Léiw Mademoiselle

,
Merci fir Äer Fro. Et ass wichteg, dass Der se stellt, well d´Edukatioun, virun allem um universitäre Niveau, ass effektiv ee vun denen Domänen, wou d´EU méi Afloss huet, wéi een oft mengt.
Et ass wouer, dass d´EU keng direkt Kompetenz a Saachen Héichschoulbildung huet: déi iwwerléisst den Artikel 149 vum EG-Vertrag de Memberstaaten. Mee dat verhënnert net, dass d´europäesch Kommissioun an dene leschte Joren eng immens aktiv Roll gespillt huet an deem, wat den Ament op villen Unien, zu Lëtzebuerg an am Ausland, geschitt: Aféierung vun ëmmer méi héige Studiengebühren, steigenden Afloss vun Entreprisen an der Matgestaltung vun de Programmen an den Diplomen (cf. d´TDK-Formatioun op der Uni.lu), Förderung vu "rentable" Fächer (droit, éco, verschidde Wëssenschaften) um Bockel vun de Geeschteswëssenschaften an de Sproochen...
Och wa Bildung keng EU-Kompetenz ass, huet d´europäesch Kommissioun an dene leschte Joren am Kader vun der sougenannter "Lissabonner Strategie", duerch déi d´EU bis 2010 zur "kompetitivster Wëssensgesellschaft op der Welt" sollt gin, eng Rei Pabeieren erausgin, déi vill Länner als Virwand geholl hun, fir hieren Unissystem méi "kompetitiv", d. h. virun allem méi ongerecht a méi selektiv, ze maachen.
Hei e puer Pärelen aus dësen Dokumenter (d´Lëscht fannt der ënnen no der Äntwert) :
1. D´europäesch Kommissioun huet eng pervers a falsch Iddi vum Roll vun der Uni. Fir de Barroso a seng Leit sin d´Unien näischt anescht wéi eng "industrie de la connaissance", déi un der "production de la connaissance" deelhuelen, esou wéi eng Fabrik Autoen oder e Metzler Wirschtescher produzéiert... Als wirtschaflech Akteuren gin d´Unien opgefuerdert, an esougenannte "secteurs à haute intensité en connaissance" z´investéieren : nëmme wa si wirtschaftlech verwäertbart Wësse vermëttelen, kënnen si d´europäesch Wirtschaft méi kompetitiv maachen. Mat esou enger Logik ass et normal, dass Fächer wéi Latäin, Archäologie oder Philosophie op villen Unien keng Prioritéit méi sin.
2. Fir d´Kommissioun huet de Staat sech och aus allem erauszehalen, wat an den Unien geschitt : d. h. eng total Autonomie, och wat de Recrutement an d´Programmen ugeet. Eenzel Unien, déi virdru schlëmmstefall an intellektueller Rivalitéit nieftenee gelieft hun, stin elo an erbatterter Konkurrenz zouenaner. Dat erklärt z. B., firwat bësonnesch an Däitschland den LMD System esou staark kritiséiert gët, esouwuel vun der konservativer wéi der sozialdemokratescher Press: well all Uni wëllt besser si wéi déi aner, schaft se ganz speziell Diplomer, déi mat kenge vun denen aneren Unien an Däitschland kompatibel sin, oder wou eenzel Fächer ganz aanescht bewäert gin. Fazit: do wou Studente sollte fräi zirkuléiere kënnen, bleiwen se am Endeffekt op enger Plaatz hänken, bësonnesch wa se finanziell manner bemëttelt sin.
3. Och vun de Studenten an den Enseignant´en huet d´Kommissioun en total verdréitent Bild : fir si si bësonnesch d´Proffe keng Wëssenschaftler, mee éischter kleng Entrepreneur´en, déi hier "Produit´en" (d´Wëssen, dat se vermëttelen) esou séier wéi méiglech a Kapital op de Mäert mussen ëmwandelen. An dofir mussen si, wéi d´Kommissioun dat esou schéin euphemistesch seet, "favoriser une culture entrepreneuriale chez les étudiants et les chercheurs". Wat dat a Wierklechkeet heescht, wëssen haut déi meeschte Studenten: d´Programme gin ëmmer méi flaach, d´Organisatioun vun den Eneignementer ëmmer méi scolaire a manner wëssenschaftlech, an d´Grondlageforschung verkënnt.
A Saachen Unispolitik ass d´europäesch Kommissioun vläit jhust en "think-tank", mee dofir vläit dee geféierlechsten a ganz Europa. Fir dass esou Abus´en ophalen, muss d´Kommissioun aus senger technokratescher Roll eraus, fir zu enger visibler Emanatioun vun der politescher Majoritéit am Europaparlament ze gin. Da kinnten déi Froen och emol an aller Öffentlechkeet diskutéiert gin, an de Point de vue vu Studentenorganisatiounen wéi der European Students´ Union (ESU) géif den Ament zimmlech sëcher och vill méi Gewiicht kréien. Fazit : nëmme wa mer Europa demokratiséieren, an esou d´BiergerINNEN an d´StudentINNen iwwert hier Zukunft matbestëmme loossen, besteet och d´Méiglechkeet, eng europäesch Bildungspolitik maachen, déi net nëmmen am Intérêt vun den Entreprisen ass.
Ech hoffen, dass ech Iech mat denen heiten Erklärungen op Äer Fro geäntwert hun.
Mat beschte Gréiss,
Michel Erpelding (déi Lénk)
P. S. : Hei nach d´Texter vun der Kommissioun, aus denen ech zitéieren:
« Le rôle des universités dans l´Europe de la Connaissance », 5 février 2003 ; « Mobiliser les cerveaux européens : permettre aux universités de contribuer pleinement à la stratégie de Lisbonne », 20 avril 2005 ; « Faire réussir le projet de modernisation pour les universités : formation, recherche et innovation », 10 mai 2006 ; « Mise en oeuvre du programme communautaire de Lisbonne : stimuler l’esprit d’entreprise par l’enseignement et l’apprentissage », 13 février 2006 ; ainsi que de la résolution du Conseil des ministres : « Mobilisation des cerveaux européens : permettre aux universités de contribuer pleinement à la stratégie de Lisbonne », 24 novembre 2005.