Här

,
Merci fir är Ufro zum Thema Wandturbinnen am Wahlprogramm vun der LSAP.
D´Notzen vun erneierbaren Energiequellen ass fir d´LSAP e wichtegt Element vun enger moderner an intelligenter Energiepolitik. Wéi soss, wa mer net erneierbar Energiequellen entwéckelen an Energie spueren, kënne mer méi onofhängeg vun Uelech- an Gasimporter, a vun héijen Energiekäschten ginn?
D´europäesch Unioun huet sech zum Ziel gesat, den Undeel vun erneierbaren Energien um Endenergieverbrauch op 20% bis 2020 ze héigen. Fir Letzebuerg ass een Ziel vun 11% fesgehalen ginn. Wëll mer haut bei 3,8% Stroumproduktioun aus erneierbaren Energië stinn, a bei 2% vum Endenergieverbrauch (Stroum, Wäermt a Bensin), musse mer nach grouss Ustrengunge maan fir dat Ziel ze erreechen.
D´Wandkraaft spillt do eng wichteg Roll. Dir frot mech, wéi mer daat géint de Widderstand vun deene Concernéierten duerchsetzen?
Dozou wëll ech emol bemierken, dass och bei anere Projeten, wéi de Stroossebau an dem Bau vun enger Industrie, oder esouguer neiem Wunnengsbau, net ëmmer jiddereen domadden averstanen as.
Wa mir awer net op héig Léin a Renten, an eng gudd Sozialversëcherung wëlle verzichten, musse mir eis kënnen weider entwéckelen.
Bei Handturbinneneprojeten as et esou, dass déi concernéiert Gemeng eng Baugenehmigung muss austellen. Zousätzlech hu mir eng Kommodo- Inkommodo-Prozedur, am Kader vun deeër z.B. dem Impakt op d´Planzen- an Déieren muss evaluéiert gin, an och eng Schiedétude (Schattenwurf) a Kaméidiétude erstallt gin. Nëmmen an deene Fäll, ou kee groussen negativen Impakt festgestallt gët, an all Kritären agehaalen gin, kann eng Wandturbin opgestallt gin.
Ech hoffen awer, dass et zu Lëtzebuerg nach genuch Leit gëtt, déi verstinn, dass mir eng modern Energiepolitik brauchen.
Mat bëschte Gréiss,
Lucien LUX
Emweltminister