Laurent Mosar (CSV)

Laurent Mosar
Joergang
1958
Berufflech Qualifikatioun
* Conseiller communal, Ville de Luxembourg depuis le 10/11/2005 * Echevin , Ville de Luxembourg du 12/01/2000 au 09/11/2005 * Conseiller communal, Ville de Luxembourg du 27/01/1997 au 11/01/2000 * Avocat à la Cour
Ausgeübte Professioun
Président de la Chambre des députés depuis le 28/07/2009
Uertschaft
-
Walkrees
Zentrum
Landeslëschteplaatz
-
(...) D’Madame Catherine Ashton, Héich Vertriederin vun der Europäescher Unioun a Sécherheetspolitik a Vize-Presidentin vun der Europäescher Kommissioun, huet de 6. Juli eng Deklaratioun gemaach am Numm vun der Europäescher Unioun an där Si déi ugekënnegt Exécutioun condamnéiert a freet fir d’Strof ëmzewandelen. (...) Ech hunn haut nach eng Kéier beim Ausseministère intervenéiert, fir datt eist Land déi Positioun och tatkräfteg ënnerstëtzt. (...)
 
Parlamentaresch Aarbecht
Froen un Laurent Mosar
Noriicht u folgend Adress schécken soubal eng Äntwert antrëfft


Die Datenschutzbestimmungen zur Behandlung meiner Daten habe ich gelesen.
Bitte loggen Sie sich hier ein.
Fro zum Thema Demokratie an Biergerechter
29.07.2010
Vum:
Sonja Thorn

Här Mosar

Ech bieden Iech vu ganzem Häerzen, dass Dir äert Mënscheméiglecht maacht, fir Exekutioun vun der Madame Sakineh Mohammadi Ashtiani am Iran ze verhënneren! freesakineh.org

Dir hutt deemols den Ausseminister hei zu Lëtzebuerg Är Kritik vis a vis vun de Mënscherechtsverletzungen säitens dem Iran iwwerdroen
www.tageblatt.lu

1- Hutt Dir de Moyen wann ech gelift dem iraneschen Ausseminister dem Här Manouchehr Mottaki perséinlech unzeruffen an hien ze bieden ob een di Doudesstrof net nach iergendwéi kann evitéieren, well di Madame zu Onrecht ugeklot ass a just ënner Folter gestanen huet?

Här Mosar Dir sidd als Chamberpresident do fir dat ze maachen wat d´ Vollek net maachen kann. Dofir bieden ech Iech vu ganzem Häerzen hëlleft den Dout duerch Stengegung vum Sakineh ze verhënneren.

Villmools Merci fir eng séier Reaktioun, well all Stonn zielt...

Sonja Thorn
Äntwert vum Laurent Mosar
1Recommandatioun
30.07.2010
Laurent Mosar
Madame Thorn,

Ech hunn Är Fro vun haut kritt.

D’Madame Catherine Ashton, Héich Vertriederin vun der Europäescher Unioun a Sécherheetspolitik a Vize-Presidentin vun der Europäescher Kommissioun, huet de 6. Juli eng Deklaratioun gemaach am Numm vun der Europäescher Unioun an där Si déi ugekënnegt Exécutioun condamnéiert a freet fir d’Strof ëmzewandelen.

Déi Deklaratioun gëtt vu mir als Chamberpresident gedeelt. Ech hunn haut nach eng Kéier beim Ausseministère intervenéiert, fir datt eist Land déi Positioun och tatkräfteg ënnerstëtzt.

An der Hoffnung, datt alles an d’Rei geet verbleiwen ech mat beschte Gréiss.

Laurent Mosar
Chamberpresident
X
Äntwert recommandéieren
Är Fro un Laurent Mosar
D'Froenfunktioun gouf entre-temps zou gemaach.