Kuratorium
De Kuratorium vu Politikercheck.lu assuréiert d'Iwwerparteilechkeet vun der Plattform, kontrolléiert de Respekt a proposéiert Erweiderungen zum Moderatiouns-Codex an steet allgemeng berodend zur Säit. Reklamatioune vu Froeställer oder Politiker kënnen zur Klärung un de Kuratorium geschéckt ginn.
Dr. Claude Schummer
Den Dr. Claude Schummer ass Generalsekretär vun der Doktervereenegung AMMD an Präsident vu Conseil Scientifique.
Dr. Alfred Groff
Dr. Alfred Groff Den Alfred Groff schafft säit sengem Doktorat an Psychologie, Psychopathologie an Psychiatrie am Joer 1979 als Verantwortleche vu verschidde Beroderstellen am psycho-soziale Beräich zu Lëtzebuerg.

Hien ass Matgrënner vun der lëtzebuerger Initiative zur Erweiderung vun der Demokratie an huet 2008 d'Buch "Dreigliederungsimpulse für die Demokratie in Luxemburg am Anfang des 21. Jahrhunderts – multiperspektivistische Bildung, direkte Demokratie und bedingungsloses Grundeinkommen" erausginn.
De Kuratorium kann ënnert info@politikercheck.lu areecht gi bei Froen oder Reklamatiounen.