Lucien Thiel (CSV)
Kandidat Chamber 2009
Dieses Profil dient zu Archivzwecken, eine Befragung ist nicht mehr möglich. Besuchen Sie das aktuelle Profil.

Lucien Thiel
Joergang
1944
Berufflech Qualifikatioun
-
Ausgeübte Professioun
-
Uertschaft
-
Walkrees
Zentrum
Landeslëschteplaatz
-
(...) Ich war Mitbegründer und bin heute Vizepräsident der Behinderten-Stiftung Kraizbierg, die neben einer Spezialschule und vier Ateliers auch sechs Heime hier im Lande betreibt. In einem dieser Foyers, dem Schumannsbongert in Frisingen, haben wir vor drei Jahren auch 8 ehemalige Patienten des CHNP aufgenommen, die sich in die dortige Gemeinschaft - insgesamt 56 Bewohner - eingegliedert haben und dort durchaus zurechtkommen. Jedenfalls sind mir keine negativen Erkenntnisse vonseiten des Personals und der Mitbewohner bekannt, so dass ich davon ausgehe, dass die Integration geklappt hat. (...)
 
weider Profiler
Froen un Lucien Thiel
Choix vun de Froen an Äntwerten
Noriicht u folgend Adress schécken soubal eng Äntwert antrëfft


Bitte loggen Sie sich hier ein.
Fro zum Thema Aarbecht
13.05.2009
Vum:

Wéi ass Är Meenung zu der Iddi vun engem Grondakommes,
wéi den Änder Schanck et am Tageblatt beschreift?
Äntwert vum Lucien Thiel
bis elo kengRecommandatiounen
13.05.2009
Lucien Thiel
Ech weess nët watt fir e Grondakommes dem Här Schanck firschwieft, mee ech
weess, datt ët scho seit den 70er Jahren zu Lëtzebuerg en "revenu minimum
garanti" (RMG) gët, deen deemols de Sozialminister Benny Berg agefouert
huet. As daat nët daat selwecht? Nët ze vergiessen och, datt mir e sozialen
Mindestloun fir déi schaffend Leit hun, iwert deem seng Aféierung nach
aanerwärts an Europa (cf. Deitschland) gestridden gët.
X
Äntwert recommandéieren
Fro zum Thema Wirtschaft
14.05.2009
Vum:

Léiwen Här Thiel,

Gallup an senger Engagement Index 2008 Studie weist dat vill Matarbechter an der industrialiséierter Welt nët mat hiirem Häerzen beim Betriib sin. d´Prozentsätz vun den "disengaged" Persounen sin erschreckend héich z.B. 87% an Daitschland oder 88% an Frankraich. Vill Laït man den Job nëmmen wéinst dem Akommes. Donieft gët et awer vill Arbecht, haaptsächlech am sozialen an am kulturellen Beraich, déi leien bleiwt. Meeschtens well Bezuellung schlecht ass oder einfach och well keng Unerkennung do ass. Wéi erklärt Dir Iech dës Situatioun? Kéint een do eppes änneren an wann jo, wat? Wéi erklärt Dir Iech den Dilemma vun den Nationalstatisker dat an enger Economie ganz oft duebbel esou vill unbezuelten Arbecht geleescht gët, wéi bezuelten Arbecht?

A propos zur vierechter Fro. Huet Dir schons den Film "Grundeinkommen - ein Film essay" vum Enno Schmidt an Daniel Häni gesin? Den Film ass um site www.grundeinkommen.tv ze fannen. Den Essay gët en spannenden Ablëck an d´Wirtschaft an eng Ureegung fir onst Denken dem 21. Jorhonnert unzepassen. Ech wier immens gespannt ze héieren wéi dësen Filmessay äer Meenung zum RMG an zur Iddi vum Grondakommes géing veränneren.

Mat frëndlechen Gréiss

Äntwert vum Lucien Thiel
bis elo kengRecommandatiounen
14.05.2009
Lucien Thiel
Léiwen Här ,

Ech hun e bësschen Schwieregkeeten fir Aer Fro ze verstoen: Geet ët dann elo ëm d´Motivatioun bei der Aarbecht oder ëm de Benevolat, deen jo grad am sozialen an am kulturellen Bereich eng grouss Roll spilt? Ech mengen datt ees wéi ees d´Erzéiung, siew ët an der Famill oder an den öffentlechen Accueil-Strukturen op jidfer Fall eng entscheedend Roll spillt.

Waat Aer vireg Fro ugeet, hun ech mir emol d´Iwerleeungen vum Här Schank resp. deenen, déi hien inspiréiert hun, ugekuckt an ech muss Iech soen, datt ech matt deenen Ideen meng Problemer hun. Fir op déi sëllechen Mesuren am Sozialbereich, déi mir jo gottseidank hun, och nach en Akommes dropzeleen, daat jidfereen, mir neischt Dir neischt an ouni déi gerengste Géigeleeschtung, vun der Gesellschaft kritt a fir daat d´Allgemengheet, daat heescht erëm mir alleguer opkommen missten, fannen ech weder néideg nach gerechtfertigt. Et fällt, materiell gesin, haut keen méi bei eis durch de Sift. Wofir dann och nach jidferengem d´Suen nowerfen? Wou bleiwt do d´Eegenverantwortung, d´Verantwortung an der Famill an d´Solidaritéit an enger Gemeinschaft?

Ech wënschen Iech nach e schéinen Daag.
X
Äntwert recommandéieren
Fro zum Thema Soziales
15.05.2009
Vum:
Bea

Gudde Moyen Haer Thiel,

Dir soot bedengungslost Grondakommes soll zu deen bestehenden Sozialmesuren derzoukommen, neen greisstendeels a Platz vun deenen.

Et geet em eng allgement sozial Ofsecherung. Gidfereen kann muer aarbchtsloos sin a geschwenn ouni Moyens. Et em en Emdenken am Verhältnis bezueltener an net bezueltener Aarbecht. Et ass keng finanziell Fro wei verschidden Studien an Deitschland beweisen (och eng dei de Ministerpräsident Althaus aus der CDU mache geloos huet).

Ugeholl et wir e Grondakommes vun 1200€ agefeiert. Wann et bei deenen dei vun Aarbechtsakommes liewen abegraff ass, sin dei schon all ofgedeckt, zu mindestens wann se 40 Stonnen d´Woch schaffen. Dei Partner dei vun familiären Transfertakommes liewen sin och ofgedeckt wann de Partner zumindest 2400€ verdengt. Dei vun staatlechen Transfären liewen kreien och baal all 1200€ oder méi. Et mussen also just puer Leit déi lo neischt kreien 1200€ kréien an déi wou e bessi muss beigeluecht gin. Wann een dann d´Käschtenaspuerungen vun der Bürokratie bedenkt, feelt secher kaum vill. Also de Käschtepunkt ass just falscht Denken oder eng domm Ausried.

Mir wirtschaften net mei jiddereen fir sech, sondern all zesummen, also solle mer eis Fähegkeeten och gemeinsam ouni Angscht kennen fir dei ganz Wirtschaft abrengen kennen. D´Menschewürd verlangt eng Basis Ofsecherung. Giddfereen ka weider sou vill derbei verdengen wei bis elo.

Den RMG ass u Bedingungen geknüpft an et stempelt Leit sozial of, ofgesin vun Remschnüfflerei vum Staat an der Privatspähr. Dat geifen sech Besserverdengent net bidde loosen.

Wann der et sou bedenkt, wat haal Dir dann dovun?

Merci fir d´Emdenken an d´Enwert, Bea

Bis elo as nach keng Äntwert agetraff. Fir eng Noriicht ze kréien, wann eng Äntwert antrëfft, gitt Är e-Mails Adress iwwert d\ Benoriichtegungsfunktioun hei ënnen un.

Op dës Äntwert waarde bis elo 7 Interesséiert
X
Beim Antreffe vun enger Noriicht Bescheed soen
Fro zum Thema Wirtschaft
25.05.2009
Vum:

Här Lucien Thiel,
Dir sidd jo de Spezialist an der Matière Geldgeschäfter. Et gi Leit, déi behaapten, no der Krise géng et an der Finanzwelt net anescht virugoen, wéi dat elo gaang war. Un där Kris ware jo offensichtlech Politiker net ganz onschëlleg. Mat oder ouni Absicht.
Wat ännert dann elo an d´Richtung "Reguléirung", wou se an der Lescht souvill a sou dacks dervu schwätzen?
Wat ënnerhëlt d´Politik dann an där Saach? Oder pompele mir nëmme Geld an d´Banken, fir Schlëmmeres ze vermeiden. Dat war jo sécher gutt gemaach, mee ech huelen un, dass dat nëmmen eng Plooschter op d´Wonn war, an dass Dir mech sachlech a relativ verständlech iwwer nohalteg an transparent Reguléierungsabsichten kënnt informéieren.
Merci villmools
PP
Äntwert vum Lucien Thiel
bis elo kengRecommandatiounen
26.05.2009
Lucien Thiel
Léiwen Här ,
Dir huet recht wann Dir mengt ët kënnt nët einfach esou weider goen wéi
virdrun. D´Kris huet eng Retsch vun Doudsennen vun deem verreckten
Turbo-Kapitalismus offegeluecht - ech hun der emol 7 an engem vu mengen
Virdreeg fonnt - matt deenen elo muss opgeraumt gin.

Datt ass och iwrejens schon platzeweis - esouwuel um Weltplang wéi an der EU
an esouguer national - am gaang, z.B. bei den Rating-Firmaen, déi eegal waat
fir engem Kretz déi besten Punkten gin haaten. Virun allem geet et awer elo
drëm, all déi Finanzprodukter méi durchsichteg ze maachen, fir datt nët méi
egal waat egal wiem zu egal wéi engem Preis ugedréit kann gin.

D´Politik muss erem verstärkt hir Roll als Opsiichter a Regulator vun dem
Finanzsektor a vum Maart iwerhaapt spillen, well et huet een jo elo gesin,
datt een de Maart nët ganz eleng gewärde kann loossen.

Daat wëllt awer nach laang nët heeschen, datt mir eis Maartwirtschaft elo
sollen op den Tipp geheien. Am Ablack gesin ech nach neischt Verstänniges
daat se ofléise kënnt. Mir sollten allerdeengs erëm méi d´Betonung op
"d´sozial" Maartwirtschaft leen.

Eppes awer werte mir esoubaal nët aus der Welt schaafen: daat ass
d´Geieregkeet nët nëmmen vun de Bankmanager, méi och déi vun de Clienten,
déi eréischt daat Ganzt op d´Spetzt gedriwen huet.

Merci fir Aer Fro an nach e schéinen Daag.
Lucien Thiel
X
Äntwert recommandéieren
Fro zum Thema Gesondheet
27.05.2009
Vum:

Guten Tag Herr Thiel,
am 18.11.2006 sagte Herr Professor Wulf Rössler im Luxemburger Wort: "Es gibt noch eine Reihe Langzeitpatienten im CHNP, aber wir haben Probleme sie in angemessenen Wohnungen ausserhalb unterzubringen. Familienpensionen im Norden des Landes sind keine Alternative." Ich kenne Betroffene, die in solchen unbetreuten Pensionen oder auf Campingplätzen oder in anderen prekären Wohnsituationen leben müssen. Die Betreiber dieser Einrichtungen sind mit der ihnen zwangsweise auferlegten Betreuung vollkommen überfordert. Schlimmer noch: sie sind in Gefahr! Diese unbetreuten Patienten sind in ihrer Hilflosigkeit und ihrer Verbitterung eine Gefahr für sich und ihre Umwelt.
Aus internationalen Studien weiss die psychiatrische Fachwelt, dass die Gefahr eines Impulskontrollverlustes bei Patienten in solchen unbetreuten Situationen sehr gross ist. Sie werden durch diese Umstände zu lebenden Zeitbomben. Wenn diesen Menschen dann auch noch die Aufnahme in den dafür vorgesehenen Kliniken des Landes verwehrt wird, potenziert sich ihre Verzweiflung, ihre Panik und ihre Amokbereitschaft noch um ein Vielfaches! Hierbei handelt es sich meiner Meinung nach um Gewalt und Folter.
Was gedenken Sie, Herr Thiel, in der nächsten Legislaturperiode zu tun um diese Gefahr für die Bevölkerung zu beseitigen?
Werden Sie sich für die Einsetzung einer Untersuchungskommission einsetzen, die die vermeintlichen Patientenmisshandlungen im luxemburgischen Psychiatriewesen untersucht?
Herr Professor Werner hat im Saarland die psychiatrische Anstalt aus menschenrechtsrelevanten Gründen abgeschafft. Werden Sie sich ebenfalls für diese Lösung einsetzen?
"Wer vor der Vergangenheit die Augen verschliesst wird nicht nur blind für die Gegenwart: er wird schlichtweg unfähig zur Zukunftsgestaltung. Nur so sind Versöhnung, Vergebung, Heilung, Fortschritt möglich." (Luxemburger Wort, 8.10.07)
Hochachtungsvoll
, Psychologe, Gründer der LGSP (Letzebuerger Gesellschaft fier Sozialpsychiatrie)
Äntwert vum Lucien Thiel
bis elo kengRecommandatiounen
28.05.2009
Lucien Thiel
Sehr geehrter Herr ,

Danke für Ihre Frage.

Ich bin, wie Sie vielleicht wissen, kein Experte auf dem von Ihnen angeschnittenen Gebiet und kenne auch nicht ausreichend die Fakten, die Sie zu Ihrer Frage veranlasst haben. Ich werde mir deshalb Zurückhaltung bei der Beantwortung auferlegen.

Das Einzige, was ich zu Ihren Überlegungen beitragen kann, ist meine persönliche Erfahrung mit ehemaligen CHNP-Patienten, dies allerdings völlig außerhalb meiner politischen Betätigung.

Ich war Mitbegründer und bin heute Vizepräsident der Behinderten-Stiftung Kraizbierg, die neben einer Spezialschule und vier Ateliers auch sechs Heime hier im Lande betreibt. In einem dieser Foyers, dem Schumannsbongert in Frisingen, haben wir vor drei Jahren auch 8 ehemalige Patienten des CHNP aufgenommen, die sich in die dortige Gemeinschaft - insgesamt 56 Bewohner - eingegliedert haben und dort durchaus zurechtkommen. Jedenfalls sind mir keine negativen Erkenntnisse vonseiten des Personals und der Mitbewohner bekannt, so dass ich davon ausgehe, dass die Integration geklappt hat.

Ich schließe nicht aus, dass die vom Kraizbierg betreuten Fälle zu den weniger problematischen gehören, doch zeigen sie zumindest, dass es durchaus Lösungen für das von Ihnen aufgeworfene Problem geben kann.

In der Hoffnung, Ihnen hiermit ein ganz klein wenig gedient zu haben, und mit dem Versprechen, im Falle meiner Wiederwahl, dieser Problematik ein größeres Augenmerk zu widmen, grüßt Ihr

Lucien Thiel
X
Äntwert recommandéieren
Är Fro un Lucien Thiel
D'Froenfunktioun gouf entre-temps zou gemaach.