Jos Scheuer (LSAP)
Kandidat EU-Walen 2009
Dieses Profil dient zu Archivzwecken, eine Befragung ist nicht mehr möglich.

Jos Scheuer
Joergang
1943
Berufflech Qualifikatioun
-
Ausgeübte Professioun
-
Uertschaft
-
Walkrees
Europa
Landeslëschteplaatz
-
(...) Wien ännere wëll muss den Acquis a Fro stellen, den Acquis , matt dem all zukünfteg Generatiounen rechnen. Dee Prozess huet nach nët ugefaangen, keen hat bis elo de Courage! Dofir leeft Entwecklung fort a fort,... bis datt et nët méi weider geet (...)
 
Froen un Jos Scheuer
Choix vun de Froen an Äntwerten
Noriicht u folgend Adress schécken soubal eng Äntwert antrëfft


Bitte loggen Sie sich hier ein.
Fro zum Thema Soziales
20.05.2009
Vum:

Jos Scheuer
Kohäsioun ass jo e Begrëff, deen an der leschter Zäit vill a gär vu Politiker gebraucht gëtt. De Begrëff Kohäsioun ass jo vun der EU entwéckelt ginn, wann ech richteg informéiert sinn. Wéi kann Ärer Meenung no Kohäsioun mat Grenzgänger ausgesinn? Oder ass dat e Widdersproch?
Ech ka mer dat net virstellen, well dat jo Leit sinn, déi moies an eist Land schaffe kommen an owes heem bei sech an d’Ausland fueren.
Merci
PP

Bis elo as nach keng Äntwert agetraff. Fir eng Noriicht ze kréien, wann eng Äntwert antrëfft, gitt Är e-Mails Adress iwwert d\ Benoriichtegungsfunktioun hei ënnen un.
X
Beim Antreffe vun enger Noriicht Bescheed soen
Fro zum Thema Wirtschaft
27.05.2009
Vum:

Léiwen Här Scheuer,

Ons traditionnel Denkmodeller gin momentan kräfteg durchgerëselt. Mier duerchliewen richteg historesch Momenter, den Englänner schwätzt vun "Window of opportunity". Kéinten mir deen nët als eng riiseg Chance ugesin an en Paradigmenwiessel virundreiwen? Ewech vun enger Logik, déi jidfereen zwengt zur Maximéierung vun kurzfristegen an egoisteschen Zieler mat schädlechen Auswirkungen opp ons Emwelt an Matmënschen. Hin zou engem méi mënschlechen Mateneen an wou den Mënsch an d´Kultur am Mëttelpunkt stinn. Dat héiert sech utopesch unn. Loost Iech soen dat et och e puer Jorhonnerte gedauert huet bis jidfereen iwerzeecht wor dat d´Erd em d´Sonn dréint. Wann mir dann dem Gordon Moore saïn Gesetz an d´Geschicht transposéiren - mir wëssen haut vill, vill méi - dann misst esou en Paradigmenwiessel jo spilles an 10 Joer ze packen sin. d´Beispill vun Wikipedia weist ons em wéivills méi Séier mir haut eppes grousses upacken an realiséieren können. An dobai sin dem Internet seng Méiglechkeeten nach laang nët zu Enn geduecht.

Gesidd dir och den "Window of opportunity"? Wat halt Dir vun dësen Iwerleeungen? Kéint Dir Iech virstellen bei esou engem groussen Projet matzeschaffen?

Mat beschten Gréiss

Äntwert vum Jos Scheuer
bis elo kengRecommandatiounen
02.06.2009
Jos Scheuer
Léiwen Här

Ech kennen Iech nët, mais ech deelen all Är Reflexiounen. Mais d´Lethargie vun der Gesellschaft a vun den Decideuren déi gët vun Iech ënnerschätzt

Jos Scheuer
X
Äntwert recommandéieren
Fro zum Thema Wirtschaft
27.05.2009
Vum:

Léiwen Här Scheuer,

Den Här Krecké huet opp der Ouvertür vun der Fréijoersfoire d´Wichtegkeet vum Wuesstum erausgestrach. Hien huet gesot dat mir onbedingt erëm neien Wuesstum missten schafen fir dat mir eisen héijen soziale Standard weiderhin können garantéieren .

Ech verstinn dat nët. Wéi kann gerad d´Ursach vun der Kris och d´Léisung sin? Dat ëmmer méi iwert déi lescht 30 Joer huet ons nët méi glëcklech gemach. Eischter den contraire ass de Fall. Wann en méi huet, wat en sech méi Suergen mëcht fir och nët nëmmen eppes dovun erëm ze verléieren. An wëllen mir wirklech aus Lëtzebuerg en zweet Singapore machen, mat enger oder 2 Milliounen Awunner, well bei 700´000 ass et jo mat dëser Logik bestëmmt nët Schluss.
Könnt dir mir w.e.g. den Drang zu ëmmer méi erklären?

An der "DIE ZEIT" Ausgab vum 20. Mee 2009 gët an engem langen Artikel genau des Problematik vum Wuesstum beschriwen. d´Léisungsiddien wéi Grondakommes an en anert Geldsystem gët et och schons seit langem. Si sin durchaus realiséierbar, wann mir wëllen, genee wéi d´Milliarden fir d´Rettung vun den Banken.Wien huet den Mut dat unzepaken?
Ech freen mech äer Aentwert ze liesen

Mat frëndlechen Gréiss

Äntwert vum Jos Scheuer
bis elo kengRecommandatiounen
02.06.2009
Jos Scheuer
Vlaicht sin ech ze al fir nach staarken Optimismus ze weisen, vlaicht sin ech awer och einfach ee Realist:

D´Politik an d´Gesellschaft hi geprägt vun dem wat sech an dem Wuert " Acquis social" verstoppt. Wien ännere wëll muss den Acquis a Fro stellen, den Acquis , matt dem all zukünfteg Generatiounen rechnen. Dee Prozess huet nach nët ugefaangen, keen hat bis elo de Courage! Dofir leeft Entwecklung fort a fort,... bis datt et nët méi weider geet
X
Äntwert recommandéieren
Fro zum Thema Internationales
27.05.2009
Vum:

Léiwen Här Scheuer,

Den Erwin Wagenhofer seet a sengem Dokumentarfilm iwert d´Geld dat fir all U.S. Dollar Entwëcklungshellëf dat zengtfach ënnert dem Dësch erëm zereckfléisst an dat iwert Steierparadeiser wéi Jersey oder Cayman Islands.

Wéi könnt den Här do drun fir dat ze soen? An wann et stëmmt, wat kéint en dogéint machen?

Mat frëndlechen Gréiss

Äntwert vum Jos Scheuer
bis elo kengRecommandatiounen
02.06.2009
Jos Scheuer
Merci fir de Mail

Meng Erfahrungen: ( entschëllegt, mais et muss leider kuerz sin)

Ech hun an der République centrafricaine eng riseg Scierie am Urwald gesin. D´Cheffen an d´Maschinnen waren Europäer. Et ass Kahlschlag gemaach gin. Mais..... d´Firma huet anscheinend Milliounen fir d´Opforstung bezuelt. Dat Geld ass integral an d´Täschen vun ......gaang.
Am selwechte Land huet ënner onsägleche Konditiounen en "Aluminiumswiek" funktionnéiert eleng fir den Export. D´Aarbechter si krepéiert am Wierk an niewnt dem Wierk

Zur Fro.

Ech sin der Meenung, datt eng gudd an nohalteg Kooperatioun doranner besteet, fir d´"bonne gouvernance" an den Entwecklungslänner ze förderen. An zwar an deem mir virun allem d´Parlamenter ënnerstëtzen, ( Majoritéit an Opposition )-Ech wëll keng Tirad iwwer den Know-How an iwwer d´Werter halen, déi esou kënne vermëttelt gin, mais ech sin iwwerzeegt op Grond vu viller Erfahrung, datt d´Classe politique an dëse Länner de Schlëssel zu enger wiirklech dauerhafter an effizienter Kollaboratioun ass----

Matt menge Komplimenter

Jos Scheuer
X
Äntwert recommandéieren
Är Fro un Jos Scheuer
D'Froenfunktioun gouf entre-temps zou gemaach.