Léiwen Här

,
Hei e puer Informatiounen vu menge Servicer waat ”Geo-Engineering a Chemtrails” ugeet.
Geo-Engineering a Chemtrails sinn u sech zwou verschidde Saachen. Beim Geo-Engineering handelt et sech em gezielt Moossnamen oder Agrëff an d’Atmosphär oder Biosphär mat dem Ziel di drohend Klimaerwärmung ze bekämpfen. Am Moment befënnt sech de "Geo-Engineering awer nach am Versuchsstadium, genau gesot am Stadium vu Simulatiounen unhand vu Modeller. Et as och ganz zweiwelhaft op de Geo-Engineering iwwerhaapt jeemools zum Asaz kënnt, well e jo näischt verhënnert mee just zäitlech verschiebt. Iwweregens geet et bei de Studien a Modeller am Moment em Waasserdamp an net em gesondheetlech relevant Chemikalien.
Chemtrails sinn genau iwwersat Réckstänn vu Fligeren (a Form vu laang gezunnene Wolleken) di zumindest deelweis aus Chemikalien bestinn. Allerdéngs sinn dës Chemtrails oder besser d’Existenz dovun hefteg ëmstridden.
Sou dementéieren ënner anerem den däitsche Wiedderdéngscht, Greenpeace an d’Weltgesondheetsorganisatioun WHO d’Existenz vu Chemtrails. Och dem Umweltbundesamt an dem Däitschen Zentrum vir Loft- a Raumfahrt sinn des Phänomener net bekannt.
Den engleschen a kanadeschen Autoritéiten no (British Department for Environment, Food and Rural Affairs an Canadian Leader of the Government in the House of Commons) handelt et sech bei "chemtrails” em e populären Ausdrock, woubäi et keng wëssenschaftlech Beweiser gëtt, dass se iwwerhaapt existéieren.
Op der anerer Seit muss ee bemierken, datt die meeschten Internetsäiten déi vu Chemtrails schwätzen, op Conspiratioun a Verschwörung opbauen an am selwechten Otemzuch vu Seuchenverbreedung, Militäroperatiounen an esou weider schwätzen (Internetsitë wie Seelenkrieger, virus-matrix, Wahrheitsbewegung, ufos-aliens, conspiracyplanet, ...).
Och Greenpeace seet, dass no aktuellem Wëssensstand Chemtrails als Verschwörungstheorie ze bewäerte sinn.
D’Klimatologie also d´Wëssenschaft vum Wieder erkläert, dass jee no Wiedersituatioun ganz normal Kondenssträife weider Waasserdamp bannen an esou zu "kënschtleche Cirruswolleken” féieren, virun allem bei Wiederännerungen. Et schéngt sech deemno éischter em e Wiederphänomen als em Chemikalien ze handelen. Et däerf ee net vergiessen, dass d’Fligeren am Himmel op ganz verschidden Héichte fléien, wat een awer net vum Buedem aus erkenne kann, an dat deemno Kondenssträife jee no Héicht ënnerschiddlech kennen ausgesinn oder undaueren.
Zu Ären direkte Froen:
1) Zu Lëtzebuerg gi keng Chemikalien vu Fligeren an Loft gesprëtzt. Mat Ausnam vun den Helikopteren an de Wéngerten, mee dat leeft ënner strikter Kontroll an Iwwerpréiwung duerch de Ministère de la Santé .
2) Zu Lëtzebuerg, grad ewéi an den Nopeschlänner och, gi Schadstoffer an der Baussenloft en permanence gemooss (zu Lëtzebuerg duerch den Ëmweltministère) a wann do chemesch Partiklen festgestallt géife gi, géif een där Saach selbstverständlech no goen an och Stellung huelen.
3) Deemno besteet kee Grond fir sech Suergen ze maachen.
Bescht Gréiss,
Mars DI BARTOLOMEO
Gesondheetsminister