Lucien LUX (LSAP)

Lucien LUX
Joergang
1956
Berufflech Qualifikatioun
-
Ausgeübte Professioun
* Membre du comité exécutif, OGBL * Secrétaire syndical, OGB-L de 1978 à 1989 * Bourgmestre , Commune de Bettembourg du 01/01/1988 au 30/07/2004 * Employe privé
Uertschaft
-
Walkrees
Süden
Landeslëschteplaatz
-
(...) Et ass awer esou, dass an der Classe 1a souwisou e ganz speziellen Tarif gëllt, deen an den ënneschten Akommesschichten méi no beim favorablen Tarif vun der Classe 2 läit, an deen eréischt no an no un den Tarif vun der Classe 1 erukënnt. (...) Generell ass ze soen, dass den Tarif 1a am Kader vun enger grousser Steierreform, déi an der nächster Legislaturperiod onbedéngt muss an Ugrëff geholl gin, och op de Leescht geholl muss gin. (...)
 
Parlamentaresch Aarbecht
Froen un Lucien LUX
Noriicht u folgend Adress schécken soubal eng Äntwert antrëfft


Die Datenschutzbestimmungen zur Behandlung meiner Daten habe ich gelesen.
Bitte loggen Sie sich hier ein.
Fro zum Thema Finanzen
14.04.2010
Vum:
Dan REDING

Här Lux,

As et net elo un der Zeit fir Iech dofir anzesetzen firwat den "S" bei LSAP steet ?

Wéi kennt Dir dem Här Frieden seng Propositiounen ennerstetzen wat all dei Spuermoossnahmen géint Familjen ugeet?

Et gett heich Zeit dass d´LSAP Stellung bezitt an sech net vun der CSV ennerbotteren léisst.

Mech intresséiert Är Meenung dozou, awer wann-ech-glift kloer Äntwerten, an net roderem de Bräi geschwat, well dofir as keng Zeit mei.

Merci am Viraus fir är Äntwert.
Äntwert vum Lucien LUX
3Recommandatiounen
16.04.2010
Lucien LUX
Här Reding,

Ech soen Iech merci fir är Fro.

Ech mengen dat ech op villen Platzen kloer gemeet hunn, dat mir als LSAP den Catalogue vun Spuermesuren, déi den Finanzminister proposéiert huet, esou weder mat droen kennen nach mat droen werten.

Dir fannt eng Retsch vun Interventiounen an vun Positiounen op onserem Internetsite www.lsap.lu déi kloer an daitlech beleen, dat mir ennert annerem géint eng Modulation vum Index sinn an och naicht dovun haalen fir Famillen mat engem kléngen oder mettleren Akommes iwerproporitional ze belaaschten.

D‘LSAP steet zu hierer Ausso dat "breed Schelleren méi droen kennen, wéi schmuel Schelleren" an no deem Motto werten méng Kolleegen an ech och an Zukunft handelen.
Mat frënndlechen Gréiss,

Lucien LUX
Fraktionspräsident LSAP
X
Äntwert recommandéieren
Fro zum Thema Projet de loi 5846
17.04.2010
Vum:
Renée Lucas

Här Lux,

Ech hoffen dass LSAP déi zenter Joerzéngten fir eng gutt Sozialpolitik stung, dat net vergiess huet!
Familjen mussen grad elo geschützt ginn.

Wéi stit Där zum Thema Mammerent?
Dat bessen wat dene Mammen zousteet, no joerelanger Arbecht an der Famill, hire Mann, Kanner, Elteren, Schwéierelteren versuergt hunn, gett elo bis 65. Joer gestrach.

Wär et do net méi richteg des Fraen oder och Männer déi sech mam Partner zesummen fir "Arbecht" an der Famill entscheet hunn, mat enger eegener Pension ofzesécheren, dass se am Fall vu Scheedung net an de Schlammassel kommen z.b.( Splitting ) vun de Renten
Äntwert vum Lucien LUX
1Recommandatioun
19.04.2010
Lucien LUX
Merci Madame Lucas fir Ären Interessi,
mir ginn eis elo drun fir de paquet méi gerecht ze gestalten.

Schéinen dag nach.
Lucien LUX
X
Äntwert recommandéieren
Fro zum Thema Soziales
04.05.2010
Vum:
Tom Karl

Gudde Moyen Haer Lux
Et get jo zenter kurzem am Sueden zwou Epiceries sociales:
1. Wat hallt Dir generell vun der Mesure?
Wir et net besser wann dei Betraffen an all Epicerie vun hierem Choix kennten verbellegt akaafen? Eng demenentsprechend Plastiks-Kärtchen ass haut net mei diskriminatoresch, well all grousse Buttek mat Konnekarte schafft.
2. Get durch d´Kreatioun vun den Epicerie Sociales net e Ghetto geschafft fir aaarm Leit?
3. Get net eng Realiteit symptomatesch bekämpft anstatt strukturell Ennerungen fir ze huelen?
Ech soen Iech merci fir Aer Zeit an aer Entwerten.
Tom Karl
Äntwert vum Lucien LUX
2Recommandatiounen
07.05.2010
Lucien LUX
Här Karl,

Generell fannen ech d´Creatioun vun den Epiceries sociales eng gutt Saach, wëll domadder do gehollef gëtt wou et akut ass. Et kennen nëmme Leit dohinner akafe goen, déi gewësse Kritären erfëllen, dofir musse se virdrun beim Office social passéiert sinn. D´Wueren, déi do ugebuede ginn, si Grondnahrungsmëttel, déi gréisstendeels aus de normale Butteker kommen, déi do awer aus dem Rayon geholl ginn, well entweder den Datum deemnächst ofleeft oder well d´Verpakung net méi esou schéin ausgesäit.

Et ass kloer, dass dat nëmmen ee Volet vun der Ënnerstëtzung fir Leit an enger finanzieller Noutsituatioun ka sinn. Si sollen do dernieft weider gehollef kréien,fir esou wäit wéi méiglech an den traditionellen Epicerie´en oder Supermarché´en akafen ze kennen.

De Modell vun den Epiceries sociales gëtt et am Ausland scho méi laang a fonctionnéiert ganz gutt. T´sollt een och net vergiessen, dass d´Epiceries sociales aner Servicer ubidde kënnen, déi et an engem Supermarché kaum gëtt: z. B. den zwëschemënschleche Kontakt an d´Berodung. Verschidden Epiceries sociales wëllen och Aktivitéite fir all d´Leit z. B. Kach-Cours´en ubidden. Mengen Informatiounen no, gëtt et an den Epiceries sociales och ee Systeme fir do anzekafen, ouni seng Identitéit musse präis ze ginn.

D´Epiceries sociales sollen, wéi ech jo schon gesot hunn, just ee Volet vun der Ënnerstëtzung fir Leit a finanzielle Noutsituatioune sinn: do dernieft huet Lëtzebuerg een zimlech gutt soziaalt Netz, dat duerch sozial Transfert´en erlaabt, ville Leit ënnert d´Äerm ze gräifen. Zu deene sozialen Transfert´en gehéieren z. B. den RMG, d´Allocation de vie chère, déi verschidde Familljenzoulagen asw. Ech mengen, dass de Staat an d´Gesellschaft muss weider Effort´e maachen, fir ze verhënneren dass Leit an dramatesch finanziell Situatioune kommen. Mir mussen de Phänomen vun de "Working Poor" bekämpfen a kucken dass jiddwereen genuch finanziell Ressourcen huet, fir fir kënnen ze liewen. Grad déi "kleng Leit", déi mat de "schmuele Schëlleren", musse weider an zum Deel och nach méi ënnert d´Äerm gegraff kréien. Virun allem am Beräich vum Wunnen muss eppes gemat ginn, well jo grad de Logement meeschtens déi décksten Depense am Budget vun de Familljen ausmécht.

Lucien LUX
Président vun der LSAP-Fraktioun
X
Äntwert recommandéieren
Fro zum Thema Finanzen
26.07.2010
Vum:
Edoardo Tiberi

Gudden moien Här Lux,
zënter dem 1. Januar 2008 bezéien, no bestëmmten Konditiounen, d´politesch Parteien hei zu Lëtzebuerg Stéiergelder. www.legilux.public.lu

  • Wéivill Stéiergelder huet LSAP vum 1.1.2008 am Kader vum Parteienfinanzéierungsgesetz kritt?
  • Ass Lëtzebuerger Sozialistesch Arbechter Partei bereet, am Kader vun den Spuermossnahmen, op Parteienfinanzéierung ze verzichten an déi Stéiergelder anzespueren?

Mat béschte Gréiss
Edoardo Tiberi
Äntwert vum Lucien LUX
bis elo kengRecommandatiounen
28.07.2010
Lucien LUX
Här Tiberi,

D’LSAP huet am Kader vum Parteifinanzéierungsgesetz fir d‘Joer 2008, 576.445 Euro, fir d’Joer 2009, 565.844 Euro an fir d’Joer 2010, 525.840 Euro kritt.

Déi finanziell, economesch an sozial Krise ass eng gigantesch Erausfuerderung fir déi gesamt d‘Gesellschaft an d’LSAP huet sech dofir agesat, dat jiddereen säin Beitrag zur Bewältegung vun deier Krise leescht, déi eng, déi et kennen, méi, déi aner, manner. Aus deem Grond, huet de Groupe parlementaire vun der LSAP sech am Kader vun den Spuermoossnamen vum Staat bereet erklärt fir op 10 % vun sengen staatlechen Zouwennungen ze verzichten.

Wat är zweet Fro betrëfft, esou mengen ech dat et net hëllefräich fir Demokratieverständnis an och net fir de Spuerpak vun der Regierung wier, wann d’Parteien, an dësem Fall d’LSAP, géif integral op staatlech Gelder verzichten. Mat deenen Gelder ginn zum Deel Wahlkampagnen an administrativ Fraisen finanzéiert, déi all Partei bzw. Deputéierten huet. Dorënner falen virun allem d’Salairen vun den Mataarbechter, d’Käschten fir Computeren oder fir Bureaumaterial etc.

Dir verstitt keng Partei bzw. dat keen Deputéiert ouni dës Gelder seng Arbescht mat deem selwechten Opwand an mat deier noutwenneger Professionalitéit bedreiwen kinnt. D’Aufgab vun all Partei bzw. all Deputéiert ass virun allem fir de Wellen vum Wieler ze representéieren an doriwwereraus fir d’Regierung ze kontrolléieren. De Verzicht op staatlech Gelder géif noutgedrongen zu enger Aschränkung vun dësen zwou essentiellen Funktiounen féieren an gläichzäiteg riskéieren, dat d‘Parteien vun privaten Geldgiewer ofhängeg wieren, déi sech doduerch kinnten politeschen Afloss beschafen. An déier Hisiicht leescht d’Parteifinanzéierungsgesetz een bedeitenden Beitrag zu der finanzieller Onofhängegkeet vun den Parteien an domat vun all Deputéiert.


Mat beschte Gréiss,

Lucien LUX
X
Äntwert recommandéieren
Fro zum Thema Sécherheet
16.02.2011
Vum:
Paul Jacoby

Gudde Moien Här Lux,

Ech wollt Iech eigentlech just froen, wisou Dir an Är Partei vir
Vorratsdatenspaicherung ofgestëmmt hutt, obwuel virdrun an Däitschland dat Ganzt vum
Bundesverfassungsgeriicht gekippt gouf? www.spiegel.de

Ech perséinlech gleewe kaum, dass et tëscht Däitschland an Lëtzebuerg
esou een groussen Ënnerscheet gëtt, dass VDS hei zu Lëtzebuerg konform
mat der Constitutioun ass.

Mat beschte Gréiss,
Äntwert vum Lucien LUX
bis elo kengRecommandatiounen
18.02.2011
Lucien LUX
Här Jacoby,

ech soen Iech Merci fir ären Interesse um Gesetz iwwert déi sougenannten "Vorratsdatenspeicherung",

Den Schutz vun privaten Donnée´en as en Sujet deen der LSAP besonnesch um Häerz lait. Mä ët as och wichteg, an Zaiten wou den Terrorismus ëmmer nei Formen unhëllt, d´Sëcherheet vun den Bierger ze garantéieren. Daat as daat ursprünglecht Ziel vun der Direktiv "VDS".

En puer Punkten waren fir d´LSAP an der Ëmsetzung vun der Direktiv problematesch:

  • D´Direktive huet virgesin, dass privat Opérateuren Obligatiounen déi aus dem Stockage vun Donnée´en entstin, kënnen sous-traitéieren. Daat verstéisst géint ais Verfassung, an dofir huet déi zoustänneg Chambers-Kommissioun daat aus dem Gesetz gestrach.

  • D´Police hätt kéinten Telefonsgespréicher vun Bierger oflauschteren, wann se en Verdacht hätten. Och daat huet d´Kommissioun gekippt, an ier d´Police kann oflauschteren, brauch se lo éng Autorisatioun vum Juge d´instruction. Deen Moment muss den Verdacht schon kloer begrënn gin!

Sief nach ze bemierken, dass:

  • D´Donnée´en gin just fir 6 Méint stockéiert (d´Directive gesait 2 Joer fir). Daat war fir ons ok.

- Hei gin kéng ganz Telefongespréicher gespeichert, mä just ween mat weem wéi laang telefonéiert huet, ouni awer den Contenu.

Den Staatsroot, ons Menschenrechtskommissioun an och d´Datenschutzkommissioun hun schlussendlech, nodeems déi Ännerungen gemaach gin sin, hieren Accord gin. Fir ons war d´Gesetz deen Moment och ok. Sollt sech awer erausstellen, dass ët Abus´en gin, wäerten mier ons dofir ansetzen, dass d´Gesetz révidéiert gët.

Mat frëndlechen Gréiss,

Lucien LUX
Président du Groupe parlementaire LSAP
X
Äntwert recommandéieren
Är Fro un Lucien LUX
D'Froenfunktioun gouf entre-temps zou gemaach.