Luc Decker (LSAP)
Kandidat Chamber 2009
Dieses Profil dient zu Archivzwecken, eine Befragung ist nicht mehr möglich.

Luc Decker
Joergang
1977
Berufflech Qualifikatioun
Droit an Science politique
Ausgeübte Professioun
Fonctionnaire am Wirtschaftsministère
Uertschaft
-
Walkrees
Zentrum
Landeslëschteplaatz
-
(...) Weider verweisen ech op dem Jeannot Krecké seng Äntwert, deem dier jo genau déi selwecht Fro gestallt hut. Notamment zum bedingungslose Grondakommes, wat kloer net an eise Programm opgeholl ginn ass. (...)
 
Froen un Luc Decker
Choix vun de Froen an Äntwerten
Noriicht u folgend Adress schécken soubal eng Äntwert antrëfft


Bitte loggen Sie sich hier ein.
Fro zum Thema Kanner & Jugend
19.05.2009
Vum:

Als gléckleche Papp vun engem gesonde Kand dat zur Ofdreiwung ‘fréi’ gi wor, well ech Iech froen, ob Dir perséinlech (oder Är Partei) am Kader vun enger méiglecher Reform vum Avortements-Gesetz, Iech géingt asetzen, dat och déi bedeelegt Männer (an potentiell Pappen) e Recht géife kréien, an hirer Astellung gehéiert ze gin (z.Bsp. och beim ‘Planning familial’), éiert ët zu Ofdreiwungen kënnt ?
Äntwert vum Luc Decker
1Recommandatioun
22.05.2009
Luc Decker
Här Peschon,

Et freet mech, dass dier e gléckleche Papp sidd.

D´Fristeregelung bei der Ofdreiwung, fir déi mir Sozialisten stinn, heescht, dass eng Fra bis déi 12. Woch Schwangerschaft selwer kann iwwert hire Kierper decidéieren, an dass se net méi vum Dokter ofhängeg ass, fir eng Decisioun ze huelen.

Ech kéint mir virstellen, dass de bedeelegte Mann géif d´Méiglechkeet kréien, seng Astellung duerzeléen. De Planning familial, deen d´Fra bei hirer Decisioun begleet, schéngt do de richtege Kader. D´Decisioun muss awer d´Fra selwer huelen.

Bescht Gréiss
X
Äntwert recommandéieren
Fro zum Thema Wirtschaft
27.05.2009
Vum:

Léiwen Här Decker,

Ons traditionnel Denkmodeller gin momentan kräfteg durchgerëselt. Mier duerchliewen richteg historesch Momenter, den Englänner schwätzt vun "Window of opportunity". Kéinten mir deen nët als eng riiseg Chance ugesin an en Paradigmenwiessel virundreiwen? Ewech vun enger Logik, déi jidfereen zwengt zur Maximéierung vun kurzfristegen an egoisteschen Zieler mat schädlechen Auswirkungen opp ons Emwelt an Matmënschen. Hin zou engem méi mënschlechen Mateneen an wou den Mënsch an d´Kultur am Mëttelpunkt stinn. Dat héiert sech utopesch unn. Loost Iech soen dat et och e puer Jorhonnerte gedauert huet bis jidfereen iwerzeecht wor dat d´Erd em d´Sonn dréint. Wann mir dann dem Gordon Moore saïn Gesetz an d´Geschicht transposéiren - mir wëssen haut vill, vill méi - dann misst esou en Paradigmenwiessel jo spilles an 10 Joer ze packen sin. d´Beispill vun Wikipedia weist ons em wéivills méi Séier mir haut eppes grousses upacken an realiséieren können. An dobai sin dem Internet seng Méiglechkeeten nach laang nët zu Enn geduecht.

Gesidd dir och den "Window of opportunity"? Wat halt Dir vun dësen Iwerleeungen? Kéint Dir Iech virstellen bei esou engem groussen Projet matzeschaffen?

Mat beschten Gréiss

Äntwert vum Luc Decker
1Recommandatioun
27.05.2009
Luc Decker
Léiwen Här ,

De Fukuyama huet virun enger Rei Joren vum Enn vun der Geschicht geschriwwen, wëll de Kapitalismus iwer de Kommunismus gewonnen hätt (wann ech dat sou vereinfachen dierf). Hien huet sech an mengen An geiert, well den Déréguléierungskapitalismus haut staark a Fro gestallt gëtt. Dier hutt scho Rescht, wann dier sot, mir géifen historesch Momenter erliewen. Et kann ee vun enger kopernikanescher Revolutioun schwätzen, oder vun engem Paradigmewiessel, wann dier dat léiwer hutt. Haut ass all politesch Partei sech eens, dass d´Finanzmärt besser mussen reguléiert gin an dass de Staat därf an d´Economie agräifen. Mier Sozialisten hunn ëmmer eng sozial Maartwirtschaft gewollt, haut gëtt se vun allersaits gefuerdert. Dess Chance musse mir ergräifen, well no der Kris sinn riets a liberal Parteien rëm do fir zréck ze rudderen. Mier däerfen déi "Window of Opportunity", wei dier sot, net zougoen loossen, an genau an deem Sënn well ech mech asetzen, dofir hunn ech mech an der Politik engagéiert.

Mat beschte Gréiss
Luc
X
Äntwert recommandéieren
Fro zum Thema Wirtschaft
27.05.2009
Vum:

Léiwen Här Decker,

Den Här Krecké huet opp der Ouvertür vun der Fréijoersfoire d´Wichtegkeet vum Wuesstum erausgestrach. Hien huet gesot dat mir onbedingt erëm neien Wuesstum missten schafen fir dat mir eisen héijen soziale Standard weiderhin können garantéieren .

Ech verstinn dat nët. Wéi kann gerad d´Ursach vun der Kris och d´Léisung sin? Dat ëmmer méi iwert déi lescht 30 Joer huet ons nët méi glëcklech gemach. Eischter den contraire ass de Fall. Wann en méi huet, wat en sech méi Suergen mëcht fir och nët nëmmen eppes dovun erëm ze verléieren. An wëllen mir wirklech aus Lëtzebuerg en zweet Singapore machen, mat enger oder 2 Milliounen Awunner, well bei 700´000 ass et jo mat dëser Logik bestëmmt nët Schluss.
Könnt dir mir w.e.g. den Drang zu ëmmer méi erklären?

An der "DIE ZEIT" Ausgab vum 20. Mee 2009 gët an engem langen Artikel genau des Problematik vum Wuesstum beschriwen. d´Léisungsiddien wéi Grondakommes an en anert Geldsystem gët et och schons seit langem. Si sin durchaus realiséierbar, wann mir wëllen, genee wéi d´Milliarden fir d´Rettung vun den Banken.Wien huet den Mut dat unzepaken?
Ech freen mech äer Aentwert ze liesen

Mat frëndlechen Gréiss

Äntwert vum Luc Decker
bis elo kengRecommandatiounen
03.06.2009
Luc Decker
Léiwen Här ,

De Jeannot Krecké huet an senger Riet effektiv gesot, dass ouni Wuesstem eise Sozialmodell net kann ofgeséchert sinn. Et ass kloer, dass een naicht kann ëmverdeelen, wann een et net virdrun erwirtschaft. Dat heescht awer net, dass een op wëlle Wuesstem an eng Gesellschaft vum ëmmer méi soll setzen, mä op en nohaltege Wuesstem, deen och Mënsch an Ëmwelt berücksichtegt. Dat ass dat, wat mier als Sozialisten wëllen ëmsetzen.

Weider verweisen ech op dem Jeannot Krecké seng Äntwert, deem dier jo genau déi selwecht Fro gestallt hut. Notamment zum bedingungslose Grondakommes, wat kloer net an eise Programm opgeholl ginn ass.

Mat beschte Gréiss
Luc
X
Äntwert recommandéieren
Fro zum Thema Gesondheet
28.05.2009
Vum:

Guten Tag Herr Decker,
am 18.11.2006 sagte Herr Professor Wulf Rössler im Luxemburger Wort: "Es gibt noch eine Reihe Langzeitpatienten im CHNP, aber wir haben Probleme sie in angemessenen Wohnungen ausserhalb unterzubringen. Familienpensionen im Norden des Landes sind keine Alternative." Ich kenne Betroffene, die in solchen unbetreuten Pensionen oder auf Campingplätzen oder in anderen prekären Wohnsituationen leben müssen. Die Betreiber dieser Einrichtungen sind mit der ihnen zwangsweise auferlegten Betreuung vollkommen überfordert. Schlimmer noch: sie sind in Gefahr! Diese unbetreuten Patienten sind in ihrer Hilflosigkeit und ihrer Verbitterung eine Gefahr für sich und ihre Umwelt.
Aus internationalen Studien weiss die psychiatrische Fachwelt, dass die Gefahr eines Impulskontrollverlustes bei Patienten in solchen unbetreuten Situationen sehr gross ist. Sie werden durch diese Umstände zu lebenden Zeitbomben. Wenn diesen Menschen dann auch noch die Aufnahme in den dafür vorgesehenen Kliniken des Landes verwehrt wird, potenziert sich ihre Verzweiflung, ihre Panik und ihre Amokbereitschaft noch um ein Vielfaches! Hierbei handelt es sich meiner Meinung nach um Gewalt und Folter.
Was gedenken Sie, Herr Decker, in der nächsten Legislaturperiode zu tun um diese Gefahr für die Bevölkerung zu beseitigen?
Werden Sie sich für die Einsetzung einer Untersuchungskommission einsetzen, die die vermeintlichen Patientenmisshandlungen im luxemburgischen Psychiatriewesen untersucht?
Herr Professor Werner hat im Saarland die psychiatrische Anstalt aus menschenrechtsrelevanten Gründen abgeschafft. Werden Sie sich ebenfalls für diese Lösung einsetzen?
"Wer vor der Vergangenheit die Augen verschliesst wird nicht nur blind für die Gegenwart: er wird schlichtweg unfähig zur Zukunftsgestaltung. Nur so sind Versöhnung, Vergebung, Heilung, Fortschritt möglich." (Luxemburger Wort, 8.10.07)
Hochachtungsvoll
, Psychologe, Gründer der LGSP (Letzebuerger Gesellschaft fier Sozialpsychiatrie)
Äntwert vum Luc Decker
bis elo kengRecommandatiounen
28.05.2009
Luc Decker
Guten Tag Herr ,

Ich muss Ihnen ehrlich gestehen, dass Psychiatrie nicht zu den Themen gehört, in welchen ich fachlich kompetent genug bin um spezifische Fragen zu beantworten.
Da Sie eine ähnliche Frage schon an den Gesundheitsminister gestellt haben, und dieser Sie vor nicht allzu langer Zeit empfangen hat, kann ich Sie nicht noch einmal an ihn verweisen.
Ich könnte Ihnen eine schöne Geschichte erzählen und Ihnen alles versprechen, was Sie hören wollen, doch ist damit keinem geholfen.

Mit freundlichen Grüssen
Luc
X
Äntwert recommandéieren
Är Fro un Luc Decker
D'Froenfunktioun gouf entre-temps zou gemaach.