Marc Spautz (CSV)

Marc Spautz
Joergang
1963
Berufflech Qualifikatioun
* Secrétaire général, LCGB * Conseiller communal, Commune de Schifflange depuis le 16/11/2005 * Echevin, Commune de Schifflange du 01/01/2000 au 15/11/2005 * Conseiller communal, Commune de Schifflange du 01/01/1994 au 31/12/1999
Ausgeübte Professioun
* Membre du groupe politique chrétien-social * Membre du Parti chrétien social depuis le 01/01/1981
Uertschaft
-
Walkrees
Süden
Landeslëschteplaatz
-
(...) Herr Pizzaro,

Ech verstin, dass Dir d´Gefill huet schlecht behandelt ze ginn, geintiwwer de Leit di an dat not Ausland geplënnert sinn.

Ech kann iech awer soen, dass des Leit zu engem groussen Deel net vun den Avantagen hei zu Lëtzebuerg profitéiren. Et gi vill Hëllefen, di un den Territoire gebonne sin. (...) Hei kéint et virkommen, dass eng Kontroll gemach gëtt an dass d´Leit dann bestroft gin, wann Gesetzer dat virgesin. (...)
 
Parlamentaresch Aarbecht
Froen un Marc Spautz
Noriicht u folgend Adress schécken soubal eng Äntwert antrëfft


Die Datenschutzbestimmungen zur Behandlung meiner Daten habe ich gelesen.
Bitte loggen Sie sich hier ein.
Fro zum Thema Famill
09.05.2013
Vum:
claudiuo pizzaro

Herr FamillienMinister,


Meng for betrefft aeren "Fiskalpaket"
all Mensch soll gläich sin, mee fill Saachen verstin ech leider net….

Wei kann et sin dass mir als jonk famill mat engem Kand mat engem relativ gudden akommes ee Liewen hei am Land net mei leeschten können…

dat fatalt un deem ganzen as dass mir eis firun joeren bewosst entscheed hun net an dat nooht Ausland ze plenneren mee hei am Land ze kaafen… mee dat erweist sech als Fehler…

Subjektiv gesin ausser dir sot mir de Geigendeel…mee fill Leit wunnen jo op der Daitscher Sait an profiteiren an vollen zisch fun cheques services, steieren,conge parental ,schoulen asw…asw

en plus get dat jo ennerstezt oder tollereiert mee zum nodeel fun de famillijien dei sech entscheed hun hei ze bleiwen fannen ech…an gin nach dobai oofgestrooft….

Herr Minister ech freen mech op Aer Aentfert
Äntwert vum Marc Spautz
bis elo kengRecommandatiounen
14.05.2013
Marc Spautz
Herr Pizzaro,

Ech verstin, dass Dir d´Gefill huet schlecht behandelt ze ginn, geintiwwer de Leit di an dat not Ausland geplënnert sinn.

Ech kann iech awer soen, dass des Leit zu engem groussen Deel net vun den Avantagen hei zu Lëtzebuerg profitéiren. Et gi vill Hëllefen, di un den Territoire gebonne sin. Dat heescht, et muss een hei ze Lëtzebuerg wunnen, fir an de Genoss ze kommen.

Wann Dir an Däitschland wunnt, gëtt zum Beispill keen Office Social Iech eng Hëllef. Dir musst Iech dann un dat däitscht Sozialamt wenden an Dir kritt dann dat wat do üblech ass.

Fir d´Chèques Service muss een och hei ze Lëtzebuerg wunnen. Dat selwecht gëllt fir eng Bourse bei Héichschoulstudien. Wann ärt Kand wëllt studeiren goen, kann et dat just ufroen wann et hei zu Lëtzebuerg wunnt. Bei de Schoulen ass et och esou, dass d´Kanner di zu Lëtzebuerg wunnen, hei an Schoul ginn. Kanner, di am Ausland wunnen, ginn do an Schoul.

Donieft gin et och nach alleguer Hëllefe vum Staat beim Logement. Och hei muss een zu Lëtzebuerg wunnen fir finanziell gehollef ze kreien.

Ech kéint nach aner Beispiller nennen, alles hängt dovunner of wou en ugemellt ass. Et gin natiirlech Leit, di hun eng Adress hei zu Lëtzebuerg a wunnen effektiv am Ausland. Hei kéint et virkommen, dass eng Kontroll gemach gëtt an dass d´Leit dann bestroft gin, wann Gesetzer dat virgesin.

Den 15 Mai, get do och en neit Gesetz iwert de Kommunalen Register gestëmmt, dass en sech net méi einfach esou an enger Gemeng kann umellen.

Bescht Gréiss
X
Äntwert recommandéieren
Är Fro un Marc Spautz
D'Froenfunktioun gouf entre-temps zou gemaach.