Léiwen Här

,
Merci fir Äer Fro, ech wäerd kucken, meng Äntwert mat konkrete Beispiller z´illustréiren.
Dir hutt Recht: den Ament betount praktesch all Partei, dass an Europa déi wirtschaftlech Fräiheeten net dierften iwwert de soziale Rechter stoen. Mee da muss een och kucken, wat si di lescht Joren iwwer gemaach hun!
Ech gin Iech zwee Beispiller, well se mer am frappanteste schéngen:
1. Am Europaprogramm vun der CSV steet, dass si dofir wieren, "dass sich die wirtschaftlichen Grundfreiheiten und die sozialen Grundrechte die Waage halten" - eng glat Ligen, wann ee bedenkt, wat hier Leit tatsächlech um europäesche Niveau maachen!
Kuckt emol hier Europalëscht: d´Tête de liste ass keen anert wéi d´Viviane Reding, wat déi lescht Joren an der neoliberaler Kommissioun vum José Manuel Barroso soutz an däer hier Politik matgedroen huet. Innerhalb vun der Kommissioun huet d´Madame Reding och meeschtens mam neoliberale Fligel vun de Kommissären ofgestëmmt. Iwwregens, wann een hier déi Fro stellt, an dat weess ech aus egener Erfahrung, reagéiert si ganz gereizt, well si weess sech net fräi.
An dann d´Astrid Lulling! Sie huet et dach tatsächlech fäerdegbruecht, géint déi ofgewässert Versioun vu Bolkestein ze stëmmen - net, well dës hier net sozial genuch wor, mee well hierer Meenung no den ultraliberalen Esprit vun der éischter Versioun vum Text net méi präsent wor... Zu Stroosbuerg stëmmt si iwwregens regelméisseg géint sozial Texter.
Doriwwer eraus ass d´CSV Member vun der Europäescher Vollekspartei (EVP), an déi huet an hierem Programm ganz aner Saache stoen. Do steet nämlech dat Sozialt nëmmen als allerlescht Prioritéit, op enger hongreger halwer Säit. An do get da virun allem vun enger "flexiblere Arbeitsorganisation" vun de Salarié´e a vu "Förderung der unternehmerischen Initiative" geschwat, wat net grad op grouss sozial Ambitioune schléisse léisst.
Fazit: net de Leit hier Versprieche kucken, mee dat, wat se wierklech gemaach hun. Bei déi Lénk, wou vill Leit aus dem Gewerkschaftsmilieu kommen, ass d´Sozialpolitik iewescht Prioritéit, an dorunner wäerd sech näischt änneren.
2. Och d´LSAP trëtt fir e méi sozialt Europa an. Et ass och wouer, dass hieren Deputéierten, de Robert Goebbels - wann e net grad fir d´Chemiesindustrie oder d´OGM´en antrëtt - mam soziale Fligel vun der Partei vun den Europäesche Sozialisten (PES) ofstëmmt. Mee wann een dat konfrontéiert, mat deem, wat d´LSAP um nationale Niveau mecht, mierkt een, dass do net vill Kohärenz besteet. Kuckt emol de Nicolas Schmit: wéi hien zu Bréissel Ambassadeur fir Lëtzebuerg bei der EU wor, huet hien sech fir d´Bolkestein-Direktiv agesat. Dat nämlecht gëlt fir de Jeannot Krecké, den absolute Fetichist vum Neoliberalismus an der LSAP, den am Géigesaatz zum Här Goebbels fir eng "selektiv Sozialpolitik" (sic!) antrëtt. An och wann de Robert Goebbels am Europaparlament oft genuch d´Onofhängegkeet vun der Europäescher Zentralbank kontestéiert huet, hun déi meescht national LSAP-Politiker dës Onofhängegkeet stillschweigend respektéiert, mat de Konsequenzen, déi mer elo gesin...
Bei déi Lénk get et keng Kontradiktiounen tëscht dem nationalen an dem europäesche Niveau: dat, wat am Europaparlament vun der Vereenegter Europäescher Lénker (United European Left, 41 Députéiert, jhust 2 manner wéi déi Gréng) décidéiert get, entsprëcht och vollends deem, wat mir um nationale Plang vertrieden. Dofir hei meng Meenung: wee wëll sozial konsequent wielen, dee muss déi Lénk wielen.
Voilà, ech hoffen, dass Iech déi Beispiller uspriechen.
Mat frëndleche Gréiss,
Michel Erpelding (déi Lénk)