Laurent Mosar (CSV)
Kandidat Chamber 2009
Dieses Profil dient zu Archivzwecken, eine Befragung ist nicht mehr möglich. Besuchen Sie das aktuelle Profil.

Laurent Mosar
Joergang
1958
Berufflech Qualifikatioun
Affekot
Ausgeübte Professioun
-
Uertschaft
-
Walkrees
Zentrum
Landeslëschteplaatz
-
(...) Leider ass daat Haus zu Hollerech nach emmer net färdeg.
Waat Problematik vun den Toiletten ubetrefft sou giff ech Iech rooden Iech un de Schefferoot vun der Stad un de Sozials cheffen den Här Bettel ze wenden dén fir dei Problematik zoustännech ass. Waat Police patrouillen ugeet wärt ech perseinlech bei deene Responsabelen interveneieren. (...)
 
weider Profiler
Froen un Laurent Mosar
Choix vun de Froen an Äntwerten
Noriicht u folgend Adress schécken soubal eng Äntwert antrëfft


Bitte loggen Sie sich hier ein.
Fro zum Thema Soziales
29.05.2009
Vum:

Monsieur Mosar,

Quelle politique devrait-on poursuivre en matière de drogues (stupéfiants) et de sans abris? La situation économique risque d’accentuer ce triste phénomène et fléau de notre société.

Meilleures salutations,


Président « Stëmm vu Bouneweg »
Äntwert vum Laurent Mosar
1Recommandatioun
29.05.2009
Laurent Mosar
Bonjour Här

Merci fir är Fro dei eng leider nach emmer akut Problematik behandelt. Seit der Diskussioun em Fixerstuff zu Bouneweg ass et vill mei rouheg ginn watt awer net heescht datt et manner Drogenoofhängeger gett.Ech muss Iech och agestoen datt ech e bessen entäuscht sinn datt den Gesondheetsministère net virun kennt mat déer geplangter Fixerstuff op der Gare.Dodei kennt datt Dezentraliseierung vun Strukturen fir Drogenoofhängejer iwwer ganzt Land och net richteg vun der Plaaz kennt.Fir meng Partei a fier mech selwer ass et op jidde Fall prioritär datt mer mat dem Projet vun der kontrolleierter Heroinausgab virukommen.Daat scheint mer dann och niewend der onbedengt noutwendeger Dezentraliseierung vun sozialen Strukturen eng vun den absoluten Prioriteiten vun der nächster Regierung ze sinn.Et bleiwt an dem Domän also nach esouu munches ze dinn.

Mat mengen beschte Greiss

Laurent Mosar
X
Äntwert recommandéieren
Fro zum Thema Kanner & Jugend
30.05.2009
Vum:

Herr Mosar,

Wéi wär et mat engem Jugendhaus zu Bouneweg?

Merci fir d´Aentwert.
Bescht Gréiss,

Äntwert vum Laurent Mosar
bis elo kengRecommandatiounen
30.05.2009
Laurent Mosar
Bonjour Madame

Villmols Merci fir är Fro oder ieschter Suggestioun.
Ech fannen datt dee greisste Quartier vun der Stad eigentlech en Jugendhaus misst kreien.Dest wär fir dei vill Jugendlech vu Bounewég eng supper Saach. Ech ennerstetzen op jidde Fall esou eng Iddi dei allerdengs sech ieschter un de Schefferoot vun der Stad adresseiert.Esou e Projet wär mei sennvoll wei eng ganz Rei aanerer vun deenen dei Jugendlech härzlech weineg hunn.
CSV-Stad wärt dese Projet an hirem Programm fir Gemengewaalen 2011 pp jidde Fall berücksichtegen.

Mat beschte Greiss
Laurent Mosar
X
Äntwert recommandéieren
Fro zum Thema Sécherheet
31.05.2009
Vum:

Schéine Bonjour Härr Mosar,
Ech fannen ët ginn nach zimmlech vill Accidenter duerch déi déi voll hannert dem Steier sëtzen. Ët ass traurech fir déi déi ëm d´Liewen kommen woubai se dach onschëlleg sinn. Kéint een net eventuell nach eppes dogéint man? Wat géing dir firschloen?

Mat beschte Gréiss,
Äntwert vum Laurent Mosar
bis elo kengRecommandatiounen
31.05.2009
Laurent Mosar
Bonjour
Merci fir är Fro,dei eng schwiereg awer wichteg Thematik behandelt.
An deser Legislaturperiod sin eng Rei vun Moosnahmen geholl ginn wei Erofsetzen vun der Alkoholsgrenz op 0,5 Promille.All deatt mer manner Verkeiersdoudeger ze bekloen hun.As Moosnahmen hun derzou gefouert dllerdengs musse mer mat eisen Efforen firufueren an dei Autosfuerer bestrofen,dei sech net un de Code de la Route haalen.Et muss een och doriwer nodenken op Verkeierssünder alternativ Stroofen kreien wei zb fir e puer Deeg an engem Reedukatiounszenter,an engem Spidol oder bei der Protection civile mussen Dengscht leeschten.Schlussendlech ass et och wichteg Preventioun an eise Schoulen ze maachen an dei jonk Leit sou frei wei meiglech fir des Problematik ze sensibiliseieren.
Leiw Greiss
Laurent Mosar
X
Äntwert recommandéieren
Fro zum Thema Verkéier an Infrastruktur
31.05.2009
Vum:
Guy

D´Tram-Léisung ass wahrscheinléch nët ze réaliséiren (zumindest nët zu engem raisonnablen Preis-Leeschtungsverhältnis).

Wann en alles mat arechent (a nët nëmmen 2 oder 3 ausgewielte Posten) an och d’Erspuernisser am Mobil 2020 déi de Bus-Bunn Konzept erméiglecht, ass de Bus-Bunn (och nach RER genannt) vill méi bëlleg wéi d´Tram Léisung. Detailer fannt dir um Site www.rer.lu.

Doriwer eraus ass d´Bus-Bunn Léisung vill méi leeschtungsfähig wéi d´Tram-Léisung.

Den Tram bréngt e besschen méi Kapazitéit, wéi déi Bussen, déi den Tram ersetzt.
Am Tram-Konzept muss e méigléchst daks emsteigen (vum Zuch op den Tram, dann op de Bus, ...).
Déi vill Haltestellen a Kräizungen op der Tramslinn kaschte vill Zäit.
E wichtege Problem ass och de Risiko vu Stauen (duerch ze vill Verkéier oder duerch Akzidenter).

De Bus-Bunn bréngt eng grouss zousätzléch Kapazitéit (komplett Zich mat 2 Stäck).
Duerch déi +- 12 Garen op de wichtegste Punkten vun der Stadt kënne ganz vill Leit direkt mam Zuch bis (bal) dohin fueren, wou si hi wëllen.
D´Buslinnen kënnen duerch e leeschtungsfähegen Zuchréseau an der Stadt verbonne gin. Doduerch kann de Knuet (Stau an der Avenue de la Liberté, um Aldringer, op de Bréken, ... ) aus ville Bus-linnen eliminéiert gin.

Wann e manner Autoen an der Stadt wëll, muss e keen Tram bauen, den déi puer grouss Stroossen a Bréken blokéiert.
Et ass besser
  • engerseits eng leeschtungsfäheg Alternativ unzebidden (Bus-Bunn Konzept)
  • an anrerseits méi Foussgängerzonen, Busspuren, Velosweeër, breet Trottoiren, Géngstreifen, ... unzeleeën.
Dat ass och politesch vill méi liicht duerchzesetzen.

De Bus-Bunn Konzept ass vill méi ausgereift, wéi den Tram-Projet.
Iwerzeecht iech selwer a vergleicht d´Dokumentatioun vum Transportministère (vill irrelevant Detailer, wichteg Punkten ignoréiert, kéng Léisung fir déi vill Problemer)
mat der viirbildlécher Dokumentatioun um www.rer.lu.

Kennt dir den Dossier ?
Fannt dir och, dat de Bus-Bunn Konzept déi besser Léisung ass ?
Äntwert vum Laurent Mosar
bis elo kengRecommandatiounen
01.06.2009
Laurent Mosar
Bonjour Här
Merci fir är Fro,dei eng aktuell Problematik behandelt.
De Bus-Bunn Konzept vum Här Schummer ass gudd durchduercht an beinhaltet secherlech eng Rei interessant Iwwerleeungen.Et muss een dem Här Schummer och Merci soen fir seng Kontributioun zu der Diskussioun iwwer den öffentlechen Transport.
Ech sinn awer der Meenung datt de Konzept vum Här Schummer net ze realiseieren ass an daat haaptsächlech aus drei Grenn.
Eischtens ass dee Konzept vir grouss Agglomeratiounen vun e puer Milliounen Leit secherlech eng Alternativ awer net fir en Anzugsgebidd wei Letzebuerg.Ech kennen och kee Beispill weltweit wou esou en Konzept an engem änlech groussen Anzuchsgebidd realiseiert ginn ass.
Zweetens ass et fir mech net virstellbar mat engem Zuch durch Peitruss ze fueren an Leit mat Liften an Uewerstad ze brengen. Silhuett vun der Stad giff durch esou eng Konstruktioun noohalteg zersteiert an ech ka mer iwwerhaapt net virstellen datt Unesco dest giff akzepteieren well mir leien hei am secteur protégé vun der Stad.
Drettens gett dese Projet secherlech wesentlech mei deier wei den Tram.Elo kann een driwwer streiden wei vill mei deier mee an der momentaaner wirtschaftlecher Situatioun kann ech mer souwisou schlecht virstellen wei een desen oder den Tramprojet an deene nächste 4 oder 5 Joer kann finanzeieren
X
Äntwert recommandéieren
Fro zum Thema Ëmwelt
02.06.2009
Vum:

Herr Mosar,

Wéi ass et an Zukunft mat den Nuetsfligg?

Merci fir d´Aentwert
Äntwert vum Laurent Mosar
bis elo kengRecommandatiounen
02.06.2009
Laurent Mosar
Bonjour Här

Villmols Merci fir är Fro,dei vill Leit am Anzuchsgebidd vum Findel interesseiert.
Firteischt loost mech nach eng Keier betounen datt mer de Flughaafen onbedengt brauchen am Interessi vun der Wirtschaftsentwecklung an eisem Land. Ech giff och soen datt dei manste Leit e Problem mat de Flich während dem Daag hun mé haaptsächlech mat den Nuetsflich.
Dofir ass et wichteg datt dei Nuetsflich op e Minimum reduzeiert ginn.Fluggeschellschaften mussen wessen datt se nemmen an Ausnahmefäll nuets kenne landen an dofir substantiell Taxen musse bezuelen.Ech giff och behaapten datt dese System fonktionneiert well Zuel vun de Nuetsflich an de leschten Joeren relativ konstant bliwwen ass. Doniewend ass et awer och wichteg datt dei betraffen Bevölkerung heiriwwer informeiert gett an eng meiglecht grouss Transparenz vu Seiten vun der Fluchhaafendirektioun an deem Dossier praktizeiert gett. Dest ass an deene leschten Meint geschitt mat de Vertrieder vun deene jeweilegen Interessenvereiner sou datt mer do op engem gudde Wee sinn.

Leiw Greiss

Laurent Mosar
X
Äntwert recommandéieren
Är Fro un Laurent Mosar
D'Froenfunktioun gouf entre-temps zou gemaach.