Léiwen Här

,
Merci fir Äer Fro. Ech ka mer denken, dass vill aner Leit se sech den Ament stellen.
Firwat déi Lénk wielen bei den Europawahlen, wa Lëtzebuerg nëmme 6 Sëtz zu Stroosbuerg huet an et vir eng kleng Partei wéi eis schwéier ass, déi néideg Stëmmen zesummenzekréien?
Dorobber kann ech Iech an dräi Punkten äntweren:
1. déi Lénk ass déi eenzeg Partei zu Lëtzebuerg, déi aktiv fir e "Nee" zur neoliberaler europäescher Verfassung an zum Lissabonvertrag agetrueden ass.
All déi aner Parteien hun entweder "jo" gestëmmt, oder sech enthalen. Dobäi hu bal 44% vun de Wieler (iwwert 60% vun dene Jonken!!!) mat "Nee" beim Referendum vun 2005 gestëmmt. Dës Leit sin elo weder an der Chamber nach am Europaparlament vertrueden. Et gët ëmmer méi kloer, dass dëst kee nationalistesche, mee e soziale "Nee" wor. Dofir géif ech dëse Leit un d´Häerz leën, déi Lénk ze wielen, fir dass endlech op si gelauschtert gët. Soss - an do muss ech se leider warnen - wor hiere "Nee" fir d´Poubelle.
2. All aner Europapolitiker, och bei der LSAP an dene Gréngen, halen um Lissabonnvertrag fest, grad wéi wann do kee fundamentalen demokratesche Problem géif bestoen.
Dobäi huet d´Kris et ëmsou méi kloer gemaach, dass déi neoliberal Prinzipien, déi am Lissabonvertrag stin (Primautéit vum Wirtschaftlechen iwwert dat Sozialt, Privatiséierung vun öffentlechen Déngschtleeschtungen, onageschränkten Onofhängegkeet vun der Europäescher Zentralbank, etc.), haut schons iwwerlieft sin. D´Sozialisten an déi Gréng soen, si wéilten, dass dat Wirtschaftlecht net méi kinnt iwwert dem Soziale stoen. Mee wéi wëllen se dat verhënneren, wann dat esou am Lissabonnvertrag festgehale gouf? Mat esou enger Attitude kënnen si héchstens de Liberaliséierungsprozess an Europa bremsen, mee sëcher net emkéieren! déi Lénk an d´Europäesch Lénkspartei dogéint wëllen, dass all bestehend Traité´en duerch en demokratesch legitiméierten, d. h. vun enger direkt dofir gewieltener Versammlung ausgeschafften an duerno duerch en europawäite Referendum akzeptéierten, neien Text ofgeléist gin. Nëmmen esou kréie mer en demokratescht an e sozialt Europa.
3. déi Lénk ass net eng kleng lëtzebuergesch Partei, mee gehéiert enger grousser europäescher Bewegung un.
Mir si Member bei der Europäescher Lénkspartei (Party of the European Left) an agebonnen an d´Aarbechte vun der Vereenegter Europäescher Lénker (United European Left), wéi eis Fraktioun zu Stroosbuerg heescht. An däer Fraktioun sëtzen den Ament 41 Europadéputéiert, d. h. knapps 2 manner wéi bei den Europäesche Gréngen! Dës Fraktioun ass resolut proeuropäesch, demokratesch a sozial engagéiert. Mir schaffe bei der United European Left och regelméisseg mat anere Fraktiounen zesummen, z. B. mat engem Deel vun de Sozialisten an dene Gréngen, esou z. B. géint Bolkestein. Mee leider si vill Sozialisten net méi wierklech sozial, bësonnesch an England an a Spuenien, vun Osteuropa guer net ze schwätzen. A wann ech kucken, wat eis LSAP-Minister op europäeschem Niveau sou décidéieren, kann ech nëmmen de Kapp rëselen. Dofir kann ech Iech nëmmen eppes soen: stäerkt d´United European Left andeems Der déi Lénk wielt, an Dir stäerkt automatesch d´sozial Kräften an Europa. Dofir hei meng Meenung: déi Lénk wielen ass nëtzlech wielen.
Ech hoffen, meng Äntwert stellt Iech zefridden.
Mat beschte Gréiss,
Michel Erpelding (déi Lénk)