Léiw Madame

,
Ech si kee Spezialist a Saachen Meteo, hun awer versicht Aentwerten op
des Froen ze fannen:
Den Gunther Tiersch seet an sengem Reportage, dass _wahrscheinlech_ an 6
km Heicht vun Militärfliegeren iwert der Nordsee … Dei Aussoen sin weder
iwerpreift waat d’Heicht nach waat den Ausleiser (Militärfliegeren ?)
oder soss eppes betrefft. Eng genau Analys vun den Satellitenbiller
weist, dass sech déi "weiss Flecken” deels iwert der Nordsee, deels
iwert der hollännescher Küst, deels iwert Daitschland and deels iwert
Nordfrankreich gebild hun an dunn zesummengefloss sin. Alleng dest
Entstoen op vill verschidden Plaatzen iwert verschiddenen Länner
schwetzt géint d’Theorie vun sou genannten Chemtrails, also
kenstlech-chemesch erzeugten Pseudo-Kondensstreifen.
Iwregens dementeiert en aneren mat Praisser ausgezechneten daitschen
Wieder-Fachmann den Här J. Kachelmann, gerad esou wéi och den daitschen
Wiederdengscht, Greenpeace an d’Weltgesondheetsorganisatioun d’Existenz
vun Chemtrails. Och dem Umweltbundesamt an dem Daitschen Zentrum vir
Loft- an Raumfahrt sin des Phänomener net bekannt.
D’Klimatologie also Wessenschaft vum Wieder erklärt, dass je no
Wiedersituatioun ganz normal Kondensstreifen weider Waasserdamp bannen
(binden) an esou zu "kenstlechen Cirruswolleken” féieren, virun allem
bei Wiederännerungen. Genau esou Wiederännerungen hun vum 5. op den 6.
Januar stattfonnt (Duerchschnettstemperaturen sin vun –3,1 op –15,5°C
gefall an den Mindestloftdrock vun 1006 op 1016 hPA gestiegen).
Et schengt sech demno éischter em en Wiederphänomen als em Chemikalien
ze handelen. Op jiddfer Fall get et absolut keng wessenschaftlech Basis
fir dem Günther Tiersch seng Ausso.
Zu Letztebuerg, grad ewei an den Noppeschlänner och, gin Schadstoffen an
der Baussenloft en permanence gemooss (zu Letzebuerg duerch den
Emweltministär) an wann do chemesch Partiklen festgestallt géifen gin,
géif een där Sach selbstverständlech no goen.
Mat beschte Gréiss,
Mars di Bartolomeo
Gesondheetsminister