Vum:


Här Mosar
Ech bieden Iech vu ganzem Häerzen, dass Dir äert Mënscheméiglecht maacht, fir Exekutioun vun der Madame Sakineh Mohammadi Ashtiani am Iran ze verhënneren!
freesakineh.org
Dir hutt deemols den Ausseminister hei zu Lëtzebuerg Är Kritik vis a vis vun de Mënscherechtsverletzungen säitens dem Iran iwwerdroen
www.tageblatt.lu
1- Hutt Dir de Moyen wann ech gelift dem iraneschen Ausseminister dem Här Manouchehr Mottaki perséinlech unzeruffen an hien ze bieden ob een di Doudesstrof net nach iergendwéi kann evitéieren, well di Madame zu Onrecht ugeklot ass a just ënner Folter gestanen huet?
Här Mosar Dir sidd als Chamberpresident do fir dat ze maachen wat d´ Vollek net maachen kann. Dofir bieden ech Iech vu ganzem Häerzen hëlleft den Dout duerch Stengegung vum Sakineh ze verhënneren.
Villmools Merci fir eng séier Reaktioun, well all Stonn zielt...
