Här

,
Den PRN (projet de recherche en nursing) ass en international unerkanntent Berechnungsinstrument fir d’Personaldotatioun an der Pfleg, dat op der Pflegedokumentatioun, also um Patientendossier berouht.
Par rapport zu fixe Normen, wéi z.B. déi däitsch Psychiatrienormen (Psych. P.V.), huet dat Instrument de Virdeel, datt et der reeller Arbechtsbelaaschtung Rechnung dréit, an datt déi esou berechent Dotatioun durchaus méi héich ka sin wéi wann et nëmmen eng fix (Secherheets-)norm wir, ënnert déi Personaldotatioun vun eisen unités de soins jo souwéiso net fällt. Et sin och hei am Land dementsprechend Vergleicher mat déer däitscher "Psych P.V." ugestallt gin, an et huet sech erausgestallt datt no PRN d’Dotatiounen méi héich leien, wat also ganz am Avantage vum Pflegpersonal ass, an d’Caisse National de Santé (fréier UCM) méi Suen kascht, wéi wann se sech z.B. no der däitscher Norm géifen richten.
Vun dun un, an iwerall do wou de PRN hei zu Lëtzebuerg agefouert gin ass, sin d’Personaldotatiounen gestiegen, a mir sin noweisbar am europäeschen Vergleich dat Land wat eng vun deene héichsten an qualifizéiersten Dotatiounen an der Pfleg huet.
Par ailleurs brengt den PRN als standardisé’ert Instrument, dat op der Arbechtsbelaaschtung berouht déi fir dat gegebend Patientegut néideg ass, Gerechtegkeet an d’Dotatiounen vun all Spideeler an all unités de soins , esou datt keen dodurch benodeeleg get.
Et kann een also rouheg dovun ausgoen datt ouni PRN sonner Zweifel manner Personal do wir, an wann dat de Fall wir kennt et och manner direkt beim Patient sin; d’Argument datt durch dat Instrument d’Soignant’en vum Patient entfernt gin stëmmt also net.
Et ass wouer datt d’Resultater vum PRN no der Pflegedokumentatioun gemiess gin, mee déi Dokumentatioun ass net primär do fir de PRN.
Déi ass do, an soll esou gestalt sin, datt de Patient optimal geflegt ka gin, datt d’Informatiounen mat allen Bedeelegten kennen ausgetosch gin, an d’Kontinuitéit an d’Qualitéit vun der Pfleg kann assuréiert an novollzéibar gemach gin.
Daat ass nun emol virun allem am Interessi vum Patient selwer, an jiddferengem seng Pflicht den un der prise en charge deelhelt.
Secher kann d’Applikatioun vum Instrument PRN verbessert gin, dat wäert och geschéihen wann bis d’Règlement iwer den Dossier vum Patient an Kraft trett, an virun allem wann deen bis informatiséiert ass, well dann get et och nach vill méi ersichtlech datt d’Dokumentatioun net wénst dem PRN ze féieren ass.
Firwat dat an Ärem Beispill d’Consignen wéi dokumentéiert gett sech andauernd änneren, entzitt sech menger Kenntnis, dat ass wahrscheinlech e lokalen Phenomen, den ech vun hei aus nett novollzéien an beurteelen kann, den huet awer neischt mat dem Instrument PRN selwer ze doen.
Ech hoffen Iech mat deenen Erklärungen gedingt ze hun an soen Iech Merci
Mars di Bartolomeo