Lëtzebuerger Wahlsystem
Chamberswahlen
Zu Lëtzebuerg ginn et all 5 Joer national Parlamentswahlen. Di läschte Wahle waren den 7. Juni 2009.
Gewielt ginn 60 Deputéiert déi d'Chambre des Députés zesummenzesetze.
Gewielt gëtt an 4 Bezierker:
D'Deputéiert gi bei enger geheimer allgemenger direkter Wahl vu Lëschte gewielt, déi net méi Kandidate kënnen opstelle wéi Sëtz gewielt ginn. Z.b. kënnen op der Wahllëscht vun enger Partei am Norde maximal 9 Kandidate stoen.
Zu Lëtzebuerg gëllt d'Wahlflicht: all Persoun, di op der Wahllëscht ageschriwwen ass muss wiele goen oder riskéiert eng Amende. Vun der Wahlflicht ausgeholl sinn nëmme Leit iwwer 75 Joer an Leit, di an enger anerer Gemeng wunne wéi déi, fir déi se eng Opfuederung zur Wahl kruten. Eng Bréifwahl ass méiglech fir Leit iwwer 75 Joer oder Wahlberechtegter déi am Ausland wunnen oder zum Moment vun der Wahl am Ausland sinn.
All wahlberechtegt Persoun huet eng Unzuel vu Stëmmen di identesch ass mat der Zuel vun den Deputéiert di an dem Bezierk gewielt ginn. Z.b. huet eng Wielerinn am Osten 7 Stëmmen, e Wieler am Zentrum 21. Dobäi kënnen dës Stëmmen un eng Lëscht goen ("Krees schwäerzen") oder iwwer verschidde Lëschten un eenzel Kandidate verdeelt ginn ("panachéieren"). All Wielerin kann doriwwer raus all Kandidat zwou Stëmme gi soulaang di vergi Stëmmen net d'Gesamtunzuel vun den méigleche Stëmmen iwwerschratt.
D'Verdeelung vun de Sëtz tëscht de Lëschte verleeft proportional zur Gesamtunzuel vu Stëmme fir all Lëscht. Dono ginn d'Sëtzer op déi Kandidate verdeelt, déi di meeschte Stëmme kruten.
Weider Informatiounen zum Wahlrecht ginn et op elections.public.lu.
Chamberwahlen 2009
Bei de Chamberwale vum 7. Juni 2009 zu Lëtzebuerg goufe 60 Deputéierte fir e Mandat vu 5 Joer an d'nationaalt Parlament, d'Chamber, gewielt. D'Chamberwahle waren den selwechten Dag wéi d'Wale fir d'Europäescht Parlament. Am Ganzen hunn 452 Kandidatinne kandidéiert. D'Wahllëschten an hir Nummere sinn:

- Süden: 23 Deputéiert
- Zentrum: 21 Deputéiert
- Norden: 9 Deputéiert
- Osten: 7 Deputéiert

- 1. KPL
- 2. déi gréng
- 3. ADR
- 4. LSAP
- 5. DP
- 6. déi Lénk
- 7. CSV
- 8. Biergerlëscht (nëmmen an de Bezierker Süden an Norden)
Europawahlen
An der Europäescher Unioun ginn et all 5 Joer europäesch Parlamentswahlen. Di läschte Wahle waren den 7. Juni 2009.
Gewielt ginn 6 Deputéiert déi Lëtzebuerg am europäesche Parlament vertrieden an engem Wahlbezierk fir d'ganzt Land.
D'Deputéiert gi bei enger geheimer allgemenger direkter Wahl vu Lëschte mat maximal 6 Kandidatinne gewielt. Mindestens d'Halschent vun de Kandidate mussen d'lëtzebuerger Nationalitéit hunn.
Zu Lëtzebuerg gëllt Wahlflicht, och fir d'EU-Wahlen. All wahlberechtegt Persoun huet 6 Stëmmen.
Net-Lëtzebuerger Awunner mat EU-Staatsbiergerschaft hunn d'aktiv an d'passiv Wahlrecht bei EU Wahlen. Fir zu Lëtzebuerg wiele kënnen ze goe muss een mindestens 2 Joer am Land wunnen an sech op der Wahllëscht vu sengem Wahlbezierk ageschriwwen hunn. Fir d'Deputéiert an dem Land vun der Nationalitéit ze wiele muss sech bei un déi jeeweileg Ambassade gemellt ginn.
D'Verdeelung vun de Sëtz tëscht de Lëschte verleeft proportional zur Gesamtunzuel vu Stëmme fir all Lëscht. Dono ginn d'Sëtzer op déi Kandidate verdeelt, déi di meeschte Stëmme kruten.
Weider Informatiounen zum Wahlrecht ginn et op elections.public.lu.
Europawahlen 2009
Bei de Wale fir d'Europäescht Parlament 2009 goufen déi sechs Deputéiert gewielt, déi Lëtzebuerg am Europäesche Parlament fir d'Sëtzungsperiod 2009-2014 vertrieden.
Si goufen den 7. Juni 2009 ofgehalen, als Deel vun den allgemenge Wale fir d'Europäescht Parlament 2009, an zäitgläich mat de Wale fir d'Chamber.
Am Ganze kandidéieren 48 Kandidaten. D'Wahlëschten an hir Nummere waren:

- 8. Biergerlëscht