Karine Reuter (ADR)
Kandidatin Chamber 2009
Dieses Profil dient zu Archivzwecken, eine Befragung ist nicht mehr möglich.

Karine Reuter
Joergang
1969
Berufflech Qualifikatioun
Maître en droit
Ausgeübte Professioun
Notaire
Uertschaft
-
Walkrees
Norden
Landeslëschteplaatz
keinen
(...) Sou wéit ech am Bild sin, wärt den City Tunnel am Garer Quartier nött vill zu monwée maachen, well do huet villméi den Ausbau vun der aktueller Bunn (do soll nach en zweeten Tunnel gebaut ginn) an déi néi Héichhaiser den Kasematten de Recht ginn. Den City-Tunnel - esou wéi en am Georges Schummer sengem Projet fir gesin ass - fiert jo zimlech déif duerch den Buedem, an zwaar ënnert beziehungsweis um Niveau vun der Péitrus; den eventuellen Schued misst sech also a Grenzen haalen. (...)
 
Froen un Karine Reuter
Choix vun de Froen an Äntwerten
Noriicht u folgend Adress schécken soubal eng Äntwert antrëfft


Bitte loggen Sie sich hier ein.
Fro zum Thema Famill
25.05.2009
Vum:

Wei stidd dier als berufstätech Mam zu den " chèques services" vun der Mme JACOBS ? Watt sin aer Propositiounen zu deem Thema ?
Äntwert vum Karine Reuter
1Recommandatioun
28.05.2009
Karine Reuter
Gudde moien Madame MEYER

Fir d´éischt emool villmools merci fir ären email; ech sin frou iwert aer Frô zu engem Thema watt mier immens um Haerz leit.

Der Madame JACOBS hier " chèques services" sin an mengen Aan en Wahl-Gadget.
3 Stonnen gratis Betreiung pro Woch sin en Witz fier eng Mam dei schaffen geet. An och 21 Stonnen zu nidrechem Tarif hoellefen noemmen begrenzt. An dei Mammen ooder Pappen dei doheem bleiwen kréien noett emool en waarmen Merci....

Mier als ADR setzen eis an fier en Betreiungsgeld waat all Famil erlaabt FRAI ze decidéiren ob se domat eng Plaatz an enger Betreiungsstruktur bezillt ooder aawer engem Elterendeel erlaabt doheem ze bleiwen fier sech der Kannererzéiung ze widmen.
Ganz wichtech ass dobai och datt dei Persoun dann EEGEN sozial Rechter kritt, besonnesch och eng Erzéiungsrent.
Mier sin geint den Rentensplitting a fier eegen Pensiounsrechter fier all Mönsch, well mer denken datt all Persoun besser ofgesöchert ass wann se hir eegen Pensiounsrechter huet, als wéi wann eng Rente duerch 2 gedeelt gött.

Dier koent op www.adr.lu an eisem Wahlprogramm Detailer heizou noliesen.

Ech hoffen datt ech Iech mat deser Aentwert konnt weiderhöllefen. Falls diir nach Froen huet, könn diir Iech gären un mech wenden.
Ech wönschen Iech nach en schéinen Daag

Mat frëndlechen Gréis

Karine REUTER
X
Äntwert recommandéieren
Fro zum Thema Aarbecht
25.05.2009
Vum:

Madame Reuter,

Et gett an Letzebuerg emmer erem eng Diskussioun iwert d´Opwertung vun verschiddenen Diplômer beim Staat. Wéi gesäit daat am Handwierk aus? An verschiddenen Länner get d´Meeschterkaart mat engem Bac+2 gläichgesaat. (9 Schouljoer + 3 Joer Léier + 3 Joer Meeschterkaart = 15 Joer Schoul) E Meeschter huet Betriebswirtschaft, Comptabilitéit an vill méi geleiert. Héi a Letzebuerg get den Diplôm awer als mannerwerteg ugesinn.

Wéi steet d´ADR an dir dozou den Meeschterdiplom offiziel opzewerten an en domatter och erem méi interessant ze maachen?
Äntwert vum Karine Reuter
bis elo kengRecommandatiounen
27.05.2009
Karine Reuter
Bonsoir Herr NOHL,
Villmools merci fir är Ufroo. Ech wöll Iech an e puer Wierder zu dem Thema ewéi folgt äntwerten.

Eisen ADR Programm ass zimlech ausféierlech op 107 Séiten, konnt aawer nött all "Eenzelprobleem" traitéieren"
Als solches huet eisen Programm d´Meeschterprüfung önnert dem Kapitel "Landwirtschaft" trätéiert, und dann hu miir festgehaalen:

"Der Abschluss einer Meisterprüfung in der Landwirtschaft muss geregelt und finanziell attraktiv gestaltet werden. Andererseits sollten für Jugendliche, die die Mindestqualifikation nicht schaffen, aber als gute Praktiker anzusehen sind, Regelungen gefunden werden, die eine Betriebsübernahme unter gewissen Bedingungen dennoch gestatten."

Döst göllt aawer selbstverständlech fiir ALL déi, déi eng Meeschterprüfung matt Erfollesch bestaanen hun.

Desweideren önnerstötzt d´ADR séit hirem Bestoen déi möttelstänneg Betrieber am allgemengen an d´Handwierksbetrieber am besonneschen. Esou könn diir z-Bsp an eisem Wahlprogramm liesen:

"Bei allen Anstrengungen in den Schulen wird es weiter Menschen geben, die eher manuell und handwerklich veranlagt sind. Die ADR wird sich dafür einsetzen, dass kleine und mittlere Handwerksbetriebe nicht nur eine Überlebenschance in Luxemburg haben, sondern dass sie auch ihren Eigentümern und Mitarbeitern einen angemessenen Lebensstandard bieten."

Meeschterprüfung ass oft een Sprangbried fir eeben en Betrieb ze iwwerhuelen ooder ze leeden, esou datt d´Entlounung am allgemengen muss eng mat der Wirtschaftsleeschtung verbonnen sin.

Ech hoffen ech konnt Iech mat döser Aentwert weiderhöllefen, wann nött stinn ech selbstverständlech gären zu ärer Verfügung fir weider Froen.

Nach een schéinen Owend

Karine Reuter
X
Äntwert recommandéieren
Fro zum Thema Verkéier an Infrastruktur
26.05.2009
Vum:

Bonjour Madame Reding,

Ech hunn eng Fro zum City-Tunnel. Och wann ech d´Idee vun engem Metro oder engem Zuch ennert dem Buedem net schlecht fannen, sou stellen ech mer dann awer d´Fro, wéi eng Partei, deren Motto ass "mir wellen haalen, waat mer hunn" fir en Projet kann sinn, deen een groussen Deel vun eisem historeschen Patrimoine géif zerstéiren?
Maacht dir ierch keng Suergen, daat d´Kasematten an soss Iwerrechter vun der groußarteger Festung zerstéiert géifen ginn?

Wier d´ADR bereed, d´Unerkennung vun der UNESCO ze verléiren fir den City-Tunnel ze bauen?
Äntwert vum Karine Reuter
1Recommandatioun
02.06.2009
Karine Reuter
Gudden moien Herr LAMP

Villmools merci fir är Froo.
Sou wéit ech am Bild sin, wärt den City Tunnel am Garer Quartier nött vill zu monwée maachen, well do huet villméi den Ausbau vun der aktueller Bunn (do soll nach en zweeten Tunnel gebaut ginn) an déi néi Héichhaiser den Kasematten de Recht ginn. Den City-Tunnel - esou wéi en am Georges Schummer sengem Projet fir gesin ass - fiert jo zimlech déif duerch den Buedem, an zwaar ënnert beziehungsweis um Niveau vun der Péitrus; den eventuellen Schued misst sech also a Grenzen haalen. Ech wöll och direkt préziséieren, datt daat waat z.Bsp zu Köln geschitt wéi do gebuert gin ass, am prinzip zu Letzebuerg nött méiglech ass, well miir keng Sandschichten sondern Fiels hun. No dem Petrusdall béit den Tunnel op de Glacis an den ertsbierg daat heescht an zwouscht wou kaum Kasematten ze fannen sinn.
Beim Opstieg op de Kierchbierg kënnen de City-Tunnel op der Héicht vun der BEI eraus, an nett beim Fort Thüngen, also do, wou wéinech respektiv kéng Kasematten gekréizt ginn. Selbstverständlech ass op deenen Plaatzen wou een Risiko kinnt bestoen, et néidech datt Léisungen agesaat gin, wéi se z.B. beim Bau vum Monterey`s Parking agesaat guffen. Ganz allgemeng wäert den City-Tunnel d´Stadtbild kaum veränneren, dëst am Géigesatz zum Tram.
Ech hoffen ech konnt Iech mat menger Aentwert höllefen an ech wönschen Iech nach een schéinen Daag

Karine REUTER
X
Äntwert recommandéieren
Fro zum Thema Finanzen
26.05.2009
Vum:

Madame Reuter,
D´Politik wëll d´Constitutioun elo esou änneren, datt de Grand-Duc Gesetzer net méi muss sanctionnéieren (an domat approuvéieren), mee se nach just promulgéiert, also "technesch" a Kraaft setzt. Wéi fannt Dir dat?




Bis elo as nach keng Äntwert agetraff. Fir eng Noriicht ze kréien, wann eng Äntwert antrëfft, gitt Är e-Mails Adress iwwert d\ Benoriichtegungsfunktioun hei ënnen un.

Op dës Äntwert waarde bis elo 2 Interesséiert
X
Beim Antreffe vun enger Noriicht Bescheed soen
Fro zum Thema Finanzen
26.05.2009
Vum:

Wat as den Statue unique?

Äntwert vum Karine Reuter
1Recommandatioun
28.05.2009
Karine Reuter
Léif Mme NOVELLA,

Villmools Merci fier aer fro.
Den "statut unique" waar d´Gleichstellung vun allen Regelen ( sozial Secherheet an Aarbechsrecht) vun "Aarbechter" an " Employéen" dei firdrun verschidden Regimer haaten. D’ADR huet an der Chamber, wann och ouni grouss Begeeschterung, de « Statut unique » matgedroen, wëll en dach e puer Ongerechtegkeeten aus der Welt schaaft, zum Beispill den Oennerscheed watt de Montant vun der "Indemnité de départ" ugeet toescht "Aarbechter" an " Employéen" dee jo einfach himmelschreiend ongerecht waar. Et ass och richteg datt de « Statut unique » eigentlech keen ass, wëll e jo nëmmen de Privatsecteur begräift, an noett Staats-oder Gemengen Aarbechter/Employéen/Beamten. Waat d’ADR bedauert, an an der Chamber och esou gesoot huet. Richteg ass aawer och datt, z.B. am Pensiounssystem, an de lëschten Joeren Brécken gebaut gi sinn tescht "privat" an "öffentlechem" secteur, an daat firun allem och ob Drock vun der ADR.
Fir méi Detailler könn diir gären eisen Wahlprogramm op www.adr.lu liesen ooder miir gären nach eng Kéier eng Froo stellen.

Ech wönschen Iech nach e schéinen Daag

Mat fröndlechen Gréiss

Karine REUTER
X
Äntwert recommandéieren
Är Fro un Karine Reuter
D'Froenfunktioun gouf entre-temps zou gemaach.