Liz Paulus (Déi Gréng)
Kandidatin Chamber 2009
Dieses Profil dient zu Archivzwecken, eine Befragung ist nicht mehr möglich.

Liz Paulus
Joergang
1964
Berufflech Qualifikatioun
Maîtrise en Aménagement du Territoire, Naturpädagogik
Ausgeübte Professioun
Emweltpädagogin Gemeng Luerentzweiler
Uertschaft
-
Walkrees
Zentrum
Landeslëschteplaatz
-
(...) Et ass secher, dass den Tram eleng net d´Leisung fir all eis Problemer duerstellt, mee et ass e Kaersteck an engem Konzept zesumme mat all den aneren Verkeiersmettelen (Velo, zu Fouss, Auto, Bus, Zuch). En Tram ass och ganz kloer ausbaufäheg, de City-Tunnel awer net. (...)
 
Froen un Liz Paulus
Choix vun de Froen an Äntwerten
Noriicht u folgend Adress schécken soubal eng Äntwert antrëfft


Bitte loggen Sie sich hier ein.
Fro zum Thema Schoulen
24.05.2009
Vum:

Gudden Owend Madame Paulus

Bei der "table ronde" zum Thema Edukatioun e Freiden 22. Mee op RTL stung zu engem Moment de Sujet vum "Werteunterrecht" un, an d’Fro am Raum, wèi solch een Unterrecht sollt ausgesin a wien e soll haalen.

Meng Fro elo hei dozou.: Zur Zait leeft eng Weiderbildung vun 120 Stonnen am Kader vum SCRIPT, wou eng ganz Rei Leit an d’Didaktik vum "Philosophieren mit Kindern" agefouert gin. Wär et net logesch, dess Leit an desem Beräich an eise Grondschoulen anzesetzen, an dem Sënn, dass hir erwuerbe Kompetenzen net verluer gin an um Terrain kennen emgesaat gin?

Äntwert vum Liz Paulus
bis elo kengRecommandatiounen
25.05.2009
Liz Paulus
Moien Madame ,

Fir dei greng ass de Werteunterricht an eiser Schoul e ganz wichtegt Fach. Mir setzen eis ganz kloer fir e gemeinsame Werteunterricht fir all d´Schueler an, fir dass all Kanner di naemlecht Werter an eiser oeffentlecher Schoul no bruecht kreien.

Deen neie Programm an der Education morale et sociale , deen op d´Philosophéiere mat Kanner baséiert, foerdert de Kanner hir Kompetenzen a Saachen Froe stellen, diskuteieren, reflekteieren iwert Themen aus dem Beraich vun der Ethik.

Selbstverstaendlech sinn ech der Meenung, dass dei Enseignants, di d´Formatioun vun 120 Stonnen "Philosophieren mit Kindern" gemaach hun, op jidde Fall och sollten an der Education morale et sociale (eigentlech misst et Ethik heeschen) agesaat ginn, fir dass eis Kanner vu gudd formeierten Enseignants dest Fach nobruecht kreien. Vu dass di meeschten vun desen Enseignants am Moment als charges de cours agestallt ginn, ass et un de Responsablen aus dem Ministere de l´Education Nationale, fir ze kucken, EMS-Plaze mat deene formeierte Leit ze besetzen.

Mat beschte Greiss,
Liz Paulus
X
Äntwert recommandéieren
Fro zum Thema Gesondheet
27.05.2009
Vum:

Guten Tag Frau Paulus,
am 18.11.2006 sagte Herr Professor Wulf Rössler im Luxemburger Wort: "Es gibt noch eine Reihe Langzeitpatienten im CHNP, aber wir haben Probleme sie in angemessenen Wohnungen ausserhalb unterzubringen. Familienpensionen im Norden des Landes sind keine Alternative." Ich kenne Betroffene, die in solchen unbetreuten Pensionen oder auf Campingplätzen oder in anderen prekären Wohnsituationen leben müssen. Die Betreiber dieser Einrichtungen sind mit der ihnen zwangsweise auferlegten Betreuung vollkommen überfordert. Schlimmer noch: sie sind in Gefahr! Diese unbetreuten Patienten sind in ihrer Hilflosigkeit und ihrer Verbitterung eine Gefahr für sich und ihre Umwelt.
Aus internationalen Studien weiss die psychiatrische Fachwelt, dass die Gefahr eines Impulskontrollverlustes bei Patienten in solchen unbetreuten Situationen sehr gross ist. Sie werden durch diese Umstände zu lebenden Zeitbomben. Wenn diesen Menschen dann auch noch die Aufnahme in den dafür vorgesehenen Kliniken des Landes verwehrt wird, potenziert sich ihre Verzweiflung, ihre Panik und ihre Amokbereitschaft noch um ein Vielfaches! Hierbei handelt es sich meiner Meinung nach um Gewalt und Folter.
Was gedenken Sie, Frau Paulus, in der nächsten Legislaturperiode zu tun um diese Gefahr für die Bevölkerung zu beseitigen?
Werden Sie sich für die Einsetzung einer Untersuchungskommission einsetzen, die die vermeintlichen Patientenmisshandlungen im luxemburgischen Psychiatriewesen untersucht?
Herr Professor Werner hat im Saarland die psychiatrische Anstalt aus menschenrechtsrelevanten Gründen abgeschafft. Werden Sie sich ebenfalls für diese Lösung einsetzen?
"Wer vor der Vergangenheit die Augen verschliesst wird nicht nur blind für die Gegenwart: er wird schlichtweg unfähig zur Zukunftsgestaltung. Nur so sind Versöhnung, Vergebung, Heilung, Fortschritt möglich." (Luxemburger Wort, 8.10.07)
Hochachtungsvoll
, Psychologe, Gründer der LGSP (Letzebuerger Gesellschaft fier Sozialpsychiatrie)
Äntwert vum Liz Paulus
bis elo kengRecommandatiounen
31.05.2009
Liz Paulus
Guten Tag Herr ,
Es erscheint mir wichtig, in kleinen Wohneinheiten psychisch kranke Menschen auf ein Leben ausserhalb eines psychiatrischen Krankenhauses vorzubereiten.Soweit ich informiert bin, ist vor kurzem noch im Norden des Landes solch ein Haus (betreutes Wohnen ) eröffnet worden.
Mit freundlichen Gruessen,
Liz Paulus
X
Äntwert recommandéieren
Fro zum Thema Verkéier an Infrastruktur
01.06.2009
Vum:
Guy

D´Tram-Léisung ass wahrscheinléch nët ze réaliséiren (zumindest nët zu engem raisonnablen Preis-Leeschtungsverhältnis).

Wann en alles mat arechent (a nët nëmmen 2 oder 3 ausgewielte Posten) an och d’Erspuernisser am Mobil 2020 déi de Bus-Bunn Konzept erméiglecht, ass de Bus-Bunn (och nach RER genannt) vill méi bëlleg wéi d´Tram Léisung. Detailer fannt dir um Site www.rer.lu.

Doriwer eraus ass d´Bus-Bunn Léisung vill méi leeschtungsfähig wéi d´Tram-Léisung.

Den Tram bréngt e besschen méi Kapazitéit, wéi déi Bussen, déi den Tram ersetzt.
Am Tram-Konzept muss e méigléchst daks emsteigen (vum Zuch op den Tram, dann op de Bus, ...).
Déi vill Haltestellen a Kräizungen op der Tramslinn kaschte vill Zäit.
E wichtege Problem ass och de Risiko vu Stauen (duerch ze vill Verkéier oder duerch Akzidenter).

De Bus-Bunn bréngt eng grouss zousätzléch Kapazitéit (komplett Zich mat 2 Stäck).
Duerch déi +- 12 Garen op de wichtegste Punkten vun der Stadt kënne ganz vill Leit direkt mam Zuch bis (bal) dohin fueren, wou si hi wëllen.
D´Buslinnen kënnen duerch e leeschtungsfähegen Zuchréseau an der Stadt verbonne gin. Doduerch kann de Knuet (Stau an der Avenue de la Liberté, um Aldringer, op de Bréken, ... ) aus ville Bus-linnen eliminéiert gin.

Wann e manner Autoen an der Stadt wëll, muss e keen Tram bauen, den déi puer grouss Stroossen a Bréken blokéiert.
Et ass besser
  • engerseits eng leeschtungsfäheg Alternativ unzebidden (Bus-Bunn Konzept)
  • an anrerseits méi Foussgängerzonen, Busspuren, Velosweeër, breet Trottoiren, Géngstreifen, ... unzeleeën.
Dat ass och politesch vill méi liicht duerchzesetzen.

De Bus-Bunn Konzept ass vill méi ausgereift, wéi den Tram-Projet.
Iwerzeecht iech selwer a vergleicht d´Dokumentatioun vum Transportministère (vill irrelevant Detailer, wichteg Punkten ignoréiert, kéng Léisung fir déi vill Problemer)
mat der viirbildlécher Dokumentatioun um www.rer.lu.

Wéi gudd kennt dir den Dossier ?
Fannt dir och, dat de Bus-Bunn Konzept déi besser Léisung ass ?
Äntwert vum Liz Paulus
bis elo kengRecommandatiounen
01.06.2009
Liz Paulus
Bonjour Haer ,

Den Tram erlabt et de Leit, di mam Zuch un d´Stad erugefeiert ginn (nei gares périphériques z.B. zu Zéisseng oder um Kierchbierg), an der Stad seier op di Plaz ze kommen, wou se hi wellen.
Am Konzept vum RER sinn dogeint nemmen 3 Haltestelle virgesinn (Gare, D`Stad a Kierchbierg), mei sinn natiierlech och net meiglech, well esou e schweieren Zuch net all Moment kann halebleiwen. Fir den RER Konzept duerchzesetzen, misst een net nemmen riiseg Tunnelen ennert der Stad bueren fir di duebelstäckeg Zich drennerzefeieren, mee och nach ganz Garen ennerierdeg amenageieren, fir emzesteigen. Stellt iech emol dei Chantieren fir!
Ech muss iech soen, Haer , ech well als Foussgaenger a Benotzer vum oeffentlechen Transport net ennert de Buedem verdriwwe ginn. Ech gleewen drun, dass an enger Stad, an daer Bus, Tram, Velo, Foussgaenger an Autoen glaichberechtegt Transportmettele sinn, et sech flott liewe leisst. Ech hu virun 20 Joer (virum Tram) 3 Joer zu Strosbuerg geliewt a fueren elo vun Zait zu Zait dohinner zreck. Do ass e Konzept duerchgesat ginn, wat op den Tram opbaut an an engems och versicht ginn, de Foussgaenger a Velosfuerer erem mei Plaz ze ginn. Ech kann iech soen, dass een sech saithier vill mi wuel fillt an daer Stad.

Et ass secher, dass den Tram eleng net d´Leisung fir all eis Problemer duerstellt, mee et ass e Kaersteck an engem Konzept zesumme mat all den aneren Verkeiersmettelen (Velo, zu Fouss, Auto, Bus, Zuch). En Tram ass och ganz kloer ausbaufäheg, de City-Tunnel awer net.

Mat beschte Greiss,
Liz Paulus
X
Äntwert recommandéieren
Fro zum Thema Verkéier an Infrastruktur
02.06.2009
Vum:
Guy

Kuerz Froen zum Thema "Tram oder Bus-Bunn ?"
Och wann dir nët op all Froen eng Äntwert wësst (oder fannt), äntwert w.e.g. op déi Froen, wou dir d’Äntwert wësst.

Verléiren d’Leit léiwer Zeit mat villen Haltestellen am Tram, wéi e puer Minuten ze Fouss ze goen ?

Wéivill Garen an Haltestellen sinn am Projet Bus-Bunn fir den Zuch um Territoire vun der Stadt Lëtzbuerg geplangt ?

Wéivill Garen an Haltestellen fir Zuch respektiv Tram sinn am Projet vum Transportministère geplangt ?

Wéi grouss sinn d’Tunnelen fir de Bus-Bunn verglach mat denen fir d’Nordstooss ?
Méi oder manner lang ?
Méi oder manner groussen Duerchmeesser ?

Wéi grouss sinn déi ennerirdesch Haltestellen vum Bus-Bunn Projet ongeféier ?
Fläch vun der Sektioun méi oder manner grouss wéi déi vun den Tunnellen zu Lorentzweiler fir d’Nordstrooss (déi 2 Richtungen zesummegezielt)?

Wéivill kascht de Bus-Bunn, wann e nët alles mat arechent wat souwisou am Mobil 2020 geplangt ass a wann en d’Erspuernisser berücksichtegt déi am Mobil 2020 erméiglecht gin ?

Wéivill kascht den Trams-Konzept wann en alles mat arechent (och dat, wat wéinst dem Tram nët am Mobil 2020 ka gespuert gin)?

Sinn d’Tramslinnen (zirka 6 Meter breet fir déi 2 Richtungen) aleng fir den Tram reservéiert?
Oder kënnen do och Bussen, Taxien, Autoen, Veloen, … driwer fueren ?

Ass et méi einfach, zousätzléch Linnen fir en Tram ze fannen, wéi fir Bussen ?

Stinn d’Leit léiwer am Stau, wéi e puer Minuten duerch en Tunnel ze fueren ?

Wéini schätzt dir
  • kéint fréistens en Tram iwert d’Rout an déi Nei Bréck fueren ?
  • kéint den Tramskonzept esou weit ausgebaut sinn, fir esou leeschtungsfäheg ze gin wéi de Bus-Bunn schon no der 1. Phase ass?

Ass eng gudd Léisung fir Stoossbuerg, och automatesch déi Bescht fir Lëtzebuerg ?

Bescht Gréiss
Äntwert vum Liz Paulus
bis elo kengRecommandatiounen
02.06.2009
Liz Paulus
Re-bonjour Haer ,
Ech mengen, di technesch Froen kritt der am beschte beim Transportministere, bei der Stad Letzebuerg oder bei den zoustännegen beäntwert.
Op di aner Froe kann ech iech gaeren eng Aentwert ginn:
  • d´Leit verleiere keng Zait am Tram mat villen haltestellen, vu dass deen just eng Feinverdeelung mecht an d´Leit mam Zuch schon no un hir Destinatioun erukommen (gares périphériques)
  • eng gudd Leisung fir Stroossbuerg (a vill aner Stied ronderem eis wi Nanzeg, Saarbrecken, Karlsruhe) muss net onbedengt eng gudd Leisung fir Letzebuerg sinn, ech kennen awer keng Stad, wou se schlecht Erfahrunge mam Tram gemaach hunn an dat ass jo awer e gudd Zeechen
  • dei Leit, di den Tram huelen, stinn net mei am Stau.
Mat beschte Greiss,
Liz Paulus
X
Äntwert recommandéieren
Är Fro un Liz Paulus
D'Froenfunktioun gouf entre-temps zou gemaach.