Vum:


Bonjour Här Minister Schank
Meng Frëndin Brimeyer Sharon huet letzt Joer am November Ärem Service alles erageschéckt fir e-car prime vun 750€ ze kréien fir säin neien Auto. Et as him versprach gin et krit déi Suen fir den Mount Juni 2010. Obwuel den Dossier absolut zu 100% komplett war, krut hatt guer näischt.
Ech als gudden Frënd an Conjoint hun dun bei Är Matarbechterin (12 mol) ugeruff, wei dat dann elo géif viru goen mat menger Frëndin hire Suen. Do gouf ech an engem impertinenten an insultativen Toun gefroot:" Lauschter dir kee Radio!?"
An esou engem Toun schwätzt ee net mat de Leit Har Schank, sot äre Leit dat emol!
No dëser Uschnauzung säitens ärer Mataarbechterin hunn ech mech un d´Madame Jacobs adresséiert, déi dunn äre Service ugeruff hat, a versprach krut, dass mir di Suen innerhalb vun 2Woche géife kréien. Mëttlerweil ass awer schon rëm iwwert e Mount vergaangen!
Nodeems mir dann nees nogefrot hu bei Iech am Service sot är Matarbechterin, dass d´Madame Jacobs näischt ze soen hätt an ech Iech net géif op den Telefon kréien.
Wann den Staat Suen vun eis zekréien huet as en séier do mat Saisie, mä wann et heescht eppes vun Iech zekréien dann dauert et.
Wei kann sou e Virgoen tolereiert gin, zemools an dësen Zäite wou Krise ass, an mir spuere mussen? Ënnert dëse Conditiounen ass dat eng Utopie Här Schank.
Wei seet een Sprachwuert: Eine Hand wäscht die andere, mä hei as et éischter sou bezuel an hal däi Mond an fro näischt soss gëss de och nach bestroft...
Ech bezweifelen zwar, dass ech vun Iech Här Minister eng Äntwert kréien, trotzdem wéilt ech vun Iech dans les meilleurs Délais wëssen, gëtt dësen Dossier enfin adequat traitéiert oder ass di eenzeg Méiglechkeet fir dem Bierger säi Recht op Gerechtegkeet ze kreien, dass hien sech via Press, Facebook asw un d´Ëffentlechkeet z´adresséiere muss, an sou Injusticen public mecht?
Mat frëndlechen Gréiss
