Marcel Oberweis (CSV)
Kandidat Chamber 2009
Dieses Profil dient zu Archivzwecken, eine Befragung ist nicht mehr möglich. Besuchen Sie das aktuelle Profil.

Marcel Oberweis
Joergang
1949
Berufflech Qualifikatioun
-
Ausgeübte Professioun
-
Uertschaft
-
Walkrees
Zentrum
Landeslëschteplaatz
-
Wéi dir selwer sot, gesit dir a mir e Mensch, déen sech mat de Problemer déi et aner Welt nun emol gett ausernéen setzt.


Als Member vun der ONG "Chreschte mat dem Sahel" schaffen ech am Burkina Faso, wou mir de Menschen hirt battert Lous duerch einfach Techniken erlichtern wellen, notamment de Fraen, well si stellen a mengen Aen d´Léisung vu villen Problemer duer. (...)
 
weider Profiler
Froen un Marcel Oberweis
Choix vun de Froen an Äntwerten
Noriicht u folgend Adress schécken soubal eng Äntwert antrëfft


Bitte loggen Sie sich hier ein.
Fro zum Thema Verkéier an Infrastruktur
26.05.2009
Vum:
Pol

Gudde Metteg Här Oberweis.

Am CSV Wahlprogramm steet:
"Der Passagier muss zu seinem Fahrziel kommen und nicht auf halber Strecke aussteigen oder umsteigen müssen. Deshalb macht die Tram ohne Zugausbau wenig Sinn. Zugausbau und Peripheriebahnhöfe machen ohne Tram auch keinen Sinn."

Ouni Peripherie-garen (Foire Kierchbierg a.s.w.) giff et allerdengs scho Senn maachen, den Tram ewech ze loossen, an d´Verbindung teschent den Zuch-garen och mat engem Zuch ze maachen. Soss muss ee jo fir an d Stad oder OP de Kierchbierg awer emklammen.

Virwat iwwerléisst d´CSV dat Feld dem ADR? Wier et nët emol un der Zäit, dass d´CSV giff en Transportminister stellen?

Villmols Merci an alles Gudds dir de 7. Juni
Pol
Äntwert vum Marcel Oberweis
bis elo kengRecommandatiounen
26.05.2009
Marcel Oberweis
Här Pol  

E schéine gudde Metteg et ass immens sympathesch dass dir eis CSV an dém Ministär gesitt. En effet ass et traureg, dass den ADR dé Projet vu mengem Kolleg George  op sei Fändel schreiwt - an domat punkten well. Als Ingenieur gesinn ech dat Ganzt ann enger vernetzter Form ann do passt den Tram och dran,  mä als fréiere Lokführer vun der CFL - um Autorail Westwaggon - just ugefangen ann dunn op den Technikum gangen -  nach vill méi d´Eisebunn. Ech hoffen no de Wahlen, dass mir endlech konkret déi richteg Pläng opstellen, fir d´Land eisebunnstechnesch ze reorganiséieren. 

Merci an da bis geschwenn  de Marcel Oberweis Députéierten 
X
Äntwert recommandéieren
Fro zum Thema Gesondheet
27.05.2009
Vum:

Guten Tag Herr Oberweis,
am 18.11.2006 sagte Herr Professor Wulf Rössler im Luxemburger Wort: "Es gibt noch eine Reihe Langzeitpatienten im CHNP, aber wir haben Probleme sie in angemessenen Wohnungen ausserhalb unterzubringen. Familienpensionen im Norden des Landes sind keine Alternative." Ich kenne Betroffene, die in solchen unbetreuten Pensionen oder auf Campingplätzen oder in anderen prekären Wohnsituationen leben müssen. Die Betreiber dieser Einrichtungen sind mit der ihnen zwangsweise auferlegten Betreuung vollkommen überfordert. Schlimmer noch: sie sind in Gefahr! Diese unbetreuten Patienten sind in ihrer Hilflosigkeit und ihrer Verbitterung eine Gefahr für sich und ihre Umwelt.
Aus internationalen Studien weiss die psychiatrische Fachwelt, dass die Gefahr eines Impulskontrollverlustes bei Patienten in solchen unbetreuten Situationen sehr gross ist. Sie werden durch diese Umstände zu lebenden Zeitbomben. Wenn diesen Menschen dann auch noch die Aufnahme in den dafür vorgesehenen Kliniken des Landes verwehrt wird, potenziert sich ihre Verzweiflung, ihre Panik und ihre Amokbereitschaft noch um ein Vielfaches! Hierbei handelt es sich meiner Meinung nach um Gewalt und Folter.
Was gedenken Sie, Herr Oberweis, in der nächsten Legislaturperiode zu tun um diese Gefahr für die Bevölkerung zu beseitigen?
Werden Sie sich für die Einsetzung einer Untersuchungskommission einsetzen, die die vermeintlichen Patientenmisshandlungen im luxemburgischen Psychiatriewesen untersucht?
Herr Professor Werner hat im Saarland die psychiatrische Anstalt aus menschenrechtsrelevanten Gründen abgeschafft. Werden Sie sich ebenfalls für diese Lösung einsetzen?
"Wer vor der Vergangenheit die Augen verschliesst wird nicht nur blind für die Gegenwart: er wird schlichtweg unfähig zur Zukunftsgestaltung. Nur so sind Versöhnung, Vergebung, Heilung, Fortschritt möglich." (Lux. Wort, 8.10.07)
Hochachtungsvoll
, Psychologe, Gründer der LGSP (Letzebuerger Gesellschaft fier Sozialpsychiatrie)

Bis elo as nach keng Äntwert agetraff. Fir eng Noriicht ze kréien, wann eng Äntwert antrëfft, gitt Är e-Mails Adress iwwert d\ Benoriichtegungsfunktioun hei ënnen un.
X
Beim Antreffe vun enger Noriicht Bescheed soen
Fro zum Thema Verkéier an Infrastruktur
31.05.2009
Vum:
Guy

D´Tram-Léisung ass wahrscheinléch nët ze réaliséiren (zumindest nët zu engem raisonnablen Preis-Leeschtungsverhältnis).

Wann en alles mat arechent (a nët nëmmen 2 oder 3 ausgewielte Posten) an och d’Erspuernisser am Mobil 2020 déi de Bus-Bunn Konzept erméiglecht, ass de Bus-Bunn (och nach RER genannt) vill méi bëlleg wéi d´Tram Léisung. Detailer fannt dir um Site www.rer.lu.

Doriwer eraus ass d´Bus-Bunn Léisung vill méi leeschtungsfähig wéi d´Tram-Léisung.

Den Tram bréngt e besschen méi Kapazitéit, wéi déi Bussen, déi den Tram ersetzt.
Am Tram-Konzept muss e méigléchst daks emsteigen (vum Zuch op den Tram, dann op de Bus, ...).
Déi vill Haltestellen a Kräizungen op der Tramslinn kaschte vill Zäit.
E wichtege Problem ass och de Risiko vu Stauen (duerch ze vill Verkéier oder duerch Akzidenter).

De Bus-Bunn bréngt eng grouss zousätzléch Kapazitéit (komplett Zich mat 2 Stäck).
Duerch déi +- 12 Garen op de wichtegste Punkten vun der Stadt kënne ganz vill Leit direkt mam Zuch bis (bal) dohin fueren, wou si hi wëllen.
D´Buslinnen kënnen duerch e leeschtungsfähegen Zuchréseau an der Stadt verbonne gin. Doduerch kann de Knuet (Stau an der Avenue de la Liberté, um Aldringer, op de Bréken, ... ) aus ville Bus-linnen eliminéiert gin.

Wann e manner Autoen an der Stadt wëll, muss e keen Tram bauen, den déi puer grouss Stroossen a Bréken blokéiert.
Et ass besser
  • engerseits eng leeschtungsfäheg Alternativ unzebidden (Bus-Bunn Konzept)
  • an anrerseits méi Foussgängerzonen, Busspuren, Velosweeër, breet Trottoiren, Géngstreifen, ... unzeleeën.
Dat ass och politesch vill méi liicht duerchzesetzen.

De Bus-Bunn Konzept ass vill méi ausgereift, wéi den Tram-Projet.
Iwerzeecht iech selwer a vergleicht d´Dokumentatioun vum Transportministère (vill irrelevant Detailer, wichteg Punkten ignoréiert, kéng Léisung fir déi vill Problemer)
mat der viirbildlécher Dokumentatioun um www.rer.lu.

Fannt dir och, dat de Bus-Bunn Konzept déi besser Léisung ass ?

Bis elo as nach keng Äntwert agetraff. Fir eng Noriicht ze kréien, wann eng Äntwert antrëfft, gitt Är e-Mails Adress iwwert d\ Benoriichtegungsfunktioun hei ënnen un.

Op dës Äntwert waarde bis elo 5 Interesséiert
X
Beim Antreffe vun enger Noriicht Bescheed soen
Fro zum Thema Internationales
03.06.2009
Vum:

Léiwen Här Oberweis,

Ech schätzen an ënnerstëtzen äeren Asatz fir eng méi sozial an ëmweltgerecht Welt, an deen Dir an äeren Texter opp www.csv.lu beschreiwt. Ech mierken Dir macht vill Missiounen an déi sougenannten Entwëcklungslänner. Et géing mech interesséieren wéi eng aner Weer dir mengt dat dës Laït oder Länner ons kéinten oppweisen? An do falen mir besonnesch Themen wéi Matriarchat, Solidaritéit an och den Emgang mat der Natur an. Wéi eng Léisungsvirschléi kéinten Studien zu esou Themen matbrëngen?

Mat frëndlechen Gréiss

Äntwert vum Marcel Oberweis
bis elo kengRecommandatiounen
03.06.2009
Marcel Oberweis
Léiwen Här

wéi dir selwer sot, gesit dir a mir e Mensch, déen sech mat de Problemer déi et aner Welt nun emol gett ausernéen setzt.

Als Member vun der ONG "Chreschte mat dem Sahel" schaffen ech am Burkina Faso, wou mir de Menschen hirt battert Lous duerch einfach Techniken erlichtern wellen, notamment de Fraen, well si stellen a mengen Aen d´Léisung vu villen Problemer duer.

Doriwer eraus mussen mir eis virun Aen halen, dass di fossil Energien lues awer secher zu Enn kommen, mir schwetzen vun 45 Joer bis 70 Joer.

Fir d´eischt musse mir alles ennerhuelen, fir d´Verbetzelung vun den fossilen Energien ze stoppen, do hu mir schon eng ganz Rei vu gudden Usätz, mä et géet nach net duer. Notamment an der Albausanéierung musse mir nach e groussen Effort leschten.

A well mir déi erneierbar Energien: d´Wandenergie, d´Sonnenenergie an d´Waasserkraft jo quasi vir neischt à disposition hunn, mussen mir alles dru setzen, se ze notzen. Och do leien eis déi néideg Technologien fir, un eis se hei am Land anzesetzen.

Awer net nemmen bei eis - néen mir mussen déi Technologien och de Menschen an der Dretter Welt à Disposition setzen - an dat quasi fir neischt. Dann hiewen mir hire Liewensstandard erop a si bleiwen do ennen a falen net an d´Mettelmier wann si bei eis kommen.

nach e schéinen Dag weiderhin

de Marcel Oberweis
X
Äntwert recommandéieren
Fro zum Thema Wirtschaft
03.06.2009
Vum:

Léiwen Här Oberweis,

Ons traditionnel Denkmodeller gin momentan kräfteg durchgerëselt. Mier duerchliewen richteg historesch Momenter, den Englänner schwätzt vun "Window of opportunity". Kéinten mir deen nët als eng riiseg Chance ugesin an en Paradigmenwiessel virundreiwen? Ewech vun enger Logik, déi jidfereen zwengt zur Maximéierung vun kurzfristegen an egoisteschen Zieler mat schädlechen Auswirkungen opp ons Emwelt an Matmënschen. Hin zou engem méi mënschlechen Mateneen an wou den Mënsch an d´Kultur am Mëttelpunkt stinn. Dat héiert sech utopesch unn. Loost Iech soen dat et och e puer Jorhonnerte gedauert huet bis jidfereen iwerzeecht wor dat d´Erd em d´Sonn dréint. Wann mir dann dem Gordon Moore saïn Gesetz an d´Geschicht transposéiren - mir wëssen haut vill, vill méi - dann misst esou en Paradigmenwiessel jo spilles an 10 Joer ze packen sin. d´Beispill vun Wikipedia weist ons em wéivills méi Séier mir haut eppes grousses upacken an realiséieren können. An dobai sin dem Internet seng Méiglechkeeten nach laang nët zu Enn geduecht.

Gesidd dir och den "Window of opportunity"? Wat halt Dir vun dësen Iwerleeungen? Kéint Dir Iech virstellen bei esou engem groussen Projet matzeschaffen?

Mat beschten Gréiss

Äntwert vum Marcel Oberweis
bis elo kengRecommandatiounen
03.06.2009
Marcel Oberweis
Bonjour Här

aus menger Gemeng Steesel.

Et freet mech dass et emmer méi Menschen ginn, déi di Gedanken, déi ech zenter 1979 (du koum ech aus Deitschhland erem zereck nodéem ech bei der RWE als Dipl. Ing. geschafft hat) virun dreiwen well.

Wann dir eise Wahlprogramm liest, da stellt dir fest, dat eis Partei sech dem nohaltegen Wé an der Energieversuergung an dat mat Bleck op de Klimawandel a seng negativ Konsequenzen verschriween huet, ech hunn mech duerfir mat Nodrock agesat.

Dir kennt op eiser homepage eng ganz Rei vun Artikelen liesen, déi ech dozou publizéiert hunn.

Ech déelen Är Usicht a punkto" Maximéierung vun kurzfristegen an egoisteschen Zieler mat schädlechen Auswirkungen opp ons Emwelt an Matmënschen".

Ech hu mech dem Sujet ugeholl an dat duerch mein Engagement an der Dretter welt am Burkina Faso, a Marokko ann a Bosnien-Herzegowina. Meng 2. Dokterarbecht well ech am Speziellen an Afrika duerchféieren, fir dass déi Menschen och den techneschen Fortschrett enner nohaltegen Kritären erliewen kennen.

Ech hoffen, dass ech no de Wahlen mech nach méi fir desse vernetzten awer net egoiteschen Wée vun dem Zesummenlkiewen asetzen kann.

Mat schéine Gréiss
de Marcel Oberweis
X
Äntwert recommandéieren
Är Fro un Marcel Oberweis
D'Froenfunktioun gouf entre-temps zou gemaach.