Josée Lorsché (Déi Gréng)
Abgeordnete Chamber 2013
Dëse Profil dengt zu Archivzwecken, eng Befroung as net mei meiglech.

Donnéeën zur Persoun
Josée Lorsché
Gebuertsdaag
-
Berufflech Qualifikatioun
-
Ausgeübte Professioun
* Conseillère communale, Commune de Bettembourg depuis le 22/11/2005 * Institutrice de l'école fondamentale depuis le 15/09/1981
Uertschaft
Noertzange
Walkrees
Süden
Landeslëschteplaatz
-
(...) Als gréng hate mir am Mee 2011 genau zu deem Thema eng Diskussiounsronn organiséiert, mat Experten a Politiker vun alle Farwen (ënnert anerem och dem Mars di Bartolomeo). www.greng.lu Dorobber hi gouf den Fonds de Compensation aktiv an huet mëttlerweil opgrond vun Analysen eng Rei Firmen aus dem Fonds erausgeholl. Dat kënnt dir hei noliesen: www.fdc.lu

Dat ass alles am Joer 2012 passéiert, mä et gëtt nach kee Rapport vum Fong fir 2012. Dee Rapport wäert eréischt an den nächste Woche kommen, an da kënne mer kucken, wat d´ Efforten vun dem FDC exakt bewierkt hunn. (...)
Parlamentaresch Aarbecht
Froen un Josée Lorsché
Noriicht u folgend Adress schécken soubal eng Äntwert antrëfft


Die Datenschutzbestimmungen zur Behandlung meiner Daten habe ich gelesen.
Bitte loggen Sie sich hier ein.
Fro zum Thema Wirtschaft
24.02.2013
Vum:
Fernand Steichen

Madame Lorsché
An eise Pensiounsfongen si Firmen wie Monsanto dran. 
Ech si geint GMO’s an ech haat geduecht är Partei och. 
a)    Firwat legitiméiert dir dass eis Pensiounsgelder an Monsanto, BASF, Pioneeraktien investéiert sinn woubai weinst dem Kribsrisiko des Produkter an der EU nach net (Betounung op "nach net") legaliséiert sinn?
b)    Maache mir sougesinn Profit um Kriibsdout vun de Menschen di an deene Länner wunnen wou GMo’s legal sinn an un der Versklavung vun de Baueren weltwäit? 
c)    Kennt dir mir en envisagéierten Datum nennen wou Dir anhand vun enger Question parlamentaire dësen Zoustand kritiséiert an opruft fir eis Gelder à l’immediat do eraus ze huelen? www.fdc.lu Säit 53-54

Ech si net géint Spekulatioun. 

Ech sin dergeint dass ech net gefroot ginn, dass meng Suen sou Dreckskonzerner finanziell ennerstetzen, ergo dass meng Suen hellefen Baueren an den 3.Weltlänner an "ofhängech Sklaven vum patenteierte Saatgutkonzerner ze verwandelen". Soumatt hunn ech och Bludd un den Hänn dat Bludd vun deene Baueren di Pestiziden drenken fir sech emzebrengen an Indien z.B.
Dofir ech hoffen et dauert keng Wochen ier dir mir hei adequat Aentwert oder an der Chamber vun Iech heiere losst an desem Dossier.
Vilmols Merci
Äntwert vum Josée Lorsché
2Recommandatiounen
28.02.2013
Josée Lorsché
Bonjour Här Steichen,
 
Villmols merci fir Äert Interesse.

Är Suergen sinn op alle Fall berechtegt. Als gréng hate mir am Mee 2011 genau zu deem Thema eng Diskussiounsronn organiséiert, mat Experten a Politiker vun alle Farwen (ënnert anerem och dem Mars di Bartolomeo). www.greng.lu Dorobber hi gouf den Fonds de Compensation aktiv an huet mëttlerweil opgrond vun Analysen eng Rei Firmen aus dem Fonds erausgeholl. Dat kënnt dir hei noliesen: www.fdc.lu

Dat ass alles am Joer 2012 passéiert, mä et gëtt nach kee Rapport vum Fong fir 2012. Dee Rapport wäert eréischt an den nächste Woche kommen, an da kënne mer kucken, wat d´ Efforten vun dem FDC exakt bewierkt hunn. Mir wéilten also är Ureegung gären ophuelen an deen Moment nach eng Kéier nofroen beim Sozial-Minister, fir méi genau gewuer ze ginn, opgrond vu wéi engen Analysen décidéiert gëtt, déi eng Pabeieren eraus ze huelen an déi aner net. Mir wäerten eis dann och no baussen zu Wuert mellen an eis Fuerderunge widderhuelen, am Sënn vun der Transparenz a vun der sozialer Responsabilitéit am Kader vum fonds de compensation.

Mat beschte Gréiss
Josée Lorsché        
X
Äntwert recommandéieren
Är Fro un Josée Lorsché
D'Froenfunktioun gouf entre-temps zou gemaach.