Léon Gloden (CSV)
Kandidat Chamber 2009
Dieses Profil dient zu Archivzwecken, eine Befragung ist nicht mehr möglich. Besuchen Sie das aktuelle Profil.

Léon Gloden
Joergang
1972
Berufflech Qualifikatioun
Affekot
Ausgeübte Professioun
Affekot (selbstänneg)
Uertschaft
-
Walkrees
Osten
Landeslëschteplaatz
-
Ech sin mer der Problematik bewosst an hun schons e puer mool am Gemeenerot intervenéiert. (...)
 
weider Profiler
Froen un Léon Gloden
Choix vun de Froen an Äntwerten
Noriicht u folgend Adress schécken soubal eng Äntwert antrëfft


Bitte loggen Sie sich hier ein.
Fro zum Thema Verkéier an Infrastruktur
22.05.2009
Vum:

Wéini ännert sech eppes an der Weckerstrooss! Do kann een geschwënn net méi duerchfueren! Ech fueren all Daag duerch fir schaffen ze fueren, d´ass einfach ze geféierlech! Als Anwunner vun der Strooss misst der ierch der Problematik bewosst sin!
Äntwert vum Léon Gloden
bis elo kengRecommandatiounen
22.05.2009
Léon Gloden
Bonjour Här

Ech sin mer der Problematik bewosst an hun schons e puer mool am Gemeenerot intervenéiert.

Zur zéit sin zwee Chantiers an der Strooss, wat eben mat sech brengt dat méi Camions duerch d´Weckerstrooss fueren. Den Haaptproblem ass awer den Stationnement vun den Autoen, haptsächlech am eeneschten Deel vun der Strooss (am mettleren Deel brengt den stationnement vu Autoen mat sech dat opmannst net esou gerannt get). Do misst et verbued sin ze parken. Desen Virschlag hun schons e puer mol gemaach, leider geet den Schaeffenrot net drop an.

Eng aaner Ursaach ass dat emmer méi Leit durch Weckerstrooss fueren, well emmer mé oft Reckstau an der Ausfahrt Potaschbierhg Richtung Copal ass, an d´Leit dann via Wecker op Maacher fueren.

Ech waerd nach eng kéier am Gemeenerot intervenéieren.

Mat beschten Gréiss

Léon Gloden
X
Äntwert recommandéieren
Fro zum Thema Tourismus
27.05.2009
Vum:

Gudde Moien Här Gloden,

D´Musel ass een schéi Géigend, vill Leit géife wäit reesen fir an esou eem schéine Kader kënne Vakanz ze man a Saachen ze ënnerhuelen.

Leider ass besonnesch beim "Saachen ënnerhuelen" séier Schluss". D´Offer ass nach ëmmer, trotz laangem Gepänkel a ville schéine Sonndesrieden am schlëmmste Sënn vum Wuert "amateurhaft" (an dat besonnesch ronderëm Maacher):
Wann ech wëll e Patt op eener schéiner Terrass hollen, ginn ech bësser an Däitschland, z.B. Nëttel.
Wëll ech eppes kleens iessen (net gläich en deieren Menu gastronomique, ass d´Wiel bei iis nach ëmmer minimal), zu Nëttel hunn ech "die Qual der Wahl". Iwwernuechten zu goude Präiser oder fir Gruppen, ... hmm zu Nëttel weess ech, datt et dat vill gëtt ...
Veloë kréien ech do och geléint, hei fänken se elo mol esou luuuueees drun ze strécken. An och soss si mer am Beräich Touristenattraktioun an -offer éier Entwécklungsland ...

Ech sinn elo e bësse gehässeg gewiescht an hu vläit e bëssen déck opgedroën, mee Dir wësst, datt ech net wäit weg vun der Wourecht sinn!

Wat kann do, kuerz a mëttelfristeg, ënnerholl ginn?

mat beste Gréiss,
Äntwert vum Léon Gloden
bis elo kengRecommandatiounen
29.05.2009
Léon Gloden
Bonjour Här

Dat Musel een schéin Géigend ass, sin ech ganz mat iech d´accord. Wéi der vlaicht weest léit den Tourismus , fir deen ech mech och als Kommunalpolitiker zu Gréiwemaacher vill asetzen, besonnesch um Härz. An meener Eegenschaft als Präsident vun der letzebuerger Wéinkinnigin, interesséieren an setzen ech mech och an fir Promotioun vun iisen excellenten Wéiner an Crémants an firaaner Produits vun iisem Terroir.

Op regionaler Bais (z.B. am kader vum Mislerland) sin eng rei Initiativen geholl gin, déi et elo gellt auszebauen an ze promovéieren, wéi z. B. Location vun Veloen. Och ass eng Location vun Canoen am Gespréich. Des weideren get et een Mountainbikes Trail an een Nordic Walking Trail. Kiirzlech ass och een Crémantswanderpaad bei Schengen ageweit gin. Possenhaus ass vergréissert gin, an déi richteg Moosnahmen fir Erhaalen vum Amphiteather zu Duelem sin geholl gin. Net ze vergiessen ass den Peiperlecksgoard, den Koarten- an Dreckermusee zu Maacher, den Weinmusée zu Einen etc. Kulturell Infrastrukturen gin eng ganz Retsch. Net ze vergiessen ass och dat een Kellerein praktesch all besichtegen kann.

Wou et besschen happert ass effektiv un den Iwernuechtungsméiglechkeeten op der Musel. Et gin net genug Hotels an Iwernuechtungsmégleechkeeten bei Particuliers. Et get eng flott Juegendherberg zu Schengen, sou eppes misst mer och op Maacher kréien. Wéi der vlaicht wesst setzen ech mech schons méi laang dofiir an. Den Site beim Kulturhuef géif sech gudd dofir eegenen. Dest kennt kombinéiert gin mat enger gedecktener Piscine, sou dat een desen Site zesummen mam Kulturhuef an eem Deel vum Camping an dem Péiperlecksgoard als "Centre de loisirs" exploitéieren kennt.

Et kennt och emmer méi op dat een bei Wenzer kann een klengen Maufel iessen kann, mais dir hut recht dat Offer vun Restaurants nach laang net ausgereift ass, Méiglechkeeten sin do. Ech kann iech versecheren dat CSV sech weider ganz staerk asetzt fir den Tourismus an iiser Regioun, fir dat Jidfereen no sengen Wensch an Méiglechkeeten iis flott Muselgéigeng kulturell, sportlech an gastronomesch geneissen kann.


Mat beschten Gréiss

Léon
X
Äntwert recommandéieren
Fro zum Thema Gesondheet
28.05.2009
Vum:

Guten Tag Herr Gloden,
am 18.11.2006 sagte Herr Professor Wulf Rössler im Luxemburger Wort: "Es gibt noch eine Reihe Langzeitpatienten im CHNP, aber wir haben Probleme sie in angemessenen Wohnungen ausserhalb unterzubringen. Familienpensionen im Norden des Landes sind keine Alternative." Ich kenne Betroffene, die in solchen unbetreuten Pensionen oder auf Campingplätzen oder in anderen prekären Wohnsituationen leben müssen. Die Betreiber dieser Einrichtungen sind mit der ihnen zwangsweise auferlegten Betreuung vollkommen überfordert. Schlimmer noch: sie sind in Gefahr! Diese unbetreuten Patienten sind in ihrer Hilflosigkeit und ihrer Verbitterung eine Gefahr für sich und ihre Umwelt.
Aus internationalen Studien weiss die psychiatrische Fachwelt, dass die Gefahr eines Impulskontrollverlustes bei Patienten in solchen unbetreuten Situationen sehr gross ist. Sie werden durch diese Umstände zu lebenden Zeitbomben. Wenn diesen Menschen dann auch noch die Aufnahme in den dafür vorgesehenen Kliniken des Landes verwehrt wird, potenziert sich ihre Verzweiflung, ihre Panik und ihre Amokbereitschaft noch um ein Vielfaches! Hierbei handelt es sich meiner Meinung nach um Gewalt und Folter.
Was gedenken Sie, Herr Gloden, in der nächsten Legislaturperiode zu tun um diese Gefahr für die Bevölkerung zu beseitigen?
Werden Sie sich für die Einsetzung einer Untersuchungskommission einsetzen, die die vermeintlichen Patientenmisshandlungen im luxemburgischen Psychiatriewesen untersucht?
Herr Professor Werner hat im Saarland die psychiatrische Anstalt aus menschenrechtsrelevanten Gründen abgeschafft. Werden Sie sich ebenfalls für diese Lösung einsetzen?
"Wer vor der Vergangenheit die Augen verschliesst wird nicht nur blind für die Gegenwart: er wird schlichtweg unfähig zur Zukunftsgestaltung. Nur so sind Versöhnung, Vergebung, Heilung, Fortschritt möglich." (Luxemburger Wort, 8.10.07)
Hochachtungsvoll
, Psychologe, Gründer der LGSP (Letzebuerger Gesellschaft fier Sozialpsychiatrie)
Äntwert vum Léon Gloden
bis elo kengRecommandatiounen
29.05.2009
Léon Gloden
Sehr geehrter Herr

Ich habe festgestellt , dass Sie diese Frage an alle Kandidaten, und somit auch an die CSV Kandidaten gestellt haben. Mehrere CSV Kollegen haben Ihnen bereits die Position der CSV Position mitgeteilt. Somit erlaube ich mir auf die Antowrten meiner CSV Kollegen zu verweisen, die auch meine Ansicht betreffend diese Thematik darstellt.

Hochachtungsvoll

Léon Gloden
X
Äntwert recommandéieren
Är Fro un Léon Gloden
D'Froenfunktioun gouf entre-temps zou gemaach.