Mars DI BARTOLOMEO (LSAP)

Parlamentaresch Aarbecht
13.07.2010
Projet de loi 6148
net partizipéiert
15.10.2009
Projet de loi 5846
net partizipéiert
Froen un Mars DI BARTOLOMEO
Choix vun de Froen an Äntwerten
Noriicht u folgend Adress schécken soubal eng Äntwert antrëfft


Bitte loggen Sie sich hier ein.
Fro zum Thema Gesondheet
29.09.2011
Vum:

Här DI BARTOLOMEO,

ech schreiwen ierg iwwer dëse Wee déi selwecht Froen, déi ech schon an engem Bréif vum 25. Mee un ierg gestallt hunn an nach keng Äntwert krut.

Et geet ëm d´Präventioun vum Suicide zu Lëtzebuerg, eng Aufgab déi an äre Beräich als Gesondheetsminister fält. Momentan sinn d´Moossnamen zur Präventioun vum de Suicide zu Lëtzebuerg inexistent. Sou existéiert de Site "http://prevention-suicide.lu/", dee mëscht awer nëmme Werbung fir Konferenze mat horrende Präiser. Weder gëtt et eng Websäit wou sech betraffe Persounen (an hier Famille a Bekannter) kënnen informéieren, nach ginn et Informatiounssäite fir den interesséierte Bierger, deen sech wëll iwwer d´Unzeeche vun psycheschen Erkrankungen informéieren (an domadder, vläit, e Bekannte virun deem Schlëmmste bewaren kéint).

Am schlëmmsten ass awer, dass de Betraffene keng Méiglechkeet gëtt sech anonym un professionell Hëllef ze wenden. Sou gëtt et keen SOS-Telefon säitens dem Gesondheetsministère.

Meng Froen:

1) Wéi laang dauert et nach bis eng Telefonsnummer op d´Been gestallt gëtt, déi et betraffe Persounen erlaabt anonyme professionell éischt Hëllef ze kréien?

2) Wéi plangt dir d´Ëffentlechkeet weider op de Problem vum Suicide opmierksam ze maachen an Informatiounen unzebidden?

Mat frëndleche Gréiss,

Äntwert vum Mars DI BARTOLOMEO
bis elo kengRecommandatiounen
12.10.2011
Mars DI BARTOLOMEO
Bonjour Här ,

Zenter enger Rei vu Joere mécht de Gesondheetsministère an enker Zesummenaarbecht mat de Professionnele vum Terrain grouss Efforte fir Verbesserungen am gesamte Beräich vun den psychiatresche Problemer an Erkrankungen, notamment dem Suizid.

Fir sech gezielt der Problematik Suizid zouzewenden ass d´Vernetzungsinitiativ Suizid gegrënnt ginn, déi sech ënnert anerem em d´Organisatioun vun de Journées Nationales de Prévention du Suicide këmmert. Sie schaffen och un engem Internetsite, deen erwaart gëtt fir 2012. Als Kontaktadress gelt de Centre d´Information et de Prévention, 21, boulevard Pierre Dupong, L-1430 Lëtzebuerg - Tel. 45 55 33, deen eng Hëllefsstell ass fir psychesch Kranker an hir Familljen.

Ënnert der Koordinatioun vum Gesondheetsministère besteet eng interdisziplinär Plattform Psychiatrie fir d´Verbesserung vun de stationären an ambulante Servicer an der Psychiatrie hei zu Lëtzebuerg, déi regelméisseg zesummekënnt.

Ee vun de Projeten ass d´Ausschaffe vun engem psychiatresche Wegweiser mat den Adressen an de Beschreiwunge vun alle stationären an ambulante psychiatreschen Servicer am Land, deen 2012 publizéiert gëtt. Fir weider Informatioune kënnt Dir Iech un Dr Dorothée KNAUF-HUBEL vun der Direction de la Santé (Tel. 247 85616) wenden, déi d´Coordinatrice an dëser Aarbecht ass.

Déi nächst Journée Nationale de Prévention du Suicide 2012 traitéiert de Sujet: Suizid an eeler Persounen.

Hei nach zwou Internetsadressen, wou een sech och nach informéiere kann, respektiv Hëllef kritt::

www.12345kjt.lu (Informatiounsbroschür
fir Berodungsstellen fir Kanner a Jugendlecher)

SOS Détresse:
www.454545.lu (Hëllefstelefon 24 Stonnen/24)

An der Hoffnung, dass ech Iech mat dësen Informatioune konnt virun hëllefen, verbleiwen ech

Mat beschte Gréiss,

Mars DI BARTOLOMEO
Gesondheetsminister
X
Äntwert recommandéieren
Fro zum Thema Gesondheet
15.11.2011
Vum:
-

Här DI BARTOLOMEO,

Wann een Ammoniak ennert den Tubak mescht dann gett "Freies Nikotin in der Mundhöhle und in den Atemwegen schneller resorbiert, was zu dem erwünschten raschen Anfluten, dem Nikotinflash führt.
Seit bei der Zigarettenmarke Marlboro Ammoniak zugesetzt wurde, stieg in den 1960er Jahren der Verkauf massiv an."

Quellen:
de.wikipedia.org
service.ble.de
www.verband-rauchtabak.de
www.rauchfrei.de

Och haut nach gett deenen meeschten Zigarettenmarken Zousatzstoffer baigemescht fir d`Ofhängechkeetpotential z´erheigen, an fir datt dei eischt Zigarette fir Net-Femmerten sou agreabel wei meiglech ze maan. 10% vun enger Zigarette därfen laut EU-Recht aus deenen Zousatzstoffer bestoen.

Et ass jo gewosst datt dei illegal Drog Cannabis nie ganz puer konsommeiert gett, mee emmer zesummen mat Tubak. Lo stellt sech fir mech d Fro ob den Ammoniak am Tubak och en Afloss opt Resoptioun vum Tetrahydrocannabinol huet.
1) Erheigt d Präsenz vun deenen Zousatzstoffer am Tubak och d´Ofhängechkeetspotential an den "Cannabisflash"?

An Daitschland gett et Tubak ganz ouni Zousatzstoffer an Tubakfräi Rauchmeschungen ze kaafen:
www.americanspirit-info.de
zentauri.de

2) Wär et keng Idee, ouni den Drogenmessbrauch ze ennerstetzen, datt des Produkter och hei ugebueden gin? Daat wär eng Meiglechkeet den Ofhängechkeetspotential vun den Drogen dei gefemmt gin ze minimiseieren ouni direkten Afloss opt d´Substanz selwer ze huelen.
3)Eng läscht Fro wär, ob dei Cannabisprodukter dei vun der Police beschlagnamt gouffen opt sou Zousatzstoffer ennersicht gin.

Mat frendlechen Greiss

-
Äntwert vum Mars DI BARTOLOMEO
bis elo kengRecommandatiounen
16.12.2011
Mars DI BARTOLOMEO
Monsieur,

En réponse à votre courriel du 15 novembre 2011, je tiens à vous faire parvenir les informations suivantes :

Mes services n’ont pas trouvé de publications indiquant que l’ajout d’ammoniac augmente la résorption et/ou la biodisponibilité du THC. Ceci est vrai pour la nicotine qui est un alcaloïde, mais c’est peu probable pour le THC (Absence d’azote dans la molécule de THC). Ils n’excluent toutefois pas qu’une éventuelle action de l’ammoniac, moyennant d’autres mécanismes non encore explorés, puisse exister.

Il faut cependant savoir que la fumée de cannabis dégage elle-même de l’ammoniac. Pour la marijuana les concentrations d’ammoniac dans la fumée sont d’ailleurs beaucoup (jusqu’à 20 fois) plus élevées que dans celle du tabac (Moir, 2007). Dès lors l’impact présumé de l’ammoniac éventuellement ajouté au tabac mélangé au cannabis est à relativiser.

Par ailleurs, il s’agit de faire preuve de prévoyance par rapport aux produits du type « mélanges d’herbes » destinés à être fumés ou à être utilisés comme encens étant donné que par le passé récent certains de ces produits se sont révélés contenir des ingrédients psychoactifs potentiellement dangereux pour la santé (e.g. SPICE).

Il n’y a pas eu à ce jour de demande adressée par la Police au Laboratoire national de Santé concernant la détection d’ammoniac dans des produits cannabiniques.

Veuillez agréer, Monsieur, l’expression de mes sentiments distingués.

Mars Di Bartolomeo
Ministre de la Santé
X
Äntwert recommandéieren
Fro zum Thema Nationales
11.12.2011
Vum:

Gudden Moien, Här Minister.
Ech hun just eng kleng Froo.
Waat kréien ech all Mount op menger Rent (DEP 30,45) oofgehaalen.
Ech wéisst just gär, waat daat soll sin?
Ech soen Merci am viiraus,
Frendlechst
.
Äntwert vum Mars DI BARTOLOMEO
bis elo kengRecommandatiounen
27.12.2011
Mars DI BARTOLOMEO
Bonjour Här ,

Dép 30,45 steet fir Äre Beitrag zur Fleegeversécherung, déi 1,4% vun
Ärer Rent ausmécht.

Mat beschte Gréiss,

Mars DI BARTOLOMEO
X
Äntwert recommandéieren
Fro zum Thema Gesondheet
02.11.2012
Vum:

Här Di Bartolomeo,

Huen des läscht am Tageblatt en Artikel iewert den Suizid,besonnesch den Jugendsuizid gelies. An och hei um Site as Frô schon gestallt gin,wéieng Méiglechkeeten mir hei bei eis am Land huen fir deenen ze hellefen déi sech mam Gedanken ofgin fir sech Liewen ze huelen. Meng Frô as : Firwat get et keng Nummer wou een Dâg an Nuecht kann urufen wann een ver-zweifelt as? Firwat get an den Schoulen - amplaatz vun Religioun- net doriewer geschwat. Mir brauchen eis Jugend an durfir sollen mir se och an allem ennerstetzen!Firwat get et keen anstänneschen Internetsite wou eis Jugend bei Problemer drop zreckgréifen kann? Et as erschreckend wann een héiert an liest wann en jonken Mensch sech Liewen gehol huet. Wann den Jugendlechen sech net traut fir mat senger Famille ze schwätzen,soll en awer dann Méiglechkeet huen eng Nummer kennen ze wielen an mat enger neutraler Persoun kennen ze schwätzen!

Mat frendlechen Grëss
Äntwert vum Mars DI BARTOLOMEO
bis elo kengRecommandatiounen
16.11.2012
Mars DI BARTOLOMEO
Léif Madame ,

Unter der Vielzahl von Hilfsangeboten für Kinder und Jugendliche in Notsituationen oder mit Suizidgedanken, bieten sich als erste Anlaufstellen und zur Vermittlung von weiteren Hilfsmassnahmen für die Betroffenen und ihre Familien folgende Adressen an:

1. KannerJugendtelefon
Tel. 116111
Internet: www.kjt.lu www.kjt.lu
Auch auf Facebook

2. Centre d´Information et de Prévention (CIP)
Tel. 455533
Internet : www.prevention-suicide.lu
www.prevention-suicide.lu

Eine Aufzählung aller Adressen, die in diesem Bereich aktiv sind, ist für die Betroffenen eher verwirrend und zu unspezifisch, deshalb ist der Verweis auf 2 zentrale Ansprechpartner sinnvoller.

Für den schulischen Bereich steht den Kindern und Jugendlichen zudem der schulpsychologische Dienst für Hilfe zur Verfügung. Dieser thematisiert auch zusammen mit den Lehrkräften die Problematik Suizid in den Schulen.

Centre de Psychologie et d´Orientation Scolaire (CPOS)
Tel. 2477-5910 (oder an den einzelnen Schulen)
Internet: www.cpos.lu www.cpos.lu

In der Erstellung des nationalen Plans zur Suizidprävention findet die Gruppe der Kinder und Jugendlichen, neben anderen Risikogruppen wie z.B. Ältere Menschen, Suchterkrankte, Traumapatienten etc., besondere Berücksichtigung.

Mat beschte Gréiss,

Mars DI BARTOLOMEO
Gesondheetsminister
X
Äntwert recommandéieren
Är Fro un Mars DI BARTOLOMEO
  • Gouf Är Fro schon gestalt?
    Duerchsicht all Froen an Äntwerten an dësem Profil no engem Stéchwuert

Är Fro gouf bis elo net gestallt ?
Gitt hei wann ech gelift Är Kontaktdaten an Är Fro an:

  •  

    D' Uginn vun Ärem komplette Numm as obligatoresch
    De Numm gëtt verschlësselt an as net iwwer Google & co repérabel

  •  

    D' Uginn vun Ärem komplette Numm as obligatoresch
    De Numm gëtt verschlësselt an as net iwwer Google & co repérabel

  •  

    D' Uginn vun enger valabeler E-Mails Adress as obligatoresch
    Dëst as noutwenneg , vir Iech iwwert eng Äntwert vum Deputéierten z'informéieren oder bei Réckfroen kontaktéieren ze kënnen. Är E-Mail Adress gëtt weder un de Politiker nach un Drëtter weiderginn.

  •  

    Dës Donnéeën sinn obligatoresch
    Se gett net verëffentlecht, mee un den Deputéierten weiderginn.

  •  

    Des Donnéeën sin optional.
    Se gëtt net verëffentlecht an nëmmen zu interne Verwendungen respektiv vir eventuell Reckfroen benéidegt

  • noch 2000 Zeichen

  • Spamschutz - wie viel ist 11 + 4:
  • Ech erkläre mech mat der Verëffentlechung vun der Fro op politikercheck.lu averstanen. D`Dateschutzbestëmmungen zum Traitement vu mengen Donnéeën hunn ech gelies.
  • Folgend Felder goufe net ausgefëllt oder weise Fehler op.
    Virnumm, Familljennumm, E-Mail Adress und Uertschaft

  • D' Fräischaltung ka jee no Benotzeropkommen e.Ë. e puer Stonnen daueren, vue que dass all angoend Fro vun engem Moderatiounsteam gepréift muss ginn. Ech hunn de Moderatiouns-Codex gelies a sëchergestallt, dass meng Froen net géint dësen verstéisst Moderatiouns-Codex opruffen
    Falls meng Fro net fräigeschalt ka ginn, wäert ech doriwwer vun engem Modérateur informéiert ginn.
    Aus Grënn vun der Rechtssécherheet gëtt Är IP-Adress gespäichert, awer net verëffentlecht oder un Drëtter weiderginn. Weider Informatiounen erhaalt Dir an eiser Dateschutzerklärung