Här

,
Generell fannen ech d´Creatioun vun den Epiceries sociales eng gutt Saach, wëll domadder do gehollef gëtt wou et akut ass. Et kennen nëmme Leit dohinner akafe goen, déi gewësse Kritären erfëllen, dofir musse se virdrun beim Office social passéiert sinn. D´Wueren, déi do ugebuede ginn, si Grondnahrungsmëttel, déi gréisstendeels aus de normale Butteker kommen, déi do awer aus dem Rayon geholl ginn, well entweder den Datum deemnächst ofleeft oder well d´Verpakung net méi esou schéin ausgesäit.
Et ass kloer, dass dat nëmmen ee Volet vun der Ënnerstëtzung fir Leit an enger finanzieller Noutsituatioun ka sinn. Si sollen do dernieft weider gehollef kréien,fir esou wäit wéi méiglech an den traditionellen Epicerie´en oder Supermarché´en akafen ze kennen.
De Modell vun den Epiceries sociales gëtt et am Ausland scho méi laang a fonctionnéiert ganz gutt. T´sollt een och net vergiessen, dass d´Epiceries sociales aner Servicer ubidde kënnen, déi et an engem Supermarché kaum gëtt: z. B. den zwëschemënschleche Kontakt an d´Berodung. Verschidden Epiceries sociales wëllen och Aktivitéite fir all d´Leit z. B. Kach-Cours´en ubidden. Mengen Informatiounen no, gëtt et an den Epiceries sociales och ee Systeme fir do anzekafen, ouni seng Identitéit musse präis ze ginn.
D´Epiceries sociales sollen, wéi ech jo schon gesot hunn, just ee Volet vun der Ënnerstëtzung fir Leit a finanzielle Noutsituatioune sinn: do dernieft huet Lëtzebuerg een zimlech gutt soziaalt Netz, dat duerch sozial Transfert´en erlaabt, ville Leit ënnert d´Äerm ze gräifen. Zu deene sozialen Transfert´en gehéieren z. B. den RMG, d´Allocation de vie chère, déi verschidde Familljenzoulagen asw. Ech mengen, dass de Staat an d´Gesellschaft muss weider Effort´e maachen, fir ze verhënneren dass Leit an dramatesch finanziell Situatioune kommen. Mir mussen de Phänomen vun de "Working Poor" bekämpfen a kucken dass jiddwereen genuch finanziell Ressourcen huet, fir fir kënnen ze liewen. Grad déi "kleng Leit", déi mat de "schmuele Schëlleren", musse weider an zum Deel och nach méi ënnert d´Äerm gegraff kréien. Virun allem am Beräich vum Wunnen muss eppes gemat ginn, well jo grad de Logement meeschtens déi décksten Depense am Budget vun de Familljen ausmécht.
Lucien LUX
Président vun der LSAP-Fraktioun