Michel Erpelding (Déi Lénk)

Michel Erpelding
Joergang
1984
Berufflech Qualifikatioun
Diploméierte Jurist (spezialiséiert am droit international)
Ausgeübte Professioun
Student (droit international), Paris-I Panthéon Sorbonne
Uertschaft
-
Walkrees
Zentrum
Landeslëschteplaatz
keinen
(...) Wann ech meng Äntwert kinnt ganz salopp résuméieren, da géif ech soen, dass den Ënnerscheed tëscht der KPL an déi Lénk doranner besteet, dass mir bei denen éischte gewiecht wieren, déi an engem UdSSR oder DDR-Regime am Prisong geland wieren. (...)
 
weider Profiler
Froen un Michel Erpelding
Choix vun de Froen an Äntwerten
Noriicht u folgend Adress schécken soubal eng Äntwert antrëfft


Bitte loggen Sie sich hier ein.
Fro zum Thema Kanner & Jugend
05.06.2009
Vum:

Moien Här Erpelding,

Ech wollt ierch froen, wei dir zur aktueller Educatiounspolitik stidd, firun allem wat deen sougenannten Projet de loi 5611 betrefft, den jo lo a Kraft getrueden ass.
Demols woren 7-9 Dausend Jonker an der Stross an d´Parlament huet dat Gesetz trozdem gestemmt.
Huet dat Gesetz ärer Meenung no eppes gehollef?
Waat sinn är konkret Virstellungen, wei een jonken Schouloofgänger kann hellefen, eng Arbescht an eng Wunneg ze fannen?

Wei stidd dir zum BTS?

Bis elo as nach keng Äntwert agetraff. Fir eng Noriicht ze kréien, wann eng Äntwert antrëfft, gitt Är e-Mails Adress iwwert d\ Benoriichtegungsfunktioun hei ënnen un.

Op dës Äntwert waarde bis elo 2 Interesséiert
X
Beim Antreffe vun enger Noriicht Bescheed soen
Fro zum Thema Demokratie an Biergerechter
05.06.2009
Vum:

Leiwen Haer Erpelding

ech hun héieren déi Lenk waer fir een allgemengt Wahlrecht fir d’Auslänner. Stëmmt daat? Wann daat stemmt, dann all Respekt; géif daat op alle Fall mol eng couragéiert Idee fannen!

All gudds weiderhin,

Elodie
Äntwert vum Michel Erpelding
4Recommandatiounen
06.06.2009
Michel Erpelding
Léiw Madame Malanda,

Jo, Dir hutt dat richteg héieren. Déi Lénk ass effektiv ALS EENZEG PARTEI dofir, dass all d´Leit, déi hei permanent am Land wunnen, d´Wahlrecht kréien, ob Lëtzebuerger, EU-Bierger oder net-EU-Bierger. Well wa mer esou weiderfueren wéi bis elo, d. h. dass d´Wahlrecht op d´Lëtzebuerger beschränkt bleift, dann hu mer et geschwënn hei am Land wéi am alen Athen (oder, fir eng manner prestigiéis Referenz ze gin, wéi am modernen Dubai), mat engem Regime, wou nëmmen eng Minoritéit vun de Leit effektiv kann um politesche Liewen deelhuelen. Den Ament si nämlech iwwer 40% vun der Bevölkerung hei am Land Auslänner, a 60% vun de Beschäftegten! Dës Leit sin haut net an der Chamber repräsentéiert. Kee Wonner, dass d´Xenophobie, de Konservatismus an de Sozialofbau et an dësem Land esou einfach hun!

Mat beschte Gréiss,
Michel Erpelding (déi Lénk)
X
Äntwert recommandéieren
Är Fro un Michel Erpelding
D'Froenfunktioun gouf entre-temps zou gemaach.