Laurent Mosar (CSV)

Laurent Mosar aktuell
Donnéeën zur Persoun
Joergang
1958
Berufflech Qualifikatioun
* Conseiller communal, Ville de Luxembourg depuis le 10/11/2005 * Echevin , Ville de Luxembourg du 12/01/2000 au 09/11/2005 * Conseiller communal, Ville de Luxembourg du 27/01/1997 au 11/01/2000 * Avocat à la Cour
Ausgeübte Professioun
Président de la Chambre des députés depuis le 28/07/2009
Uertschaft
-
Walkrees
Zentrum
Landeslëschteplaatz
-
weider Profiler
Parlamentaresch Aarbecht
Ëffentlech Aussoen
Choix vun de Froen an Äntwerten
Noriicht u folgend Adress schécken soubal eng Äntwert antrëfft
Bitte loggen Sie sich hier ein.
Fro zum Thema Demokratie an Biergerechter
29.07.2010
Vum:

Här Mosar

Ech bieden Iech vu ganzem Häerzen, dass Dir äert Mënscheméiglecht maacht, fir Exekutioun vun der Madame Sakineh Mohammadi Ashtiani am Iran ze verhënneren! freesakineh.org

Dir hutt deemols den Ausseminister hei zu Lëtzebuerg Är Kritik vis a vis vun de Mënscherechtsverletzungen säitens dem Iran iwwerdroen
www.tageblatt.lu

1- Hutt Dir de Moyen wann ech gelift dem iraneschen Ausseminister dem Här Manouchehr Mottaki perséinlech unzeruffen an hien ze bieden ob een di Doudesstrof net nach iergendwéi kann evitéieren, well di Madame zu Onrecht ugeklot ass a just ënner Folter gestanen huet?

Här Mosar Dir sidd als Chamberpresident do fir dat ze maachen wat d´ Vollek net maachen kann. Dofir bieden ech Iech vu ganzem Häerzen hëlleft den Dout duerch Stengegung vum Sakineh ze verhënneren.

Villmools Merci fir eng séier Reaktioun, well all Stonn zielt...

Äntwert vum Laurent Mosar
1Recommandatioun
30.07.2010
Laurent Mosar
Madame ,

Ech hunn Är Fro vun haut kritt.

D’Madame Catherine Ashton, Héich Vertriederin vun der Europäescher Unioun a Sécherheetspolitik a Vize-Presidentin vun der Europäescher Kommissioun, huet de 6. Juli eng Deklaratioun gemaach am Numm vun der Europäescher Unioun an där Si déi ugekënnegt Exécutioun condamnéiert a freet fir d’Strof ëmzewandelen.

Déi Deklaratioun gëtt vu mir als Chamberpresident gedeelt. Ech hunn haut nach eng Kéier beim Ausseministère intervenéiert, fir datt eist Land déi Positioun och tatkräfteg ënnerstëtzt.

An der Hoffnung, datt alles an d’Rei geet verbleiwen ech mat beschte Gréiss.

Laurent Mosar
Chamberpresident
X
Äntwert recommandéieren
Är Fro un Laurent Mosar
  • Är Fro gouf bis elo net gestallt ?
    Gitt hei wann ech gelift Är Kontaktdaten an Är Fro an:
  •  

    D' Uginn vun Ärem komplette Numm as obligatoresch
    De Numm gëtt verschlësselt an as net iwwer Google & co repérabel

  •  

    D' Uginn vun Ärem komplette Numm as obligatoresch
    De Numm gëtt verschlësselt an as net iwwer Google & co repérabel

  •  

    D' Uginn vun enger valabeler E-Mails Adress as obligatoresch
    Dëst as noutwenneg , vir Iech iwwert eng Äntwert vum Deputéierten z'informéieren oder bei Réckfroen kontaktéieren ze kënnen. Är E-Mail Adress gëtt weder un de Politiker nach un Drëtter weiderginn.

  •  

    Dës Donnéeën sinn obligatoresch
    Se gett net verëffentlecht, mee un den Deputéierten weiderginn.

  •  

    Des Donnéeën sin optional.
    Se gëtt net verëffentlecht an nëmmen zu interne Verwendungen respektiv vir eventuell Reckfroen benéidegt

  • noch 2000 Zeichen

    Ech erkläre mech matt der Verëffentlechung vu menger Fro op politikercheck.lu anverstaanen.
    D' Fräischaltung ka jee no Benotzeropkommen e.Ë. e puer Stonnen daueren, vue que dass all angoend Fro vun engem Moderatiounsteam gepréift muss ginn.
    Ech hunn de Moderatiouns-Codex gelies a sëchergestallt, dass meng Froen net géint dësen verstéisst Moderatiouns-Codex opruffen
    Falls meng Fro net fräigeschalt ka ginn, wäert ech doriwwer vun engem Modérateur informéiert ginn.
    Aus Grënn vun der Rechtssécherheet gëtt Är IP-Adress gespäichert, awer net verëffentlecht oder un Drëtter weiderginn. Weider Informatiounen erhaalt Dir an eiser Dateschutzerklärung
  • Folgend Felder goufe net ausgefëllt oder weise Fehler op.
    Virnumm, Familljennumm, E-Mail Adress und Uertschaft