Deshalb setzt sich in der Praxis Englisch als gemeinsame Kommunikationssprache durch. Dies verschafft den Amerikanern und Engländern einen bedeutenden Vorteil da die überwiegende Mehrheit der Europäer Englisch wesentlich schlechter beherrscht.

Im Schulwesen stehen kleine Länder vor einem Problem ohne optimale Lösung. Da die Beziehungen zu den Nachbarländern von äußerster Wichtigkeit sind, muss ein übermäßig großes Gewicht auf den Fremdsprachenunterricht gelegt werden. Da die Anzahl der Schulstunden beschränkt ist, muss man die Studienzeit für die anderen Fächer und Kompetenzen zu stark beschränken.

Viele Europäer kennen eine oder mehrere Fremdsprachen. Die Kenntnisse der Fremdsprachen sind jedoch meistens oberflächlich. Dies bewirkt, dass vor allem die oberflächliche, kommerzielle, amerikanische Kultur sich in Europa durchsetzt. Die reiche, tiefgründige Kultur der europäischen Völker kann kaum über die Sprachbarrieren vermittelt werden. Nur durch eine gemeinsame Kommunikationssprache, welche alle beherrschen, könnten alle Europäer aus diesem kulturellen Reichtum schöpfen.

Bescht Gréiss
Äntwert vum Jeannot KreckÉ
bis elo kengRecommandatiounen
03.06.2009
Jeannot KreckÉ
Här ,

Merci als éischt fir Är Fro an Ären Intérêt.

Jo, ech kennen deen Dossier zimlech gudd: 8 verschiden Szenarien, dorenner och de Konzept Bus-Bunn, goufen vun engem spezialiséierten Arbechtsgroupe evaluéiert a mat eneen verglach. Et goufen iwer 30 Critèren berücksichtegt, wéi z.B. de Confort, d´Capacitéit oder de Käschtepunkt. Dobäi huet de Konzept vun engem liichten Tam mat Ofstand am beschten ofgeschnidden an d´Regierung huet decidéiert, dese Projet, den sech an de Gesamtkonzept "mobil 2020" aschreiwt, schnell virunzedreiwen, fir dass sech d´Verkéierssituatioun ronderem an an der Stad endlech verbessert. Begréissenswert as an dem Kontext, dass de Konzept, den an denen leschte Joeren ausgeschafft gouf, sech ob e groussen iwerparteilechen Konsens ka stäipen, den souwuel vun der aktueller Regierung wéi och vun de Vertrieder vun der Stad Lëtzebuerg gedroe get.

Mat beschte Gréiss,
Jeannot Krecké
Ergänzung vum 04.06.2009
Bonjour Här ,

Natierlech wärt et méi einfach wann an Europa eng eenzeg Sprooch giff geschwat ginn. Ech sinn awer net der Meenung, dass een all Land eng Kommunikatiounssprooch kann operleeën an hale weiderhin un der Villfältegkeet vun de Sprooche fest. Der Qualitéit vun der Kommunikatioun an dem Austausch innerhalb vun Europa an den Institutiounen schued den aktuelle System a mengen Aen net.

Bescht Gréiss,
Jeannot Krecké
X
Äntwert recommandéieren
Är Fro un Jeannot KreckÉ
D'Froenfunktioun gouf entre-temps zou gemaach.