Manuel Huss (Déi Gréng)
Kandidat EU-Walen 2009
Dieses Profil dient zu Archivzwecken, eine Befragung ist nicht mehr möglich.

Manuel Huss
Joergang
1980
Berufflech Qualifikatioun
studéiert Politikwessenschaft a Philosophie
Ausgeübte Professioun
-
Uertschaft
-
Walkrees
Europa
Landeslëschteplaatz
3
(...) Vun allem, wat een un der EU bemängele kann, ass et a mengen Aen den Demokratiedefizit, deen de gréisste Problem duerstellt. (...) D´Matbestëmmungsrecht vum Parlament op méi Politikfelder ausgedehnt, weider get och d´Roll vun de nationale Parlamenter an der EU gestäerkt, an am Ministerrot soll méi mat qualifizéierte Majoritéiten a manner mat nationale Vetoen geschafft ginn. (...) De Lissabon-Vertrag - och wann en a mengen Aen ganz sécher net de nec plus ultra duerstellt - ass par rapport zum aktuell gelltege Nizza-Vertrag ganz kloer déi besser Ausgangsbasis fir an Zukunft eng méi demokratesch an transparent Politik am Interessi vum Bierger ze garantéieren. (...)
 
Froen un Manuel Huss
Choix vun de Froen an Äntwerten
Noriicht u folgend Adress schécken soubal eng Äntwert antrëfft


Bitte loggen Sie sich hier ein.
Fro zum Thema Justiz
25.05.2009
Vum:

Firwat sinn net emol d´ Recht op Liewen durch d´Grondrechtsencharta vun der EU-Constitutioun gesechert
an ennert bestemmten Emstaenn d´Doudesstroof erem ermeiglecht gett?
Fier d´eischt well ech emol soen, dass et un Kierperverletzung grenzt den LissabonVertrag iwwerhaapt ze liesen!
Elo zreck zu menger Fro:
Am Art.II-62 VV steet klip a kloer dass d´Grondrechter iwwerholl gin.
Mee dann an der Foussnote vun der Foussnote, do steet d´Wouerecht!
"Eine Tötung wird nicht als Verletzung dieses Artikels angesehen, wenn sie durch eine Gewaltanwendung
verursacht worden ist, die unbedingt erforderlich ist, um jemanden gegen rechtswidrige Gewalt zu verteidigen….
einen Aufruhr oder Aufstand rechtmäßig niederzuschlagen….ein Staat kann in seinem Recht die Todesstrafe für
Taten vorsehen, die in Kriegszeiten oder bei unmittelbarer Kriegsgefahr begangen werden. Diese Strafe darf
nur in den Fällen, die im Recht vorgesehen sind und in Übereinstimmung mit diesen Bestimmungen angewendet werden."
Also ist die Todesstrafe in Kriegszeiten oder bei unmittelbarer Kriegsgefahr möglich.

Wann Dir elo soot : D´Doudesstroof steet hei zu Letzebuerg an kengem Gesetz mei. Richteg.
AWER wann d´EU Duerchfeierungsbestemmungen fir "Missiounen" d.h Krisch, fir Krisenreaktiounsasätz mecht,
wann d´EU z.B d´Regelung fir e solche Krischsfall trefft, welch d´Doudesstroof ermeiglechen,
dann kann een net mei soen, dass dest geint d´Grondrechter an der EU versteisst. Well genau dat wier un
deser Explicatioun ze moossen.

En Grondrechtschutz vum Liewen am Krischsfall oder bei onmettelbarer Krischsgefor gett et also net mei.
Well et europäesch Rechtsakten wärte sin, kann een se ne tun eisem Grondgesetz moossen.
Art.102GG.

Fannt Dir daat do wierklech gut? An sidd dir trotz desen FAKTEN nach emmer fir en JO zu desem Lissabonvertrag?
Äntwert vum Manuel Huss
bis elo kengRecommandatiounen
26.05.2009
Manuel Huss
Léif Madame ,

´Doudesstrof ass duerch den Artikel 2 vun der europäescher Grondrechts-Charta verbueden:

(1) Jede Person hat das Recht auf Leben.
(2) Niemand darf zur Todesstrafe verurteilt oder hingerichtet werden.

Duerch de Vertrag vu Lissabon get fir d´éischte Kéier ausdrécklech en absolute Verbuet vun der Doudesstrof an d´Vertragsrecht vun der EU opgeholl. Zousätzlech dozou ass se duerch den Zousazprotokoll 13 vun der europäescher Menscherechtskonventioun (2006 zu Lëtzebuerg ratifizéiert) souwuel a Friddens- wéi och a Krichszäiten verbueden. Doriwwer eraus sinn ech der Iwwerzeegung, dass déi beschte Garantie géint Doudesstrof a fir de Respekt vun de Mënscherechter an der Förderung vum humanistesche Weltbild leit: nëmmen eng Gesellschaft, där hir Bierger aus philosophescher Iwwerzeegung géint Doudesstrof sinn, kann laangfristeg eng human Politik am Interessi vun de Mënscherechter garantéieren. Dofir setze mir Gréng eis an säit et eis get, a mir wäerten dat och an Zukunft man.

Är Fro weist awer och wéi noutwenneg et ass, d´EU méi transparent ze gestalten. Ech ginn Iech 100% Recht wann Dir sot, et wier eng Qual, deen Vertrags-Text ze liesen. Mir brauchen eis do och guer net ze wonneren, wann d´Leit net begeeschtert sinn vun der Europäescher Unioun, se mecht et dem Bierger effektiv net grad einfach, verstanen ze ginn.

An awer schwätzen ech mech fir de Vertrag vu Lissabon aus. Wisou? Zwar ass deen Vertrag alles anescht ewéi de nec plus ultra, trotzdem ass e par rapport zum aktuell gültege Vertrag vu Nizza e klenge Schratt no fir. Dat virun allem, well e nieft de néidegen institutionelle Reformen d´EU och e Stéckelchen méi demokratesch mecht. D´Kompetenzen vum europäesche Parlament, dat als eenzeg europäesch Institutioun direkt vum europäesche Bierger gewielt get, gi gestäerkt. Dëst ass am Verglach zum Vertrag vu Nizza eng besser Ausgangsbasis fir an Zukunft e soziaalt, nohaltegt, transparent a virun allem demokratescht Europa ze schafen, an domat d´Viraussetzung fir en Europa am Interet vum Bierger. De Lissabon-Vertrag ass an deem Sënn awer just eng kleng Etappe vu villen, déi folge mussen.

Léif Gréiss,

Manuel Huss
X
Äntwert recommandéieren
Fro zum Thema Soziales
29.05.2009
Vum:

Här Huss,

Et gett vill an oft hetzeg diskuteiert iwwer Lissabon ? Ech fannen et schued dass do vill duerch den Dreck gezunn gett - mee kennt dir mir konkret soen wat besser gett mam Lissabonner Vertrag? Well am moment heiert een nemmen negatives!

bescht Greiss

Äntwert vum Manuel Huss
bis elo kengRecommandatiounen
01.06.2009
Manuel Huss
Léiwen Här ,

Dir hutt eng ganz vaste Fro gestallt, erlaabt mer et dofir, een Aspekt eraus ze picken, deen mir als Politikstudent besonnesch um Häerz leit. Vun allem, wat een un der EU bemängele kann, ass et a mengen Aen den Demokratiedefizit, deen de gréisste Problem duerstellt. D´Europäescht Parlament ass déi eenzeg Institutioun, déi direkt vum europäesche Bierger gewielt get, an déi gläichzäiteg awer leider och par rapport zum Conseil, deen d´Interessien vun de nationale Regierunge vertrëtt, net genuch matschwätzen kann.

De Lissabon-Vertrag bréngt an deem Kontext e puer Verbesserunge mat sech. Sou get zB. D´Matbestëmmungsrecht vum Parlament op méi Politikfelder ausgedehnt, weider get och d´Roll vun de nationale Parlamenter an der EU gestäerkt, an am Ministerrot soll méi mat qualifizéierte Majoritéiten a manner mat nationale Vetoen geschafft ginn. Dëst si Mesuren, déi den Demokratiedefizit sécherlech net ganz behiewen (leider ass weiderhin nach ëmmer keen Initiativrecht fir d´Parlament virgesin), mee déi awer ganz kloer an déi richteg Richtung weisen. An deem Sënn betruechten ech Lissabon als eng Tëschenetapp.

Eng méi demokratesch Unioun ass fir mech d´Viraussetzung fir an Zukunft a) iwwerhaapt eng konsequent a glafwierdeg sozial, ecologesch a Verbraucherschutz-Politik am Interessi vum Bierger ze maachen, a keng reng Profit-orientéiert Politik am Interessi vun de Konzerner, an domat och b) der "Europa-Verdrossenheet" entgéint ze wierken.
Oder an engem Saz: De Lissabon-Vertrag - och wann en a mengen Aen ganz sécher net de nec plus ultra duerstellt - ass par rapport zum aktuell gelltege Nizza-Vertrag ganz kloer déi besser Ausgangsbasis fir an Zukunft eng méi demokratesch an transparent Politik am Interessi vum Bierger ze garantéieren.

Léif Gréiss,


Manuel Huss
X
Äntwert recommandéieren
Är Fro un Manuel Huss
D'Froenfunktioun gouf entre-temps zou gemaach.