Lucien Lux (LSAP)

Lucien Lux
Joergang
1956
Berufflech Qualifikatioun
-
Ausgeübte Professioun
-
Uertschaft
-
Walkrees
Süden
Landeslëschteplaatz
-
(...) Den Handicap an de soziale Status bzw déi ekonomesch Situatioun vun de Besëtzer vun enger Invalidekaart stinn a kenger Relatioun. Et gi sécherlech Leit déi am Besëtz vun enger Invalidekaart sinn, a kee groussen Handicap hunn, mee et besti vun der Säit vum Transportministère keng Kontrollméiglechkeete fir ee Certificat médical a Fro ze stellen. (...)
 
weider Profiler
Froen un Lucien Lux
Noriicht u folgend Adress schécken soubal eng Äntwert antrëfft


Die Datenschutzbestimmungen zur Behandlung meiner Daten habe ich gelesen.
Bitte loggen Sie sich hier ein.
Fro zum Thema Verkéier an Infrastruktur
22.05.2009
Vum:
Pol

Gudde Metteg Här Lux,
Virwat iwwerloost Dir dem ADR d´Feld beim Thama ëffentlechen Transport? Wann d Peripheriegaren duerch Eisebunnstunnele verbonne géiffe gin, hätte mir déi héich Transportkapazitéit vun der Eisebunn och op deene läschte km (dat heescht bis an d Stad oder de Kierchbierg eran), an et wier een onofhängeg vu Verkéiersstauen. Ausserdeem misste mir net d´Foireshalen 2x reckelen.

Wann en Tram da muss gebaut gin, kann een domadder jo nach emmer déi aner Quartieren ubannen.

Villmols Merci
Pol
Äntwert vum Lucien Lux
bis elo kengRecommandatiounen
27.05.2009
Lucien Lux
Här ,

D´Regierung an d´Staat Letzebuerg huet decidéiert, op Basis vun deenen verschieddenen Etuden déi gemaat goufen, dat den Konzept mobil 2020 déi beschten Léisung fier eis d´Land an fier d´Staad ass. Desen Konzept besteet aus engem Zesummenspill aus klasseschem Zuch an regionalen Bussen fier den nationalen an grenziwerschreidenden Verkéier, aus dem Tram als Haaptachs an der Staad an den städteschen Bussen fier Feinverdeelung an der Staad ze maachen. Den Lien teschend deenen eenzelnen Systemer get op den Périphériegaren gemaat déi domadder Verdeelung an der Staad strukturéieren an och eng gudd Erschleissung vun desen Quartieren erméiglechen. Dest Konzept erméiglecht eng Erweiderung vun den Kapazitéiten vum öffentlchen Transports souwuel fier an d´Staad wéi och an der Staad selwer wou den System Bus haut un sengen Limiten okomm ass.

Waat den Projet RER betrefft, sou huet desen eng Rei Nodeeler déi net ze ennerschätzen sinn wéi z.b:

  • D´investitounskeschten an d´Entretienskäschten vun desem komplexen Projet sinn wesentlech méi héich well den ganzen Tracé duerch d´Staad ennerirdesch muss sinn an och bedeitend Upassungen um Réseau vun der Eisenbunn mussen gemaat ginn.
  • Den Konzept vum RER get ereischt bei vill méi groussen Stiedt ugewandt déi och déi néidesch masse critique hun.
  • Den Öffentlechen Transports ass weit weg vun den Leit (bis zu 70 meter ennert dem Buedem), doduerch sinn d´Weeer fier d´Leit relativ laang an den ganzen System get onattraktiv.
  • D´Oofstänn teschent den Arrêten sinn méi grouss wéi beim Tram an den Takt ass un d´Contrainten vum Eisenbunnsréseau gebonnen sou dat en manner attraktiv ass wéi den Tram deen onoofhängeg vum Zug an Bus kann fueren an sou den Léit déi matfouren eng gudd an pünktlech Offer kann maachen.

Waat d´Foireshaalen betrefft, sou ginn des net zweemol gereckelt mee et get een Deel vun den Haalen provisoresch emlogéiert fier den Parc des Expositions nei ze strukturéieren an domadder besser ze notzen an un den öffentlchen Transport unzebannen.

Merci fir Ären Interessi.
Mat bëschte Gréiss,
X
Äntwert recommandéieren
Fro zum Thema Verkéier an Infrastruktur
24.05.2009
Vum:

Bonjour Här Lux,

Baal all Dag fueren ech op der Diddelenger Autobunn a froe mech, wiesou eis klengt Land et net férdech brengt den Traffic Message Channel (TMC) freizeschalten. Mettlerweil si ganz vill Autofuerer genervt vun dem Cita-System, deen am Stau néischt brengt, ze stoen. Trafficreporteren oder Traficscouts si gutt, awer net schnell genuch. Do léid et jo op der Hand , datt een esou e schnellen Staumeldersystem wéi TMC et ass, an a ganz Europa get (ausser Letzebuerg), zreckgréife kann. Esou vill Autobunnen hun mir jo net, also wärt daat jo keen Problem sin.
Wourunner hängt et dann?? A wéini rechent dir domatt.
Merci fir är Äntwert.
Äntwert vum Lucien Lux
bis elo kengRecommandatiounen
26.05.2009
Lucien Lux
Här ,

D´Gestioun vum Traffik op eisen Autobunnen ass e wichtegt Thema an et sollt keng Méiglechkeet onbeuegt bleiwen fir dës an Zukunft ze verbesseren.

Et ass awer sou dat dëse Beraich ënner d´Kompetenz vum Bauteminister an der zoustänneger Stroossebauverwaltung fällt. Ech giff iech also roden är Fro direkt un den aktuell zoustännege Minister ze stellen.

Mat beschte Gréiss

Lucien Lux
Emwelt- an Transportminister
X
Äntwert recommandéieren
Fro zum Thema Verkéier an Infrastruktur
25.05.2009
Vum:
Joe

Bonjour Här Lux,

An deene läschte Joeren ass vill gemaach gin fir den öffentlechen Transport iwwert d´Grenzen wech (z.B. Buslinnen Thionville - Kirchberg, Bastnech - Ettelbreck, etc ...).

Leider ass nach ëmmer d´däitschsprocheg Gemeinschaft an der Belsch (Géigend vun St. Vith), extrem schlecht u Lëtzebuerg ugebonnen.Hei get et einfach guer keng Busverbindung. Vill Berufspendler mussen all Dag di extrem geféierlech N62 vu St. Vith Richtung Wemperhaard mam Auto fueren. Doriwwer raus besichen och vill Schüler aus Lëtzebuerg Schoulen am St. Vither Raum.

Wéi wier et mat enger Buslinn St.Vith - Ëlwen Gare ? (éventuell 2 Stonnen Takt dagsiwwer, mat Taktverdichtung an de Spëtzestonnen)
Des Linn kéint vernetzt gin esouwuel mat der CFL Nordstreck zu Ëlwen, ewéi och mat der Buslinn 555 Huldang - Ettelbréck.

Vu ville Kollegen aus dem Raum St. Vith wees ech daat eng reel Demande no esou enger Verbindung besteed.
Meng Fro : Sin schons Iwwereleeungen säitens des Transportministère gemaach gi fir esou eng Linn ?`
Äntwert vum Lucien Lux
bis elo kengRecommandatiounen
28.05.2009
Lucien Lux
Här ,

Seit 10 Joer bestinn Verbindungen mat den Bussen aus dem Norden vun Lëtzebuerg op St. Vith fir d’Schüler die do ageschriwen sin. Desen Transport get vum lëtzebuerger Staat finanzeiert. Den détailleierten Fahrplang kennt Dir bei Voyages Simon vun Diekirch oder an eisem Ministär kreien.

Eng aner Offer z. B. fir Berufspendler vu St. Vith op Lëtzebuerg besteet net. Et get och keng Ufroen vun Seiten vun eventuellen Interessenten. Dem Transportministär zu Lëtzebuerg sin keng Zuelen oder weider Informatiounen iwert esou e Bedarf bis elo bekannt.

Vun dem zoustännegen Verkeiersbetrieb T.E.C. aus der Belsch ass och bis haut nach neischt un eis erungedroen gin.

Mat beschte Gréiss

Lucien LUX

Transportminister
X
Äntwert recommandéieren
Fro zum Thema Verkéier an Infrastruktur
26.05.2009
Vum:

Bonjour Här Lux,

Als Bétebuerger Awunner fueren ech déi Stréck Bétebuerg-Leideléng ( vice-versa)véiermol am Dag. Op dëser Strooss fueren awer och Camoinen an Sattelschlepper vun den Firmen Lamesch an Transport Welter . Déi Stroos vun der SIDOR un an Richtung Obeler ass vill ze vill schmuel fir esou grouss Gefierer.
Méng Frô : Wär ët nët besser déi Stroos fir Camoinen an Sattelschlepper ze spären an se iwert d´Autobunn ze leeden?

C.
Äntwert vum Lucien Lux
1Recommandatioun
28.05.2009
Lucien Lux
Här ,

Ech soen Iech Merci fir Äeren Mail vum 26. Mai 2009.

De Probleem deen Dir an Ärem Mail uschneidt ass mir wuel bekannt. Dofir kann ech Iech informéieren, dass net méi spéit wéi mar de Moien, d´Regierung wert een Règlement grand-ducal unhuelen vir d´Problemer vun den Camionen zu an ronderem Bétebuerg an de Grëff ze kréien.

Dëst Reglement gesäit fir dass d´Camionen duerch eng ´direction obligatoire´ op der Autobunn bleiwen mussen, respektiv vun den Landstroossen op d´Autobunn dirigéiert ginn. Dës Mesuren brengen matt sëch, dass d´Landstroosen entlaascht ginn an datt gläichzäiteg Vekéiersëcherheet op dëse Strossen verbessert gët.

Matt frëndlëche Gréiss,

Lucien LUX
Transportminister
X
Äntwert recommandéieren
Fro zum Thema Verkéier an Infrastruktur
27.05.2009
Vum:
Pol

Gudde metteg Här Lux.
Virun engem halwe Joër as mat vill Tamtam den E-GO agefouert gin (elektroneschen Zuch-a Busticket).
Wéi ass dat méiglech, dass nach emmer bal kee Schaffner en Apparat huet fir ze kontrolléieren, ob ech mäin Ticket iwwerhapt entwäert hun? Et geet duer, nemmen eng Kaart bei sech ze hun.

Éierlech gesot kommen ech mir esou lues blöd vir, all Dag en Ticket ze entwäerten, nemme fir mäin eegent Gewessen ze berouegen.
Ech gin d´Gefill net lass, dass hei séier huet eppes misste geschéien, well et déi läscht Mobilitéitswoch virun de Wahlen war.

Gett et eng Statistik, wéivill Ticketen pro Mount verkaaft gi sin virun an no der Aféierung vum E-Go?

Merci fir är Äntfert
Pol
Äntwert vum Lucien Lux
bis elo kengRecommandatiounen
05.06.2009
Lucien Lux
Här Pol ,

Beim Aféieren vun E-go ass d´Kontrollpersonal vu Bus an Zuch mat de Kontrollgeräter équipéiertginn. Dëst Equipement kënnt regelméisseg am Kader vu gezielten Kontrollen zum Asaz. Do dernieft huet d´Eisebunn viru puer Wochen och ugefangen hiert Zuch-Begleetpersonal (wat dagdeeglech an den Zich unzetreffen ass an net mat Kontrolleuren ze verwiesselen ass) mat Kontrollgeräter ze équipéieren a fiert iwwert di nächst Méint mat der Ausstafféierung vun hire Leit weider. Dëst bedeit datt an d’Zukunft vill méi Kontrollen vun den E-go-Kaarten an den Zich gemaach ginn.

Wat d’Statistiken ugeet, sinn et wuel Zuele virum Aféieren vun E-go ginn, allerdéngs woren dës net automatiséiert opruffbar. Mam neien E-go-System kann een d´Vente (souwuel déi an de Guichet´en wéi och an Bus an Zuch) zu all Moment noverfollegen. Den E-go erliichtert dem Personal, dat am Verkaf schafft, hir alldeeglech Arbecht. Sou brauchen si keng Stock´en vu Billjeeën méi ze hunn (déi jo bor Geld waren), wéi och hir Ofrechnungen um Enn vun hire Schichten sinn automatiséiert an erlaben eng besser Comptabilitéit.

Mat beschte Gréiss,

Lucien Lux

Transportminister
X
Äntwert recommandéieren
Är Fro un Lucien Lux
D'Froenfunktioun gouf entre-temps zou gemaach.